marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Weider Kritik erwënscht... |
|
Salut
Et sin an der Lescht e puer Themen hei gelaaf, doriwer wei d'Admins iwert Fotoen jugeieren. Ech soen daat lo nemmen fir ze betounen dass ech NET meckeren well
Ech well sust na weider Kommentarer iwert meng Foto (dei ech refuseiert kruut).
Ech heieren/liesen oft davun dass d'Foto "vun uewen geholl" gouf an daat net gudd ass. Ech wollt lo mol einfach froen firwat well heinsdo passt et einfach besser bei en Motiv wann een et vun uewen hellt.
Ech kruut gesoot ech hätt mech bei deser Foto missen op de Buedem leen fir se vun ennen ze knipsen, wéint der Perspektiv. Den Problem ass sust dass dann en ganz aaneren Hannergrond entstan wier an deen wier guer net Firdeelhaft gewiecht (eng ganz ellen Mauer). An vue datt Déieren net emmer maachen wat een well ass een frou wann et dann mol eng Kéier roueg do leit
Weider kruut ech gesoot ech hätt d'Motiv net sollten an d'Mett setzen. Do wees ech awer net wat ech dovun haalen soll...
Jo, d'Patt ass net ganz drob komm, daat ass tatsächlech net su gudd, hun daat am Ufank net su schlemm fonnt...
Majo freen mech iwert weider Kommentarer dozou wat ech hätt kennen aanescht maachen. Stin nach ganz am Ufank mam Fotographeieren an sin stark gewellt eppes beizeleieren
wawa
marischen
|
|
29.04.2007 00:17 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech soot net du solls dech léen, ech hu gesoot du solls dech knéien fir iwwert de buedem ze fotograféieren
Ech hun awer während dem ech daat geschriwwen hun och dru geduecht dass et natirlech hätt kenne sinn dass een dann en schlechten Hannergrond dorp kritt hätt. do muss ech awer leider soen, daat ass net wirklech eng Excuse, well, et ass eben LEIDER esou dass een net an all Situatioun kann eng gutt Foto maachen, och wann een nach esou vill wëll. Et kann een zwar daat bescht dräus maachen, mee ob daat herno och wirklech gutt ass, daat ass en anert Thema.
D'Patt ass eppes klenges waat dann sujust net ganz drop ass, dofir stéiert et, do muss een direkt bei der Foto selwer emmer oppassen.
An net an d'Mëtt ... Daat ass de Kadrage. Vill Leit um Ufank gesinn hier Motiver, gëtt an d'Mëtt vun der Foto gesagt, an dann geknipst. Dann huet d'Foto guer keen Opbäu, ass wirklech just waat een geif als "geknipst" bezeechnen. Kadrage ass wanns de däi Motiv an dengem ganze Bild esou plazéiers dass dei ganz Foto mei ausgeglach ass, dass alles passt. E beispill:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=17660
Wann de Bam do voll an der Mëtt geweecht wir, geif een denken "oh e Bam", esou awer huet d'Foto eng ganz aner Wirkung. Et ginn der natirlech lo wou daat nach mei signifikant ass, mee sollt lo just seier e Bsp sinn.
Ech hoffen ech konnt der bessen hellefen.
__________________ 404 - Not found
|
|
29.04.2007 00:25 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Ech soot net du solls dech léen, ech hu gesoot du solls dech knéien fir iwwert de buedem ze fotograféieren
|
Daat haat ech gemengt
Daat mam Bam liicht mer vollkommen an, deen hätt ech och einfach sou net an d'Mett gesaat. Awer nemmen well hannendrun nach eng Landschaft ass...
Mee kucken dann fir déi nächste Kéier dorob opzepassen. Merci fir deng Äntwert!
wawa
marischen
|
|
29.04.2007 01:07 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
haal dei foto do weis se dengen kanner an 20 joer dann huet se een immensen emotionalen waert, mee kuck ett eben vum point de vue vun aneren leit
ech gesin do een blatzegen hond den net mat engem wirkleschen hannergedanken cadreiert ass an och nach keng patt mei huet
ett ass eng foto die eben wirklesch jidereen nemmen mat enkeier knaeppchen drecken gemeet kritt
bon vill mei kann een un enger foto och net mei kritiseiren?
k du haess fleit nach nodreiglech bessi saturatioun ropsetzen kennen, du haess missen op den cadrage oppassen? bon mei kann een net besser machen?
fleit nach den hond motiveiren dadd en winnenstens drankuckt, an d camera?
ass eben eng foto dei nemmen fier den auteur wirklesch flott ass well en sech seet " oh mein leiwen hond"
|
|
29.04.2007 02:01 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Blatzeg fannen ech d'Foto zwa absolut net. Ech hun se bessen bearbescht an daat ass et wat dabei rauskomm ass an et war och daat wat ech wollt ereechen. Ech haat och net fir main ach su leiwen Hond ze presentéieren mee hun fonnt dass déi Foto einfach gudd gi wier.
Mee ech muss meng Zieler dann e bessen mei héich setzen.
An jo, hun et am Fong grad gudd fonnt dass en net an d'Camera gekuckt huet, ass eben och en Deel vum "Motiv" wat ech haat wei ech déi Foto gema hun... also fannen daat keen Argument.
Mam Rescht gin ech der Recht.
|
|
29.04.2007 09:28 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dass en net an d'Kamera kuckt fannen ech zwar och gutt, mee do gesäit een einfach dass de d'Foto net aus dem Grond gemaach hues den eigentlech fir PG wichteg ass: du hues geschriwwen fir däin Hond ze presentéieren. Daat ass genee daat waat op PG net därf sinn. D'Foot soll gutt sin, net d'Motiv schéin, well do huet de Fotograf selwer keen Afloss drop. Natirlech ass eng gutt Foto nach besser wann d'Motiv och flott ass, vu sech aus, mee daat ergänzt sech dann.
An dach se ass blatzeg ... eng Foto matt flotte Faarwen ass z.B. des:
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=17349
__________________ 404 - Not found
|
|
29.04.2007 17:41 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
@ Johny
Zitat: |
Original von marischen
Ech haat och net fir main ach su leiwen Hond ze presentéieren mee hun fonnt dass déi Foto einfach gudd gi wier. |
|
|
29.04.2007 18:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Oh sorry, Entschellegung
sou en net ass awer och seier "iwwerlies", eieiei ... merci dass de en rout gemaach hues fir mech
__________________ 404 - Not found
|
|
29.04.2007 18:29 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
ass net schlemm
---
Hun hei nach eng Foto, mee wollt net extra en neien Thread opman.
Se ass rem net scharf genug, mee daat kann een vun menger IXUS IIs och leider net wierklech verlangen (kaafen mer gleich eng nei ^^). Hun se haut de Metten gemaach an wollt einfach mol en Kommentar iwert Motiv, wéi se cadréiert ass, d'Rumm etc. kreien
Merci am Viraus.
|
|
01.05.2007 17:36 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
lol all fotoapparat kann scharfstellen, wann en daat net kann giff ech iergendwei reklammeiren goen....
dem fotoapparat schold gin dadd eng foto net scharf ass....
|
|
01.05.2007 18:24 |
|
|
Jefferson
Mitglied
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 30
Herkunft: Dudetown
|
|
also mat den pixelen huet daat net onbedingt eppes ze din
et kann een och mat 3,2 mega pixel gudd fotoen machen
d2h huet zum beispill och nemmen 4,1 mega pixel an et ass een professionellen apparat
an daat mam automateschen schaarfstellen ass fleit e bessen emständlech mee et geet och domadden et muss een sech sust fleit e bessen mei Mei gin an do kann een bstemmt och nach anstellen op heen dei sachen am hannergrond oder am firdergrond ( keng aahnung op een daat sou seet) schaarf stellt
an mam wackelen kanns de do beliichtungzeit net anstellen ?
an wann net dann muss de der eng ennerlach sichen oder sou ass awer och net emmer einfach
den Photograph mecht Photo net den Photoapparat
|
|
01.05.2007 21:32 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Nuje, leider mecht den Apparat trotzdem emmer nach d'Foto. Den Saatz klengt natierlech gudd "den Photograph mecht Photo net den Photoapparat", mee daat soen haabtsächlech déi déi en bessi méi en professionellen hun.
Natierlech muss een och damatt emgoe kennen an e 'bessi' en Aan hun fir gudd Fotoen ze maachen... Mee dir kaaft jo och net aus Blödsinn méi deier Apparater oder? Mengen net...
Zitat: |
d2h huet zum beispill och nemmen 4,1 mega pixel an et ass een professionellen apparat |
Tjo, MAIN ass awer net professionell
Daat matt den Pixelen war och souwisou nemmen eng Vermutung.
Mee AM FONG wollt ech jo Kommentarer zu der Foto, net zum Apparat, deen ass jo souwisou net su wichteg (wéi et schengt)
Dann loost mol kommen, dir wesst jo all nawell gudd Bescheed.
|
|
01.05.2007 23:03 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
also ech fannen ett net passend wanns de sees den fotoapparat micht emmer nach d foto well deng 2 hei fiergestellten fotoen haenken secher net um teschneschen
an guck mol wei brilliant fotoen den neckel mat senger kompakter micht... bon ok ech hun daat um unfank och emmer gemeet ^^
|
|
02.05.2007 16:53 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
also de 'junior' huet och eng IXUS II an ech hun och scho Fotoen dermatt gemach a ka nëmme soen, datt se trotz héichem Präis ganz staark ze wënschen iwwreg léisst: esouguer bei gudde Konditiounen (wéi een dat am iwwregen um 'marischen' sénger Foto hei uewen gesäit, ass d'Bild käreg an nët wierklech scharf (niwebäi gesoot kann ee bei dem Apparat nëmme mat Autofocus schaffen); ech behapten elo mol datt de Satz "den Photograph mecht Photo net den Photoapparat" nët an all Fall richteg ass a bei dësem Problem e bëssen zevill einfach kléngt;
egalwéi wéi wärts de e groussen Ënnerscheed mierken, wann's de däin Apparat changéiers: zweifel nët zevill un dir
|
|
02.05.2007 23:33 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
@ Jean-Jos
Merci, hun wierklech schon bal ugefong u mier ze zweifelen
|
|
03.05.2007 00:45 |
|
|
|