yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
also ech denken wann et sou bleiwt wei et lo ass an einfach eng 2. kategorie kennt mat jurygewielten fotoen, dann denken ech net dass vill gemeckers gett. wann mer et sou maan wei bislo mam refuséieren (just eben bei den jury top fotoen) dass mer den genauen grond ugin wisou foto net an dei enger wiel kennt, denken ech net dass vill gemeckert gett, net mei wei mer bislo hun weinst fotoen dei ganz refuseiert gin.
also fir mech ass dei leisung mat denen 2 paralell laafen loossen dei bescht. mee mir diskuteieren daat jo nach (admins)
|
|
12.02.2006 23:51 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
Ok wann een en genauen grond kritt fleit nach vertsaendlech...mee hues du dann loscht all daach zu 20 fotoen ze schreiwen..."nee se kent net bei d'topfotoen, well..........." wees net op et dann laang een jury get.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
12.02.2006 23:57 |
|
|
yoshi
Tripel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach
|
|
et gett jo och verschidden grenn dei flait oft eremkommen an do kann een jo en firdefineierten text wielen.
wollt den johny o bei refuseieren vun fotoen abauen *en-drun-erenner*
|
|
13.02.2006 00:03 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Daat ass io den Admins hier Aarbecht, mmphotos. Wann sie sech daat wellen undinn
.
|
|
13.02.2006 00:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Yannick: Jop ech hun gescht och nach rem dru geduecht, steet op menger laanger Todo-Lëscht
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2006 00:08 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
@coolpix: et sollt jo net nemmen un den admins leien. Et sollt jo en jury zesummengestallt gin aus mei wei 4 leit...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
13.02.2006 00:10 |
|
|
n0brein
Foren As
Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf
|
|
Zitat: |
Original von mmphotos
@coolpix: et sollt jo net nemmen un den admins leien. Et sollt jo en jury zesummengestallt gin aus mei wei 4 leit... |
well soss keinten d'admins einfach wielen weieng lo eng top foto ass an weieng net, an daat ass jo net den zweck vun der saach
mee wei lo entscheed get ween an d'jury kennt dodriwwer gouf na emmer net geschwaat
|
|
13.02.2006 00:19 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
nobrein dach ech soot mier 4 Admins wärten iwert daat ganzt nach eng Keier schwetzen, as sjo normal dass mer net lo vun enger Sekonn op dei aaner eng definitiv Entscheedung kënnen treffen.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2006 00:20 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Der hutt mech falsch verstaanen...
|
|
13.02.2006 00:29 |
|
|
n0brein
Foren As
Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf
|
|
Zitat: |
Original von Johny
nobrein dach ech soot mier 4 Admins wärten iwert daat ganzt nach eng Keier schwetzen, as sjo normal dass mer net lo vun enger Sekonn op dei aaner eng definitiv Entscheedung kënnen treffen. |
sorry hun e puer komentarer net gelies
|
|
13.02.2006 00:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
coolpix: Et war just den mmphotos ..
Ech wees datts de domat gemengt hues dass et un eis läit ob mer e Grond mat wëllen ugin falls eng oofgewisen gët oder nët.
n0brein: Sorry mee du kanns nët un enger Diskussioun deelhuelen, a scho guer nët dann behaapten, dass iwert eppes net geschwaat gin ass, wanns de mol nët all Kommentar lies :/
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2006 02:31 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
Themenstarter
|
|
ok gudd haat do eps falsch verstaanen
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
13.02.2006 06:57 |
|
|
icemc
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 3
Herkunft: Stad
|
|
Salu,
wéi dir wësst sin ech ganz nei an dëser community...
Maja, ech liesen hei grad dass dir eng Jury wëllt grënnen, mat 4 Admins oder net, ech kennen souwisou kaum een perséinlech aus dëser "community", mee ech hoffen d'selection gëtt virsiichteg gemaach, an dat am Interet vun der Qualitéit vun ärem Site, deen jo bis elo vill echo dobaussen mëcht.
Tatsächlech fënt een vill wirklech flott Fotoen erem, déi och eppes vermëttelen, ee Message, ee Gefill, oder einfach ee gudden Androck, dorënner e puer vun den Admins selwer, mee am grousse Ganzen, fannen ech dass awer och vill Trash fotografie erankënt, déi zum Deel och nach gutt bewärt gëtt!! Fotoen, wou een kloer erkennt dass KENG Aarbecht an keng Iddi dohannert stëcht, an aner Biller, déi wirklech gutt sin (ech mengen dat elo net subjektiv mee ganz objektiv) kréien mol kee comment! wtf? Do stëmt eppes net...
Dofir, déi iddi dass et ee users vote gëtt, an ee jury vote, ass ganz gutt, well vill Users hun Tendenz dauernd mat den selwechten Argumenter (net schaarf, gutt faarwen, cadrage, blablabla) Biller gutt ze bewerten, déi et net verdéngt hun, anerer déi z.b. express onschaarf sin, an doduerch eppes wëllen duerstellen, oder eng bestëmt Faarw zum Firschäin bréngen, esou Fotoen, hun an méngen Aan, an dëser comunity kaum eng chance! Déi gin purement et simplement net verstan. Ech soen heimat jo och net dass méng Biller genial sin, bei wäitem, vu que dass ech och hobby-fotograf sin, mee de contenu gëtt soulues esou vill, dass een sech kaum genug Zäit huelen kann fir all Bild, soss wier ee jo 24/7 amgaangen...
Ech hun fir de Moment keng konkret Léisung an dohier och keen expliciten Virschlaag hei ze maachen, mee ech wollt just soen, dass är Decisioun (admins) immens wichteg fir d'suite vum site kéint hun. Well et sin jo net nëmmen Jugendlecher hei drop, mee och méi al, an méi erfueren Members, wat jo gutt ass, mee fir wéi laang nach :-|
An all déi aner, d'Ufänger, wéi ech och, mir kënnen ganz vill vun hinnen léieren, duerch hier Apreciatiounen, etc...
Merci fir d'lecture, bis dann dann
__________________ huel dir d'Zäit, fir Zäit ze hun...
|
|
13.02.2006 12:16 |
|
|
dawnii
Jungspund
Dabei seit: 26.01.2006
Beiträge: 11
|
|
Bjuer,
Mjo hun lo mol bessi duerchgelies. Net alles, sin op der Aarbescht an der Mettespaus an dei geet nu mol net duer alles schnell ze liesen. Dofir keint et sin datt ech lo vläit Saachen widerhuelen.
Mjo deen Voting deen aktuel besteet keint jo och weider bestoen Bleiwen, als Uservoting. Waat fennt den Standard-User vun Doheem gudd. Do wier et och iwerdriwwen deen Moment Kriteren vun der Photographie ze froen. Mee einfach een Standard Voting wei bis elo : Gefällt et oder net. Deen ging ech awer zum Beispill net direkt un Comments bannen. Et as jo normal, wann een zum Beispill een leiwt Deier an enger leiwer Pose oder waat och emmer gesäit waat engem gefällt dann een dann eischter ging heich voten.
An Kriteren opgedeelt wier daat dann schon ganz aanescht. An deen Speziellen Voting vun enger Jury, dei dann d'Photoen no zum Beispill enger Photogen Note bewäert, dei dann aus deene Verschiddene Kriteren vun der Photographie besteet. An do als Jury eben probeieren dei User mat der meeschter Photographescher Erfahrung ze kreien. An do ging ech och eischter genausou wei soss och een Average vun den Jury noten huelen. Ok, wann eng Note vun engem Jurymember total aus der Roll fällt, dann kann een nofroen.
Ech muss soen ech hun nach net vill Votes ofgin an der kuerzer Zäit hei mat an deser flotter Community, mee daat och nemmen well ech d'Photoen probeieren ze analyseieren, an konstruktiv kritik + vote dann vläit ze verbannen. Vu que datt ech daat weint mangelnder Erfahrung net emmer kann, lossen ech d'Votes ganz oft sin.
Waat och flott wier : Concours maan mat Themaen, dei dann vun der uewen genannter Jury bewäert gin. An do all zwou Wochen oder sou een neien Thema.
Nach eng Keier, falls ech engem Seng Iddi nach eng Keier geschriww hun : ech haat wirklech keng Zäit fir ganz duerch den Thread ze kommen
__________________ Nein, Weitwinkelblick schützt vor Torheit nicht
...
(Friedrich Halm - Späte Liebe, e bessi emgewandelt)
|
|
13.02.2006 12:28 |
|
|
icemc
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 3
Herkunft: Stad
|
|
jop, dat mam concours, do stëmmen ech ganz mat dir zou, dawnii!
Well do ass schon ee ganze Konzept gefrot, ass natierlech schon eng Erausfuerderung, mee schlussendlech gin d'Resultater normalerweis weisenswert
__________________ huel dir d'Zäit, fir Zäit ze hun...
|
|
13.02.2006 12:33 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
icemc: Mer kënnen natirlech nët d'User derzou zwéngen Kommentarer ze schreiwen. Wann ech eng Foto gesin dei bessen mei eppes extraes ass, net sou wei dei aaner Fotoen dei een emmer gesäit, an et ass kee Kommentar derbäi, da schreiwen ech normalerweis direkt een, well ech selwer wees wei blöd daat ass wann een da kee Kommentar kruut.
Ech soen och eng Foto muss, allgemeng gesoot, technesch an der Rei sin. Wann daat nët an der Rei ass huet de Recht shconn nët méi vill Wärt. Fier muencher ass daat vläit ganz egal wann eng Foto schlecht cadréiert ass an nach derbäi onschaarf, haaptsaach d'Motiv ass drop a seet eppes äus, mee fir déi allermeescht hei gëlt och den techneschen Aspekt an daat ass secher kee Feeler. Dass oft bessen ze vill einfach NEMMEN durno bewärt gët, ass leider och de Fall, daat ass natirlech dann alt rem nët gudd. Eng Foto huet keng 10 verdingt nemmen well se schaarf ass an gudd cadréiert.
Et gin leider vill onschaarf Fotoen ropgelueden, mee do mierkt een direkt dass daat ganz sëcher net express ass. Et gin extrem weinech Fotoen roopgeluden dei express net schaarf sin ...
Eis Décisioun ass just wichteg fier déi déi su spatz drop sin Fotoen bei den Topfotoen ze hun, an déi déi ganz Photogen anhand vun denen Photoen identifizéieren. Ech widerhuelen hei nach eng Kéier ganz kloer dass Photogen dofir do ass fier eng Plattform unzebidden wou Hobbyfotografen kënnen ënnerteneen schwätzen an diskuteieren iwer hier Fotoen, fir eppes bäi ze léieren an Spaß ze hun, an NET fir déi bäscht Foto ze hun. Vun dohier gesin ass daat iwerhaapt nët sou extrem wichteg wéis du daat durstells.
Daat mam Concours ass schon mei oft gesoot gin an emmer rem soen ech dass sou eppes ähnleches kënnt, mee op kee Fall all 2 Wochen, daat gët doutlangweilech no enger Zäit.
Äußerdem hun ech schonn oft genuch gesoot dass d'Jury net bewärt, mee just entscheed op eng Foto bei Topfotoen kennt doer nët. Ech geif ierch bieden mol bessen d'Saachen genee durch ze liesen well ech hu keng Loscht emmer alls mussen ze widerhuelen.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2006 12:34 |
|
|
icemc
Grünschnabel
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 3
Herkunft: Stad
|
|
ok, merci.
är Entscheedung, jo zu där, wéi's du schon soosn Johny, d'Jury déi doriwwer entschéed op eng Foto an d'Toplëscht kënt oder net, fannen ech unsech net schlecht, wann déi d'admins sin, well déiselwecht wëllen jo och den image vum Site no baussen pflegen.
An dass d'Leit an d'Toplëscht wëllen, läit un der Natur vum Mënsch, an och vlait wann een sech vill Erwaardungen mëcht, mee dofir soll jo eng Jury do sin, déi objectiv kann soen, op jo oder nee, an wisou eng Foto net soll an d'Toplëscht kommen.
Mee och do, wéi dat schon hei erwähnt gouf, dat géif extrem vill Aarbecht fir d'Jury gin, an daat constant...
Mee sieft, d'iddi mat engersaits ee user-voting, an anerseits ee jury ass op jiddefall wëllkomm
beim jury-voting kënnen d'users dann just nach comments dozou schreiwen, wann se wëllen, awer kee vote.
__________________ huel dir d'Zäit, fir Zäit ze hun...
|
|
13.02.2006 12:51 |
|
|
dawnii
Jungspund
Dabei seit: 26.01.2006
Beiträge: 11
|
|
Ech haat am Elan alt och rem eppes vergiess ze schreiwen..
Ech wollt och nach soen datt et souwisou muss eng Kontroll am Agang vun de Fotoen gin. Soss kann een jo wirklech all Sch**** (paardon..) eroplueden.. An daat kann och net sin. Soss as den Site wirklech geschwenn voll mat Biller dei net mei vill mat Fotografie ze din hun. Den Senn vum Site as, seng Wierker aus der Fotografie ze weisen. An ech soen daat ganz bewosst sou, well et soll een et als Konscht gesinn, an net einfach wei all Daag mam Handy 3 Fotoen maan vun Kollegen an fir jidferengem daat ze weisen hopp eroplueden.. Dann as den Senn vum Site fir mech fort.
Wann eben Biller refuseiert gin, an sou wei bei mir d'lescht Keier och derbäi stoung wisou, fannen ech daat ganz ok. Dei Foto, do war ech och bessi schnell.. dei war wirklech Schrott.. do haat ech een neit Objektiv ausprobeiert an war voll an eweg an och an Gedanken
dei war wirklech net derwäert.
Ganz eierlech, ech sin mat der Auswiel zefridden. Dei Fotoen dei een um Site gesäit, do as awer baal keng Drenner wou ech gesoot hätt nee, dei doten net. Ok, dei eng dei ech gesinn hun mam Handy eropgelueden.. daat hätt ech wahrscheinlech refuseiert.. do war fir mech näischt richteg, an virun allem sin vill Leit dei sech Zäit huelen fir daat ganzt dei sin dann getoufft wann een an 2 Sekonnen mam Handy irgendeng Foto eroplued.
Maacht ierch keen ze decken Kapp, desen Site fannen ech bis elo formidabel. Wann dir daat heiten schon hinkruut, dann geet daat och mam Rescht
__________________ Nein, Weitwinkelblick schützt vor Torheit nicht
...
(Friedrich Halm - Späte Liebe, e bessi emgewandelt)
|
|
13.02.2006 12:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
dawnii: Leider gesäit net jiddfereen daat sou an firwaat seng Foto refuséiert gouf, et gin emmer Leit dei mengen all Foto vun hinnen wir super. Ech fannen et gudd dass de zougëss dass de se wuel och refuséiert häss ..
An eben well daat ganzt de Sënn geif verleieren wann jiddreen keint egal waat roplueden hun mer den System jo och gemaach sou wei en ass.
Et sin awer och Leit dei soen mer wiren oft shconn ze large beim Aktiveieren ... mee bon daat kan een net vermeiden (Dëst sin haaptsächlech mei aal an erfueren User dei daat soen).
An Merci fier d'Kompliment.
__________________ 404 - Not found
|
|
13.02.2006 13:06 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Den wout misst anonyme sin, dann wir deen Problem net. An mech interesseiert och net wirklech ween mir wat get. Oder nach besser, eng kleng Kaas wou een kann unwielen op sain Wout elo anonyme as oder op den Num derbei stoen bleift. As mol en Firschlag.
Mee ech muss soen, et as net einfach ze voten. Wann ech géing en Wert enner 5 missen ungin, dann lossen ech et emmer sin, well ech fannen dat as beis engem ze soen deng Foto as naicht. Also kréien emmer nemmen déi en Vote wou et mindestens eng 5 ze vergin get. Eigentlech dirften jo keng Fotoen eropgelueden gin déi manner wéi eng 5 verdengen, oder?
Ech wollt firschloen den Vote anzedeelen, dass do eng kleng Lescht as vun Bewertungs-Punkten, wou dann heno en Duerchschnet gerechent get. Mee ech hun selwer schon eng Rei Argumenter dergéint, wéi, dass do villeicht nach en aneren Punkt wir deen een mat wéilt konsideréieren an deen awer net an der Lescht derbei as (wou een kéint en Léisung fannen wéi een net definéierten Punkt, een allgemenen) an dann get et och zimmlech opwändeg fir ze voten wat mengen ech och net gutt wir.
Wollt awer trotzdem déi Idee hei weidergin.
|
|
09.03.2006 14:44 |
|
|
|