Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
ZachOry
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von MarcGerard
@ZachOry:
secher, also et gi leit déi schéngen ni bäizeléieren a bleiwen éiweg op engem niveau hänken. mech giff schon intresséiere vu wéienge fotoen (net user) dass de schwetz. giff der gäere soen firwat se ugehol gin. allerdéngs muss ech der schon am viraus soen: mäer aus der jur si keng roboter! mäer benotze ganz dacks net nemmen eist geher, mee och eis gefill. an zweetens: och ech reege mech puermol doriwwer op wat méng koleegen an der jury acceptéieren. an si reegen sech op wat ech sou acceptéieren. dat huet dann erem mat deem éischte punkt ze din (mäer si keng roboter) demnäcsht kënnt déi eng oder naer ännerung. ech sin iwwerzeecht dass dann méi leit zefridde sin wéi de moment.



Maan da eng PN fier dats de wees vun waat ech schwetzen smile


Di Saach mat den Roboter as schon kloer, ech zweifelen är Arbecht wirklech net un, am Geigendeel....

an et as ma un sech wirklech egal, well ech selwer na net am Fall wor dat eng net accepteiert gouf oder sou. mee liesen hei vill mat, an wees mettlerweil dat vill Leit halt sech di fro stellen: firwat as meng refuseiert an di aner net...

an dei jeeneg kreien oft, bzw emmer gesoot dat se refuseiert gouf well se mol net "d'Grondfieraussetzungen" fier eng gudd Foto erfellt (waat fier mech natirlech zu 100% ok as, wann daat den Fall as), halt dei Saachen wei Bildopbau, eng Iwerleeung dei een gefouert hot, asw an sou fort....

wann ech dann ewer dei Fotoen gesin dei eropgelueden gin iwer dei ech ma di Gedanken maan, an accepteiert gin sin, wou d'Bild KEEN, ewer GUER KEEN vun deenen Critèren erfellt, verstin ech verschidden Leit di bessen "soueren", bzw sech einfach froen wei dat daat meigelech as.

wann ech z.b. eng Foto gesin dei fier mech total sennlos as, well einfach NEISCHT gudd as un der Foto, theoretesch an praktesch gesin (loosen d'Affaire de gout rem op der seit, wann een reng Objektiv bleift), an ech daat dann och kritiseieren, an z.b. soen: "Ech verstin den Senn vun der Foto absolut guer net" oder "ech fannen deen Bleckwenkel do wirklech schlecht oderoderoder, vleit aennert sech meng Meenung io wann's du ma den Grond nenns firwats de et sou an sou gemeet hos, ech well daat verstoen" an dann einfach nemmen eng bloed aentfert, oder aus mei oder weineger "Expressegkeet" dann och quasi all Foto negativ kritiseiert kritt, ouni dat iergendeppes erklaert get, as daat fier mech un sech klipp an kloer een zeeschen dofier dat suguer den Fotograf selwer keng äntfert dorop hot firwat en d'Foto xy sou an sou gemeet hot. An deem Fall as fier mech den Critère "sech eppes dobei denken, sech gedanken maachen ier een knipst) io dann ganz kloer NET erfellt. An daat sen dann dei Fotoen wou an mengen Aan en Admin di haett missen refuseieren (wann ech als Anfaenger dei Saachen op den eischten Bleck erkennen kann, an suguer den Fotograf selwer, misst en "erfahrenen" Admin daat och kennen ), einfach well et sou offensichtlech as deelweis.

also fier kloer ze stellen: ech well NET iwer iergendwelch User oder Admins lästeren, as daat lest wat ech well. Mee ech mierken dat verschidden Useren deelweis op Granit stoussen wann se di Diskussioun wellen feieren an einfach eng kloer aentfert/erklärung erwaarden (wahrscheinlech hun d'Admins natirlech och keng loscht hun daat Thema emmer an emmer erem duerch ze knaen, waat ech och verstin)

LG
Zachory
01.06.2011 11:29
TomEwert
Doppel-As


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von ZachOry
(wahrscheinlech hun d'Admins natirlech och keng loscht hun daat Thema emmer an emmer erem duerch ze knaen, waat ech och verstin)


sie sin jo sws schon am gaangen dorunner ze schaffen ... an déi diskussioun an schons esou oft "duerchgeknat" gin wéis du och gesot hues ... an dann kommen verschidden leit dobai déi eegen fehler einfach net wellen agsin, leit dobai déi steppelen kommen an verschidden useren déi verschidden ussichten vun photos hun. ech mengen et waerten emmer erem leit kommen, déi sech géint den kapp gestouss fillen ...

mais allkéiers dann esou eng "gespréichlawine" lasszetreppelen ... dass jo eng never ending story hei ...

kuck an daer zeit wou ech elo hei aentwerten haett ech kennen

a) en bréidenchen iessen
b) iwert eng photo nodenken
c) d'photo maachen
d) d'photo eroplueden ...

vllt. souguer alles mateneen ...

sidd mol creativ ... waat der méi photos maat, waat dir méi dovunner léiert, try and error ! oder kuckt ierch un wéi aaner leit et maan, léirt vun hinnen, huelt ierch inspiratioun

__________________
Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht Augenzwinkern
01.06.2011 14:48 TomEwert ist offline E-Mail an TomEwert senden Beiträge von TomEwert suchen Nehmen Sie TomEwert in Ihre Freundesliste auf
Jaqueline76
Jungspund


Dabei seit: 07.11.2009
Beiträge: 17

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut
Liesen zimmlech vill hei am Forum an wollt och mool mein Pefferkär beiginn.
En Admin ass Admin well een di Arbecht muss maachen d.h. di serieu Saachen vun den onserieu'en oder usteissend Saachen erausfilteren.
Ech fannen ower dat en Admin net daat Recht hued fir z.b. engem Ufänger an der Fotographie seng Foto ze refuseiren (wei et mir 2009 gaangen ass) well Sonn vum Sonnenönnergang ze zentraal steet....pff daat sinn Affaire de Gout'en. Neirens ower wierklech neirens steet geschriwwen wei eng Photo soll ausgesinn....vlaischt e puer Heller dei zevill gekifft hunn an festgehaalen hunn (2/3ter Regel) hahaha nujee,,,eng Photo soll entweder deem engem oder deem aaneren gefaalen, weem se elo definitf gefällt daat soll jidderen vir sech ausmaachen (ausser fir verschidden Leit dei sech emmer no aaneren riischten an hier Meenung vun 12 Auer bis Metteg 3 mool änneren...)
Datt gefiltert göt ass kloër an muss och onbedingt sinn, soss geng de Site warscheinlech schnell zougemaach ginn, mä verschiddenen Admin'en huelen hier "Möchtegern-Positioun" ower villaischt e bessen ze genau....
Wann an enger Gallerie een Tableau matt 2 Eerdbieren drop an enger fauler Piisch drop ze gesinn ass fannen ech daat och net schein, mae muss jo net nemmen miir gefaalen...
Bei der heiter Diskussioun am Forum muss een sech vlaischt Fro stellen em waat et iwerhaapt hei geet....Photoen weisen, Kritik kreien,...(kann een net kreien wann se net gewissen gött....)
Ech haalen elo op matt engem Zitat vum Bernard Dimey:
"IVROGNE et pourquoi pas? Je connais cent fois pire
ceux qui ne boivent pas, qui baisent par hasard
qui sont moches en troupeau et qui n'ont rien à dire"
Venez boire avec moi! on s'ennuiera plus tard!"

Schéinen Daag nach...
01.06.2011 15:11 Jaqueline76 ist offline E-Mail an Jaqueline76 senden Beiträge von Jaqueline76 suchen Nehmen Sie Jaqueline76 in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Léift Jaqueline Zunge raus ,

Mir schreiwen de User jo och net fir wéi eng Foto soll ausgesinn. Ma wann een en Sonnen-ënnergang erop lued, Sonn an der Mëtt, de Recht esou wéi all sonnen-ënnergang den ee gesäit, refuséieren mer dat awer. Lo ass d' Fro wisou: Well, wéi ech et schonn oft sot, mir d' Kreativitéit wëllen förderen. An an esou enger Foto stécht, do kann jiddereen zielen wat e wëll, net vill Kreativitéit smile

Mir soen net "dei Foto ass schlecht", well wéi s de selwer sees, jidderengem solle seng Fotoen gefalen respektiv jiddereen entsched dat fir sech. Mä wann een net wëll kreativ sinn, an och (a verschiddene Fäll kënnt dat fir), sech guer näischt wëll soen loossen wat ee kann besser maachen, dann ass ganz einfach Photogen komplett déi falsch Plaz fir seng Fotoen erop ze lueden, well genee dofir gëtt et Photogen smile

D' Admins profitéieren och net vun enger "möchtegernpositioun", mä se probéieren dofir ze suergen dass d' Haapt-idee vu Photogen iwwerhaapt agehale gëtt. An wann dat net zur Aarbecht vun engem Admin gehéiert, dann weess ech och net smile

Meng perséinlech Opfaassung aus dengem Kommentar ass, dass de Photogen zevill kucks wéi e Site dee fir jidderee soll do sinn, mä ass et awer net vu dass mer e klore Prinzip hunn wisou et de Site iwwerhaapt gëtt smile Dee wäert och ni geännert ginn.

__________________
404 - Not found
01.06.2011 15:20 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Mika
Doppel-As


Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Waat ville Leit wahrscheinlech nitt kloer ass, ass dass den Johny daat hei alles fräiwelleg mécht!? Dofir fannen ech et säi gudd Recht, op d'Konzept, waat héi steet, ze "pochen".
Ohje...ech hoffen daat Geméckers hellt bessen oof, wann de System lo bessen geännert gett...
01.06.2011 15:23 Mika ist offline E-Mail an Mika senden Beiträge von Mika suchen Nehmen Sie Mika in Ihre Freundesliste auf
Jaqueline76
Jungspund


Dabei seit: 07.11.2009
Beiträge: 17

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Johnny:
ech wollt kengem Admin ze no trieden hun jo och keen blesseirt, hun just vum Prinzip vun der Admin Arbecht geschriwen.
Main perseinlechen Androck an och vun aneren ass eben datt de System e bessen krass eriwwer könnt (waat sech jo mam neien System wärd änneren wei ech gelies hun) d.h esou een "pang" REJECT vun denger Photo wou een als Ufänger villaischt houffreg waar fir se ze weisen an dann kriit een eng pang an Gesiischt,...(net beis huelen...)
Ech wees och weivill Aarbecht et ass eppes ze kontrolleiren, valideiren iert et erausgeet, daat bezweifelt jo och keen.
Fir een deen daat aus freie Stëcker möscht, Sponsoren sischen muss fir Hosting Plaaz an an an all Respekt fir deng Arbecht.
Abee jo maache mer mool leiwer nach e puer Photoen an nit streiden :-)
01.06.2011 16:14 Jaqueline76 ist offline E-Mail an Jaqueline76 senden Beiträge von Jaqueline76 suchen Nehmen Sie Jaqueline76 in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bob, Tom,

Just eng kuerz Klammer op :
4x20 Messagen vun ongefeier 10 Leit .... daat sin 8 Sätz fier jiddereen, am Kaffi geiff daat eng Diskusioun vun 15min gin. ok, 30min wann mer nach een derbai drenken, fenns de dat daat esou schlemm as ? Ofgesin vun den ganz onproduktiven Kommentaren ....

Et muss een och agesin dat eng Forumdiskusioun eben emmer iwer laang Zeit vill Text brauch fier "kuerz" epes ze diskuteieren. Ech verstin op der aanerer Seit och net fierwaat dat esou vill Leit dei "haalt all de Mond an macht epes anescht dei Zeit" Astellung hun, et forceiert keen een hei matzeschreiwen. Wann engem naischt um Thema leit an een sech net betraff villt, dann kann een wierkelch besser Sachen machen dei Zeit. Ausserdeem sin daat an mengen Aan genau dei Kommentarer dei hei keen brauch. Dier Fierwerf dei hei gemach gin (dei net zum Thema passen) kommen graat vun deenen Leit dei keen Probleem gesin an alles ok fannen... also bleift emol on topic plz.

An all Mensch deen epes kritiseiert als Meckerer oder Opositionnär dohinzestellen as och net de But, wei bei den fotoen as Kritik daat eenzegt waat zu Verännerungen feiert, nemmen "jo flott" "alles palletti" brengt et jo och net ... zelwecht wei een deen en refus kritt, muss och dei aaner Seit mat Kritik lierwen kennen. Dei Ännerungen dei elo grouss ugekennegt gin kommen jo nemmen doweinst well daat Thema schon X mol ugeschwaat gin as an X Leit net passt wei et am Moment leeft. Ech geif dest also eichter als eng réussite ugesin wei alls onbegrennten Zeitverschwendung.
Klammer zou
01.06.2011 16:26
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jaqueline: Mir och ass et och just ëm d'Aarbecht vun den Admins gaang, an d'Aarbecht respektiv d'Responsabilitéit vun den Admins ass et dass de Sënn vum Site agehalen gëtt, an dass dat a kengster Weis eng Möchtegernpositioun ass fir "Muecht" auszenotzen smile

Ech froen net no Versteesdemech well ech (an déi aner iwwregens och) et fräiwelleg maachen, et geet mir einfach just drëm dass d' Leit de Prinzip vum Site verstinn an en net falsch duerstellen oder esou smile

@Gaga: Déi Ännerungen kommen allerdings och well ech virun e puer Méint e puer Leit endlech dozou krut konstruktiv Kritik zu dem Thema ze ginn, méi wéi just "nervt", "ass schaiss" asw Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
01.06.2011 17:10 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

as alles ganz interessant hei ze liesen, an zumols ganz vill....
Mee (muss nach lachen wann ech drun denken), hun als normalen User en Kommentar hei bei eng Serie gin. Bon entweder verdreitste Kritik oder net.

Mee anscheinend NET, well sos haett ech keng PN vun Deem kritt, dass ech em KENG Comments mei schreiwen soll. Do fillt sech dann wuel een ugegraff.
WOW an daat an deem senger Positioun hei.....
01.06.2011 17:16 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An ëm wéi eng Foto geet et? Dat ass nämlech natierlech genee net de Sënn vum Site...

__________________
404 - Not found
01.06.2011 17:19 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ma daat as serie Jempy Drucker II.
lies roueg mein Comment....neischt ze vill neischt ze mann!

Wann dann eng PN kennt, wou drann steet, ech sollt seng Biller ignoreieren, an meng Comments waeren him net wichteg an daat Ganzt geing sech dann ereicht erem aenneren, wann ech dann och eng Motionpic presenteieren geing!
YES.
01.06.2011 17:33 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Këmmere mech drëms.

__________________
404 - Not found
01.06.2011 17:48 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
@Gaga: Déi Ännerungen kommen allerdings och well ech virun e puer Méint e puer Leit endlech dozou krut konstruktiv Kritik zu dem Thema ze ginn, méi wéi just "nervt", "ass schaiss" asw Augenzwinkern


As kloer, hoffen ech sin keen vun deenen, well "nervt", "ass schaiss" as mei schnell geschrwien wei meng romaner ... da keintn ech mer vill Zeit spueren lol
01.06.2011 17:50
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Nee souwait ech mech erënneren hun ech nach net oft e kuerze Kommentar vun dir gelies großes Grinsen

__________________
404 - Not found
01.06.2011 17:53 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

smile Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ah sou.... bahh haalen mech zwar nach vill "zreck"
01.06.2011 18:06 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

merci awa.
01.06.2011 18:07 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

_miami_, dat war op de Gaga bezunn Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
01.06.2011 18:54 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Focus


Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bon Miami, du respektéiers jo keng PM, dan muss ech der also hei erklären waat mech un dengem Still nerft. Dein aller 1 Comment deens de bei enger Serie geschriwwen hues:

nr 2 an 4 sin nach ok... mee 1 an 4 as neischt vun den tvr's ze erkennen. an nr 3 as awa och eng mat da Vu schieef gelaaf, absolut verzun de Kotfliegel an d'Felg.

Vir en Shooting wou Stonnen investéiert sin, wou vill Preparatiounen gemach gi sin an zimlech vill Obwand gemach gin as, as daat zimlech respektlos an banal. Ech hun bestemmt 20 Fotoen vun deem orangen Auto wou en scharf as an net diagonal; an awer hun ech vir dës speziell diagonal Foto gewiellt fir eropzelueden. Dan as do keng schief gelaaf; do as fir eng méi ongewéinlech, kreatief Versioun gewielt gin. Mir sin schliesslech en Fotossite an net eng Autoszeitung.

Deng Comments sin also fir mech keng Kritik mä éischter ein emotionelt gekrizels wou keng Seconn driwwer nogeduergt as.

No denger 3 Kéier "geballers" ob eng "seriö" Äerbecht hun ech der daat hei an enger "PRIVAT"-Message geschriwwen :

Ignioréier einfach meng Biller. Deng Meenung as mer net wichteg. Wanns de mech aver eng Kéier mat enger Motionfoto vun dir verblüfs; dann ännert sech daat rem.

Am Fong waren do 2 Idien dran. Déi 1 war das ech mech net méi muss iwwer banal geschreifs vun dir iergeren an 2) das de mol sou eppes probéiers an feststells das et souguer schwéier as nëmmen 1 propert Bild ze kréien. Flait revidéiers de dann deng Meenung.

Genau sou "simple" wéi deng Comments as et dan fir mech och fir eng PM an den Forum ze setzten, an hei ze schreiven das ech keng Kritiek géif verdroen an daat als responsable Persoun hei um Site. Egal waat.
02.06.2011 11:03 Focus ist offline E-Mail an Focus senden Beiträge von Focus suchen Nehmen Sie Focus in Ihre Freundesliste auf
colamax
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De Focus hat scho virun enger gewëssener Zäit esou eng iwwerhieflech Art a Weis fier hei mat Memberen emzegoen an se mat PMen ze terroriséieren. Et as interessant ze gesin dass dat nach emmer esou as.

Schappeg fier de Site an de Club, wann een esou eng Astellung huet.
02.06.2011 12:03
Focus


Dabei seit: 14.11.2005
Beiträge: 60

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wann et iwwerhierflech eriwwerkënnt as daat net den But.

Ech verdrinn just net wann Leit sou onmoosesch iwwerdreiven. Mat PMS'en terroriséierent heescht am Fong 1! PMS wou nemmen 1 Fro dan stung an zuar daat hei: Waat heescht Ne. ? (As daat mat PMS'en terroriséieren?)


----------------- Al Noriicht -----------------
Wéini: 04.03.2011 - 14:37
Sujet: Deng Comments
Text: Waat heescht Ne. ?

Den User huet du daat hei geäntfert:

Salut... Jo sorry, sin fierdrun am rush duerch d'fotoen geflunn an hun keng ganz konstruktif commentarer hannerloos, mee domat wollt ech einfach soen dat mir d'foto net ganz ugesprach huet, an konnt net laang kommentéieren.

Hoffen du bass mer nët béis...?

Sos hun ech an menger History keng an deem Genre:

Also bleift wanegelift e bessi bei der Réalitéit, oder beweis den Géigendeel.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Focus am 02.06.2011 12:22.

02.06.2011 12:17 Focus ist offline E-Mail an Focus senden Beiträge von Focus suchen Nehmen Sie Focus in Ihre Freundesliste auf
Seiten (5): « erste ... « vorherige 2 3 [4] 5 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH