mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
|
|
Tiger um iMac extrem lues |
|
Moien,
hun en 20" iMac MA589LL (http://support.apple.com/kb/SP28), en late 2006.
Dei läscht 2 Meint huet mäin Tiger sech emmer mei Zäit geloos fier eppes färdeg ze brengen an dei läscht 2-3 Woche wor sou schlemm, dass wann ech den Firefox an den Mail zesummen opgemaach hun, näischt mei gaang ass an ech ech schei braav hu misse waarden bis dass d'Gleckspiral hiirer Wee gaang ass...
Dun hun ech mech dozou iwwerwonnen, den System fresch ze installeiren. Erase and install. Op der System-DVD wor nach den 10.4.7 drop.
Dei ganz installatioun, OUNI Updates, huet ganzer 8 Stonnen gedauert !!!!! Normal?
Dunn hun ech "just" den Update op den 10.4.11 ungeklickt an der ganzer Serie vun Updates: 2 Stonne!
Dunn hun ech de läschte Security Update gemach: 1 Stonn!
Sin dei Zäiten normal? Ech mengen net, si mer awer net secher.
En plus, kann all dei Zäit ab-so-lutt näischt maan! Kee Safari opmaan, nix. Esouguer wann ech op "About this Mac" klicken dauert et 1 Minutt bis epps um Schierm geschitt!
Säit Dezember 2006, wou ech de Mac kaaf hun, haat ech nie e Problem. Kommen dei elo all beieneen?
Ech sin e bessi vill um Enn mat mengem Latäin. Zumools ech d'Mac-Latäin praktesch guer net kennen...
Merci fier all Info.
Cheers,
Mike
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
05.04.2009 11:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Entweder defekten RAM oder Feeler um Harddisk. RAM fënns de eraus, falls de solls zwou Baren drann hunn, en ausmaachen, eng raus huelen, an just mat der anerer starten. Wanns de just 1 drann hues, vläicht léinen vun engem aneren an domat probéieren (muss awer oppassen dass et dee richtegen ass)
Wann et Festplatt ass -> Lineheart.
__________________ 404 - Not found
|
|
05.04.2009 15:09 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
Merci fier den Tipp, Johny!
Hun RAM gewiesselt. D.h. hun dei räusgeholl wou nokaaft hun an d'original dra gemaach (1GB).
Vill huet et net gehollef. Sin am gaangen alles erem eng keier z'installeiren....fläit wor jo och den Wuerm fiirdrunn drann well et eben geschleeft huet mat der installatioun...
Wei laang dauert sou eng Installatioun normalerweis?
Wann et dann awer den HDD ass, kannsch mat 350 - 400€ rechnen fier ze wiesslen.....pfffff
Hätt daat nach e Wert et ze maan?
Mei belleg ewei en neien ass et, daat sin ech mer bewosst.
Cheers,
mike
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
05.04.2009 17:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Install dauert max 2h géing ech mol soen.
Naja, wanns de kucks dass den imac en wärt lo fir ze verkafen vun net wirklech vill méi wéi 400 huet ... hänkt dovun of wat s de gär häss
(also méi wéi 400 ass et zwar nach, mee do bezills de méi wéi d'Halschent vum Präis deen en nach Wärt ass, dat ass bessi vill...)
__________________ 404 - Not found
|
|
05.04.2009 21:59 |
|
|
jester
Jungspund
Dabei seit: 16.01.2009
Beiträge: 11
Herkunft: Suessem
|
|
Salut,
den Symptomen no ze uerdeelen ass et ziemlech secher den HDD.
Fehler um Ram oder ähnlech hätten eischter zu enger Kernel Panic gefouert ewei daat den Computer einfach extrem lues ass.
En neien HDD kascht net wirklech vill, an en wiesselen ass och easy (just bessi mei gewurschtels bei deem iMac Geheis)
__________________ ->DELLintosh<-
|
|
06.04.2009 03:00 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
majo....an den AHT funzt och net... hun probeiert an dei optioun krein ech mol guer net ungewiesen. just nemmen via hdd booten oder dvd.
hu mer graad e video op youtube ungekukkt: ass awer en zimmlech gepiddels fier den hdd ze wiesselen. zumols mat deier folie dei iwwerall rondrem päscht, etc....
an mat waat krein ech den thermosensor rem op den neien hdd gepäscht dass deen hällt an net iirgendwei en kuerzen gett?
dee schwätzt epps vun "bitumen" mengen ech...
hues de daat scho gemaach jester?
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
06.04.2009 21:07 |
|
|
jester
Jungspund
Dabei seit: 16.01.2009
Beiträge: 11
Herkunft: Suessem
|
|
hehe also de Problem ass deen, ech hu kee Mac, well ech eben gäre selwer vill u menger Hardware well triwwelen, an do ass Mac einfach net toll.
Wann ech well MacOS benotzen, installeieren ech et einfach um PC
den iMac kann, souwäit ech mech erenneren och vun engem USB HDD booten. Eng meiglechkeet wier, den internen HDD lasszeklemmen, en externen drunhänken an dorobber mol den System installeieren. Et ass secherlech net sou schnell wei den internen, mee wier fir ze probeieren op d'Maschin dono weinsdens propper leeft. Wa jo, da kanns de der emmer nach Gedanken maachen fir den internen HDD ze wiesselen.
A waat do den Sensor ubelaangt, dee muss net wirklech um HDD setzen; da klemms de en irgendwou fest, well du brauchs en net wirklech.
Dei Folie ass mengen ech fir den Panel virum HDD ze schützen oder sou.
Ass leider bei Mac sou: haaptsaach Design stemmt
__________________ ->DELLintosh<-
|
|
07.04.2009 03:51 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
bon: den hdd muss gewiesselt gin. hun fier 340€...awer mat engem hdd vu 750gb.
wees awer net wisou dass se mer deen proposeiert hun; et wor en 250er drann....
mol froen
cheers
mike
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
11.04.2009 07:31 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
|
02.11.2009 20:00 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
|
03.11.2009 06:48 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
RE: Video-Fichier mat der Extensioun AVI |
|
Zitat: |
Original von Jean-Jos
Kann ee mer hëllefen a soe [ also engem, dee näischt vun Informatik versteet
], wat ech mache muss, fir e Video-Fichier mat der Extensioun AVI kënnen ze kucken.
Ech hun um Net e bësse rondrëm gekuckt a gi nët eens (do geet vu codecs Rieds, déi beim Windows Media Player näischt sin ?!? )...
THX
Edit méi spéid: et huet näischt mam Tiger ze din, hat gemengt wann ech uewen e neien Titel dra setzen, géif deen iwwerholl gin, sry fir déi, déi ech lo iirgefouert hun |
Zali,
probeier den VLC-Player mat deem misst et ouni weideres ze maan sin. egal ob win oder mac
http://www.videolan.org/vlc/
cheers,
mike
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
28.11.2009 09:57 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
AVI ass ee sou genannten Container, do dran kennen eigentlech ganz vill verschidden formater sen, dofir kann een net einfach sou soen weis de deen video ofspillen kanns
mee VLC ass do definitiv ee versuch waert, dee kann baal alles liesen
@mike: hues de daim imac rem um laafen?
folgendes kanns de nach probeieren:
-starten ouni extern ugeschlossen geräter (drucker scanner karteleser) just nach maus an tastatur
-pram reset http://support.apple.com/kb/HT1379
|
|
28.11.2009 11:04 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
@ pol9000:
Yes, aus 2 Grenn:
* Hun den HDD wiesselen geloos
* Hun en aaneren
Dei bei Linehart hun och gesoot et waer den HDD, MEE ech hun do meng (berechtegt) Zweifel: se sooten den HDD ass futti. - Ok, dann wiesselt en. Ech well en awer matheem kreien.
Heiheem via eng extern Schnettstell ungeschloss: ohei, ech hun zougreff op all Donnéen.....
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
28.11.2009 12:41 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
geif mech och wonneren... hun nach nii heieren daat eng HDD futti gewiecht wier an dofir lues gewiecht wier...
also wann dei futti ass dann ass se ganz futti, a geet guer nemmei
|
|
28.11.2009 13:44 |
|
|
mikE
Tripel-As
Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194
Themenstarter
|
|
ganz genau pol9000 !!
Du hues den Nol op de Kapp getraff. Leider haat ech na keng Zäit fier den Lineheart domadden ze confrontéiren. An ech mengen ech hun domadd de Moment verpasst. Mee eent ass secher: Eppes kaafen, maa ech do net mei!
__________________ "Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!"
|
|
28.11.2009 13:58 |
|
|
|