Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!  
Beiträge zu diesem Thema Autor Datum
« Vorherige Seite
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Metalbambi 12.04.2011 00:22
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! xaph32 12.04.2011 09:13
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Zersch 12.04.2011 09:45
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! xaph32 12.04.2011 10:10
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Zersch 12.04.2011 13:10
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! ZerberuZ 12.04.2011 17:16
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! MB-Photos 12.04.2011 18:10
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Johny 12.04.2011 20:19
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! VeloBen 12.04.2011 20:33
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! xaph32 12.04.2011 20:45
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Metalbambi 12.04.2011 21:12
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Miisamm 12.04.2011 21:13
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! VeloBen 12.04.2011 22:04
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! _MiAmI_ 12.04.2011 22:20
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! gunman 16.04.2011 21:00
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! _MiAmI_ 29.04.2011 22:04
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! BerBe 30.04.2011 10:48
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Johny 29.04.2011 22:21
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! Johny 30.04.2011 11:30
 RE: Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! BerBe 30.04.2011 11:46
Nächste Seite »

Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ahjo, deen Punkt hat ech ganz vergiess a mengem Äifer... großes Grinsen

__________________
Anti-Signature
12.04.2011 00:22 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo ,an wanns de pech hues an du sees engem wat matt der foto nët klappt, dann hues de op eemol eng ruddelbildung vun knipserten déi dëch auserneen huelen wells de gewot hues eppes ze soen...

sinon... interessant kommentaren hei notamment déi vum metalbambi wou ech 100% d'accord sin.

ech gin e beispill: ech hun dësen weekend 200 fotoen gemeet an déi 2 weekender virdrun och. ech hun 1 eenzeg ropgeluden wann ech mëch nët ieren. Virwat?
ech hun tonnen fotoen gemeet déi doudsëcher géifen ugeholl gin, me do kënnt dann d'selbstzensur an och d'gedold. ech schaffen un enger foto (iwregens méi wéi 2 minutten). no enger gewësser zait hun ech e resultat, dat ech wow fannen. ech leen se wech, kucken an puer deeg rëm, an soen mer, do hues de iwwerdriwwen etc. wisou änneren ech meng menung? den moment wou een intensiv schafft geet och e bëssen d'gefill verluer op een lo zevill gemeet huet oder ze wéineg. et huet d'tendenz wann een eppes probéiert zevill un den filteren ze rappen, zevill ze pushen.

d'selbstzensur, ass een motiv interessant genuch? ass d'qualitéit gutt? hun ech den effekt lo schons 100 mol benotzt an en gët lues awer sëcher langweileg?

sou lo hun ech eng foto, déi ech roplueden, déi ech och kann verteigen, well vun der prise bis zur bea hun ech mer seriös gedanken gemeet, wat och erklärt firwat ech nët ëmmer all kritik unhuelen oder iwwerhuelen me awer respektéiren, trotzdem mussen béid saiten sëch bewosst sin, dass et recht oder onrecht nët gët an dësem beraich me allerhëchstens dann nach meenungen an domadder kann een dann liewen.

zum schluss, den johny sot et well: photoshop kann aus enger gudder foto nach eng besser maan (allerdings och eng ganz schlecht) me aus enger schlechter gët nie eng gutt. sinon ech hun naicht géint filteren oder apps-en, me firwat géif ech matt enger app schaffen déi mer firgët wéi e resultat ech kréien, dat ass definitiv dann keng konscht oder soss eppes, me einfach nëmmen den konsum vun engem färdegen produkt.

nach als tuyau, ech printen dacks meng eegen fotoen, fir ze kucken wéi se wierken, well um pabeier ass et rëmm eppes aaneschters wéi um écran, dat schoult och d'aan an et ass eng weider qualitéitskontroll.

soignéiert einfach är arbëcht, a platz dass eng hallef stonn no ärer sortie pg zouballert matt schlechtem material....
12.04.2011 09:13
Zersch
Jungspund


Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo xaph32 , ech kann der nëmmen zoustëmmen , waats du sees stëmmt. Eenzeg wou ech et fir mech e bessen aanescht gesin as datt ech och an engem WE 200 Fotoen gemach hun , der 2 eroplueden dovun wou ech mengen se wieren gudd an ech dei awer nët op PG wëll setzen fir dat een seet : Kuckt emol hei waat ech schéin Fotoen kann maachen, mais well ech just well wëssen, waat ech da kann besser machen , d.h. eben wann ech denken se wier gudd/perfekt an en aaneren mer dann seet dëst oder daat hätt kennen esou oder sou anescht gemeet gin, dann eréicht wees ech : Do drop muss de besser oppassen an Zukunft. De Problem ob esou Sit'en as jo och dat een , deen virdrun mat enger 3.- Kodak/Fujifilm knipsi gemach huet hei zu engem deen wees wei een gudd Fotoen mecht , kann soen : Ech fannen awer dei do hätt kënnen esou oder esou besser gemeet gin. Mais wei een dat soll verhënneren ? Ech erlaaben mer souwisou just , wann iwwerhaapt , Kritik bei engem deen ech perséinlech kennen (z.b den Poly) , well ech mech nët an der Positioun gesin , esou scharf dierfen ze urteelen well mäin Wëssen do nach weit eweg vun gudd as , zumindest am techneschen gesin... mais bon , ech mierken ech schwäifen vum Thema oof...
Wënschen ierch all nach eng schéin Woch an flott Fotoen.
12.04.2011 09:45 Zersch ist offline E-Mail an Zersch senden Beiträge von Zersch suchen Nehmen Sie Zersch in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

;-) jo ok, stëmmt schon, et ass awer am groussen ganzen (an mengem fall sou) dass ech lo schons eng entwëcklung hannert mer hun wéi nach eng rei aaner leit och, an intuitiv direkt mierken wou e problem hierkënnt, zumindenst déi technesch, heescht also mëch interesséiert wahrscheinlëch méi "wéi" an "op" eng foto gutt riwwerkënnt, well dem zoufall ass jo nët méi vill iwwerlooss, d'approche vun der fotoschoul fannen ech awer perséinlëch immens gutt, well sou hun ech selwer extrem vill geléiert an ech hëllefen selwer och jidderengem den eppes wëll léiren oder wëssen, online oder bei engem treffen egal...

ech hun dann och ëmmer nach d'méiglechkeet an main kommentar ze schreiwen dass ech mer nët sëcher sin matt enger foto an dass ech mëch géif freen een feedback ze kréien (wat ech iwregens ëmmer rëm mol maan), me leider ass et am moment awer och sou dass den prinzip fotoschoul aus enger rei vun ursaachen op pg nët méi immens funktionéiert well déi déi eppes kinnten soen wat wierklëch hëlleft deelweis terribel frustréiert sin wens der approche vun ganz villen leit, dat ass zumindenst dat wat vill leit mer soen wann een se gesait an diskutéiert

perfektioun géif ech nët fir mëch revendiquéiren, well wen kann dat schons behapten, me ech soen folgendes, ech hun mëch enorm matt der foto beschäftegt an et mussen iwwerzegend argumenter kommen virwat ech lo géif meng approche zu engem bild änneren. ech hoffen dat gët nët als arroganz ausgelucht well dat ass et nët. iwregens hun ech meng menungen och schons dacks genuch geännert eben just well iwwerzegend argumenter déi ech eben bis dohinner nët considéréiert hun komm sin.

ech gin awer zou dass d'spagat tëschend selstsëcherheet an sturheet extrem heikel ass, an sin mer éierlëch ech fannen hei keen de mer seet ech refuséiren konstruktiv kritik, an trotzdem fillt een sëch ëmmer rëm ugegraff, well nunmol jiddereen awer e problem matt kritik huet notamment dann wann een sëch vill matt eppes beschäftegt huet an dann sou een wischwaschi-kommentar (den nët ëmmer muss falsch sin) dohinner gehait kritt.
12.04.2011 10:10
Zersch
Jungspund


Dabei seit: 02.02.2011
Beiträge: 10

cool Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Tjo xaph32 , waat soll ech der do drop nach äntweren. Wou's de Recht hues , hues de nu mol Recht. Augenzwinkern

Serge
12.04.2011 13:10 Zersch ist offline E-Mail an Zersch senden Beiträge von Zersch suchen Nehmen Sie Zersch in Ihre Freundesliste auf
ZerberuZ
Jungspund


Dabei seit: 09.08.2010
Beiträge: 17

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech verstinn dei opreegung net wierklech ...
hun och schon fotoen refuseiert kritt waat mech einfach emol zum mei nodenken bruecht huet, obwuel ech dann bei verschidenen biller dei ugeholl gin sin mer d'fro stellen .. "an daat ass ugeholl gin" mat engem verstaendnislosen kopfschuetel ...
hun och op verschiden biller vun mier, dei ech gudd fond hun einfach emol gesoot kritt direkt an indirekt ... fenns de dein bild selwer gudd? nujee huet erem zum nodenken ugereecht
waat ech well soen ass ausser dass ech fiergeheit kreien net mat kritik kennen emzegoen and tockeg ze sin Zunge raus d'kritik awer esou probeieren emzesetzen an draus ze leieren an wann nom aplizeieren vun der kritik en bild vun mier besser gin ass, hun ech keen problem daat och anzegesin misst mech emol bei deenen zwee oder drei sensemaenner vun der kritik bedanken dei keen blaat fierun den mond huelen smile jo troz mengem tockegen sin bewierkt et eppes ...
daat keint den ersteller hei vum tread och emol maachen .. probeieren daat selwecht bild einfach emol besser ze maachen
daat ganzt get lernprozess genannt ....
ass menger meenung no, och en bessen den senn vun enger photogemeinschaft wei photogen ... kann mech awer och ieren
daat mam materialismus .. mengen ass en zimlecht dommt argument waat iergentwei net novolzeihbar an iergentwou och niveaulos ass, an doduerch dass en bild net ugehol gin ass, oder ausser daer selwer keen daat bild vun dier gudd fennt, jidereen hei zum feind ze erklaeren an opzegin ass och net wierklech clever ... wann der fotografie spaas mecht (dofunner gin ech emol aus) maach einfach weider an stiersch d'kritik an fier draus ze leiren smile hun dei eischt 3 meint wou ech hei war och geduet waat sin hei arogant "lait" ... .. mais leider ass daat waat se iwer fotografie wessen richteg an sie probeieren och daat wessen ze vermettelen (mat momenter denken ech mer dass verschidener en wandelt photograpie lexikon sin )
dei 2 biller ... naja .. net dei taatsach dass se mat eng telephon gemaach sin (btw.. hei sin schon iphone photoen ugeholl gin) .. just den fakt dass se net wierklech terrible sin, an dass de dech emol selwer och keins froen ... sin dei wierklech gudd ?

esou genuch bloedsin verzaapt smile
@Metalbambi 'Ech sinn en aarmen geschloenen Fotograf'-Treads ... lol dei ass gudd kreien ech do eng memberskaart ? großes Grinsen
12.04.2011 17:16 ZerberuZ ist offline E-Mail an ZerberuZ senden Beiträge von ZerberuZ suchen Nehmen Sie ZerberuZ in Ihre Freundesliste auf
MB-Photos
Jungspund


Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Quaffit dat huet neicht mat Ausrüstung ze din oder sos eppes deng Foto as verweigert gin, genee zu denen Grenn dei den Johny der geschriwen huet an wanns de dat net wells angesin dann muss ech leider dozou soen das de vun der Fotographie nach lang neicht verstannen hues!
12.04.2011 18:10 MB-Photos ist offline E-Mail an MB-Photos senden Beiträge von MB-Photos suchen Nehmen Sie MB-Photos in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eng Foto déi een am RAW mécht out of the box erop ze lueden ass Quatsch well eng RAW Foto muss quasi verschafft ginn, mee dat ass en anert thema. Dat ännert naischt um Fakt dass een net kann aus enger doutlangweileger Foto eng mega interessant Foto maachen mat normaler Veraarbechtung. Du kanns Faarwen dra klaaken an Grafiken an wat weess ech, mee dann ass et herno keng wierklech Foto méi smile

Wisou ass et dopen wann et en Tool ass wat der erméiglech deng kreativ Idéeën méi genee esou duerzestellen wéi s du et wolls? Mee dofir muss en Urspungsgedanken do sinn deen bëssen weiderentwéckelt gouf, wat awer bei villen, wéi mir se nennen "geknipstene Fotoen", einfach just feelt.

__________________
404 - Not found
12.04.2011 20:19 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ok een komplett ratéiert Motiv kann een net méi retten. Do sin mer eis eens.

Mee eng Photo déi awer elo un der limite fier kënnen akzeptéiert ze gin kann een alleng duerch een méi interessanten cadrage retten.

Mat "technischem dopen" mengen ech den Thema vum "deirer Profi DSLR" vs rapport zu der einfacher Digicam/Iphone/ 1,99 Hispamatic App.

Och bei der Beaerbechtung get et "Vorsprung durch Technik". Deen awer och deier bezuehlt ass: Net jidfereen kann mol einfach 900 EUR opp den Dësch léen fier eng original PS CS4 Vollversioun.
12.04.2011 20:33 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an der leschter ausgab vun fine art printer wor e profi den matt Hispamatic App genial saachen gemeet huet, me et war eben gewusst wie, et geet me drop lassballeren funktionéiert eben nët
12.04.2011 20:45
Metalbambi Metalbambi ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-147.gif

Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat Argument mat der Technik ass vir mech irrelevant, souguer komplett falsch. Wanns de engem End Nikon D3 an de Grap gëss, deen nach nie mat eppes anescht wéi Point&Shoot geschafft huet, ginn deem seng Biller sécher net besser. Sou Apparater sinn Handwierksgeschir, se erméiglechen engem dat ze maachen wat een well, mee dofir muss een awer vir d'éischt mol wëssen wéi een dat dann och kann maachen. An engem Autosgarage hunn se och bessert Geschir wéi den Pitti doheem, d'Wahrscheinlechkeet dat den Pitti awer am Garage säin Auto selwer kann flécken wann eppes richteg vreckt ass tendéiert awer géint Null, wann en virdrun nach ni ënnert den Capot vun engem Auto gekuckt huet.

__________________
Anti-Signature
12.04.2011 21:12 Metalbambi ist offline E-Mail an Metalbambi senden Beiträge von Metalbambi suchen Nehmen Sie Metalbambi in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Metalbambi anzeigen
Miisamm
Mitglied


Dabei seit: 22.02.2010
Beiträge: 40

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Woah wat e blah! Wann ee keng suen huet, Ebay 2-50€, e Film5€, 36 mol drecken entweckelen (loosen)10-30€ kucken, Freen. Eng Cd dobäifroen, an dann huet ee suguer Digital Fotoen :-).

Wann een dann och nach eppes deck aales kaaf huet, wei di Voigtländer VitoCL (20€) dei ech erwescht hun, dann huet eenjust e Beliichtungsmiesser, an de rescht ass Zäit + Blend, an nix 4000/1s oder sou. Da leiert een an engems wei daat funktionneiert, an et huet ee mol keng Fokushellef mee just eng skala mat distanzen drop stoen.

Mat esou saachen hun se an der Zäit , an elo och konscht gemeet, fir Hipstamatic Style, einfach en film draklaaken, deen an den '90 ofgelaaf ass ;-).

An och wann een dei Pissblumm domadder geknippst hätt, keint ee soen "Respekt", mee bon, et wier aawer emmer "nemmen" eng Pissblumm mat engem Luschen Effekt.

Ech hun och puer Fotoen Refuseiert krut, begrennung hun ech awer meeschtens einfach zu Härtz geholl, an (meeschtens) no puer stonnen/deeg verstaanen, an accordeiert.

Fannen hei op Photogen leiert een u sech masseg bäi, wann ee bedenkt, dass ech lo reicht knapp annerhalleft Joer mei "seriö" Fotoen maachen.
12.04.2011 21:13 Miisamm ist offline E-Mail an Miisamm senden Beiträge von Miisamm suchen Nehmen Sie Miisamm in Ihre Freundesliste auf
VeloBen
Doppel-As


Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eben daat Technik Argument duerf net ziellen.

Dofier soll och keen offstempelt gin deen elo awer mat Iphone an enger 0,99 EUR App seng Biller mescht.

Dann soll och keen iwert deen meckeren deem seng Biller net mat PS verschafft goufen an se einfach out-of-the-box eranstellt oder scannt.

Mat dem Motiv ass jo nach enger aner Geschicht an effektif haett ech am Quaffit senger Plaatz och een anert Motiv drangesaat wéi déi eng "Pissblumme". Et gin dausenden méi dankbar Motiver fier déi App.

Fakt ass awer och: et gin hei um site einfach verschidden langweilig, extrem kromm an onscharf Motiver déi sech um selwechten resp. schlechteren Niveau befannen wéi déi faméis "Pissblummen".
Déi Photoen sin scheinbar duerch all Kontrollinstanzen duerchegrutscht an sin awer proper akzeptéiert gin. Vun Objektivitéit kann een do net schwetzen. Beispieler vun denen Biller gin et esouguer haut opp desem Daach e puer. Ech well keen mam Numm nennen, mee ween bessi haut an der Lêscht wullt wees waat fier Biller gemengt sin.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von VeloBen am 12.04.2011 22:07.

12.04.2011 22:04 VeloBen ist offline E-Mail an VeloBen senden Beiträge von VeloBen suchen Nehmen Sie VeloBen in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

kann ma virstellen wei eng dasste mengs!!
12.04.2011 22:20 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
gunman
Mitglied


Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Daat stemmt ! Menger Meennung no ginn an der leschter Zeit zevill Photoen hei ugeoll déi an mengen Aen d'Critèren net erfellen, d.h. weder vum techneschen, artisteschen oder aktuellen point de vue eppes Besonnesches sin.

Wann een dann esou eng Photo wierklech kritiséiert, dann leeft een Gefor, dass dem Auteur seng "Kollegen" oder "Kolleginnen" direkt zu Hellef kommen, an nemmen well se den Auteur kennen, Lorbeeren ausdeelen.
Meng Meenung.
16.04.2011 21:00 gunman ist offline E-Mail an gunman senden Beiträge von gunman suchen Nehmen Sie gunman in Ihre Freundesliste auf
_MiAmI_
Foren As


Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hun virun puer deeg och eng Foto refüseiert kruut, bon mengen meng zweet oder drett.... Eigentlech wollt ech neischt desgleichen hei schreiwen oder sou, wollt am Fong neischt drop gin, mee dann awa och elo mei Pefferkär hei bei droen.

Dei foto wou ech refüseiert kruut war eng vun engem ganz klengen ferngesteierten Helikopter, während dem fleihen geknipst, den Heli selwer war schein scharf an den Hannergrond eben schein onscharf, et huet een Probelleren schein an da rotoatioun gesin etc, bon eben vleit lo neisccht spektakuläres, mee schein ze kucken....

Kriss dann deen Standart Satz dohinner gesaat, wei "ech sollt ma mei Gedanken nexten Keier maan... Hun et mat engem schmunzeln ugeholl.

Mee wann ech dann awa gesin, waat vir eng Fotoen erem akzepteiert gin, wei zB "deen gielen Kraan"- "TEREX @ Work", höööm dann stellen ech ma zwar erem Froen !?

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von _MiAmI_ am 29.04.2011 22:09.

29.04.2011 22:04 _MiAmI_ ist offline E-Mail an _MiAmI_ senden Beiträge von _MiAmI_ suchen Nehmen Sie _MiAmI_ in Ihre Freundesliste auf
BerBe BerBe ist männlich
Eroberer


Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wei den Johny et gesot hud sinn meng zwou Sérien als Doku geduet, also als Série dei en Ereigniss dokumentiert dat do Fotoen net onbedingt jidereen interessieren ass nun mol leider esou( och wann een net all Daag een 500Tonnen-Kran beim Spidol geseit). Dat änert awer neischt drun dass bei deenen Fotoen eng gewess Arbescht hannendrun ass, well ech hun dei läscht zwee Deeg 4 Stonnen do verbrucht fir dat ganzt ze dokumentieren.

An dass de (_MiAmI_ ) dann sos neischt ze dinn hues wann deng eegen Foto net ugeholl get wei aner Leit schlecht ze machen fannen ech einfach nemmen aarmséileg, well et ginn nunmol Leit dei sech fir Spotten an dokumentieren interressieren, an wanns do eben anerer Meenung bass, dann verstinn ech dat och, mee et ass awer dann keen Grond fir esou een Blödsinn ze schreiwen.
Well ech hun och schon aner Fotoen refusiert kritt, wou ech et net verstanen hunn(an dat waren weder Dok nach Spotting Fotoen!), dofir hunn ech awer dann keen ugegraff deen esou Fotoen akzeptiert kritt hud.
30.04.2011 10:48 BerBe ist offline E-Mail an BerBe senden Homepage von BerBe Beiträge von BerBe suchen Nehmen Sie BerBe in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

D' Fotoen vun dem Kran den s de uschwätz sinn an der Kategorie "Allgemeng »» Doku an Reportage", dat ass eng speziell Kategorie fir sech wou den Haaptptunkt eben drop läit dass d' Foto e bëssen eppes dokumentéiert.

Iwwert deng léisst sech awer effektiv streiden.

__________________
404 - Not found
29.04.2011 22:21 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De Problem ass dass de _Miami_ just d' Foto gekuckt huet an net d' Kategorie, dann hätt en et jo vläicht och gesinn a verstan. Kee Grond direkt sech op ze friessen Augenzwinkern

__________________
404 - Not found
30.04.2011 11:30 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
BerBe BerBe ist männlich
Eroberer


Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

IO keng Angst, ech hun mech schon erem beruhegt Zunge raus
30.04.2011 11:46 BerBe ist offline E-Mail an BerBe senden Homepage von BerBe Beiträge von BerBe suchen Nehmen Sie BerBe in Ihre Freundesliste auf
Seiten (5): « vorherige 1 [2] 3 4 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei!

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH