Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
|
|
Moien Alleguer
Ech hun mech an d'Makrofotografie verleift! Bis op eng Keier wou ech en Objektiv geleint krut hat ech nach keng Geleegenheet fier Fotoen ze machen, aus desem Grond weilt ech mer lo gaeren eent zouleen. Am Moment spillen ech mam Gedanken mer en Sigma 105mm 1:2.8 EX DG Macro ze kaafen, mee ech geif trotzdem mol gaer aer Meenung zu desem oder och nach zu aneren Makroobjektiver heieren.
Mellt iech!
Merci
Lola
|
|
09.09.2009 14:56 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
Ech selwer hun d'EF 100 mm 1:2,8 USM vu Canon a sin total begeeschtert dovun.
Dat eenzigt, wat fehlt ass de Stabilisator. Mee demnächst kënnt jo och en 100mm Macro mat IS raus, leider als L an am 4-Stelligen Euro-Beräich.. :-(
|
|
09.09.2009 16:34 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
dat kann ech mer leider iwwerhapt net leechten, ech sin schüler an war lo en mount schaffen...ech wollt maximal 500 euro ausgin :/
|
|
09.09.2009 18:30 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
Da kuck der mol dat hei un - dat läit an denger Präisfirstellung.
http://photozone.de/canon-eos/162-canon-...-report--review
Super kompakt, liicht an handlech - trotz Makroobjektiv e schnellen Autofokus (USM) an absolut brauchbar och am Nët-Makroberäich (Portrait,...)
Ass just fir APS-C (also nët fir déi aktuell Serie 5D an 1D vu Canon-Boitier'en ).
|
|
10.09.2009 07:50 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
ma ech hun eng canon 30D dann misst dat jo klappen
villmols merci fier den tipp, klengt ganz intressant!
|
|
10.09.2009 10:22 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
Mir ass dat L och ze deier, leider...
D'100er huet de Viirdeel, dat et en EF ass, also och op Vollformat passt. Dofir hun ech et deemols kaaft, amplaatz vum 60er. Dat obschon ech momentan absolut nët wëlles hun, op Vollformat ze wiesselen, mee wee weess schon, wat a 5 Joer ass...
Mat 500€ misst do am Fong och schon eppes ze maache sin...
D'60er kennen ech nët, mee et kritt jo och super Kritiken, sou dat's du domat bestëmmt och gudd ënnerwee bass. Egal wat et gëtt, vill Spaass domat !
|
|
10.09.2009 13:45 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
RE: Makroobjektiv fier Canon |
|
merci fier d'helef, ech wert mech mol nach bessi iwwert dei informeieren an dann kucken ech weider, vleit mellen sech jo nach puer leit
|
|
10.09.2009 19:51 |
|
|
g3ckko
Mitglied
Dabei seit: 16.05.2009
Beiträge: 35
|
|
Salut,
Zitat: |
D'60er kennen ech nët, mee et kritt jo och super Kritiken, sou dat's du domat bestëmmt och gudd ënnerwee bass. Egal wat et gëtt, vill Spaass domat ! |
ech hun d'60er an ech kann mech net bekloen. Et as liichtstaark, et mecht schaarf Photoen, den MT-24EX twinflash passt ouni Adapter drop, et huet USM waat verhennert, dass de Fokusrang dech nervt wanns de an enger onmeiglecher Posi eppes knipsen wells (
) an et huet mech nei 375 Euro zu Betebuerg kascht.
De Bokkeh leisst sech och weisen.
Photoen domatt vun mer fenns de hei an mei ob http://g3ckko.deviantart.com/
|
|
10.09.2009 20:09 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
deen 60er klengt wierklech ganz verlockend
an deng fotoen sin och genial! ech mengen ech muss mol nach eng nuert driwwer schlofen, mee ech tendeieren dann wuel awer eischter zu 60er am platz zum sigma, och weint dem preis ennerscheed vun 100€ wat awer vill suen sin, zumols fier sou en armen student wei mech
|
|
10.09.2009 20:17 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
meng Makroën sin och all mam EF-S 60/2.8 gemach.....falls de dech nach Beispiller brauchs...luuss a meng Galerie eran
|
|
10.09.2009 21:31 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
deng nei ass wonnerschein!
ma dann gett et wuel den 60mm
|
|
10.09.2009 22:06 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmm....hun main Canon EF 100 2.8 Macro lo zenter mei wei annerhalwem Joer an ech sen APSOLUT zefridden mat dem Objektiv!
haat mer deemols den Sigma ugekukt mee bei dem huet mech den haarden (klengt wei eng opgereeschten Horniss) an luesen (as NET souseier wei dei opgereeschten Horniss) Focus gesin hun war ech seier fir Canon dessideiert....
dFro op den EFs 60mm oder den EF 100mm war mei kniwwlech...hun mech schlussendlech fir den bessi mei deiren 100mm entscheed well ech den speider kann op een Vollformat mathuelen....
dLens selwer iwerzeescht duerch een immens seiren an apsolut lautlosen USM Focus an fun mengn 3 Objektiver (17-85 + 70-300) as et den schärfsten!as wierklech erstaunlech waat een mat genuch Luuscht op den Fotoen fun Detailer rauskritt!! (an menger Gallerie fensde der FILL dei damat gemeet sen)
eenzech "kritik" as dassde mat den 100mm (an engem mettelformat Sensor) zimlech ageschränkt bas...Portraien sen nemmen meiglech wansde mindestens 5 Schrett no hannen gees an fir fill aner Zwecker wei Macro as en nemmen schweier ze gebrauchen....(den 60mm get der do vlait eng Grimmel mei Spillraum)
trotzdem eng apsolut Empfehlung, dSchärft as hinnen wierklech super gelongen! (wubai dei meeschtens een gudden Krack besser bei fixen Brennwaiten wei Zoomen as...)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
11.09.2009 02:54 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
merci fier dein komentar
meng decisioun ass lo op den 60mm gefall aus deem einfachen grond dass den 100mm mer awer eng gretz ze deier ass an bis ech mer eng keier en vollformat kaafen dat dauert nach lang
ech mengen fier den uffank ass den 60mm en super objektiv an et wert keen fehler sin mer dat ze kaafen.
merci alleguer
bis geschwenn
Lola
|
|
11.09.2009 09:18 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Lola
eng gretz ze deier ass an bis ech mer eng keier en vollformat kaafen dat dauert nach lang
|
ech geif daat awer leiwer nët ze haart soën !!
d'Erfahrong weist, dat d'Kameraën vill mei dachs gewiesselt gin wei d'Objektiver !
|
|
11.09.2009 09:41 |
|
|
Lola
Mitglied
Dabei seit: 12.08.2008
Beiträge: 43
Themenstarter
|
|
jo dat gleewen ech gaeren mee hun nach 2 joer lycee fierun mer an hun wierklech d'suen net fier mer eng ze kaafen :/ ech misst se shcon fier kreschtdach geschengt kreien
|
|
11.09.2009 09:44 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Lola
jo dat gleewen ech gaeren mee hun nach 2 joer lycee fierun mer an hun wierklech d'suen net fier mer eng ze kaafen :/ ech misst se shcon fier kreschtdach geschengt kreien
|
oder gebraucht kaafen (ech schwätze lo vun engem Objektiv !! )
|
|
11.09.2009 12:19 |
|
|
CHAREL
Routinier
Dabei seit: 27.05.2006
Beiträge: 277
|
|
Hello, also ech hun den 60mm an hun welles den ze verkaafen, well ech eng 5d elo hun an den do leider halt net mi drop passt. Ech hun och nach d'Sonneblend fier derbei an en uv Filter drop. Mam Preis mist een sech dan eenz gin
Kanns dech jo mol mellen dan kucken mer weider.
|
|
14.09.2009 11:20 |
|
|
Mr_Blue_Sky
Grünschnabel
Dabei seit: 23.09.2009
Beiträge: 2
|
|
Ech wees net ops de dech elo schon entscheed hues oder net, mee well mech dann och emol ameschen
Beim Makro muss de am fong kucken waats de wells fotografeieren, sin et insekten, sin et blummen, sin et iegenswelch alldaagsgeigenstänn.
wanns de wells an den insekteberaich goen hänkt et erem dovun oof obs de eischter scheih insekten (paiperlecken, libellen, asw, also dei wou sech schnell aus dem steps maan wann se dech gesin) oder su wi spannen dei eischter bleiwen wou se sin.
ech hu mer selwer firun e puer wochen den Sigma 150mm F2,8 EX DG APO HSM Makro kaaf als gebraucht, vu dass ech och na student sin an net onbedingt all suen vun der welt hun, mee fir rem zreck ze kommen, ech wollt mer am ufank en 70 oder 105er kaafen, mee wou ech eben bei ville makro fotografen dei am beraich vun der insekte fotografie ennerwee sin, heieren hun dass een besser eng grouss brennwait weinst der fluchtdistanz hellt hun ech mer awer emol gedanke gemaach.
wei gesot, wanns de nemmen wells saache knipsen dei sech net bewegen kanns de och 60mm oder 100mm canon oder 70mm 105mm sigma huelen, well waat d'brennwait mi grouss am makroberaich waat e gudd a stabilt stativ mei noutwendeg gett.
hoffen ech konnt der bessen hellefen
hei nach e link wous de dech och na gudd informeiere kanns :
Makro-Forum
Mat beschte Greiss, Mr_Blue_Sky
|
|
24.09.2009 13:57 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
Ech froe mech, op dat mat der Fluchtdistanz net iwwerbewert gëtt. Ménger Erfahrung no reagéieren vill Insekten éichter op schnell an abrupt Bewegungen, wéi op d'Distanz.
Schéin lues a gläichméissig kënnt een hinnen dacks bis un d'Minimaldistanz vum Objektiv (bei méngem 100er Canon sin dat sou 20-30 cm ab der Frontlëns) op der Pelz.
|
|
24.09.2009 17:53 |
|
|
Mr_Blue_Sky
Grünschnabel
Dabei seit: 23.09.2009
Beiträge: 2
|
|
Schaffs de dann mat engem stativ?
wann net dann ok, mee wann et awer na mi daischter as (freie moien oder mi speit am owend) geet et net ouni stativ fir eng scharf opnahm ze kreien, a probeier mol richteg roueg ze sin mat engem akzeptabel stabilen statif
dofier as mer d'fluchtdistanz wichteg
|
|
25.09.2009 08:36 |
|
|
|