TomS
Jungspund
Dabei seit: 19.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Gudden Nowend alleguerten,
ech wollt froen wou ech meng Mattscheiw (Mattscheibe) vun menge Canon EOS 400D keint gewiesselt kreien?
Ech haat zimleche stepps an fusseln drop, an wollt daat selwer machen andems ech se ausgebaut hun, an elo, naja gesin ech net mei Scharf aus menge Sucher an en plus dei 9 Messpunkte um Miessfeld gesaid een och net richteg respektiv se sin deplaceiert.
Ech wees am beschten hätt ech den Stepps, Stepps sin solle loosen, mä bon
Kann iergendeen mer een Geschäft empfehlen oder gett et vun Canon een Reparatur Service hei an Letzebuerg?
Hoffe just dass ech meng Kamera net ze laang lass sin :-(
Geif mech freen wann der hellefe keint.
Merci
Tom
(Sry wosst net wou ech den Thread opmache sollt... Wann et falsch soll sin dann moved et w.e.g
)
|
|
25.11.2008 21:05 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Dann has du se jo net korrekt agesaat. Du kanns eng nei Mattscheiw an Holland bestellen. Ech hun daat schon bei menger aaler 350D gemeet. Du hun ech der souguer 2 bestallt gehaat fir eng op Reserve ze hun. Du muss just immens oppassen an net mat irgendeppes driwer reiwen. Ausblosen oder mat engem Pinsel. Beim Asetzen muss du och immens oppassen fir keen Kratzer dran ze machen. Daat war mir passéiert.
|
|
26.11.2008 10:14 |
|
|
KeeBlitz
Jungspund
Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem
|
|
@Shantideva
ech profitéieren vum Thread: wat hues du fir eng Mattscheif an denger 5D? Get et eng Mattscheif, déi sech besser égent fir manuelle Focus? dh wou ech besser a méi genau ka soen, wou a wéini mein Bild scharf as (d'Aen gin och net méi besser!!)
|
|
26.11.2008 10:51 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
An der 5D hun ech d'Mattscheif net ersaat. Bei Katzeye kritt een awer Mattscheifen mat Prismen fir manuell ze Focuséieren. Ech hun sou eng an menger 350D. Daat huet just den Nodeel dass een dann déi rout Autofocuspunkten net méi geseit.
Et get och nach een aaneren Hiersteller vun Mattscheifen, Haoda. Ech hat mir och sou eng kaaf awer déi huet net sou präzis an mein Geheis gepasst. D'Katzeye sin méi professionell verschafft. Leider hat ech mir Haoda als eischt kaaf an hun duerno dann awer eng Katzeye bestallt, déi awer e gudd steck méi déier ass. Wann een well spueren verléiert een meeschtens wann et em Photographie geht.
http://www.katzeyeoptics.com
|
|
26.11.2008 12:17 |
|
|
KeeBlitz
Jungspund
Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem
|
|
merci fir de Link
an déi vun Canon selwer? ech hun beim Fred Miranda doriwer gelies, dofir meng Fro
|
|
26.11.2008 13:20 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Souweit ech informéiert sin mecht Canon keng Mattscheif mat Prismen, oder daat misst elo ganz nei sin. Su hun Mattscheifen mat verschidden Linen drop fir engem beim Cadrage ze hëllefen, awer neischt mat Prismen fir den Focus.
|
|
26.11.2008 13:49 |
|
|
KeeBlitz
Jungspund
Dabei seit: 06.02.2007
Beiträge: 23
Herkunft: doheem
|
|
ok, merci,
ech denke schon, dat se do vun Musteren geschwat hun, déi awer anscheinend och hellefen, fir besser bei Landschaft ze focusséieren
|
|
26.11.2008 14:38 |
|
|
|