Incognito
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
Mandy fengt un mat nerven |
|
egal wouhinn een bei pg kuckt ...iverall nemmen nach mandy ...dobai ass daat framensch dach mol guer net esou een flott ... ech fannen haat kennt immens vulgaire eriwer op all den fotoen dei ech bis elo gesin hun.
Et gin esou vill meedecher dei sech hei complexer arieden nemmen well se net wessen dass dei fotoen duerch onzielesch programmer laafen wou se verschafft gin dass et nemmei schein ass... hei mei deck lepsen, mei broscht, manner taille ...egal waat deen trend do ... meedecher vun der ganzer welt losst ierch net erofzeihen , dei sin fake (photoshoptechnesch oder chirugesch gesin)
Ech fannen d esthetik vun enger fra leisst sech net duerch daten bestemmen ...weder duerch greisst nach duerch brescht ...
all fra huet hiir perseinlech scheinheet ... an soll sech net duerch esou debil standart stereotyp gefakeden checksen erofzeihen lossen
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
11.05.2007 13:55 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
RE: Mandy fengt un mat nerven |
|
sry....mee ech gesin den senn vun desem thread NET an.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.05.2007 14:12 |
|
|
Alphonse_M
Mitglied
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 31
|
|
wéi rechts de hues, trotzdeem ass keent vu menge biller gefaked, wéiderhin gin ech dem mmphotos recht.
|
|
11.05.2007 14:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Bon also waats de schreifs bezitt sech net just op d'Mandy, dofir wiel en aneren titel wuel eischter
En plus kann hatt net dofir dass se hei am Land sou en Tamtam do rondrem maachen. Ech well et zwar lo och net mega verteidegen hei, mee hatt wollt just eng Chance notzen, huet et probéiert, wen géif daat net ... waat daat ugeet kann een him mengen ech kee Feeler maan
Mam Recht wous de schreifs hues de Recht natirlech mee ech mengen hei op PG ass daat matt der extremer Verarbechtung eischter seelen de Fall.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.05.2007 14:35 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Den Incognito mengt vläit das dat "professionellt Ronderem-ge-Top-Models" mat all sénge manipulativen Agreffer nervt. A grousse Magazinnen as et effektiv rar, dass e Model esou presentéiert gët wi et in natura ausgesäit. (As nët schons d'Schminken den éischte Schratt zuer Manipulatioun
... ). Jonke Meedecher get effektiv e falscht Bild fiergegaukelt.
Wat di rezensten Fotoe vum Mandy hei um Site betrefft, do kann ech just soen, dass di meescht bestemmt nët eropgelueden / aktivéiert gi wieren, wann en anert onbekannte Meedchen drop gewiescht fier. Souvill zuer "fotografescher Leeschtung".
|
|
11.05.2007 14:36 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
bah thema mandy, hmm fannen ass schon eng leeschung ett souweit ze brengen als letztebuerger meedchen
op ett engem lo gefaellt oder net ass affaire de gout ...
|
|
11.05.2007 14:44 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Also ech fannen deen thread bessen iwerflesseg ok et get groussen rummel em hat gemach am moment... Mee sinn mer mol eierlech en letzebuerger deen sou weit komm ass an soumols an der models branche mengen daat war nach nie do daat muss een him awer grouss urechnen! An waat hat vu character ass kann keen soen oder kennt een vun iech hat perseinlech? Also ech net an doweinst urteelen ech och net! Ech respecteieren just waat hat errecht huet! An nee ech sinn net Mandy fanatiker oder soss eppes mee geet einfach drems vir de leit mol ze weissen wei egalwei an iwerflächlech se denken!
|
|
11.05.2007 17:12 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
|
|
deen Thread ass iwwerflësseg
Nemmen well lo mol een jonkt Meedchen aus Letzebuerg bessi International Succés huet, fenken di meescht schon un neidech ze gin. Ech sin stolz op eis klengt Mandy, an ech fannen och dass et guernët grad der Ellenster eent ass, och wann et net mäin Gout ass.
Mäin Repsekt fir sou wäit wéi et komm ass, an ech fannen daat ganz OK dass lenks a riets bëssen vun em geschwaat gët. An ech fannen dass lo nët sou immenz vill Trouble ronderem d'Mandy ass !?
Wollt nach eppes bäifügen
Ech hun lo am ganzen 7 Fotoen vum Mandy hei um Site gezielt, an dobäi kommen se mol net all hannerdeneen. Also do sin genuch Fotoen dotëscht
Wuel bemirkt gin et Useren, déi hun méi Fotoen vun sech selwer / vun enger aanerer Persoun hei bei Photogen, also fannen ech dass 7 Fotoen vum Mandy nun mol WIRKLECH NET an d'Gewiicht faalen...
Mol bessi Braini u maan
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
11.05.2007 17:25 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
ett mierkt een das de mac user bas an laurent heeschs
|
|
11.05.2007 17:36 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
@ Incognito
"egal wouhinn een bei pg kuckt ...iverall nemmen nach mandy"
... ---> ass daat nët liicht iwerdriwen? ...
kleng Statistik: ët sin, am Moment wou ech schreiwen, 12785 Fotoen op PG ... an dovunner sin der 6 vum Mandy an deenen leschten Deeg eropgelueden gin (well hatt op enger Veranstaltung war, an e puer PG-Useren och do waren) ... ech iwerloossen dir d'Rechnung vum %-Saatz ... ;-)
(du fënns dass ët zevill Fotoen sin ... an dann schreiws du nach een thread driwer ... tsetsetse ... )
... ---> daat reegt dech op ? wisou dann genau ? ...
well menger Meenung no schéngs du éischter d'Fotoen vum Mandy als Mëttel zum Zweck geholl ze hun, an zwar fir dech iwert een aaneren Sujet opzereegen
"dobai ass daat framensch dach mol guer net esou een flott "
.. daat ass éischter een perséinlechen, ganz subjektiven point de vue, deen näischt mam Sujet ze din huet ... daat kann een awer och vun aaneren weiblechen an männlechen Models (z.B. hei op PG) schreiwen ... awer ët geet jo (hei) dodrëms, éischter d'Qualitéit an d'Ëmsetzung vun der Foto zu appréciéieren, anstatt d'Schéinheet vum Model op der Foto ...
oder gesin ech daat falsch? ... well dann fannen ech, ganz perséinlech an subjektiv gesin, d'Aniko awer och "mol guer nët esou flott" an esouguer vill manner natierlech wéi d'Mandy ... z.B. ...
mee ët geet jo nët ëm den Model selwer, ne? ... do sin mir ons jo awer eenz, ne Incognito?
"ech fannen haat kennt immens vulgaire eriwer op all den fotoen dei ech bis elo gesin hun. "
... daat ass och een (perséinlechen) Jugement
(an menger Meenung no, och nët zoutreffend, well ech gesin nët waat an deenen Fotoen wou ech gesin hun, vulgaire ass, oder schwätz du vun bestëmmten Fotoen? ...
an "vulgaire" misst een dann och nach définéieren ... mee vue que dass daat eben ëmmer perséinlech Wertbeurdeelungen sin ... kann een éiweg doriwer diskutéieren ... an ech widerhuelen mech ... ët ass eng ganz subjektiv Saach ... vun dohier ... :-(
"Et gin esou vill meedecher dei sech hei complexer arieden nemmen well se net wessen dass dei fotoen duerch onzielesch programmer laafen wou se verschafft gin dass et nemmei schein ass... hei mei deck lepsen, mei broscht, manner taille ...egal waat deen trend do ... meedecher vun der ganzer welt losst ierch net erofzeihen , dei sin fake (photoshoptechnesch oder chirugesch gesin)"
... ---> daat ass een aaneren Sujet, an am Fong, wann ech däin thread richteg duerchblécken, deen eigentlechen Sujet deens du unschwätzen wëlls ...
awer daat huet nix mam Mandy, an matt den Fotoen vun him hei op PG ze din ...
an zu deem Thema kënnen d'Fotografen (!) sech jo selwer an Fro stellen, an selwer fir sech wëssen op se daat "Gefuddels" mattmachen an déi "Illusiounen" weider ënnerstëtzen an deems se hier Fotoen esouvill bis zum "ich-erkenn-dich-ncht-mehr" beaarbechten ... an déi selwescht Remarque gëllt natierlech och fir d'Redakteuren vun deenen Glanzblieder-Zäitschrëften, an fir d'Moude-Designeren ... etc ... an schlussendlech gëllt déi Remarque jo och fir ons Gesellschaft allgemeng, oder? ... awer daat ass erëm een langen Sujet fir sech, ne?
"Ech fannen d esthetik vun enger fra leisst sech net duerch daten bestemmen ...weder duerch greisst nach duerch brescht ...
all fra huet hiir perseinlech scheinheet ... an soll sech net duerch esou debil standart stereotyp gefakeden checksen erofzeihen lossen "
... ---> déi selwescht Bemierkung wéi uewen gëllen hei och ... (Gesellschaft, Image, ...)
AWER ... loossen mir och nët zevill naïv sin, oder zevill naïv schengen ...
well, daat waat'a du do schreiws, ass daat waat ëmmer gesoot gëtt ... awer ënnert dem Strëch ... sin daat och ganz stereotypéiert Wierder/Sätz/Formulatiounen ... déi ganz wäit vun der Realitéit leien ... zemols am jonken (an och manner jonken) Alter ...
oder ganz éierlech ... bass du schon villen Leit begéint déi daat behaapten an och esou agéieren?? ... ech NËT ...
... wierklech nët ... an ët schéngt jo ëmmer méi schlëmm ze gin ... an ... sin mir nët awer all selwer drun Schold ?...
ech verstin (awer nëmmen Deels
)däin Unleies fir dësen thread ze schreiwen ... ech sin just zimmlech iwert deng Art an Weis, an iwert deng (fannen ech) nët- fundéiert "Mandy"-Argumenter erstaunt ...
voilà ... fir den Moment ... villäicht kënnt nach een EDIT no ...
P.S.: ... ech sin nët Famill mam Mandy ...
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von JADE am 11.05.2007 18:04.
|
|
11.05.2007 17:37 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Zitat: |
Original von -Laurent-
ett mierkt een das de mac user bas an laurent heeschs
|
maan mäin Bescht
Laurent rocks!
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
11.05.2007 17:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Bon also et sinn an 2 Deeg 6 Fotoen vun him ropgeluede ginn, woubäi keng wirklech gutt war. Dass daat op d'Nerven geet ass ze verstoen, do ginn ech den Inco scho Recht, mech huet et och genervt, mee et läit net um Mandy. Ech hun och bei enger Foto meng Meenung geschriwwen, mee ech krut kee Feedback drop.
D'JADE huet alles waat ech soot (oder soe wollt) mei äusféierlech beschriwwen
__________________ 404 - Not found
|
|
11.05.2007 17:54 |
|
|
JADE
Kaiser
Dabei seit: 28.04.2006
Beiträge: 1.177
Herkunft: froen ech mech nach ëmmer
|
|
LOLLLLLLL ... Johny ...
just ech kann mech jo fir ze fr***** nët kuerz haalen !!! ...
an ... ech schnëssen esouguer nach méi wéi ech schreiwen ...
|
|
11.05.2007 17:59 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech wollt och na schnell eps soen...d'jade huet et natirlech mei ausfuerlech gemeet mee ech hun d'zeit am moment net... Deen Problem dass meedercher een falscht bild krein as wuelbekannt...mee kent weder durch d'mandy nach durch Photogen....an sou een Komment an engem Guestbook brengt glaat an guer neicht!
Zum Mandy, obwuel et mer am ufank als net topmodel meisseg riwwer koum, fannen ech dass et momentan top as....obwuel et raus as. Ech fannen et as schon eng leechtung et souweit ze brengen...an wei schon erwaent gouf kent lo den Neid. Wei hat lo wirklech as wees ech net, dofier soen ech och neicht doriwwer.
Eppes schwieren ech iech
falls ech d'mandy eng keier fotografeieren dierft (Waat ech ganz staark bezweifelen) op Pg setzen ech dann secher keng Foto
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.05.2007 18:07 |
|
|
bobinski
Eroberer
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 68
|
|
...Also wann ech eierlech sin, gin mir dei Philharmonie's, Mudam's, an DeirenFotoen (waat keen neit Thema as) sou lues mei op de Geescht. Daat Meedchen huet sech getraut an et huet, ouni een ze nerven seng chance genotzt a sein wee gemaach. Wann hei Tamtam gemaach gett as daat, fannen ech mol, net seng Schold...Daat as eben sou bei eis. Seff mol bessi mei en Stolzen Letzebuerger!
(sorry, ech hun net dee ganzen Thread gelees, kann also sen datt schon een daat gesoot huet, wei z.B. den the zipper)
|
|
11.05.2007 19:00 |
|
|
Maggele
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
also et as dach normal dass 't mandy elo ee grousst thema as... ech mengen 't ganzt land schwetzt dervun. firwat also net eng community vun hobbyfotografen. also ech perséinlech hu keng episode vun deem déngens gesin. mee vun deem wat ech héieren a vun deenen ausschnëtter op youtube kann ech nemme soen dass ech absolut hannert dem mandy stin an ech si frou dass hat, an net iergendeen anert eist land vertrueden huet. ech denke mäer kënnen eis fir hat freen an dass mer elo nach all waarm fir hat sin as normal an dauert net méi al ze lang
__________________
|
|
11.05.2007 19:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Daat mam Patriotismus fannen ech hei och eischter feel op der Plaz. Hatt huet och behaapt Letzebuergesch wär keng Amtssprooch -.- Also matt stolzem Letzebuerg oder sou huet daat näicht ze dinn
PS: Wen lo behaapt hatt hätt Recht domat, soll hei liesen: http://de.wikipedia.org/wiki/Luxemburg
__________________ 404 - Not found
|
|
12.05.2007 14:20 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Wou deemols den Frank Schleck Alpe d'Huez gewonn huet, war dach och esou ee Letzebuerger Boom. Daat huet mech och deemols genervt, well all Letzebuerger opeemol Expert am Cyclissem war. Awer daat huet sech eben och no puer Meint geluecht.
(Dobai reegen ech mech lo emmer op, dass de Fokus vill mei op den Schlecken leit, wei op dem Kirchen, deen am moment awer op hierem Niveau souzesoen fiert) - mee mir sinn jo hei beim Mandy.
Dofir verstinn ech et an engem Senn schon, waaste wells soen, mee fir mech leist sech daat och nitt richteg vergleichen (Velo an Moud). Ech hunn d'Gefill nach emmer, wei wann et dir eischter em d'Moud allgemeng geet, an d'Mandy lo einfach dodra passt.
|
|
12.05.2007 14:28 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Hehe daat mam Cyclyssm stemmt och, dass dann jiddreen do expert wëll sinn. Mee ech behaapten emol einfach dass et e gutt Stéck mei schwéier ass sou eng étape ze gewannen wei bei Germany's next topmodel mattzemaan, vun dohir denken ech dass daat liicht mei berechtegt war deemols. (Ech hun de Kirchem awer iwwregens nie vergiess
)
Waat ech am Fall vum Mandy sou "gutt" fannen verglach matt aneren ass dass et nach su jonk ass. Et krut seng 18 während dem Wettbewerb. An dem Alter si vill Meedecher nach net bereed esou eppes fäerdeg ze bréngen.
Daat matt der Moud allgemeng, hu mer jo lo scho puer mol gesot, geet wuel och dodrem, jo
__________________ 404 - Not found
|
|
12.05.2007 14:39 |
|
|
|