Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
|
|
Een gudden aalen Analogen Apparat... Mee wou hei an Letzebuerg?? |
|
B'juer allguer
Ech hun lo virun enger gudder zaitchen eng gudd aal Super Baldina vun 1955 an engem SecondHandShop zu Köln ergattert... An lo wollt ech froen: Wou kritt een dann sou Apparaten hei an Letzebuerg? Muss een do forschen oder gett et e puer butteker déi sou apparaten verkaafen?
Villmools merci iech allguerten
Polinger
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
02.07.2009 22:36 |
|
|
Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
Flouhmärkt?
mee ganz eierlech: an Zaiten vun Internet ass een jo glecklecherweis net mei op Lëtzebuerg oder Auslandsreesen beschränkt ... ebay ass dain Kollege
ech huelen awer un dass na all gutt Foitosgeschäft deen een oder aaneren analogen Apparat an der Gamme huet ... halt just net onbedengt sou richtëg aal Schmockstëcker ... wei gesoot, Flouhmärkt, Luxbazar, eBay ...
|
|
02.07.2009 23:24 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Den Foto-Trade an der Hollerecher Strooss an der Stad huet vill dees Geschier an der Fënster leien ...
|
|
03.07.2009 07:34 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
geiff och Foto-Trade fierschloen!den huet wierklech allerlee sou Saachen, dChancen dass et do derbai as sen mol mei grouss wi um Floumaart (wou et nemmen Gleck as)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
03.07.2009 09:44 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Wat de Fototrade betrefft, do kann ee secher flott Saache fannen. Ech géif do awer ganz genau oppassen wann s du eppes do keefs. Mier as et do schons e puermol fierkomm, dass se engem eppes an de Grapp gedréckt hun, a beim Kucken hun ech festgestallt, dass den Apparat oder d'Objektiv definitiv futti oder absolut nët ze gebrauche war.
Si hun dat zwar emmer dann och esou erkannt, mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët.
Also ganz gudd oppassen, da kann et e gudd geschäft gin.
|
|
03.07.2009 12:06 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Zitat: |
Original von patrickr... mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët. |
Do muss een ennerscheeden teschent deem waat si selwer verkaafen (ev. mat 3 Méint Garantie) oder waat si fir Klienten verkaafen, bzw ouni Garantie.
|
|
03.07.2009 12:27 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Ech geiff mengen se verkaafen dei defekt Apparater vir leit dei se vielleicht huelen vir entweder Ersatzdeeler, oder eben vir en an Vitrine ze stellen ounie en kennen grouss ze benotzen. Eben vir ze sammlen.
Opjidefall ass et do ganz flott, dei hun emmer eng helle Wull un Sachen.
|
|
03.07.2009 13:20 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
Themenstarter
|
|
sensationell
meng konschgeschichtsproff huet mer deenselweschten tipp gin an ech freen mech dass hei souvill leit deen bestätegen
ech gin muer mol kucken
Merci
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
03.07.2009 14:22 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Maja, dann wanns de epps fonnt hues kanns de eis jo daat gudd Steck weisen.
|
|
03.07.2009 16:30 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Charly
Zitat: |
Original von patrickr... mee ech verstin nët, firwat dann esou eppes iwwerhaapt offréiert gët. |
Do muss een ennerscheeden teschent deem waat si selwer verkaafen (ev. mat 3 Méint Garantie) oder waat si fir Klienten verkaafen, bzw ouni Garantie. |
Ok, verstin dat natierlech. Mee du muss der dann awer och d'Verkeefer ukucken, wann s de d'Material ennert d'Loupe hells. Déi verzéie keng Mine. Wann s de dann e Problem fonnt hues, si se iwwerrascht, spillen et erof. Wann s de nohaaks gesi se dann an dass den Apparat an deem Zoustand wierklech nët brauchbar as. Ech zitéieren eng Reaktioun: "Wéi kann dat da sin, dass dat Objektiv esou knaschteg as (gleef mer, do as wéinst dem ganze Knascht nët méi vill Luucht duechgaangen). Mier hun dach en Atelier deen dono kuckt, an d'Saache botzt ier se an d'Fenster kommen." Naja.
Ech hu mech dann dacks gefrot, ob sie déi Saachen nët genau genuch ennersichen, ob dat hinnen einfach egal as, oder ob ech zevill kriddelech sin. Mee wéi gesot, ech sin do schons iwwert 10 Joer Client, hun immens vill Occasiounssaachen do kaaft a sin awer zefridden. Wa sech no engem Kaf erausgestallt huet, dass awer epes futti war, hu si d'Saachen emmer erem zeréck gehol an ech hun d'Suen erem kritt. Dat gelt awer nëmme bei deene Saache wou se Garantie drop gin.
Bei de Saache sans Garantie géif ech d'Fangeren dervu loossen, oder se nëmme kafen, wann s du absolut weess was du mechs.
A nach eng lescht Geschicht: ech hun hinnen och schons Saache verkaf, déi nët méi ganz an der Rei waren a wou ech dono Frou war, dass et kengem opgefall war ... . Haut verkafen ech esou Saachen bei Ebay a beschreiwen de Fehler do penibel exakt. Do kritt een dann de 5-fache vum Präis, vun deem wat de Fototrade bezuele géif. Eng verréckt Welt.
|
|
04.07.2009 11:53 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
Themenstarter
|
|
majo dann!
villmools merci fier déi hellefraich tipper
Nach eng aaner kléng froo: Wou krin ech hei am land 20mm LOMO-Filmer, well iwwer internet wees ech net wou bestellen... ?
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
05.07.2009 21:02 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
City Concorde, ennenan, wou mol freier den Domino war.
|
|
05.07.2009 22:55 |
|
|
Polinger
Eroberer
Dabei seit: 22.12.2007
Beiträge: 71
Herkunft: Iechternach
Themenstarter
|
|
Okéé merci
haat d' 1 vergiess .P 120 mm selbstverständlech
__________________ I' m the Master of Disaster
|
|
06.07.2009 07:12 |
|
|
rom unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von the_zipper
City Concorde, ennenan, wou mol freier den Domino war. |
Waat as daat dann fir e Geschäft? Kennen ech nach guer nët... Kann ee mech opklären?
|
|
06.07.2009 12:03 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Daat get et lo seit engem halwe joer, et heescht BOO mengen ech. Se haaten lo mol nach lescht woch direkt virum Bram och ee stand nemmen iwer lomographie.
|
|
09.07.2009 17:29 |
|
|
|