Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dat si keng Regelen, mee Tipps
__________________ 404 - Not found
|
|
11.11.2011 21:39 |
|
|
Magic unregistriert
|
|
Merci Maimonides, hun ët gelies
|
|
13.11.2011 07:36 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Jade, wann s de deng Iddi déi s de do bei der Foto has misst esou formuléieren dass se hei dra passt (als kuerzen Tipp), wat géif s de draus maachen?
__________________ www.gloda.net
|
|
13.11.2011 17:21 |
|
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Jade, wann s de deng Iddi déi s de do bei der Foto has misst esou formuléieren dass se hei dra passt (als kuerzen Tipp), wat géif s de draus maachen?
Eng Foto, wat soss.
;-)
Mais,
och ouni Biller
sinn dem Jade
seng Kommentare
ëmmer flott ze liesen.
Ech wéilt se net vermëssen.
|
|
13.11.2011 17:47 |
|
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Wéi wier et mat:
Ierts du ee Kommentar zum Bildopbau a soss techneschen Detailer gëss, iwerlee dir, ob et dem Fotograf op der Plaz iwwerhaapt méigléch war, séch an aller Rou mam Bildopbau ze beschäftegen, oder huet e misse spontan reagéiere, fir eng eemolech Szen, déi sou vläicht ni méi ze realiséieren ass, fotografesch festzehalen.
Wat sot dir heizou?
Nico
|
|
14.11.2011 13:14 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
hmm...ech fir main Deel fannen daat haiten
Zitat: |
Schwéier Konditiounen beim Fotograféieren sinn keng Excuse fir aner Saachen déi an der Foto net klappen. All Art vu Fotografie huet hir eege Schwieregkeeten. Z.B. en däischtere Sall entschëllegt kee schlechte Bildopbau.
|
huet nach emmer Bestand!
et get nemmen ganz ganz seelen Motiver wou een sech iwwerhaapt net kann drop astellen (cf. Krichsfotografie) - Timing-mässech get och just 2 Alternativen: entweder et as een prett dMotiv anzefenken, oder et as een et eben net - wann et net geklappt huet, dierf een gären driwwer diskuteiren wourunn et lung...(eng Diskussioun doriwwer unzefenken WIEN LO RESCHT HUET as onnetz, et geet dorems ze kuken waat een kann besser maachen...)
an dem Senn Nico, giff ech mengen dass ALL Kommentar berechtegt as...
(plus: et kann een och net dovun ausgoen dass een dem Fotograf seng Situatioun am Moment vun der Foto virdeischt analyseiren kann...)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
14.11.2011 18:12 |
|
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Do hues du ganz recht, Oli, mäi Post vu virdru war eigentléch och net sou vill méng perséinléch Iwwerzeechung, mais éischter geduecht, fir dem Jade séng Iddi an ee Saatz ze setzen, well hatt jo selwer seet, hatt wier net zefridde mat sénger Versioun.
Ech sin nämléch och der Meenung, datt een durchaus séch an Brochdeeler vu Sekonnen op eng eng Situatioun astellen, respektiv, datt een op bestëmmte Plaaze schon als Fotograf genee séch ka virbreeden, ob dat wat kéint kommen. Mais eppes muss een awer och bedenken: Et mécht een dacks ganz vill Fotoen op enger plaz fir datt villäicht eng oder zwou dervunner wirkléch gegléckt sin.
Nico
|
|
14.11.2011 19:24 |
|
|
|
Dafty unregistriert
|
|
Gudden Owend,
Wann ech gut verstin get hei diskuteiert wei een de Leit am beschten kann eng konstruktiv Kritik zu hieren Fotoen machen.
Ech denken dat t'Situatioun oder t'Bedingungen dei den Fotograf hat, absolut guer keen Afloss ob t'Foto hun, eng Foto gelengt oder se gelengt net. Wann ech kann 1 Stonn do setzen an kucken a warden, as t'Chance grouss eng gut Foto ze kreien, wann net, muss ech mat deem Schaffen waat ech hun. Wann dat elo net esou gut as, dann as t'Foto eben net esou gut an ech hun Pesch.
Mier huet nach nie eng Foto besser gefall well ech gewuer gin sin dat den Fotograf et schweier haat oder sos welch Defiziter derfun gedroen huet.
Fehler kennen am deem Senn och hellefen t'Situatioun besser eriwer ze brengen (Verwackelung bei "racing" Fotoen oder Panik, Ennerbeliichtung fier mei eng misterieis Stemmung etc... dohier soll een des "Fehler" (ech fannen einfach keen bessert Wuert), erkennen, an wessen wei een dommader kann spillen.
Ech gin vum Point de Vue aus dat emol de Choix vum Ausgangsmaterial dat as, waat am beschten Gelongen as, den Choix kann ech als "Observateur" net beuerteelen. Vun deem Point de Vue aus kann ech mer fierstellen waat ech mat deem Bild hätt kennen machen, resp. wei ech mer t'Endresultat kann/well fierstellen.
Gesin ech Ofweichungen vun menger Idee zum Gewisenen, froen ech mech fierwaat dat esou as (gewollt, aneren Stil, aaner Idee etc), fannen ech dofier keen Gronn oder erkennen en tipeschen "deen kennt den Trick nach net", deelen ech dem Auteur daat mat. Op hien daat unhuelen, sech seng Mehnung dodriwer machen oder et verwerfen well, as him iwerlooss.
|
|
14.11.2011 22:29 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
't ass en interessanten Dilemma.
Ech géif soen wann een am Sënn behält dass dat wat een um techneschen Plang gesot kritt fir an Zukunft ëmzesetzen ass an net fir an der Vergangenheet stiechen ze bleiwen sinn och déi Kommentaren nëtzlech. Net onbedéngt also fir déi Foto déi kommentéiert gouf, mä fir déi nächst Kéier wou den Fotograf e Bild mécht, souguer wann d'Situatioun dann eng aner ass.
__________________ www.gloda.net
|
|
14.11.2011 19:18 |
|
|
|
|
|