medenis
Mitglied
Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26
|
|
Nikon D40 + Déiftenonschärf |
|
Moien,
Ech probeiren bei menga Nikon D40 Déiftenonschärf hinzekrein me daat klappt net sou richteg
oder besser gesood guer net.
Waan ech Blend ganz obmaan (klengen Blendenwert 3.5) daan get den Hannergrond emma ganz scharf. Een Arbeschtskolleg (mescht ganz vill Photoen) hued gemengt daan geng zum Deel um Chip leien dass den Modell vun da Nikon D40 daat net sou richteg hin geng krein wei dei aktuell Modeller.
Daat wier senga Meenung no och een Grond virwaat hien sou speit vun analog ob digital gewieselt wier well een am Ufank mat den digitalen Spiegelreflex net sou kreativ mat da
Deiftenschärf konnt spillen.
Hued een domada Erfahrung waat lo meng D40 betrefft?
Merci
|
|
22.11.2009 20:45 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Ech hun eng Nikon D40.
Firun allem wier et mol gudd ze wessen wéieen Objektiv dass de benotz? Ech huelen mol einfach un den 18-55mm deen een normalerweis bei der D40 dabei kritt. Wanns de also bei 18mm 3.5 Blend hues, ass et normal dass praktesch alles scharf gett, ausser du bass zimlech no un engem Motiv drun. Wat een méi no un den Objet rugeet, wat den Hannergrond méi onscharf gett (wann een richteg scharf stellt).
Hei e klenge Beweis:
http://www.photogen.lu/view.php?id=34651
Déi ass lo natierlech net matt engem Weitwenkel (18mm) gemaach, mee emmerhin matt enger Nikon D40 ;-)
|
|
22.11.2009 21:23 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Majo, wann ech mech richteg erenneren hun ech dei Foto matt engem Objektiv matt enger fester Brennweit (50mm) gemaach.
Hei mol nach eng Foto wou ech dei genau Informatiounen nach hun:
http://www.photogen.lu/view.php?id=30752
Blend 1.8, Brennweit 50mm, Beliichtungszeit 1/1250 sec
Ech wees lo net wei waits du deng Blend kanns opman. Mee generell gelt:
Wanns du sou no un dain Motiv ruzooms wei et geet (also 135mm) dann MUSS den Hannergrond (wann deen weit genuch wech ass) onscharf gin. :-) Dat ass guer net anescht meiglech.
Mach deng Blend sou weit op wei et geet, setz en Hond, e Mensch, e Stiwel, iergendeppes an d Landschaft, zoom ganz no run, fokusseier dain Motiv an dreck of ;-) Do kann am Fong naicht schief goen.
|
|
23.11.2009 10:29 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
genau folgendes mecht eng kleng deiftenonschaerft:
-kleng blend
-laang brennwait
-kuerz Distanz zum Objekt
-grouss Distanz zum Hannergrond deen onscharf gi soll
-groussen Sensor
als klengen linktip: http://www.dofmaster.com/dofjs.html
mee do muss de natierlech oppassen das de am Waitwenkel mei no dru si muss fir daat sewescht bild....
|
|
23.11.2009 10:38 |
|
|
medenis
Mitglied
Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26
Themenstarter
|
|
@ pol9000
Merci fir den super Link, kucken mir daat mol un, do kenn een jo vill testen souguer mat verschidden kameramodeller
@ marischen
Kriss de dei Déiftenonschärft daan och hin waans de z.b mat +/- 18 - 20 mm schaffs.
Laut mengem Arbeschtskolleg wou eng "Vollformat" Kamera hued geng daat bei him och
do funktionnieren waan seng Blend ganz ob ass.
Mir hun daat bei menga D40 am Büro getest an bei där Brennweit (18mm, 3.5 Blend) bleiwt den Hannergrond emma scharf.
|
|
23.11.2009 11:50 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@pol9000: Grouss Blend, net kleng Blend. (D'Ziffer get méi kleng wann d'Blend méi grouss get.)
@ marischen: Do MUSS guer näischt. Dat hänkt vun der Hyperfokaler Distanz of.
Wann d'D40 en Crop Sensor huet, bei enger Blend vun 5.6 bei 135mm (well méi grouss geet dat Objektiv bei der Brennwäit net op) geet et duer dass däin Sujet op 160m Distanz as dass alles wat hannendrun as nach scharf get.
@medenis: Dat wat däin Kolleeg gemengt huet hänkt net un Digital oder Analog, mee un der Gréisst vum Sensor. Um Ufank woren ebe just weider keng digital Vollformat Apparater ze kréien.
__________________ www.gloda.net
|
|
23.11.2009 12:25 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Iwwer Hyperfokal Distanz fënns de méi eraus um Link deen den pol9000 scho gepost huet. En Crop Sensor as een Sensor deen méi kleng as wéi Vollformat.
__________________ www.gloda.net
|
|
23.11.2009 14:34 |
|
|
medenis
Mitglied
Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26
Themenstarter
|
|
@ marischen
Merci ass fein dass de dir souvill Arbescht mess......kucken fir daat den Owend dann mat dengen Astellungen nozemaan..........hun just keng sou schein Muhhh
|
|
23.11.2009 15:21 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
thx gloda
@ medenis
Ass nix. Misst am Fong och ouni Muh goen ;-)
|
|
23.11.2009 16:33 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
@Gloda, do ass mer natierlech ee Feeler enner laaf gemengt war natierlech grouss blend bzw kleng blendenzuel.
hyperfocal Distanz ass schnell erklärt:
du hells eng brennwait (zb deng 18mm) deng blend (zb f3.5) an dOpnameformat (an desemfall APS-C oder Crop 1.5) an stells de Fokus dann ob onendlech, dann ass dHyperfokal Distanz dei Distanz ab der alles scharf ass.
Wanns de daat bai mengem link agess kriss de fier APSC 18mm f3.5 kriss de eng Distanz vun 4.8 meter.
An zu daer Cropsaach nach schlussendlech:
heigeet et drem wei grouss ass daat Bild waat opgeholl get, an enger filmkamera oder Fullframe digital ass et zb 36x24mm ob engem APSC oder Crop ca 25x17mm ob enger kompakt cam an der greissten ordnung 4mmx3mm. Des spillt eng Roll weinst deem Waert deem am DOF calculator "circles of confusion" heescht ob daitsch schwetzt en vun streuungskreise. Dest ass mei een subjektiven Faktor deen drob berout daat de Mensch ee Bild schwaarf fennt wann eenzel Bildpunkten mei kleng sen wei dDiagonal vum Bild gedeelt duerch ongefeier 1500.
|
|
23.11.2009 20:06 |
|
|
medenis
Mitglied
Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26
Themenstarter
|
|
Salut,
Also ech hun dem Marischen seng szene lo geschta Owend nogestallt mat den selwegten
Astellungen (Blende/Brennwait) an den Hannergrond ass och onscharf gin.
Waat muss een maan fir dass den Hannergrond komplett onscharf get oder funktionneiert daat just waan een den Objet vun mei wait runzoomt?
Merci
|
|
24.11.2009 08:57 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Also ech kennen mech lo technesch net super aus, mee ech geng soen et helleft schons wanns de en Objet vu wait ruzooms (zb matt dengen 185mm misst daat klappen).
Oder eben du hues en Objektiv wat seng Blend ganz weit kann opman. Ech hun z.B. en 50mm (Festbrennweit, allerdings ouni Autofokus-motor) wou ech d'Blend bis 1.5 kann opmaachen. Et gett der awer och nach bis 1.3, wees lo net ob et nach méi weit geet ;-)
Soss kuck einfach mol Fotoen an de Galerien vun deene verschiddenen Useren, meechtens steet dabei wéieen Objektiv se benotzt hun resp. wéieng Brennweit a Blend, dann kanns de der jo e Bild davun maachen wat ee fir soueng Foto wéis du se gaer häss brauch. Sou hun ech et mol emmer gemaach.
|
|
24.11.2009 09:47 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Et as unsech ganz einfach. Mat Weitwenkel kritt een en Sujet net richteg freigestallt wann een net kann bis op epuer Millimeter mam Objektiv un den Sujet erungoen. Also du brauchs am beschten Tele, dat heecht alles wat gutt iwer 50 mm leit. An eng Grouss Blend.
Mee wéi et schon gesot gin as, d'Verhältniss teschend dem Ofstand Sujet Kamera an Sujet Hannergrond as och wichteg. Wat den Ofstand Sujet Kamera géigeniwer dem Ofstand Sujet Hannergrond méi kleng as wat d'Déiftenonschärft méi kleng get, also den Hannergrond och méi onscharf get.
Nach en anert Beispill: En 85 mm mat Blend 1.2 wou den Sujet op der Foto genau sou grouss ofgebild get wéi bei engem 135 mm mat Belnd 2.0 (wat jo méi zou as) huet etwa déi selwecht Onschärft. Fannen den Test leider net méi am Internet, do hätt een dat flott gesin.
Also d'Rezept as: No bei goen, den Hannergrond weit eweg, vill Millimeteren, an eng Grouss Blend, 1.4, 2.0, 2.8 wann se nach méi kleng get muss de wirklech schon gutt iwer 100 mm sin oder ganz nobei kennen goen, wéi z.B. mat engem Makro, fir dass de iwerhapt kanns den Hannergrond ganz onscharf kréien.
|
|
24.11.2009 11:48 |
|
|
medenis
Mitglied
Dabei seit: 05.11.2009
Beiträge: 26
Themenstarter
|
|
Guud erklärt
Merci na emol
|
|
24.11.2009 16:26 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
reng technesch gesin spillt dBrennwait, also wei no s de rugezoomt hues awer keng roll.
obs de 30mm f1.4 851.4 oder 100f1.4 hues ännert un der deiftenschärft naischt. (wann daat objekt was de fotografeiers am bild dselwescht grouss bleiwt)
mee awer um 'bleckwenkel', je klenger deng brennwait desto mei ass vum hannergrond ze gesin: bescht beispill sen dofir dem Hitchcock seng dolly-zoom Szenen aus Vertigo:
http://www.youtube.com/watch?v=Y48R6-iIYHs
hei bewegt sech dKamera ob schinnen weg vum Objekt wärend dem rugezoomt get (bzw emgedreiht) dDoduerch bleiwen dSchauspiller glaich grouss an den Hannergrond get mei kleng oder mei grouss.
Daat leisst sech sou notzen, das de eng grouss brennwait hells (zb iwwer 100mm), doduercher gin dSaachen am Hannergrond mei grouss, an et gin der manner dofier wierken se manner steierend
nachemol hei: als animeiert gif: http://en.wikipedia.org/wiki/File:Contra...m_animation.gif
du gesaiss daat dKamera weg geet, se ruzoomt an dofir dTéikaanen lues a lues zum deel verschwannen
(ech hoffen das lo net ze komplizeiert)
als NB dann nach ee klengen Trick deen se baim Fernseh gaer benotzen: wann een am Studio schafft fier zb eng Newssendung, an et net schafft den Hannergrond onscharf ze kreien, dann hengt een einfach een onscharft Bild als Hannergrond op ;-)
|
|
25.11.2009 17:03 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Boah pol9000 do bréngs de wierklech en komplizéierten Aspekt op! Mat deem hun ech laang gekämpft bis ech akzeptéiert hun dass dat effektiv sou as. Also an der Praxis kann een einfach mol soen dass méi grouss Brennwäiten den Hannergrong méi onscharf *wierken loossen*.
Wann een lo wierklech genau wëssen wëll wat do leeft bei deem wat den pol9000 seet, op Luminous Landscape as en gudden Artikel doriwwer.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.11.2009 19:03 |
|
|
|