jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Vu datt ech sou ze soen néi an deem Domaine vun der Digitalerphotographie sin wollt ech mol froen wéi z.B. dat matt eppes ewech stempelen funktionéiert, wéi z.B. Stëpps oder iergendeppes ewech maachen wëll wat net op d'Bild passt.
Merci am Viraus fir d'Äntwerten.
|
|
10.09.2008 14:32 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Matt wéienger Software hues du d'Méiglegkeet ze schaffen? Vläicht Photoshop Elements wann den bei denger Cam derbäi sollt geweecht sinn, oder eppes ähnleches?
__________________ 404 - Not found
|
|
10.09.2008 14:34 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Johny ech giff mengen mat Photoshop well en huet als thema Photoshopfro geschriwwen
Weien steps mengs du lo deen deen pp der Lens oder Sensor war oder Steps op engem Objet am Bild????
|
|
10.09.2008 19:39 |
|
|
Shogun unregistriert
|
|
|
10.09.2008 20:37 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech gleewen iergendwéi käum dass hee wirklech Photoshop huet, just jidferee kennt dat an mengt dann en misst alles wat en um PC mëcht u Fotoën matt Photoshop bezeechnen etc. Dofun ofgesinn wann ee wees genee wéieng Software, fënnt een et jo awer wirklech ganz easy am Google. Resultat ass dann souee Link wéi de Shogun eis présentéiert
__________________ 404 - Not found
|
|
11.09.2008 01:45 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Ech hun 3 Photoschopen!^^
Den Corel Paint Shop Pro Photo XI,
den Adobe Photoshop CS2,
an den ACDSee Por 2.
Sou en eenlechen Horror kruut ech schon ze heiren, just mat iegentwelschem Freeware-Kack! XD
__________________ Anti-Signature
|
|
11.09.2008 02:29 |
|
|
tomdi
Eroberer
Dabei seit: 08.02.2007
Beiträge: 62
Herkunft: Lux
|
|
Ech kann der mam Photoshop hellefen. Dei aaner kennen ech leider net esou gut.
Do gin et (wei esou oft am Photoshop) verschidden meiglechkeeten.
- Entweder d'Tast "S" drecken an dann mat Alt oder CMD click dei Zone uwielen deis de benotzen wells fier ze copeiren. An dann op dein Fleck klicken.
- Oder mei einfach fier den Steps d'Tast "J" clicken. Ech mengen deen Tool heescht "Healing" Tool. Deen Funktioneiert awer nemmen richteg gut op klengen Flecken.
Et gin nach aaner Methoden, ... mee daat geet weit an den Detail. Kanns mer eng PM maachen wanns de mei Infos wells.
__________________ ---------------------------
www.tomdimaggio.org
---------------------------
|
|
11.09.2008 06:17 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Also et kennt drop un weieng art vun Steps et ass. Wann et es um Sensor oder op der Lens ass, dann kann een et weg man. Mee wanns du den Objet verstepst hues dann ass et besser du mess en proper, daat ass manner arbecht wei den Steps digital wegzeretuscheieren.
|
|
11.09.2008 09:38 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
@ tomdi
Ech soen der merci, ech wärt dat ausprobéieren.
@ Johny
Wouhier wëlls Du dann wëssen op ech Photoshop hun oder net ??????
Wann ech eng Fro iwwer Phototshop stellen dann hun ech deen och wann et bei engem aneren Programm ass dann nennen ech deen och mam Numm an soen net Photoshop.
Wann een een Mënsch net perséinlech kennt dann kann an soll een och net iwwert deen jugéieren. Watt anerer engem iwwert deen verzielen ass net adäquat genuch fir iwwert een ze jugéieren deen een net perséinlech kennt oder mengt ze kennen.
@ all
Wéi de Stëpps drop koum weess ech net, ech hun en um Bild gesin datt es drop ass, vus datt ech weess datt een dat kann ewech digitaliséieren wollt ech eben wëssen wéi datt geet, wëll ech jo wéi schon geschriwwen hun nach néi an deem Domaine sin.
|
|
11.09.2008 10:49 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von jegas
@ Johny
Wouhier wëlls Du dann wëssen op ech Photoshop hun oder net ??????
Wann ech eng Fro iwwer Phototshop stellen dann hun ech deen och wann et bei engem aneren Programm ass dann nennen ech deen och mam Numm an soen net Photoshop.
Wann een een Mënsch net perséinlech kennt dann kann an soll een och net iwwert deen jugéieren. Watt anerer engem iwwert deen verzielen ass net adäquat genuch fir iwwert een ze jugéieren deen een net perséinlech kennt oder mengt ze kennen. |
Hm, wisou sollt een den sech relativ weineg matt Fotografie äuskennt, an och wéineg an dem Beräich mecht, e Programm kafen dee 600€ kascht!
Ech jugéiren dech iwwregens net nodem wat ech vun aneren héieren mee nodem wat ech alles liese vun dir.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.09.2008 10:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von spako
a besser mat Zaite gefroot wei sech laang onnetz midd gemaach ;-) |
Do denken ech anescht: Als éischt mol sech selwer midd maachen, éiert een aner Leit froë geet. Sprëch: Google
(ech hu mer d'Programméiren jo och sou selwer bäibruecht...)
__________________ 404 - Not found
|
|
11.09.2008 11:27 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von spako
also eppes googlen nennen ech aawer och net sech et selwer baibruecht... just eben eng aaner Aart a Waiss eppes Nozesischen/nozefroen ;-) |
Do hues de absolut Recht, mee Google ass praktesch d'Basis dofir
(Et huet jo lo kee Sënn détailléiert drop anzegoën wéi ee selwer eppes léiert, ech mengen déi meescht hei kennen dat mam Beispill vun der Fotografie, dee gréissten Deel besteet einfach äus Probéieren
)
An der Beschreiwung steet eben nach "...an et geet net richteg?", wou amfong fir mech drann ass dass een et shco probéiert huet respektiv probéiert huet eng Léisung ze fannen, an trotzdem huet een nach e Problem. OK net offensichtlech mee fir mech si sou Saachen selbstverständlech.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.09.2008 11:37 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
@ spako
Et geet net nëmmen ëm Stëpps wech maachen, et geet och ëm z.B. eppes op engem Bild ewech maachen (retouschéieren) waat net drop gehéiert.
@ johny
Net all Photoshopversioun kascht 600€, dat misst Du jo och wëssen, deen ech hun war gratis beim Fotoapparat dobai.
Ech weess och datt ech et iwwer Google kéint sichen, ech haat gemengt et kréich een gehollef, genau wéi am aneren Forum wou Tutorials stin, déi een bestëmmt och am Google kéint no sichen.
Falsch, mol net wann een eppes vun engem liest kann een een aschätzen.
Wann ech e Buch liesen dann weess ech net wéi den Autor ass, ergo kann ech en net aschätzen, ergo functionéiert schon guer net wat een vun engem am Internet liest.
|
|
11.09.2008 15:26 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
ech wees aawer, d'Fro weis de den Clone tool solls benotze kruus de jo schon vum tomdi beäntwert ;-)
|
|
11.09.2008 15:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Original von jegas
@ johny
Net all Photoshopversioun kascht 600€, dat misst Du jo och wëssen, deen ech hun war gratis beim Fotoapparat dobai. |
Dat misst ech wëssen .. hehe, du hues dech grad bessen selwer ugeschass. Well bei KENGEM Fotoapparat ass Photoshop derbäi, dat WEES ech. Just Photoshop Elements, den gëtt et bei muenchen derbäi! An ech duecht du géings de Programm beim Numm nennen? Lo hues de der awer e Selbstgol geschoss
__________________ 404 - Not found
|
|
11.09.2008 15:51 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Ah jo gelenkt
|
|
11.09.2008 16:34 |
|
|
Shogun unregistriert
|
|
@Jegas: am PSElements funktionneiert de Stempel z'elwegt wei an allen aanere Photoshop Versiounen, falls daat lo onkloer sollt sin oder an der Diskussioun enner gaange sollt sin.
D'soll een d'Leit net aschaetze wann een se net kennt? Do hues de Recht! Ech sin deen wous de gemengt has ech haett eng Ixus a keint keng Fotoe maan. Diermols soht ech naischt dozou. Haut soen ech: Dei eng hun zu allem eppes ze soen, aanerer haalen sech eben eischter zreck...
Nee, daat as lo net beis gemengt. Daat as ett just wanns de verreits ween ech sin.
cya
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shogun am 11.09.2008 21:36.
|
|
11.09.2008 20:18 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
Themenstarter
|
|
@ Johny
Photoshop Elements ass och Photoshop, do kannste naischt aneres behaapten. Den eenzegen Ënnerscheed ass just datt dat engt d'Profiversioun ass an dat anert d'Amateursversioun an de Prais, méi net.
|
|
12.09.2008 09:40 |
|
|
|