|
McQueen unregistriert
|
|
|
03.01.2013 14:37 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also ech kann der zwar lo keng prezis Tipps ginn fir däi Material an d'Gréissten, allerdings zwou Saachen:
- Déi meescht Leit kucke fir Fotorucksäck bei den übleche Marken, mee et ass wierklech derwärt bei verschiddenen aneren och ze kucken, de McQueen huet mat Kata schonn eng genannt (ech hat ee klengen Kata, war deck zefridden domat, just en ass nemmen fir een Apparat an een oder max 2 Objektiver geduecht), an als zweet géif ech der nach Burton firschloen. Mäin aktuelle Rucksak ass vu Burton, an se si suguer belleg wann ee verglaicht mat dem wat aner Marken froen. http://www.burton.com/mens-bags-luggage-...default,sc.html (Bëssen rofscrollen bis de bei "Photo" kënns)
- Am September wou mir vun eiser Rees rëmkomm sinn do ass eist Handgepack kontrolléiert ginn wou mir an der Schlaang stungen ze waarden fir den Check-in. Awer dat war op Tahiti mat "Air Tahiti Nui" d.h. eng Airline déi een am normale Fall sws net notzt
(Mäin huet awer problemlos gepasst, souwuel vun de Gréissten wéi och vum Gewiicht, 8,5kg vun max 10)
__________________ 404 - Not found
|
|
03.01.2013 17:05 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
Majo dat mat den "onübleschen" Marken schéngt jo mol een interessanten Tipp ze sinn!
Ech hoffen dir behaalt Recht dass dat net sou ganz genau geholl gëtt! Huet do een aneren schonns aner Erfahrungen gemaach?
@McQueen: Also op den blëtz kann ech am Prinzip verzichten mä et muss engem awer och bewosst sinn, dass een mat der 5d dann ganz ouni blëtz ënnerwee ass! An op mäin 70-200 well ech net verzichten mussen. Zum engen hunn ech dat Objektiv ganz gär :-) an zum aneren ginn mir an vill Nationalparken an denken dass mir 105mm do ze kuerz sinn (zb bäi Déieren)? Souguer an enger Staat wei NY kann den 70-200 interessant sinn!?
|
|
03.01.2013 17:54 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
schleissen mech dem McQueen un....
Sin och ganz oft do, an se kucken daat wk guer net esou genau!! Sou laang et keen Samsonite vun 100l as,passt daat schons.
Gesin oft Leit dei WK grousst Handgepäck bei sech droen, wou ech ma wk Fro stellen, virwaat do neischt gesoot get !
GAnz labber iwert hier Dimensiounen goen.
PS: Dein wertvollt Handgepäck NIE oofgin, vir ennen bei Valisen !
|
|
03.01.2013 19:19 |
|
|
wuff
Jungspund
Dabei seit: 08.02.2010
Beiträge: 16
|
|
Salut!
Wann et nët onbedingt en Rucksaak muss sin, dann gin et do Pelicase'en.
Do krist de Modeller déi genau d'gréist vum Fluchgepäck hun. En Rucksaak kannst du dann
an déi normal Valis maachen.
|
|
07.01.2013 09:45 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
also ech hu lo säit engem gudde Joer den Flipside 400AW vu Lowepro,
de Rucksaak ass top an ech hu bis lo nach kee bessere fonnt, an en plus ass en
e gudde Krack mei belleg wi aaner grouss Rucksaeck.
Op der laeschter USA Rees haat ech dranner:
5dmk3
70-300
24-70
2 * fisheye
alles emmer mat der sonneblende
chargeur, kabelen, Garmin Montana 650T (hoellt bessi mei Plaatz wei een 430EXII)
zäitweis och nach menger frendin seng hd-kamera dranner
De Rucksack huet eng reenhousse, du kanns e stativ mat droen oder wann et der waarm gett dann rulls de deng jacket op an du mess se mat de schnallen dei dofier virgesin sin um rucksaak fest, lenks a riets kanns de 1,5 liter flaeschen an een netz dranner maachen, oder e resiefuerhere waats de grad brauchs, du hues fir och nach platz fir allerhand saachen dranner ze machen, e buch, filteren.
De Clou beim Rucksaak ass deen dass keen un dein fotomaterial koennt well tirette um reck verleeft, muss also entweder de rucksack ausdoen, oder wi beim slingshot, emt d'taille dreihnen an d'sachen bequem eraushuelen, du hues 2 normal gurten an een huftguert, stramm ugezunn an du hues KEEN Reckwéih!
Ech hat en deemols via Amazon kaaf (emt di 70€ nemmen).
Hat den lo 2 mol am Flijer mat, nie e problem, suguer net wou ech mat der ryanair matgeflunn war, ausser baal beim Gewiicht
|
|
07.01.2013 14:01 |
|
|
Scyv76
Grünschnabel
Dabei seit: 30.07.2010
Beiträge: 3
|
|
Also ech hun och den flipside 400 AW vun Lowepro an kann och nemmen soen dass et deen beschten Rucksaack ass deen ech bis elo haat. Ech hun 2 Kamera'en dran (7d + 5dmk3, canon 16-35, 24-105 an 100-400, oft och nach den 100mm oder e bletz. Kanns alles bannendran nom Baukastensystem emmænneren, do geet masseg dran.
|
|
07.01.2013 19:34 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
@Wuff: Ma dei Pelicasen gesinn nawell ganz interessant aus, mä ech mengen ass elo net sou dat wouno ech sichen.
@scyv76 an gogo: Ma deen Rucksak schéngt interessant ze sinn. Ech sinn vun den Fotoen hier zwar skeptesch, dass alles dran passt mä wann dir et sot! :-) An virun allem schéngen seng Mossen fir den Fliger interessant ze sinn.
|
|
08.01.2013 17:07 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Et gett en internetsite do kanns de quasi all fotorucksaak den et existeiert eraussichen a fotoen vun aaner user kucken wei sie hiere Kuerf konfiguereiert hun, den een mescht esou den anneren annescht, kanns also och puer Iddien sammlen weis de däi Kuerf konfiguréiers. (wees de site awer net mei, misst de wuel nogoogle goen)
Wanns de op den naechsten Phototalk koenns, 6te Febuar, kanns de mäi Kuerf ukucken.
|
|
08.01.2013 22:46 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also ech hunn och den Flipside an hat en och schonn mat an den Fliger mat mengem ganzen Material (Sony A700, 50mm, 18-70mm, 11-16mm, 70-200mm, Blëtz, Lueder, Käertenlieser, Gorillapod, Aquapac vir d'SLR,...) an meng Brëllenscheek, en 1000-Säiten-Buch, décken Kompass, an nach all méiglechen aneren Krom wou een mengt ze brauchen dran. (Wéi huet dat alles do dranner gepasst???) War guer keen Problem. ^^
Se kontrolléieren souwisou eigentlech ni.
__________________ Anti-Signature
|
|
08.01.2013 23:41 |
|
|
AlKo
Jungspund
Dabei seit: 24.05.2012
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
@gogo: MA kucken dann dass ech do mol rëm engkeier Zäit kréien, fir op den Talk ze kommen an huelen däin Angebot dann ganz gären un!
@Metalbambi: Also den flipside schéngt wierklech interessant ze sinn. An Bezug op den "se kontrolléieren souwisou ni:
@All: Also mam Gewiicht maachen ech mir keng grouss suergen, dat kritt een verdeelt (Frëndin geet och mat) mä gréisst vum Rucksak! Fir méi genau ze sinn déift vum Rucksak, dei soll am Prinzip déi 20cm net iwwerschreiden. Et fënnt een awer quasi keen Rucksak ënner 26/24cm! Hunn an den Foren insgesamt gelies, dass dat net kontrolléiert gëtt mä wat ass wann? Well et kann jo kontrolléiert ginn!
|
|
10.01.2013 09:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et gëtt meeschtens net kontrolléiert, dat stëmmt, mee wann sie gesinn dass ee mat engem ze décke Rucksak opdaucht dann maachen se et trotzdem, dat ass op allefall dat wat ech lo op all de Flig konnt gesinn.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.01.2013 09:57 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Wann se net gerammelt voll sinn, sinn d'Rucksäck jo och net sou deck. Wanns de d'Fronttäsch eidel léisst misst et schonn bal passen. Probéieren dat mol...
__________________ Anti-Signature
|
|
10.01.2013 16:57 |
|
|
Scyv76
Grünschnabel
Dabei seit: 30.07.2010
Beiträge: 3
|
|
Also ech kann just soen dass souguer mat gefelltener Fronttäsch, ech nach nie en Problem haat...bis elo
|
|
10.01.2013 21:40 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Mat en bëssen Kreemchen vir dran ass en genau 20cm. Hat en d'läscht Kéier um Flughafen och an déi Testboxen gepresst kritt, och wann et enk war...^^
__________________ Anti-Signature
|
|
10.01.2013 21:50 |
|
|
|
|
|