adrien unregistriert
|
|
|
04.03.2006 14:40 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
E Grond gët mat ugin wann eng Foto refuseiert gët. Neirens steet eigentlech dass mer eis dofir musse rechtfärtegen mee vill wollten en einfache Grond wessen dofir get den och ugewisen. Beim Upload bei de Reegelen steet dass mer kënnen all Foto refuséieren. An an läschter Zäit ass vu ville gesoot gin mer sollen e gudde Strapp mei streng gin mam refuseieren, an dofir maachen mer daat och.
//EDIT: also wann ech daat richteg gesin kucks de mol nei bei "Méng Bäitreech", wou den Grond ugewise gët, daat ass awer nët eis Schold.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.03.2006 14:57 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech fannen dei 2...obwuel den kapp net scharf as awer besser...also lo net besser mee gleichgudd...gesin do zwar och keen grond fier se net zouzeloosen
Fannen dein komment hei net gudd...kloer et forceiert keen iech een grond ze gin mee awer....wann et souweit as as den prinzip, engem jonken user eps beizebrengen och husch...nee?
Also hei gin ech dier absolut net recht...wann geblockt get, waat jo net emmer schlecht as, fannen ech et gudd wann een grond ugin get...
Ech krut na keng geblockt dofier wees ech lo net ob et stemmt dat der jidderengem eng aentwert gidd...an daat as mer och lo egal...mee fannen et zwar mies wanns de lo hei sees dass de deng entscheedung net rechtfertegen muss...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
04.03.2006 14:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Daat steet säit ufank un sou op der Säit, egal obs de lo averstaan bass domat oder net. Mee wei ech soot, mir gin JIDFERENGEM e Grond wisou mer se net akzepteiren vun do hun dass mer daat agebaut hun. Just wei et schéngt liest heen déi Grënn mol net, well dei gin bei Méng Bäitreech ugewisen.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.03.2006 15:07 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ok daat konnt ech jo net wessen...heen soot jo en haett keen kritt...dann hun ech neicht gesoot.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
04.03.2006 15:08 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
't geet awer
. Ech krut bis elo 1 refuseiert (iwwregens vollkommen berechtegt), an du stung do och en Grond derbäi.
|
|
04.03.2006 17:38 |
|
|
adrien unregistriert
|
|
Majo, ech wollt mech hei emol entschellegen dass ech direkt an den Forum kréischen komm sin, ech war effectiv net bei Meng Beitreech kucken an hun mech emmer gefrot virwats de d'photoen net ungeholl hues. Ech gin der deelweis och recht bei denger critique zu den photoen, mais ass dat wierklech en Grond fier se net z'acceptéiren? Ech fannen et zimlech streng vun dier photoen ze réfuséiren well se net sou super cadréiert oder net op der richteger platz scharfgestalt sin.
|
|
05.03.2006 11:45 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Mer kruute gesoot mer solle mei streng sin, vun ganz villen, well wann mei Fotoen um Site sin dei och net wirklech gudd sin dann verleiert een d'Iwersiicht an et ass een guer net motivéiert fier Fotoen ze kommentéieren.
__________________ 404 - Not found
|
|
05.03.2006 13:25 |
|
|
fledermaus
Grünschnabel
Dabei seit: 04.02.2006
Beiträge: 3
|
|
Ech krut bis elo just eng eenzeg Foto akzeptéiert. Dass ee mer de Grond ugett, fannen ech gutt. Mä leider wäert ech dëse Site ni méi benotzen. Engem Laie sollt een och mol eng Kéier eng Chance ginn, an en net emmer refüséieren. Esou kann ee sech ni verbesseren. Déi lescht Foto ass refüséiert ginn well näischt interessantes do ze gesi wier. An derselwechter Rubrik fannen ech lauter esou Motiver, wou och näischt interessantes ze gesinn ass. Déi sinn awer accordéiert ginn. Ech wäert weider Fotoe maachen, awer dee Site kann ech mer erspueren.
|
|
08.03.2006 13:29 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Setz d'fotoen mol hei an den forum dann kennen na aaner leit hier meenung driwwer son...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
08.03.2006 15:14 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech wees dass aaner Leit mei schlecht Fotoen ropgelueden hun, mee ech soen et lo schonn vir 20e Kéier oder sou: Mir kruute gesoot mer solle mei streng sin, dann si mer och mei streng. Mee mer läschen awer keng aal Fotoen dei schonn drop sin. Mer kruuten och gesoot dass nodem mer mei streng gi sin schon d'Qualitéit wirklech e gudde Strapp ropgaangen ass. Et ass kloer dass Leit do sin dei da vill Fotoen roplueden an vill refuseiert kreien och, mee wann een oninteressant Fotoen roplued dei einfach wirklech just wei geknipst äusgesin, net fotograféiert, dei kreien och net vill Kommentaren an dei huelen engem d'Loscht fir aanerer ze kommentéieren. Ass alles nozeliesen bei de Grënn wisou mer och mei streng gi sin ...
__________________ 404 - Not found
|
|
08.03.2006 15:47 |
|
|
zia
Mitglied
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 40
|
|
Recht hues de Johny, an ech muss och soen, d'Qualitéit vun den Fotoen ass an d'Luucht gaangen, ech gesin do sin Leit dei gin sech méih, an sou soll et sin.
Unsech fannen ech dass et soll en challenge sin fir Fotoen acceptéiert ze kreien, dann wees een, ah hei, hun gudd geschafft
|
|
10.03.2006 17:05 |
|
|
|