Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Hifi International - WTF?! » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Hifi International - WTF?!  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
phoenix
Mitglied


images/avatars/avatar-95.gif

Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44

Hifi International - WTF?! Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien,

Ech wollt mol puer Meenungen zu menger klenger Geschicht héieren Augenzwinkern Dofir d'Guckelien opmaan an liesen:

Ech hun mer den 5ten October 2006 een Acer Aspire 5672WWS am Hifi International zu Bartréng fir den Präiss vun 1350 Euro kaaf. Et haat alles (bis op minimal Detailer) wonnerbar geklappt, an wor och zimmlech zefridden mam Laptop. Uffanks Februar hun dann di éischt Macken ugefaang, DVD Laafwierk huet lusch Geräicher gemeet (obschons ech fläicht 3 mol en DVD um Laptop gekuckt hun). Also hun ech den Laptop den 9ten Februar 2007 an d'Repratur gedroen. Also haat den Laptop ronn 4 Méint gehaal ... waat ech perséinlech mega Null fannen.

Bon den 8ten März, 1 Mount nodeems ech den Laptop an d'Repratur gin hun, huet een Techniker mer ugeruff dass mäin Laptop färdeg wier. Laurent = happy. Fueren dohinner, maachen den Laptop un.... alles schwarz -> Bildschierm futti (Obschons um Repraturziedel stung dass Hifi alles getest hätt). Do hun ech den Laptop direkt do gelooss, an sie hun en rem fortgeschéckt.

Den 14ten Abrell kruut ech ugeruff, Laptop wär färdeg, fueren rem dohinn, paacken Laptop aus. Maachen un ... Clavier freckt smile (anscheinend gouff awer rem alles getest) Bon, ech rem alles do gelooss, an reklaméiert waat daat fir een Jickenbetrieb wär ... ouni weider Entferten.

No puer Wochen kruut ech rem een Telefon dass mäin Laptop erem färdeg wier an géng goen. Ech fueren dohinner, paacken Laptop äus, do gesin ech dass d'Carcasse vum Laptop futti, iergendwei ass dei anscheienend beim Transport futti gaangen... daat wor den 30ten Abrëll. Ech hun den Laptop matheem geholl fir meng Donnéen all ze späicheren. Haut war ech dann zeréck fir mat hinnen ze verhandelen. Sie wollten den Laptop schonerem fortschécken, mais daat wollt ech net, well daat géng secherlech erem Méint Daueren bis daat erem an der Rei wär.

D'Personal wor dun och zimmlech granzeg mat mir gin, an wollten mer den Laptop partout rem fortschécken. Do hun ech hinnen gesoot dass ech de Moien mat eisem Agent vun der Assurance geschwaat hätt, an dass ech do kéint geriichtlech géint si firgoen. Do war obeemol erem all Mënsch fäin mat mir, an se hun direkt proposéiert fir mer d'Maschinn direkt z'ersetzen. Mais domadd war ech och net averstaan, do hun se mer een Bon d'Achat proposéiert, wou ech dann och méi oder wéinejer averstaan wier.

Fläicht ass hei een ennert eis wou fläicht bessen méi vun deem Rechtergedéngels versteht, ech hun héieren ech misst den bon d'achat net akzeptéieren, mais ech kéint mir meng Suen erem froen... stëmmt daat ?!?

Ob allefall fannen ech daat eng Sauerei vun hinnen äus, ech sin op der Uni, an ech sin op mäin Laptop ugewisen, an ech haat lo duerch déi ganz Geschicht 3 Méint laang keng Maschinn fir drop ze schaffen an wou ech net konnt op méng Donnéen zeréckgraiffen.

Ech wärt ierch awer um courrant vun der ganzer Geschicht haalen, waat do weider geschidd asw.
Waat haalt dir vun der Story ? Hudd dir ähnlech Erfahrungen bei Hifi International gemeet, oder fläicht bei aaneren Geschäfter ?

Gréiss,
phoenix

__________________
MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB

02.05.2007 17:38 phoenix ist offline E-Mail an phoenix senden Beiträge von phoenix suchen Nehmen Sie phoenix in Ihre Freundesliste auf
-Laurent-
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

tjo genee defier ass den betrieb do bekannt.... ech kaafen souwisou neicht mei do

mee op dann unprangeren hei daat richtescht ass?
naja ass een saftbetrieb dei kreien keen frang vun mier mei....
02.05.2007 17:44
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

mengn o dass dem Laurent net mei wierklech eps dazouzefügen as...den HIFI as einfach bekannt fir sou aktiounen an och mech wärt een do net mei gesin deeler kaafen dei mei wei 15euronen kaschten...
waat lo awa konkret daat geriichtlech-rechtlecht ugeet kann ech da leider net weiderhelefen...vlait missde wierklech enka mat dengm agent schwetzn (oder, waat na mei androck gemeet hett: op der plaatz den telifon raus an em puer froen stellen...Augenzwinkern )

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
02.05.2007 17:57 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
phoenix
Mitglied


images/avatars/avatar-95.gif

Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44

Themenstarter Thema begonnen von phoenix
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von BlackPanther
(oder, waat na mei androck gemeet hett: op der plaatz den telifon raus an em puer froen stellen...Augenzwinkern )


Daat hätt och gudd gemeet jo Augenzwinkern Mais ech sin net deen wou décken Cinema do meet, léiwer net vill soen an herno kënnt di déck Iwwerraschung fir Sie.

__________________
MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB

02.05.2007 18:03 phoenix ist offline E-Mail an phoenix senden Beiträge von phoenix suchen Nehmen Sie phoenix in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Däin Bäitrag as interessant.

Ech färte just, dass dat dote Verhalen nët nëmmen "Hifi-typesch" as. Ech hun ähnlech Erfahrungen am pickesche Buttek, am Top Visioun a nach bei anere gemaach, virun allem awer bei grousse Chainen.

Et schengt wéi wann déi nët un den eenzelne Client ugewisse wieren well der do all Dag esou vill eran an eraus gin. Dementsprechend gët et an esou Butteker esou gudd ewéi keen kompetente Service Après-Vente. Dacks froen ech mech op déi hier Verkeefer op der Strooss rekrutéieren. Virun allem, well jo anscheinend nëmmen de Stroosselangage se derzou brengt ze kooperéieren.

Ech fannen et gudd de Buttek beim Numm ze nennen, du hues jo keen defaméiert mee nemme Fakten konkret op den Desch geluet.
02.05.2007 18:05
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also daat waats de do vum Hifi ziels as bekanntAugenzwinkern Mein papp haat eng aenlech story mat engem fotoapparat, no 6 meint gouf et dun een "neien" deen voll teitschen war, deen du no 8 meint een neien, richteg neien gin asAugenzwinkern

Dofier maan ech et wei hei schon erwaehnt gouf, bei hifi gin nemmen nach saachen kaaft wou een net an d'gefor kent problemer ze krein....also wou een op keng garantie ugewisen as.
Also am fong nemmen dei deeler aus plasikZunge raus Zunge raus

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
02.05.2007 19:25 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Idem.

Haa virun puer Joer een Palm m125 do kaaf, no 1 Mount ass de Ecran gefreckt. Si hunn en an d'Reparatur gescheckt, an no 4 MEINT ass en erem komm (ech hunn schon net mei drunner geduecht), an knapps 3 Deeg huet den Ecran rem ugefang mat Macken maachen... erem zereckgangen, an erem fier E PUER MEINT (3-6 Meint, wees net mei genau -.-) an d'Reparatur... nodeems ech en absolut opginn hunn ass abeemol een Breiw komm e wier do... oh wunder no deem ech en nom Hifi sengem ausfeierlechen Test, daat en och wierklech geet, sichen gangen sinn haat ech 3 Deeg drobber rem de gläichen Problem.. hunn et du opginn, wanns de bei d'ULC gees, mat deenen dreis, leisst den Hifi et bis virun d'Gericht ukommen, an do gett dech dei aktioun mei deier well hei zu Lëtzebuerg dei Partei dei verleiert net d'Kaeschten vun daer aanerer muss iwerhuelen (haat deen problem mam Cactus -.-)... ausser du hues Chance an hues een gudden Vendeur deen probeiert sech fier dech duerchzesetzen... haat ech awer nach nie...

Ech kaafen meng Saachen mettlerweil nemmen nach iwwert den Internet oder a klengen Buttéker wou sech nach fier all Client interesseiert gett (PC Spezi [heescht net mei sou]), soss mecht een io sws nemmen schlecht Erfahrungen.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 02.05.2007 20:27.

02.05.2007 20:26
phoenix
Mitglied


images/avatars/avatar-95.gif

Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44

Themenstarter Thema begonnen von phoenix
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech sin alt nach frou dass Hifi selwer keng PC-Stécker oder ähnlech Saachen hierstellt. Ech hun firdrun een Uruff vum Sièfe (Hifi International) kritt, dass sie bereet wieren mer een Akaafsbong ze gin. Et wär nët méiglech d'Suen Cash ze rembourséieren, well den Laptop vun 2006 ass, an netmei am Inventair vun 2007 drann ass(an den Laptop och nach 2007 futti gefuer ass).

Dann muss ech jo lo gezwongenerweiss awer rem eppes an deem Jickenbetrieb do kaafen. Mais wann lo eppes sollt futti goen, dann fueren ech iwwert d'Hierstellergarantie an loossen DPD oder waat wees ech wéieen Logistikpartner d'Maschinn sichen kommen an dann kennen déi sech amüséieren. Mengen dann leeft daat alles méi serieux oof. Mee eent steht fest, Hiersteller hin oder hier, NIE MEI ACER !! smile

__________________
MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB

02.05.2007 20:44 phoenix ist offline E-Mail an phoenix senden Beiträge von phoenix suchen Nehmen Sie phoenix in Ihre Freundesliste auf
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Boff, gei dech e Metteg virun den Hifi stellen, oder kuck daats de een kenns deen eppes am Hifi well kaafen (schweier den Hifi un Bekannten ze recommandeieren).. an dann tauschs de den Bong geint Bores em.. evtl. suguer an deems de ubidds ob 50-75 Euronen ze verzichten.

ech erweideren: NIE MEI ACER, NIE MEI HIFI smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 02.05.2007 20:48.

02.05.2007 20:47
ChLo
Jungspund


Dabei seit: 23.10.2006
Beiträge: 11

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

E Kolleeg haat och sou eng Affaire beim Hifi mat engem Fernseeh.
Daat ganzt huet bei him 8 Méint gedauert. Sie wollten him mol am Unfang keen Bong gin.
Zum Schluss krut héin dann d'Suen, well hién sou eng am Buttek opgefourt, well him no 8 Méint de Kolli geplatzt war.
03.05.2007 11:31 ChLo ist offline E-Mail an ChLo senden Beiträge von ChLo suchen Nehmen Sie ChLo in Ihre Freundesliste auf
phoenix
Mitglied


images/avatars/avatar-95.gif

Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44

Themenstarter Thema begonnen von phoenix
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo daat allerschéinst wär natiirlech wann ech meng Suen géng eremkréien... dann géng ech awer DIREKT an d'Stadt bei den Lineheart fueren an mer NACH een Mac kaafen. Do ass den Service-Apres Vente wéinstens serieux an do gët sech em den Client bekëmmert.

Fir op den patrickr zeréck zeréckzekommen, daat mat den Verkeefer vun der Strooss rekrutéieren ass alt sou eng Saach... wisou serieux Leit astellen, wann een fir belleg Geld Fransousen kritt ouni oofschloss, wou knapps wëssen wéi den Telefon geht. Et kléngt fläicht lo krass, mee et ass batter Réalitéit. Mee mengen do hun mir net souvill Afloss dropp.

Ob allefall loossn ech mer eppes afaalen mam Akaafs-Bong, mee bislo ass jo nach alles op (och Suen). Muer ass jo réischt "das grosse Wiedersehen" Augenzwinkern

__________________
MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB

03.05.2007 14:18 phoenix ist offline E-Mail an phoenix senden Beiträge von phoenix suchen Nehmen Sie phoenix in Ihre Freundesliste auf
Pelz Pelz ist männlich
Tripel-As


images/avatars/avatar-109.gif

Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jep, den HiFi sin Gangsteren!!! Service après-vente = NULL.
Du muss deen Bon d'achat net akzeptieren, sie hun dier deng Suen erem ze gin. Kloer, dat sie dier en Bong proposéieren, sou bleiwen deng Suen bei hinnen an der Kees!!!!!
Ech geing mier meng Suen opjidde Fall zereck froen, wann se dann maulen, Bréif vum Affekot! Do gett et keng Disskussioun bei mier. Ech loossen mech net mei vun sou -möchtegern waat och emmer- verarschen, resp. op der Nues ronderem danzen!
T'Affekotesprooch ass dei eenzeg dei sou Idioten nach verstin. Am Beschten du gess Reschtschutzversechert, daat kascht dech ca.170€ am Joer an du kriss fier sou Saachen en Affekot onendlesch laang gestallt!!!
-----------------------------------
Let's sue these bitches!

__________________
Haste the Day and get a Taste of Chaos Teufel
04.05.2007 09:22 Pelz ist offline E-Mail an Pelz senden Homepage von Pelz Beiträge von Pelz suchen Nehmen Sie Pelz in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Pelz anzeigen
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Hifi International - WTF?!

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH