Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
|
|
'n Owend alleguer,
Ech sinn nei hei an hunn och gläich eng Fro: Seit ongf. 2 Joer maachen ech Fotoe mat enger D-SLR.
Ech well mer elo e Laptop kafen, weess awer net esou richteg wat.
Och schéingen d'Menungen iwertd'Ecranen auserneen ze goen (matt oder blénkech?)
Ech wëll méng Fotoen um Laptop och emol verschaffen (Photoshop).
Wie ka mir e gudde Rot ginn?
Merci am Viraus
|
|
13.06.2008 18:20 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Ech geiff mengen dei wichtegsten Fro dei sech mol stellt, weivill ass dein Budget deens de wells ausginn an weieen System, Mac oder Windows?
|
|
13.06.2008 19:22 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
Themenstarter
|
|
Ech hu mech iwert de MacBook Pro renseignéiert, wat hells du dovunn? Ech ka bis 2000 Euro aussetzen
|
|
13.06.2008 19:29 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Also wanns de su en héigen budget hues, wier den mac book pro net schlecht. Hun selwer keen, mee wat ech su gelies hun, soll wierklech gudde laptop sin !
|
|
13.06.2008 19:33 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
Themenstarter
|
|
Wéi ass et mam Ecran, matt oder blénkech? Ech hu bis elo nach nëmme blénkecher gesinn, a fannen, dass déi fuerchtbar spigelen.
Ech fäerten awer, dass ausser dem Mac kee méi matter ubitt, oder?
|
|
13.06.2008 21:14 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Jo also opjidefall en Matten bildschirm, ech hun en IBM an haat virdrun een Fujitsu deen blenkesch war, niemei...
Mee vuque dass den Macbook Pro am Budget leit geiff ech der deen urooden, soll top Wuer sinn, wann ech eemol suen hun dann kaafen ech mer och soueppes, mee eischter well ech awer och keen Mac.
|
|
13.06.2008 21:30 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Apple rockt egal wei!
dei Apparater sin och anch an 2bis 3 joer net mega lues!!! daat as och een fierdeel!
Egal wei een MAC wann et geet! alles waat Foto an grafik ugeet...
sowieso...
mbG
MARC
|
|
13.06.2008 21:35 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Macbook Pro, matten écran, domat gëss de glécklech
__________________ 404 - Not found
|
|
13.06.2008 22:07 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
ech haat awer bis elo nach keing problemmer ma meingem win. Ech wees net wat dir domader macht hmm ... . Mein ecran as och een blenckechen an sin ganz zefriden domader. bon leit vielleicht drun das an meinger kummer emmer deichter as. Muss zwar soen das ech mein vista genau we den mac sein gemach hun
well ech den viel mei schein fannen.
|
|
13.06.2008 22:11 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Gleew mer wanns de wéisst wéi et wir op engem Mac ze schaffen, wéisst de waat dee groussen ënnerscheed wir (vun denen ofgesinn dei ech als informatiker och nach kennen/gesinn)
An dei blenkeg écran'en vun de Laptopen verfälschen d'Faarwen fir dass se um écran besser äusgesinn, an daat ass fir gutt fotobeaarbechtung natirlech net gutt.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.06.2008 22:15 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
|
13.06.2008 22:38 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
Themenstarter
|
|
Wou! Ech hat net geduecht, esou vill Äntwerten ze kréien. Ech sinn awer frou, dass ech mat menger Idi vum Mac anscheinend net esou falsch louch. Wann ech elo net méi vill Negatives héieren, mengen ech, dass mäi Choix schons gemaach ass.
Villmols merci alleguer
|
|
13.06.2008 22:54 |
|
|
big-basti
Eroberer
Dabei seit: 18.08.2007
Beiträge: 67
Herkunft: Rolléngergronn
|
|
Also lo eng fro un di aaner . Sollt een vleit lo net na puer meind warden. Sin lo net si kenneg a saach Mac, mee sollen anscheinend lo geschwenn nei computeren an su rauskommen ?!
Well ass firkomm dass e kolleg vu mir sech e mac book kaaf huet an 2 wochen drop den selwechten rauskomm ass mat mei arbeschtsspeicher an bessi mei prozessor leeschtung !?
|
|
13.06.2008 23:00 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et sollen EMMER geschwenn nei Modeller kommen, a wanns de emmer waards, keefs de nie eppes. Wann een eppes brauch, soll ee sech et kafen, ass meng Meenung. Den ale modell gëtt doduerch net e schlechte Computer.
Den aktuellen Macbook pro huet scho standardmeisseg 2GB ram, daat geet gutt duer, harddisk ass sws genug an lues ass e secher och net
@Zylla: Waat solls de negatives héiren iwwer Mac'en op souenger Säit wéi hei
Hei si gehirlos vill Mac-user ënnerwee, méi wéi ee mengt.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.06.2008 23:16 |
|
|
Zylla
Grünschnabel
Dabei seit: 13.06.2008
Beiträge: 9
Themenstarter
|
|
Ech mengen zwar gelies ze hunn, dass dee leschte MacBook Pro eréischt Ugangs des Joers erauskomm ass, an elo soll schons erëm en neie kommen, dat géng mech zwar wonneren. Mee villäicht weess ee méi a kann eis renseignéieren.
Wann dat nämlech de Fall wier, géng de Präis vum ale Modell wahrscheinlech erofgoen; dat géng mir och passen, ech muss net onbedéngt den allerleschte Modell hunn.
|
|
13.06.2008 23:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
"Neien" ass lo net e ganz neie Modell. Et bleift am fong vum äusgesinn hier bal emmer tselwecht, just bessen Hardware gëtt erweidert, méi Taktfrequenz, an daat war et. Sou falen déi meescht Updates äus, ass eben "Modellfpleg".
Ech hu mäi Macbook (also den einfachen, net de Pro) och kaf wou se en grad geupdate haaten, an eben well ech, wéis du lo soos, den ale Modell geholl hun, hun ech 300€ (!!!) gespuert. an daat just well ech 0.16GHz Taktfrequenz manner hun an just en 4x Brenner amplaz 8x (woubai ech um laptop nach nie eng dvd gebrannt hun
)
__________________ 404 - Not found
|
|
13.06.2008 23:26 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
harddisk ass nie genuch
Zitat: |
Original von Johny
Den aktuellen Macbook pro huet scho standardmeisseg 2GB ram, daat geet gutt duer, harddisk ass sws genug an lues ass e secher och net
|
|
|
13.06.2008 23:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also meng 120GB waren nach nie ze wéineg, mee bon ech hun e jo och just als zweete Computer wirklech just fir ënnerwee
__________________ 404 - Not found
|
|
13.06.2008 23:53 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Misst mol zielen wifil verschidden Warndialoger et gin di soen dat den Harddisk voll ass... menge kennen se su lues all
Als 2. Computer geet 120 GB locker duer, mee wann en en als Haaptcomputer benotze well kann ech just rooden, deen décksden harddisk méiglech dranzemaan wi een dee moment kann a nemme net do ze spueren!
100% secher dat een sech dono an den **** baisst wann een et net gemat huet
|
|
14.06.2008 00:02 |
|
|
|