Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » PG Update » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (23): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen PG Update 4 Bewertungen - Durchschnitt: 7,754 Bewertungen - Durchschnitt: 7,754 Bewertungen - Durchschnitt: 7,75  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

PG Update Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien dir leif Forum-lieser an PG-User smile

Also wei wuel dei meescht scho wessen ass e groussen Update geplangt vu PG. An läschter Zäit haat ech net wirklech vill Zäit fir durno ze kucken weinst der Uni ... mee ech maachen alt lues a lues emmer bessen weider. Bis elo hun ech nach keng vun denen nei geplangten Funktiounen programméiert, just al Saachen optimeiert an mei user-friendly gemaach. Och verschidden optesch Saachen hun ech geännert an et gin der nach geännert. Mee lo wéilt ech nach sou wessen waat fir Klengegkeeten ierch esou stéieren, respektiv wou dir mengt dass een keint bessen besser oder mei einfach léisen.
Fir dass der wësst waat ech mengen: Ech krut firgeschlo vum kola fir dass een kann seng Userordner and er Galerie embenennen. Daat verstin ech ennert enger Klengegkeet, an sou Saachen wiren interessant ze wessen. Dës Funktioun ass iwwregens scho fäerdeg Augenzwinkern

Ech kann ierch och kuerz mattdeelen waat ech bis elo alles gemaach/geänenrt hun, wann der drun interesséiert sidd ...

//EDIT: Fir dass elo keen dest Thema gebraucht fir just ze wessen wata ech bis lo gemaach hun: Ech verroden daat réischt wann ech op manst 3 Saache gewuer gi sin dei bis lo nach kee firgeschlo huet, fir ze verbesseren smile

__________________
404 - Not found
30.03.2007 13:06 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo, ech giff et gudd fannen, wann och 2 (oder sou) Wallpaper giffen op der Userseit giffen ugewise gin... Dann hudd een eben bei senger Userseit dei 4 beschte Fotoen an 2 Wallpaper...
Flait kinnt een och nach sou weit goen, an de User de Choix vun senge 4 Fotoen op der Userpage iwwerloossen, oder Wallpapers... Just sou een Virschlag.

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

30.03.2007 13:56 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Alles neu macht der Frühling smile Ech freen mech schon op d'Neierungen. Majo, ech hat der jo schon e puer Saachen gesot déi mer sou agefall sin, mee ech schreiwen se mol hei, vläit bréngt et aner Leit jo op Iddien.

Eng Rubrik 'Méng Comments' wou all d'Kommentarer déi een geschriwwen huet op een Bléck mat engem Thumbnail vun der jeweileger Foto opgelëscht sin.

En Link am Profil deen een direkt op d'Usersäit léisst (sou dass een gesäit wéi dat dann elo do ausgesäit, oder wann een wëll d'Comments op der Usersäit noliesen).

D'Méiglechkeet säin Equipment an Datenbankform ze späicheren fir dass een et, wann een eng Foto eroplued, kann als Dropdown auswielen.

Eng gemeinsam Usersäit fir Forum an Photogen, also wann ech am Forum op engem säin Numm klicken wëll ech séng PG Usersäit gesin.

Favoriten: Ech wëll eng Lëscht hun fir mech eleng wou ech kann déi Fotoen späicheren wou mer am beschten gefalen sou dass ech se all op een Bléck kucken kann, an sou dass aner Leit gesin wat mir selwer gefällt.

Eng Search Funktioun fir Fotoen, (opmannst fir Titel) an eventuell Tags fir Fotoen.

Eng Rubrik op der Usersäit mat allen Annoncen déi ofgewéckelt goufen.

Sou, dat hei war lo Brainstorming, villes dovun wäert net ze machen sin oder einfach nëmmen Kabes, mee d'Iddi as jo vir aner Leit op Iddien ze bréngen, gell?

__________________
www.gloda.net
30.03.2007 13:57 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo, de Gloda hudd nach eppes intressantes ugeschnidden... Favoriten-Fotoen. Bei der View-Fotocommunity kann een nämlech seng Lieblingsbiller raussichen... Fannen ech perseinlech besser wei Topfotoen. An soumatt giff och all dei Kritik wegfaalen.

P.S.: Johny, du muss bei de Stats nach bei d'Browser den "Safari" derbei maachen. :-)

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

30.03.2007 14:00 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vielleicht widderhuelen ech elo en puer Ideen dei ech dir well fiirgeschlooen haat.

Ech giff et flott fannen...

1) ... Useren net nemmen iwwert hieren Nickname mee och iwwert hieren/hiert Foto Apparat, Zousatzmatériel, etc. ze fannen;
2) ... och Tutorials kennen ze iwwerwaachen;
3) ... wann een d'Profil mat nach mei Informatiounen keint ausfëllen;
4) ... eng personaliséiert Startséit kennen festzeleen. Dat ass ganz beschtemmt mat vill Aarbescht verbonnen, mee ech stellen mer do zB Astellungen fier weivill Néitst Fotoën, weivill News oder weivill Forum Threads een well ugewisen kréien.

Den gloda huet an Zwëschenzäit schon weider intressant Viirschléi geschriwwen.

P.S Wier eng Iwwerwaachung per Drag&Drop méiglech? smile
30.03.2007 14:01
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also do sinn elo schonn tonneweis Saachen dei sws scho gesot goufen ... huele mer se der Rei no:

- Wallpaper/Tutorials (plus dei nei Saachen) op der Usersäit -> geplangt
- Weieng Fotoen gewise ginn op der Usersäit: schonn an den Astellungen matt dran, muss just och nach agebaut ginn op der Usersäit

- Meng Comments: haas de jo scho gesot an wollt ech och nach maachen
- Link am Profil op Usersäit: Verstinn de Sënn net well wann een online ass gesäit een sech selwer ennen an der Online-lëscht, do geet och just ee Klick duer
- Equipment: Gëtt vill ze vill matt der Zäit, an dann muss emmer all 2 Méint eppes geupdate ginn ... hëllt ze vill Zäit ewech fir daat waat et ass, fannen ech
- Forum: Do hun ech sws scho laang gesot dass den aktuelle Forum verschwennt an en selwer programmeierten kennt an d'Säit selwer, dann ass däin wonsch an engs matt erfëllt
- Favoriten: scho laang geplangt genee an dem Sënn weis de et erklärt hues. Gëtt matt der Iwwerwaachung dann zesummen "geschalt", kombineiert, mee net dass et daat selwecht ass
- Search ass och scho laang geplangt, fir Fotoen an och fir User bessen mei detailléiert.
- Annoncen: Keint ee vläicht maa, jop

- Topfotoen ass dach och scho laang gesot dass se verschwannen, Eric do bass de bessi lues geweecht
- Safari: den zielt zu Others Augenzwinkern

Bon Mojoo däin eischte Punkt hun ech jo schonn lo grad gesot dass kennt
- Tutorials iwwerwaachen: Okay
- Profil nach mei: Waat? smile
- personaliseiert Startsäit: haas du mer jo schonn emol firgeschlo, an ech hun och nix dergeint, just ass et effektiv matt vill Arbecht verbonn. Mee mol kucken.

Per Drag 'n drop geet am Moment eppes aanescht ... Augenzwinkern d'Iwwerwaachen per Drag 'n drop .. mh ech wees et net secher. Misst ech testen. Mee ech wollt op jiddefall och maan dass ee kann ukräizen an den Astellungen dass een fotoen zu denen een e Kommentar schreift, automatesch iwwerwaacht ginn.

Hm nach net wirklech sou vill nei Saachen dei vill hellefen großes Grinsen Mee merci schonn emol ierch fir dei Kommentarer!

__________________
404 - Not found
30.03.2007 14:13 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Okay... Topfotoen verschwannen... großes Grinsen
Emm, jo, Safari ennert Others ze schreiwen, fannen ech zwar lo net sou gudd, mee bon... C'est la vie. :-) Den Netscape steht jo dann och ennert others... LOL

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

30.03.2007 14:25 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
Masterpii Masterpii ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also sou ech bis elo gelies schengt et jo ganz interessant ze gin!!! Also waat ech nach kann firschloen, as en aanert Bewärtungssystem, genau firstellungen hun ech zwar lo och net grad, fläit mat 5 Stären oder sou...
Dann daat mat den Favoriten, daat huet den Gloda jo schon ranbruecht, dorunner hat ech och schon geduecht, well dann muss een net emmer seng "Lieblingsfoto" wiesselen, mee huet een se all op een Bleck!
Sou, daat war et dann vun menger Säit!

__________________
Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
30.03.2007 15:38 Masterpii ist offline E-Mail an Masterpii senden Homepage von Masterpii Beiträge von Masterpii suchen Nehmen Sie Masterpii in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie Masterpii in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von Masterpii anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jojo Bewärtungen haate mer och schonn, do musse mer eis nach eng schlau afaale loossen Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
30.03.2007 15:48 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
ApplEric ApplEric ist männlich
Routinier


images/avatars/avatar-63.gif

Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ma matt de Bewertungen kann ech nach soen wei et bei der View-Community ass, dat fannen ech relativ gudd.
Do hudd een nämlech 3 Bewertungen pro Foto: Eemol Technesch, wei d'Foto eben technesch ass, dann kenschtlerech an eben de gesamtandrock... Kinnt een jo och hei maachen. Wirr secherlech mei eng konstruktiv bewertung. :-)

__________________
You don't need eyes to see,
you need visions

Faithless

30.03.2007 16:54 ApplEric ist offline E-Mail an ApplEric senden Homepage von ApplEric Beiträge von ApplEric suchen Nehmen Sie ApplEric in Ihre Freundesliste auf AIM-Name von ApplEric: applericlux MSN Passport-Profil von ApplEric anzeigen
spako
Tripel-As


Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Flott! daat klengt jo bis elo aalles wiirklech gudd!

Zur Bewertung hun ech op engem aanere Site ee wiirklech flotten System fonnt (de site heescht Eyefetch.com)
Do kann een d'Fotoen vun 1-10 Bewerte wei hei (allerdengs kann een dei Bewertung jidderzait aenneren wann ee wellt) des Bewertung ass eng allgemeng Bewertung vun der foto. Bei Ratings vun der Foto kennt allerdengs reischt dann eppes stoen wann op mannst 4 Leit eng Bewertung oofgin hun. soss war et ebe Pech.

Allerdengs huet dese Site och nach eng aaner alternativ fier Bewertungen ze maachen. Uewe bei der Foto kann een" In-depth reviews" uklicken, an da kann een:

vun 1-10 d'Schaerft vun der Foto Bewerten an och nach ee Comment dozou schreiwen
daat selwescht geet dann och der Reih no:
- fier d'Rausche
-feir colour balance
- fir composition
- fri beliichtung
- fier d'kreativiteit
- uniqueness (waat och emmer do renner soll verstaane gin wees ech net sou genee ;-) )
- an fier dei verschidden elementer aus dem Bild (zb waat steiert asw)

am beschten ass et geet een sech et ob dei Sait bei iergendenger Foto ukucken fier sech eng Iddi ze maachen.

Dei eenzel Deeler vun der" in-depth review" si vlait zevill detailleiert mee vum Prinzip hier fannen ech et flott.. en plus huet een dann eng alternativ, ob einfach bewertung oder mei eng detailleiert, a wann ee selwer nach net sou secher ass wei en ee Comment soll schreiwen da bidd daat och eng gewessen upaak :-)

dat d'Bewertung vun 1-10 ass muss jo an desem Fall och net sin, et kann ee jo einfach nemme mat Comments zu deene verschiddenen Elemter fueren...

mee vlait ass daat ganzt och einfach zevill komplizeiert.. ech fannen et aawer wiirkelch flott an derwaert sech et mol unzekucken. :-)
30.03.2007 18:06 spako ist offline E-Mail an spako senden Homepage von spako Beiträge von spako suchen Nehmen Sie spako in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wa mer d'Leit wellen derzou kreien net mei ze bewärten dann maan mer et sou Augenzwinkern

Nee mee ass vläicht guer net sou domm dat do, just geif ech net 1-10 maan mee 1-5, su à la 3 - OK; 4 - Gutt, 5 - Genial; 2 - eischter net su gutt; 1 - nach vill ze verbesseren. A beim Upload wielen op detailléiert oder net, daat wär tiptop, denken ech emol. Kucke waat anerer dozou soen ! Merci spako smile

Ahjo wann een Saachen huet dei mussen op der Startsäit verbessert gi (oofgesi vum personaliseiren) da solle mer et soen smile

Bon OK da si lo puer Saache komm, da soen ech mol waat bis lo ass:

- Den gréissten Deel vum Design ass un dei nei Optik ugepasst smile (puer kleng Saachen muss ech faarwlech nach upassen)

- Astellungen sin KOMPLETT aanescht. Et huet ee lo de Profil z.B. och ennert den Astellungen, wou am ganzen 5 Tabs sinn, fir dei verschidden Astellungen dei et ginn.

- An den Astellungen ass och d'Administratioun vun der Usergalerie dei ech mam Update vill mei einfach wollt maachen: Een Ordner bäisetzen geet ganz seier an einfach, ouni dass d'Säit suguer nei geluede gëtt. Da kann een en per Drag'n drop dur an d'Lëscht réckelen vun den Ordner all, wou een en hi wëll. Embennen kann ee se dann och. Wann een dann Fotoen well drann verwalten kommen ennendrenner d'Fotoen all als ganz kleng Icons, wei lo, just matt enger Checkbox drënner. Ugeklickt heescht dass se an dem Ordner ass, net ugeklikt da gëtt se net an dem Ordner ugewisen. An durch e Klick op d'Icon selwer gëtt dei derzou passend Checkbox ugeklickt (da muss een net di mini kleng checkbox vun 12x12px do emmer uviseiren). Durch "Astellunge späicheren" ginn dann d'Fotoen gespäichert dei een grad an den Ordner bäigesat huet oder räusgeholl.

- Fotoen kucken, also z.B. Neitst Fotoen do ass d'optik och aanescht, genee wei de PM System.

- Fotoen am grousse kucken (wei su muench Leit emmer schein schreiwen dass ee soll drop klicken) ass och aanescht

- Topfotoen sin äusgebaut, just kann ee se nach kucken, mee Jury ass net mei drann, Vote net etc.

- Ech hu Scripts geschriwwen dei all Icons vun .png an .jpg emwandlen, daat erspuert eis warscheinlech 20% Traffic, an se lueden domat méi séier



Leider ass daat schonn alles. Waard also nach vill Arbecht op mech...


//EDIT: Ech wëll awer nach derbäi soen dass dei Saach matt der Administratioun vun der Usergalerie mer vill Zäit ewechgeholl huet well ech vill matt neie Saachen hu mussen hantéieren. A Leit dei herno gesinn hun wei et funktioneiert hun Saache gäntwert wei "wëlls de domat e Konkuer gewannen?" oder einfach nemmen "wow" Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
31.03.2007 15:10 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also ech fannen dem appleric sain fiirschlaach mat den 3 Bewertungen pro Foto ("Technesch, Kenschtlerech an Gesamtandrock")eng gudd saach!ech sen awa guernet frou iwert den fiirschlach fun enger 5erSkala...mir geet neemlich d10 schons oft nik duer...^^ mee oki...

eng FavoritenFunz wier o eng gudd saach...

an zum forum wollt ech na son dass ma do (mengermeenung) no een 'supervisor' braischten...den wier am beschten anonym an giff lait verwarnen dei saachen enzuesch raschreiwn wu se nik hingeheiren, beiträsch rekklen an klasseiren, zouman wan den thema ze aal/feddischdiskuteiert as an ebn sou giff bessi ordnung am system behaalen...dei allermeeschten forumen wu ech bis lo begeint hun hun sou lait an daat heleft wierklech...Augenzwinkern
hun awa keng ahnung ob dei saach realiseierbar as!Augenzwinkern

zum rescht haat ech o na puer ideen mee am mnt fellt ma do nik mi alles an...^^ war iergendswann enka dass ech dMeeting an dFotoen fun den meetingen oniwersiichtlech font hun mee den verbessrungsfiirschlach wees ech lo nik mei...^^ kent vlait na enka no...

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
31.03.2007 19:13 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

As déng Iddi mat der Foto vun der Woch och nach ëmmer aktuell?

A wat ech géif begréisse, wier, datt op der Startsäit ee Contest, wann dann ee leeft, mi grouss a mi däitléch ugekënnecht as, eventuel souguer mat enger Foto, déi den Thema hëleeft mat ugin. Ech ka mir nämléch di wéineg "Contestadores" net aanescht erkläre, wi datt d'Leit et iwwersin, datt ee Contest leeft. Bei méi wi 1000 user nëmmen eng knapps Doze Kandidaturen, dat as dach scho suspekt.

Dat hei géif och fir all wichteg News gëllen, z.B neien Tutorial, eng wichteg Ausstellung heiheem an am Grenzgebitt, ee usertreffen etc...

Wéi wier et mat engem "user à la Une", deen nom randomphoto-Prinzip erschingt mat 3 Fotoën aus sénger Gallerie, eng grouss ( 400 px an der Breed (resp. Héicht) an 2 klenger drënner (200 px)? Deen natiirléch verlinkt wier op séng usersäit.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nicon07 am 31.03.2007 20:23.

31.03.2007 20:11 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat mam User vum Moment kléngt zwar cool, mee well et muss nom Zoufallsprinzip verlaafen, géifen do net oft User hikommen déi nach näischt eropgelueden hun? An et géif och elo schon 3 Joer daueren bis jiddereen drukënnt...

__________________
www.gloda.net
31.03.2007 20:58 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Nicon07
Foren As


images/avatars/avatar-127.jpg

Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Do hues du och nawell Recht. Ech hat dat net beduecht.
31.03.2007 21:04 Nicon07 ist offline E-Mail an Nicon07 senden Beiträge von Nicon07 suchen Nehmen Sie Nicon07 in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Blackpanther: Nee also ech fannen et immens gutt wann ee ka qielen op 1 ganz Bewärtung oder wirklech ganz detailléiert. An dass d'Leit d'Skala vun 1-10 net verstinn huet ee jo scho mei wei oft gemirkt! Dofir 1-5 matt den Ungaben dei ech gin hun, derbäi.

Waat de Forum ugeet: Waats du mengs sin Moderator. An anonym sollten dei net sinn well d'Leit musse wessen u wen se sech kënne wenden wann eppes ass. Ausserdem ass de Mojoo am Moment Moderator an hee mecht seng Arbecht relativ gutt! An mam Update kennt nach een sou en Mod derbäi.
PS: Grouss a Klengschreiwung ass do fir ze gebräuchen. Text liest sech net immens gutt wann alles kléng geschriwwen ass Augenzwinkern

@Nicon: Daat steet nach, mat Pic of the week. Waat dei aner Saachen ugeet: Ech hun System messagen geplangt. Do kann een dann och astellen weini een bescheed gesot kritt, bei waat. An do gehéieren Saachen wei News, Annoncen an Contests och derzou. D.h. et kritt een dann sou en System message. Wann een alles nämlech geif op d'Startsäit setzen dann wir se ze iwwerfëllt a kee geif sech mei remfannen. An data hei ass jo och eng Léisung am fong op dee Problem dens de wolls uschwätzen domat smile

Waat dee User ugeet op der Startsäit ... do muss ech dem gloda Recht gin. Mer kënnen och net z.B. nom PG Skill "aussorteiren", well et ginn och vill Leit dei vill Comments hun an net vill Fotoen ... Mee vläicht fällt mer nach epps aanescht dozou an. Schlecht ass d'Idee mol net Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
01.04.2007 01:07 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann een amgang as en Kommentar ze schreiwen an zoufälleg op 'Kommentar schreiwen' klickt get den Kommentar geläscht.

__________________
www.gloda.net
01.04.2007 14:20 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
FranzMacN
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hallo alleguer,

De PG Site as schon super flott opgebaut (Respekt!!), mee wann schon verbessert soll gin...
wei schon aaner Leit gesoot hun, d'Bewertungsskala 1-10 ass vill ze grous. Ech hun nach net vill Bewertungen enner 7 gesinn. Ech wier mol gespaant eng Statistik vun de Bewertungen ze gesinn, also wei oft eng 10, eng 9, ... verdeelt gin ass. Ech sin secher, et gin der net vill enner 6.

Ech sin och dofir verschidde Bewertungskriterien anzefeieren, wei schon virgeschloen: Gesamtandrock, Gestaltung, etc, mee och d' Originaliteit (oder Idee).

Wei een d'Useren dozou brengt mei Bewertungen oofzegin wees ech net. Ech sin selwer ee Bewertungsmuffel. Bei de gudde Fotoen ass meeschtens schon alles gesoot, bei de schlechten traut sech jo keen eng schlecht Bewertung ze gin, also sou enner 5-6. Et misst een jo dann zevill erklären. Do wär et net schlecht wann een einfach ouni Kommentar an de verschidde Kategorien eng Zuel vun 1-5 keint gin.

Wei wär et wann pro Woch eng gudd Foto erfirgestrach get (Foto vun der Woch) awer och eng manner gudd. Unhand vun deenen keint jo gewisse gin waat gudd/ schlecht ass, respektiv besser gemaach ka gin.

mfG
Franz
01.04.2007 20:10
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kann mer schon den allwöchentlech Forum Thread virstellen: "Virwat as méng Foto déi schlecht Foto vun der Woch?" wat dann nees Rapp an Klapp gët.

__________________
www.gloda.net
01.04.2007 21:52 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Seiten (23): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » PG Update

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH