Jeanny
Grünschnabel
Dabei seit: 26.06.2008
Beiträge: 7
|
|
Wei ass dat hei, bei eis am Land geregelt, Persounen op Fotoen
dierf en dat bei eis???? Oder ????
Hunn elo vill Fotoe gesi mat Leit drop, dass ech mer déi Fro gestallt hunn. Op en dat bei eis, sou einfach ka machen. Villmools Merci fir er Äntwert.
Nach e scheinen Daag. Jeanny
|
|
08.09.2008 12:26 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
08.09.2008 12:44 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Virun e puer Wochen hun ech am Colorfoto gelies datt et esouguer verbueden ass öffentlech Gebaier ze fotographéieren wann se nach néi sin, d.h. wann den Architekt nach keng 70 Joer doud ass.
Néi Gebaier därf een nëmmen knipsen wann se net eleng geknipst gin, wann een elo z.B. vun engem aalen Gebai e flotten Bou vun enger Paard (Pforte) knipst an duerch déi Paard gesait een en néit Gebai, oder zumindest en Deel dovunner,i dann därf een dat mattknipsen.
Méi genëes dozou héi um Link vun Colorfoto:
http://www.colorfoto.de/Themenspezial/Ur...ve_3460729.html
Ass mol zumindest fir an Daitschland de Fall, wéi et anerwärts ass weess ech net.
|
|
08.09.2008 15:09 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Huet just näischt mam Thema ze din.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.09.2008 15:18 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Kloer huet et mam Thema ze din, et geet just ëm d'Rechter vun Fotoen, zwar net vun Léit mais vun den Gebaier, ass och wichteg ze wëssen.
|
|
09.09.2008 09:00 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Bon de Erbauer vum Eiffelturm ass mengen ech schon méi wéi 70 Joer net méi do ergo misst et do egal sin.
Watt ech net an dem Artikel do verstanen hun ass firwat därf een nëmmen aal Gebaier fotograféieren, nämlech wann der Erbauer mindestens 70 Joer dout ass.
Ech perséinlech géif mech frëen wann een eng Foto vun mengem Gebai mecht an se och nach veröffentlecht, dann wär dat an mengen Aen eng gutt Reklam fir mech, wëll dat Gebai engem gefällt.
Bei Bicher oder Lidder verstin ech et gutt wann droît d'auteur drop ass, fir datt nitt jiddereen se ongefrot kopéieren kann.
Ech hun och nach nie vun engem Fall héieren wou een Constructeur vun engem Gebai oder enger Bréck een op d'Geriicht geholl huet wëll deen dat Gebai oder déi bréck déi en construéiert huet fotographéiert huet.
Ech war z.B. den 2.August iwwert den Viaduc de Millau an Frankréich gefuer an hun gesin watt fir eng Mënschenschlang nëmmen an deenen puer Sekonnen do opden point de vue gaangen ass wéi ech op der Autobunn lanscht gefuer sin, do huet méi wéi een méi wéi een Bild geknipst, do géif den Architekt jo nie méi eppes anscht méi schaffen wann en all déi Léit déi nëmmen an engem Daag vun däer Bréck eng Foto maachen virun Geriicht géif verkloen.
Datt een Léit net ouni ze froen fotographéiert ass ze verstoen.
Ech kéint och 2 Biller aus der Vakanz op den Photogensite erop lueden wou flott Gaassen ze gesin sin, awer wëll Léit drop sin maachen ech et net.
|
|
09.09.2008 15:13 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
90% vun dengem Kommentar passt net zum Thread.
Ech sinn der Meenung déi meescht Leit hun näicht dogéint wann se net grad an enger ongewéinlecher Positioun sinn oder sou, mee streng geholl dieft ee keng Foto sou weisen wou een net vun der Persoun selwer d'Recht huet et ze maachen, well wann eng Foto gemaach gëtt matt Persoun(en) drop, läit d'Recht vun der Foto nëmmen zum Deel beim Fotograf, an och zum Deel eben bei de Persounen.
Wat Gebeier ugeet: Frankräich ass do immens streng, se si bekannt dofir.
__________________ 404 - Not found
|
|
09.09.2008 15:32 |
|
|
|