g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
|
|
Salut,
vue dass ech baal nemmen Makro maachen, huet sech dei Fro hei nach nie fir mech gestallt: Beaflosst eng Kamera ouni Vollformatsensor de Weitwenkel vun engem Objektiv?
Ech wollt mer nähmlech daat genannten Objektiv zouleen, mee ech si mer net secher ob et sennvoll as.
Hei e random Link zum 17-40m
Merci fir Infos,
Philippe
|
|
01.12.2009 21:33 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
jo, 17 x 1,6 / 40 x 1,6 = 27 x 64
dat ass ke waitwënkel méi...
du brauchs e waitwënkel den dem chip ugepasst ass, entweder aps-c oder vollformat
|
|
01.12.2009 21:36 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
Jo also den 17mm op Crop verhält sech wei een 27mm op Vollformat.
Wat awer duerchaus nach als Waitwenkel gellt.
den 17-40 ass een flott objektiv fir emmer drop ze hun.
et geet vum normalen waitwenkel (27mm) bis op normalberaich (64 mm).
Wann der dest als waitwenkel net duer geet muss de no engem ultraweitwenkel sichen mat brennwaiten ennert 17mm
|
|
01.12.2009 21:48 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
bai der geschicht mat den cropfaktoren entstin ganz gaer messverständnisser
17mm huet op engem APSC sensor dee Bleckwenkel wei 29mm ob engem Vollformat...
dofir schwetz een vun kleinbild Equivalent (KB-equiv oder sou) vir Bleckwenkelen vun Kameraen mat ennerschiddlechen sensor Formater ze verglaichen...
un der brennwait ännert daat ganz natierlech naischt dei ass a bleiwt 17mm
wanns de lo keng ahnung hues weivill een KB-eq. vun 29mm bedeit, dei meescht belleg kompakt kameran sen do bai 35mm bai ganz rausgezoomt...
|
|
01.12.2009 22:40 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
Themenstarter
|
|
Okay, merci fir är Äntwerten.
Fir mech stellt sech lo den nächsten Problem: ech brauch carrément e Weitwenkelobjektiv, da ech am Summer an Island fetzen a do halt well och ordentlech Fotoen maachen.
Kann een mer do eppes empfehlen fir meng 50D. Et ka Zoom oder fest Brennweit sinn, daat as mer egal. Ech hun mer schon zimmlech vill ugekuckt, flait schon zevill, dovir brauch ech mol einfach e klengen Push. Just zwou Saachen musse stemmen... de Prais/Leeschtung an Image Quality. Voila...
|
|
03.12.2009 13:19 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
|
03.12.2009 13:31 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
Themenstarter
|
|
Daat Tokina gesait jo interessant aus. Problem keint just d'Onzouverlässegkeet vun verschiddenen Builts sin, hu gelies et wären der zimmlech vill vun deen um Marché, dei einfach net geifen sou funktionneieren wei se sollen (Onscharf etc..)
Hun och nach un dest geduet, vue dass et fir Crop Cameraen geduet as an ech schon extrem gutt Erfahrungen matt dem EF-S 60mm USM gemaach hun: EF-S 10-22mm USM
|
|
03.12.2009 16:02 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von g3ckko
Okay, merci fir är Äntwerten.
Fir mech stellt sech lo den nächsten Problem: ech brauch carrément e Weitwenkelobjektiv, da ech am Summer an Island fetzen a do halt well och ordentlech Fotoen maachen.
Kann een mer do eppes empfehlen fir meng 50D. Et ka Zoom oder fest Brennweit sinn, daat as mer egal. Ech hun mer schon zimmlech vill ugekuckt, flait schon zevill, dovir brauch ech mol einfach e klengen Push. Just zwou Saachen musse stemmen... de Prais/Leeschtung an Image Quality. Voila...
|
huel och ee normalt objektiv matt, den waitwënkel kritt bal all bierg "platt" gedrëckt wanns de nët oppass, an dann bass de duerno super-enttäuscht ;-)
|
|
03.12.2009 18:13 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
Themenstarter
|
|
Hehe jo souweisou maachen ech daat. Huelen flait och mein macro gear matt, et kann een nie wessen waat ee fennt. :p
|
|
03.12.2009 20:20 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
dFro ass jo virun allem mol weivill Waitwenkel das de brauchs:
normalen waitwenkel ob der 50D sou etwa 17-24mm
oder ultrawaitwenkel am beraich 10-18mm
grad den Ultrawaitwenkel ass zimmlech geschmacksaach
Waat hues da dann elo vir Objektiver? kee Kit Objektiv?
PS wann Geld keng Roll spillt, autofocus onneideg ass, an et och daerf eng Festbrennwait sen dann ass den Zeiss 21mm f2.8 wuel daat bescht was de fenns
|
|
03.12.2009 23:19 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
Themenstarter
|
|
Ech hun e Sigma 17-70mm an en EF-S 60mm waat awer heivir komplett irrelevant as.
Ech sin der Meenung, dass daat Sigma e gutt Objektiv as fir den alltäglechen Gebrauch, et awer vun der Bildqualiteit nach Besseres gett. Aus deem Grond haat ech mer am Ufank 'L' Objektiver ugekuckt, dei awer, wengst dem hei beschwaaten Problem, mer net wierklech wärten vill brengen.
Ech wollt halt eppes matt vill Weitwenkel, waat och Faarwen ordentlech rausbrengt. Et soll fir Landschaftphotographie optimeiert sin. Vun dohier gefällt mer daat EF-S 10-22 zimmlech gutt well et fir Crop Kameraen entweckelt gin as.
Waat dein Zeiss Objektiv ubelaangt, do as halt de Preis den eepeschen Negativpunkt an 21mm... daat as net genuch besonneg dann och nach ob enger Crop wei gesoot..
|
|
06.12.2009 23:51 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
denk ëmmer drun,
wanns du eng keier op Vollformat wiessels, da muss du daat Objektiv och verkaafen an aus Erfahrong wées ëch, daat daat ëmmer mat Perte geschidd !!
ech hat en EF 17-40L , war bausse rëm onschaarf,
hun et verkaaft an hu mir en 16-35 2.8LII kaaft,
daat war lénks total onschaarf, krut ët vu Canon, obwuel an den USA kaaft,
op Kulanz anstandslos getosch !
sin awer nach nët 100 % zefridden dermadder an denken und eng SWW Festbrennweit !
|
|
07.12.2009 12:26 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
den arwa huet recht, ech géif probéiren den 10-22 an der occasioun ze kafen wann et onbedingt e superwaitwënkel muss sin...
bedenk awer dass baussen ganz seelen déi 10mm zum asatz kommen an der landschaftsfotografie...
|
|
07.12.2009 13:23 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
Themenstarter
|
|
Mjo, daat as mer schon bewosst. Just as et nach laang net esou weit, dass ech mer eng Vollformat leeschten kann. Mee bon, ech gesinn, dass et em eegenes mei komplizeiert as, wei ech ugeholl hun. Dobai well ech dach just qualitativ heischwerteg Photoen an Island maachen :p (Dohier och den Ultraweitwenkel, da do oft weit a breed nix as, waat een herno mist rausschneiden...) .
Wann den 10mm net fir Landschaftsphotographie oder fir Cityscape benotzt gett, dann froen ech mech zwar firwaat et benotzt get. Wanns de lo spezifesch dei Brennweit gemengt hues, dann as et eppes aaneschtes... just kann ech mer virstellen, dass verschidden Situatiounen dei 10mm trotzdem sennvoll maachen... an een dann frou as, wann een se huet.
|
|
07.12.2009 16:31 |
|
|
|