n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
klengen tipp: schafft mat deem affilate link (oder wei daat dengen heescht) da kritt een na 250mb fier naischt dabei
ech hun mein account ob 4gb kritt
|
|
01.08.2010 21:44 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Der kënnt och nach eemol 250MB dobäi kréien wann der an ärem Account op "Getting Started" klickt an do déi puer Schrëtt maacht.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.08.2010 14:45 |
|
|
Fennec
Jungspund
Dabei seit: 30.12.2009
Beiträge: 24
Herkunft: Letzebuerg
|
|
Dropbox as eng fein Saach, awer net vergiesen, bei groussen Files dauert dat ganzt awer gaeren mol mei lang, ausser den uplink vum dsl huet eng serieu Vitesse.
|
|
13.08.2010 15:15 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Grad nees eppes neies entdeckt wat och alt erëm fir Fotografen kann interessant sinn. Stellt iech fir der wëllt en Kolleg un enger 20MB PSD Datei kniwwelen loossen. Deen huet awer Dropbox net. (Pff!) Dir kënnt d'Datei natierlech einfach an ären 'Public' Folder setzen an dem Kolleg den Link schécken.
Mä wéi kritt der d'Datei elo zeréck nodeems se geännert gouf? Den Kolleg huet Dropbox jo net an fir eng E-Mail ass d'Datei ze grouss. Do kënnt dann en neien Service an d'Spill:
Airdropper.
Der schéckt dem Kolleg en Link, hien luet d'Datei erop, an se lant an ärer Dropbox. Fäerdeg.
__________________ www.gloda.net
|
|
18.08.2010 15:04 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Fir déi wou mam iPhone Fotoe maachen kéint déi hei App Dropbox nach eemol méi nëtzlech maachen:
DropImage (iTunes UK Link).
Et kann een domat Fotoen vum iPhone op Dropbox lueden. Dat geet och mat der Dropbox App selwer, hei ass just den Virdeel dass een e puer Biller kann gläichzäiteg eraussichen an an zesummen eroplueden, amplaz eng no der anerer wielen ze mussen.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.10.2010 17:41 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
daat as eng flott Saach, hun ma daat och virun puer deen zougeluet!
|
|
17.10.2010 15:19 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
|
22.11.2010 21:37 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
fiir all déi die de Link net un d'goe kréien, einfach den s beim https eweg huelen
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
22.11.2010 22:42 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Et gëtt nees eng Méiglechkeet fir gratis 1GB méi ze kréien: DropBox huet en klengt Spill mat Puzzel a Rätsel online gestallt.
Dropquest.
Wann een et ganz duerchspillt gëtt et am ganzen 1GB. Ech hu mer Zäit geholl a mech ameséiert. Mä di Liddereg kënnen och zB no "Completing Dropbox’s Dropquest 2011 in 60 seconds" sichen
__________________ www.gloda.net
|
|
20.01.2011 20:25 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
merci
__________________
|
|
21.01.2011 01:17 |
|
|
casual-kamikaaze unregistriert
|
|
Ech sin och Dropbox user, an ganz zefridden domat. Wann ech eng foto mam iPhone maachen, einfach an den DB lueden an quasi glaichzaiteg um PC opmaachen.
Dir kënnt DB sief online benotzen oder esouguer d'app um PC/Mac installéieren an esou braucht dir just drag and drop vun der foto an den DB folder an schon as se mat allen PC déi dir hut syncron!!! As genial wann dir op Laptop an iPhone an PC an an an... schafft, esou kënnt dir egal wou egal wéini accès zur äre photo hun.
Den public folder as och GENIAL!!! Zumols fir an esou forumen. Wéi een seet, une image vaut plus que 1000 mots, esou kann een einfach esou den fichier an den DB Publicfolder lueden an de link am forum ze kopéieren
http://dl.dropbox.com/u/11497487/How%20t...ic%20folder.rtf
Esou einfach geet et. Wéi verschiddener och schon gesoot hun, kann een ëmmer méi spaicherplaatz kréien andeems een leit invitéiert etc...
Fuert duer :-)
|
|
21.01.2011 12:28 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
D'iOS Versioun vun Dropbox gouf grad aktualiséiert. Déi Funktioun déi bei der DropImage App de sprangende Punkt war ass elo mat agebaut: et kann een méi ewéi eng Foto oder ee Video gläichzäiteg erauswielen an eroplueden, amplaz eng no der anerer.
Fir déi wou hier iPhone Fotoen net wëllen iwwert e Kabel zB mat Lightroom oder ImageCapture importéieren hunn et dann elo méi einfach all d'Fotoen n engem Stouss op den Computer ze kréien.
http://itunes.apple.com/us/app/dropbox/id327630330?mt=8
__________________ www.gloda.net
|
|
18.04.2011 18:08 |
|
|
|