benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
|
|
Fussball-Equipefoto - Wéieng Astellungen? |
|
Salut,
hun elo deemnächst eng Equipefoto ze man vun enger Fussballsequipe, den kompletten Kader eben. Mee fir dat ganzt lo net ze verschaissen wollt ech hei mol em Root froën, wat ech do am beschten fir Astellungen huelen an op wat ech muss oppassen
Vun Material hun ech eng EOS 400D mam 18-55 Kit-Objektiv, dobai nach een Canon 100-300mm 4.5-5.6.
- Stativ benotzen natirlech
- Soll ech éischter no run an kleng Brennwait, oder bessen méi wait wech an zoomen?
- Wéi eng Blend am beschten?
- Hëlleft ee Blëtz eventuell, oder as daat dobaussen relativ sënnlos?
- Soss nach eppes op wat ech muss/soll oppassen?
Merci!
|
|
09.09.2008 16:57 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Den Deckel vum Objektive erof huelen helleft immens vill! daat hun ech geleiert!
|
|
09.09.2008 17:00 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Mam 100-300 mëss de do net vill
Et huet och kee Wäert ganz no ze goen an dann op volle Wäitwenkel ze dréinen. iergendeppes dertëscht ass gutt, also tëscht 18 a 55.
Blend hängt lo dofun of ob matt Blëtz oder ouni asw an do sinn ech leider schonn iwwerfrot
(Obwuel ech géing lo sou mol mengen dass e Blëtz hëllefe géing alles gläichméisseg äuszebeliichten)
__________________ 404 - Not found
|
|
09.09.2008 17:04 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Kwitchibo
Den Deckel vum Objektive erof huelen helleft immens vill! daat hun ech geleiert!
|
Deen Kommentar häss de dir kënnen spueren
|
|
09.09.2008 17:33 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Also mat 100-300 definitiv net!
Wann, dann huel däin 18-55 an stell dech sou, dats de dei ganz Equipe drop kriss (ass jo kloer lol). Ech geing bessi mei wei Brennwäit 18 huelen...
Am Beschten eng kleng Blend sou ca f8-f14 dass de alles optimal schaarf kriss. Wanns de do keen Bletz bräuchs, an eng schein douce Luucht hues (himmel/Sonn) dann loss den Bletz sin...Falls et ze däischter gett, dann benotz en. Bei enger grousser Equipe, en externen, net den integréierten, well deen beliicht dier keng 20 Mann.
Am beschten probéieren ouni Bletz. Du kanns jo nach mat der Veschlosszäit spillen an den Apparat op en Bock setzen.
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
09.09.2008 17:34 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Kuck dass de en daach erweschs wou Wieder gudd ass. Dass du genuch luucht hues dass du am beschten keen Bletz brauchs. Dann eben wei den Pelz schon soot Stativ an eng besschen mei heich Blendenzuel dass du och deen an der leschter rei scharf kriss.
Dann nach als gudden root. Ech hunn gemierkt dass de emmer dei beschten Fotoen kriss wanns de se net firun engem Match mess. Firum Match ass emmer weinech Zait an Spiller hunn och aner gedanken am Kapp wei deng Foto.
|
|
09.09.2008 19:25 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
@nikel
Firum Spill gesin d'Spiller awer vlaicht na bessi besser aus wéi herno :-P
|
|
09.09.2008 19:32 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Nom match kanns de sws vergiessen well dann ginn se duschen
Am beschten ass et firun engem Training oder sou. Dann mussen sech halt engkeier an Uniform drecken
|
|
09.09.2008 19:38 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
merci nikel! Ech kucken mol fir dat ze arrangéieren dass d'Photo laang genuch virum Ustouss gemaach gëtt, ier se sech ufenken mat opwiermen,dann missten se jo nach net sou am Stress sin.
|
|
09.09.2008 21:12 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Ok
kanns deng foto jo hei am forum posten
weieng equipe ass et wann ech froen dirf???
|
|
09.09.2008 21:34 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
d'1. Equipe vum FC Green Boys 77 Harel-Iischpelt
|
|
10.09.2008 06:24 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Ui do haat ech den bauch na net wei
sinn gespaant op resultat.
|
|
10.09.2008 08:34 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
Salut,
gëschter gouf d'Foto dann elo endlech gemach. Leider war d'Wieder alles aanescht wéi schéin.
Hei awer mol d'Resultat, fannen fir déi éischten Kéier as se ganz ok:
Kritik as wëllkomm an erwënscht!
|
|
06.10.2008 14:37 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
do kennen ech esouguer een ... een Turnproff
probéier emol d'Haiser hannendrun an säitlech bessi wegzeschnëppelen
soss fannen ech se och OK ... nach hei an do ... awer Ok am goussen Ganzen
|
|
06.10.2008 19:49 |
|
|
|