Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » Motor-time.lu sicht Fotografen » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Motor-time.lu sicht Fotografen  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Motor-time.lu sicht Fotografen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo ech sinn et zwar selwer, mee ech schreiwe lo am Numm fir en anere Projet hei. Et ass esou dass e Kolleeg vu mir motor-time.lu als neie Projet wëll starten, woubäi et drëm geet Artikelen an Reportagen iwwert Autoen ze publizéiren.


Detailer:
Dës ginn awer net just News à la "Neien Ferrari ass räus" matt puer Fotoe aus dem Google derbäi! Nee, d'Artikele gi selwer verfaasst, selwer zesummegestallt, d'Fotoe soll selwer gemaach ginn.

Autoen dei hei a Fro kommen sinn Autoen dei een Autosfan eben schéi fennt, oder suguer déi sougenannten Dreamcars. D.h. keng Plastikbomber à la 206 déi déif leien, en 50cm Spoiler drop hun asw.

Et ass elo sou dass ech dann zoustänneg si fir den Deel vun de Fotoen, an ech soll e klengt Team zesummestellen vu Fotografen déi gäeren géife mattmaachen, fir dass fir all RV och iergendeen Zäit huet an sou. En plus sinn ech dann den den herno seet wéieng Fotoe geholl ginn fir op de Site.

Wéi grouss dee ganze Projet gëtt, daat gesi mer dann. Sérieux gëtt et op allefall.


Gesicht:
Lo sichen ech dann eben gäeren iwwert dese Wee Leit déi dodrun interesséiert wiren mattzemaachen a mengem Fotografenteam. Et sollt ee sech natirlech bessen fir Autoen interesséiren well soss huet daat iergendwéi kee Sënn. An et solle Leit sinn déi Erfahrung hu matt der Fotografie (net onbedingt Autoen mee allgemeng) an och daat néidegt Material.

Belounung hu mer keng, op jiddefall net a Form vu Suen oder ähnleches. Mee dofir sinn et awer är Fotoen déi an den Artikel kommen, an en plus hudd der d'Chance nawell interessant Autoen selwer kënne matt kucken ze goën, ganz am Detail natirlech.


Froen oder Interesse?
Wann der Froen hudd oder interesséiert sidd, schreift einfach hei am Thread oder mir eng E-Mail op johny.goerend@motor-time.lu (jo johny@photogen.lu geet och Augenzwinkern )


UPDATE: Daat ganzt ass net onbedingt fir direkt, well mer fänke reischt lues un elo.

__________________
404 - Not found
21.11.2007 16:56 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

OK merci un déi déi Interesse haaten, et hu sech der lo zwee fonnt, end rëtten seet nach vläicht zou, daat geet duer fir den Ufank. Da maan ech hei rem zou.

__________________
404 - Not found
23.11.2007 12:44 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » Motor-time.lu sicht Fotografen

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH