Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (10): « vorherige 1 2 [3] 4 5 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Refus  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Waat fier en Toun Här Administrator....? Ech hun just gesoot dass dir keen Konzept hutt, an daat mecht keen mir falsch wann ech déi Photoen kucken déi dir hei um Site veröffentlecht hut.
Et wir héich Zeit, das dir gifft zouginn, dass der falsch reagéiert hutt, aplaatz elo hei amok ze laafen.
Iwregens kennt der mech och erausgeheien wann daat hei zevill wor !!!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gunman am 12.10.2011 19:04.

12.10.2011 19:03 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
Locke
Grünschnabel


Dabei seit: 20.01.2010
Beiträge: 7

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou also ech wollt mech o eng Keier hei zu Wuert mellen, mee opreegen maan ech mech net wierklech wollt just e klengen Statement gin. Kruet o eng refuséiert (waat firkommen kann, mech lo o net weider rosen mecht, well dofir as mär mäi Bluddrock ze schued) Augenzwinkern also hei d`Begrennungen:
eng Foto Fish!!! ass leider net ugeholl ginn. Hei sinn d'Riichtlinnen déi leider net gepasst hunn:

Déi optesch Qualitéit muss stëmmen Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
D'optesch Qualitéit vum Bild ass leider ze schlecht. Dëst kann geschéien duerch d'änneren vun der Gréisst mat Software.
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau


Voila also
Punkt 1: ka sin, bei mär gesi se ob allefall gudd aus, mee as net de Punkt Augenzwinkern
Punkt 2: Zum Opbau: joet si Fesch, a jo se waren an der Mett...
mee waat emer sou schéin ob all Photo iwer Waasser unzewenden as, geet net emer UW... ech schwätze lo mol fir all UW Photograph, jidereen dee mengt eng Photo UW, wier einfach noom Motto (wei ech et schon ze héieren kruet): Aaaah ech hu bessi Geld zevill kaafen mär eng Ausrüstung sprangen dran a maan Photoen.
Ma sou einfach as net. Du bass do als Photograph an engem Element wous net higehéiers, all Fesch egal wei grouss oder kleng as emer mei schnell weis du an et as dofir net evident en emer schein an Drettelregel ze setzen, besonnech wann een am Fräiwaasser as, wou een sech anstänneg taréieren muss an op Faktoren wei Déift, Stréimung(dei et bei deenen heiten Photoen deelweis onmeiglech gemeet hun de Fesch iwerhaapt fokusséiert ze kréien...), Loftvirrat en TauchPC dee grad Amok leeft oder 2 Bletzer ausriichten fir de Fesch propper ze beliichten (wou dann och dozou gehéiert et sou ze maan dass ee net grad all Dreckpartikel am Waaser beliicht) etc. opzepassen. An dofir wollt ech jidderengem un d`Härz leen, eier et hescht ech hätt mär keng Gedanken em de Bildopbau gemeet, huelt ärch eng Kamera zappt ärch ant Mier an probéiert mol, geif da gär gesin waat bei deenen rauskennt dei mär daat hei virgeworf hun... näicht fir ongudd, mee dorems sollt ee sech o mol Gedanken maan, eier ee mengt eng Photo vu Fesch (dei net sou schéin stallhalen wei irgendeen Viech am Zoo) wier zevill an der Mett oder soss eps, wann een interesseiert as, kann ech em gär eng Keier meng Knipps leihnen an dann amusez-vous bien Augenzwinkern

näicht fr ongutt, mee wollt daat mol kloer stellen...

Georges

ps: si net rosen falls een daat mengt, mee wollt mol bessi genee erklären wei daat zou sech geet...
12.10.2011 19:32 Locke ist offline E-Mail an Locke senden Beiträge von Locke suchen Nehmen Sie Locke in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Locke: Mir hu Respekt virun de verschiddene Konditiounen an deene Fotoe gemaach ginn (Däi gutt erklärtend Beispill ass jo net dat eenzegt wat sou kann virkommen), mä leider gëtt dat oft als "Excuse" geholl dofir dass een eng Foto net konnt besser maachen. Leider ännert de Fakt dass d'Aarbecht schwéier war eng Foto ze maachen, näischt drun wéi d'Foto herno selwer ausgesäit.

Also et war sécher schwéier, mä leider feelt awer e bëssen do de kënschtlereschen Aspekt smile

@gunman: Den Toun, deng Art a Weis ze schreiwen déi loossen ze wënschen iwwreg, wanns de selwer net mierks wat e Kommentar vum Locke oder vum Schlimpitz vun dengen ënnerscheed, dann bass de blann smile Merci iwwregens dass du, genee esou wéi och oft anerer déi e Mangel u Respekt weisen am Emgangstoun, just der déi Saachen eraus picks aus mengen Äntwerten wous de nach méi dru picken kanns, amplaz och op déi aner Saachen anzegoen.

__________________
404 - Not found
12.10.2011 19:44 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Här Administrator: denkt emmer drun : ce n'est que la vérité qui blesse !
Merci och fier déi perséinlech Beleidigungen (ech sinn net blann).

PS: Ech picken guer neischt eraus, mais dir hut hei 3 Photoen veröffentlecht, déi bedeitend méi scharf woren wéi déi di der refuséiert hutt, an daat ass konzeptlos, obs Du daat elo wells agesinn oder net, och wann et dech deck rosen mecht.

Iwregens haats Du gesoot Du giffs mir net méi äntferten...oder....
12.10.2011 19:54 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo dann däerfs de dech glécklech schätzen ass ech nach äntweren großes Grinsen

Esou wéi een en de Bësch era rifft, esou schaalt et zréck.

__________________
404 - Not found
12.10.2011 20:00 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ma jo Johny, keen Problem, ech kann domat liewen.
12.10.2011 20:05 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

vu que dat ech an der Lëscht just hei nach heiansdo am Hannergronn hei matliesen, ... vill Léit wëssen dat ech net méi vill weisen (fléit net esou vill firwat), muss ech elo awer eng Lanz vir de Johny briechen.
Jidereen hei wollt en aneren Aktiweierungssystem, ech inclus! ... dat iwwert Hàndy bei engem Béier, vun enger eenzelner Persoun bei 3 Promill an engem Bistro fräischalten, ass nämlech lächerlech gewiescht. (ironie aus *g*) An elo ass den do, den neien System !!

Fir mech nach ëmmer net hëllefräich, en Kommentar
@mat vläicht hues de .... (wat soll dat "vläicht" hues de ??? )
@Et sollt ee sech Gedanken maache ... (ewei de Locke scho geschriww huet Augenzwinkern
dat ass net nëmmen net hëllefräich, mä esou gueren beleidegend ! fir Léit déi der Meenung waren, hei dat bëscht wollte ginn a weisen. Wou war do eisen studéierten Psycholog aus dem Komitee, wou déi Sätz do niddergeschriwwe gi sinn großes Grinsen

ok, ... wat ech wollt soen, de System fannen ech net richteg, an dofir hunn ech och meng Konsequenze gezunn, ... an jo, ech war deemools op de Versammlunge net derbäi.
Et gëtt hei nëmmen de Johny ugegraff, den System an déi fräigeschalten oder refuséiert Biller ass awer "Doot" vun enger ganzer Equipe, an genau dat ass esou weit ech weess, net vun engem, mä vun all de Memberen ofgeseent ginn !!

Ech selwer hu mer Gedanken iwwert dat Ganzt gemaach a meng Konsequenzen geholl, awer ouni nëmmen engem "Eenzegen" d'Schold ze ginn Augenzwinkern Domadder rechtfertegen ech awer och den Toun vun Johny an all den aneren net smile )

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 12.10.2011 21:04.

12.10.2011 20:58 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Meckeren as emmer einfach as wei an der Politik gemeckers sinn se all Stark nach mei wann et nemmen Text as mee wann et drem geet BENEVOL seng Zäit an eppes ze stiechen dann as eeeee nneeeee eeee hun grad keng Zeit eeehhm Famill an Arbecht wees jo wei daat as ... an weider Excusen!

dei Foto wou et diem geet as och nach Schlecht, daat kent dobei...
ech wees elo sin ech och deen Beisen...kee Problem!

Et sinn puer Leit wou Akitveieren an do sinn also och puer Meenungen voila as daat net Menschlech?

liewen geht Dach wieder wann die Foto net ugehol Gin as well se eben zevill fir eis gewiesen heut weis se op Fotocommunity oder Flickr oder egal !

Mert wei all sidd da dann?

komm ma maan erem Photoen....

mbG

MARC
12.10.2011 21:06 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

suraki: De System gouf net just vun den aneren comitésmemberen ofgeseent mee jo iwwerhaapt sou ausgeschafft mat User vum Site. Dat soll just nach derzou gesot sinn smile

btw: Alles ok awer bei dir esou?

__________________
404 - Not found
12.10.2011 21:21 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Locke
Grünschnabel


Dabei seit: 20.01.2010
Beiträge: 7

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also wei gesoot Kwitchibo gin där d'Knipps da kanns probéieren,da kanns de jo dei Exvuse fit eng schlecht Photo selwer iwerpréiwen...an a propos kenschtlerecheb Aspekt,daat hei war als Dokumentatioun geduet,froen mech waat do emer soll als kenschtlerech ugesi gin,da keinten o aaner Photoen hei nie gewissen gin... mee bon soot jo reege mech haut net op...
12.10.2011 21:22 Locke ist offline E-Mail an Locke senden Beiträge von Locke suchen Nehmen Sie Locke in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Johny
.... net just vun den aneren comitésmemberen ofgeseent mee jo iwwerhaapt sou ausgeschafft mat User vum Site. Dat soll just nach derzou gesot sinn smile

dat war och vu menger Séit aus esou gemengt, ... ähh ech wollt dat esou eriwwerbréngen Augenzwinkern
( ps: jess alles paletti )
12.10.2011 21:28 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hat mer am Fong virgeholl dass ech mech aus Diskussiounen hei am Forum géif eraushaalen ...

Wat ech schued fannen ass dass déi ganz Community héi faenkt auserneen ze briechen, wat menger Mehnung no och un den hëtzegen Diskussiounen héi am Forum leit an un der Art an Weis wéi d'Photoën refuséiert ginn.

Dat huet sech och mat dem neien System anscheinend nët gebessert. Ech hat dat héi schon eng kéier proposéiert:

Firwaat mat der nët eng keier eng Ëmfro wat d'Userën gudd fannen an wat nët ?
12.10.2011 21:44 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ma mer hu jo grad de System wéi en aktuell ass esou kritt well mer mat Leit geschwat hu wat se gutt fannen a wat net. An dat ass hei am Forum geschitt, alles ëffentlech. Mä egal wéi et herno ass, et ass nie jiddereen zefridden.

Dat mat der community stëmmt, mee déi Leit déi hei sech bessen zevill respektlos weisen an hier Emgangsart hun och zum gréissten Deel keen interessi drun Deel vun enger Community ze sinn. Fotoen erop lueden, profitéiren, gutt Kritike kréien, mä net Clubmember sinn, sech net op Meetings weisen asw, an dat ass dat wat et wierklech futti mécht.

__________________
404 - Not found
12.10.2011 22:01 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ët ass ganz kloer dass de ët nët jidderengem kanns Recht machen ... mais dofir muss de mol wëssen wat d'Leit wëllen, och déi déi sech nët (méi) wëllen héi matschreiwen.

Wann den Léit näischt geif un der Community leien geif héi keen schréiwwen, dann géifen se einfach ob een anneren Site goen ... alternativen gët ët jo genuch.

Eierlech gesoot, mat den Meetings (Phototalk) wosst ech als Clubmember (zanter 1/2 Joër) sëlwer mol nët ... ech hun der nët firnäischt dofir lo kiirzlech eng PN gemach.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 12.10.2011 22:31.

12.10.2011 22:20 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
crici
Grünschnabel


Dabei seit: 18.11.2006
Beiträge: 5

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech haalen mech kuerz an bedeelegen mech lo net un der Streit Diskusioun. Ech well einfach soen, dass et menger Meenung no jo absolut net schlemm ass eng Foto refuseiert ze krien, ech kruut der alt och schon masseg refuseiert, wou ech mech och heinasdo gefroot hun wisou (natirlech hun ech heiansdo och gemierkt waat den Problem war, en verbessert an dun ass se ungeholl gin smile ).
Mee waat ech lo soen wollt, wann een eng Foto refuseiert kritt dei engem Perseinlech gefällt, ass dach keen probleem, dovun geet d Welt dach net enner, dann Print se aus an hänkt se an den Kummer op den Buro,...
Außerdem fannen ech et gudd wann een puer flott Fotoen huet dei een net presenteiert, dei sein klengt geheimt meechterwierk bleiwen, ech hun hei op mengem Stick(extra dofir) Fotoen dei deelweis bei weitem daat iwwertreffen waat ech um Site weisen, daat ass meng Privatsammlung... mee bon, daat geheiert jo lo net mei wirklech zum Thema.

@ Johny, Mengen Dei Kritik geint dech, geint anerer ass warscheinlech vun dem engen Point de vue e weineg berechtegt vum aneren dann rem net. Ech mengen du bass net deen eenzegen deen Fotoen kann unhuelen oder oofleenen, an ech fannen mir kennen iwwerhaapt frou sin dass mir der leit hun dei daat maachen, well dodurch existeiert den site jo nach(natirlech net nemmen dodurchAugenzwinkern ).
Anererseits muss ech awer och soen dass dei wisou ass d Foto oofgeleent gin Texter heiansdo fir mech irgendwei, wei soll ech soen, net sou riwwer kommen wei se sollen.. mee ech maachen mir lo do neicht draus, ech mengen oft wann ech eng foto refusiert kruut konnt ech mir et virdrun schon denken.
an wei sc hon gesoot gin ass et kann een et nie jiddferengem recht maaachen.

Also ech hun keen Problem domat wei et loo Leeft, an domat beenden ech och lo mein Kommentar...
12.10.2011 22:36 crici ist offline E-Mail an crici senden Beiträge von crici suchen Nehmen Sie crici in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Schluck: Mer kënnen awer net d eLeit nolafen déi mol net méi aktiv sinn smile

D'Meetings stinn emmer op der Startsäit wann der sinn (offizieller) an et kann een seng System Noriichten aktivéire fir Meetings ze gesinn. All Kéier eng E-Mail eraus schécken wir zevill des gudden, do ass awer also eigentlech vun eis aus vill gemaach fir dass jiddereen et kann matkréien. En plus schreiwe mer et nach op Facebook an Twitter.

@crici: Mir haten et getest beim ale System, wou mer selwer den Text konnte verfaasse beim refuséieren: Egal wéi een et dréint, een den en Refus perséinlech wëll huelen, den hëlt et och eosu, an den ass beleidegt/rosen smile an hei gëtt just Gemeckert an gesot et wir trotzdem net gutt, trotzdem awer vu kengem konkret aner Virschléi gemaach... wat schued ass.

__________________
404 - Not found
12.10.2011 22:48 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
crici
Grünschnabel


Dabei seit: 18.11.2006
Beiträge: 5

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech wosst jo mol net dass et och eng Photogen seit op Facebook gett, gudd daat ze wessen smile

@ Johny: ech kritiseieren jo och net den System, souwisou sin ech net rosen oder sou wann eng Foto net ungeholl gett, dann ass et eben sou, ech reegen mech net doriwwer op, ass net gudd fir d Gesondheet Augenzwinkern
Ech fannen et jo gudd dass sech iwwerhaapt gedanken driwwer gemaach gufen, also iwwer den System, an dei Noriichten.
An un deser Plaaz eben nach eng keier en groußen Merci un all dei dei dodrun geschafft hun an un d ei dei sech em d Unhuelen vun den Fotoen bekemmeren, well wann een kukt weivill Fotoen all daag ropgelued ginn, ass daat jo schon genuch arrbescht.
12.10.2011 22:55 crici ist offline E-Mail an crici senden Beiträge von crici suchen Nehmen Sie crici in Ihre Freundesliste auf
bigmama19420205
Grünschnabel


Dabei seit: 27.03.2011
Beiträge: 6

RE: Refus Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

gin dir vollkomme recht Poly, firun engem Joer war et nach Spaass fir Fotoen bei Photogene ran ze gin ..

De Komitee mist villeicht nei gewiëlt gin bei Photogene,
do sin der dëi en neie Brëll brëichten
16.01.2012 07:01 bigmama19420205 ist offline E-Mail an bigmama19420205 senden Beiträge von bigmama19420205 suchen Nehmen Sie bigmama19420205 in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

RE: Refus Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An weider geet et großes Grinsen

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
16.01.2012 08:23 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
diddylux
Grünschnabel


Dabei seit: 04.08.2008
Beiträge: 6

RE: Refus Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech verstin et net... firwat dat thema rem nees opgräifen?? muss wierklech net sin, déi diskussioun as jo schon laang verflunn, mee et soll net opgegraff gin... ech kann just den kapp driwer resseln. Et soll een léiren, Saachen akzeptéiren ze kennen an dat huet näischt mat Comité wielen ze din. also, ech wier frou driwer, sou wéi verschidden aanerer, dass déi Diskussioun heimadder färdeg as.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von diddylux am 16.01.2012 14:37.

16.01.2012 14:34 diddylux ist offline E-Mail an diddylux senden Beiträge von diddylux suchen Nehmen Sie diddylux in Ihre Freundesliste auf
Seiten (10): « vorherige 1 2 [3] 4 5 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH