AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
|
|
Ajusteiaren vum Autofocus |
|
Moien Alleguer,
Den Autofocus vun mengem 70-200L 2,8 (mat der Canon 5DMK3) fonctionnéiert net esou wei en soll, sou dass ech en aschécken well fir en ze ajustéieren.
1 Fro: Wou kann ech dat hei am Land am beschten maachen? Hunn keng Garantie méi, mä et gëtt vun der Assurance iwwerholl.Gëtt et do awer eppes, wourop ech oppassen muss?
2. Fro: Déi aner Objektiver fonctionnéieren ganz gutt, an insbesonnesch beim 50mm 1.4 hat et laang gedauert bis et sou war. Dofir fäerten ech elo, dass nom ajustéieren den 70-200 tipptopp wärt sinn mä dofir déi aner Objektiver Problemer maachen wäerten. Wei kann ech deem Problem aus dem Wee goen?
Giff mech iwwert är Hëllef freeën!
Schéin Gréiss,
Alain
|
|