deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
Nowend Leit,
Also ech sin lo schon eng laang Zäitchen amgaang mer gedanken ze maachen iwwer eng bessen mi grouss Investitioun!
Ech sin ab August 1 Joër fort an den Canada, an sin mer secher dass ech do wahrscheinlech och di eng oder aaner (fiir net ze soen andauernd mat da Cam ennerwee wiirt sin) Fototour wiirt maachen.
Et ass lo sou, dass ech mer iwwerluecht hun entweder eng Vollformat zouzeleen, sprech eng D700 (am Kit mam MB-D10) resp. daat waat do anscheinend laut nikonrumors.com soll nokommen
oder
fiir dann meng D90 ze "completteieren" een Nikkor 70-200 f/2.8 VR II waat jo unsech schon baal als nec plus ultra an deem Beräich kann bezeechent gin, wann een den Tester gleewt.
Meng Fro: Waat hun ech am beschten ze maachen? Vue dass Beides ging mäi Budget sprengen
Natiirlech ging ech meng D90 sws haalen. Ech hun amfong sws schon 2 Vollformat objektiver (main Sigma 24-70 an d'Festbrennwäit Nikkor 50mm f/1.4 waat mech dee moment och ging arrangéieren...
Ech wier frou iwwer all Root
Merci am fiiraus!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
14.01.2010 00:45 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
D'éischt Glas, dann d'Elektronik.
(Kanns de mam 70-200 Fotoe maachen déis de virdrun net konns maachen? Kanns de mat der D700 Fotoe maachen déis de virdrun net konns maachen?)
__________________ www.gloda.net
|
|
14.01.2010 00:48 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
Themenstarter
|
|
good point...
Ben, mam 70-200 secher, vue dat ech main **** 28-300 tamron leed sin (ass jo och net ze vergläichen)
De Fullframe reitzt awer och zumools well ech jo unsech schon di zwou lensen hun.
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
14.01.2010 00:53 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
bon wanns de mam gedanken spills iergentwann op vollformat ëmzeklammen, dann kaaf just nach vollformatobjektiver...(me dat hues de jo well gemeet)
zum 70-200, et ass eent vun mengen beschten objektiver me awer och dat wat ech am mannsten benotzen..., fir mëch sin ëmmer een uerdentlëchen waitwënkel + 24-70 prioritaire.
wat sigma ugeet, ech ersetzen se no an no, me déi, déi ech hat hun mer awer gutt dëngschter geleescht. ech géif mer awer keng nei méi kafen...
d90 haalen? ech hun demols och meng 350d gehaalen, an no engem joer awer verkaaf, well se qualitativ mol nët am usatz konnt matt der 5d matthaalen, wanns de lo eng d300 häss, géif ech soen ok, haal se, dat brëngt eppes (aleng vum verlängerungs facteur hier), ech kennen der e puer déi vun enger d90 op d700 gewiesselt sin, ech hun vun denen nie méi een gesin matt hierem alen boîtier...
|
|
14.01.2010 12:31 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
Themenstarter
|
|
also et geet secher net em de fiirwand eng vollformat ze kaafen
also d'geschicht vum glas vrun der kescht hun ech mer och schon mol öfter soe gelooss, ech wees just net op ech d'70-200 kann fiir dee präiss am moment genuch op menger d90 ausschöpfen, wier cool do evtl. eng meenung derzou ze hun? (schliesslech sin di deck 2000€ net näicht)
aanerersäits kann ech, wi de deendo jo seet, wahrscheinlech mat mengen objektiver d'potenzial vun enger vollformat och net voll ausschöpfen... obwuel ech amfong mam sigma op der d90 méi wi zefridden sin, mee jo eng d90 ass keng d700 ne!
xav, ech verstin net richteg waats de lo mengs mat "wann ech eng d300 hätt gings de mer rooden se ze haalen", ech sin unsech, well main papp eng huet, en d300 geleegenheetsknipser, an fannen den ennerscheed unsech net monstréis. Op allefall net sou maassgebend dass ech vun enger d90 op eng d300 ging klammen, kann mer domat och net fiirstellen dass ech eng d300 vill eischter ging haalen wei eng d90, oder?
merci op allefall schon fiir di konstruktiv entwerten
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
14.01.2010 13:39 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dat muss du fir dëch wëssen, meng quellen sin iwwerzeegt dass trotzdem welten tëschend der d90 an der d300 leien, me dat hänkt wuel och vum Stil fotoen of déi een mëcht ;-). Ech perséinlëch géif guer keng aps-c baibehaalen, well et huet mer naischt bruecht, me dat ass meng approche...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 14.01.2010 14:14.
|
|
14.01.2010 14:13 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
... an ech géif egal wéien Boitier haalen fir en Ersatz ze hun wann main éischten futti ass (an ageschéckt gi muss). ;-)
Ech muss awer soën dass ech main aalen Body och baal nët méi huelen zanter dass ech déi nei hun. Esou wärt et dir och goën. *g*
|
|
14.01.2010 15:18 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Daat ass eng gudd Fro.
Ech hun firun kuerzem eng D3s kaaf well ech D300 midd war. Mais ech hun awer schon meng Objektiver gehaat, dei ech fier meng Fotografie bräuch, do ass keen Zoom drenner, mais nemmen Festbrennwäiten.
Wanns du lo een Zoom bräuchs an awer schon eng gudd Kamera hues, dann geing ech D90 haalen an den 70-200 2.8 kaafen.
T'Fro ass, obs de eischter den Boitier oder t'Objektiv bräuchs. ;-)
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
14.01.2010 18:24 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Pelz
T'Fro ass, obs de eischter den Boitier oder t'Objektiv bräuchs. ;-) |
JO!
de problem ass dass ech jo amfong net wees waat ech dohannen wiirt fotographéieren, also net genee, dofiir ass déi fro waat ech BRAUCH, schweier ze beäntweren
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
14.01.2010 22:31 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
ëch ka mëch (als Canonist) nëmmen déenen Leit uschleissen, dei dir zu gudden Lënsen roden. E Boitier wiesselt éen mei dacks, ëch schwätzen aus Erfahrong !!
Ech hun zwar lo Vollformat + Crop (brauch së ((mengen ëch alt ëmmer))), mais ëch kann dir soën, souwuel op der Eos 5D2 wei och op der Eos 7D brauch éen - richteg gudd - Objektiver, soss kanns de ët vergiessen !
|
|
15.01.2010 08:59 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Also wann et der em dBildqualiteit geet, dann ass secher gudd an besser Objektiver ze investeieren....
Eigentlech hat de Gloda jo schon genau gesoot wounos de entscheede solls: kann ech mam neien Body Saachen man dei ech bislo net man konnt, oder mam Objektiv?
|
|
15.01.2010 11:13 |
|
|
|