the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Salut alleguerten,
Ech wollt mol wessen ween hei Mettelformat fotoen mescht? Egal op digital oder analog, ech hun mer lo mol eng Seagull kaaf eng chinesesch kopie vun enger Rolleiflex vir dei wou et net kennen an sinn mol gespant op dei eischt Resultater waat ech emmer sou op fc vun deenen apparater gesinn hun gefällt mer zimlech gudd!
|
|
19.08.2007 18:10 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech zum Beispill, mat enger Pentax 67 an enger Mamiya C33.
|
|
19.08.2007 19:08 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Bei sou Geschichten gräift een awer deiw an t'Täsch!!!Ech fannen sou Mettelformatapparater wierkelch klasse, mais wei schons gesoot, den Präis...
Mais dei gin jo ansech bal nemmen fier Portä'en geholl, oder?
Wei funktionneieren dei eigentlech? Ass daat digital, sou mat Späicherkaart, oder muss een nach en Film entwecklen?
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
20.08.2007 17:45 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Mettelformat as klassech gesin e méi grousst Filmformat par raport zum Klengbildfilm, 6 x 6 cm oder 6 x 7 cm as di klassesch Negativgréisst am Mettelformat géinderiwwer vun 24 x 36 mm am Klengbild, et gin awer nach aner Gréissten. Ursprünglech war Metelformat natierlech e Filmformat. Well et awer vill Kameraen gin wou een d'Filmkassetten hanne wiessele kann, gin et elo awer och Digital Kassetten mat grousse Sensoren, praktesch onbezuelbar fier den Amateur.
Mettelformat mat Film as awer bezuelbar. E gudden Apparat mat 3 Objektiver kascht em di 3000 bis 5000 Euro, mat Spillraum no ennen an Uewen. E Film Dia mat Entwicklung läit em di 10 Euro, e SW-Film mat Selwerentwicklung em di 5 Euro.
|
|
20.08.2007 18:04 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Ah bon...jo, mais 3000-5000€ ass zwar och net schlecht....
Hues de dann iergendwou där Biller, die een keint online bestaunen?
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
20.08.2007 18:13 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech fotografeieren nach heinsdo mat mettelformat. Hun eng aal (+/- 50 Joer) Rolleiflex 2.8, dei menger Frendin sengem Papp sengem Monni geheiert huet. As extrem emstaendlech an net genau mee mecht nach emmer propper saachen
As emmer rem flott domat fotoen ze maan. Just d'filmer gin deier:S
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
21.08.2007 00:58 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
Themenstarter
|
|
Jo filmer ginn net ganz belleg mee vir heiandsdo mol een film ze verscheissen ass awer interessant an S/W kanns de jo theoretesch och ounie greisser problemer selwer entwecklen wanns de an engem fotosclub bass miss de jo material dervir hun
|
|
21.08.2007 03:01 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Jop sw entweckelen ech selwer, d'negativ entwecklung loossen ech awer nach maachen well ech krein dei ilmer fier d'frecken ne propper entweckelt
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
21.08.2007 08:22 |
|
|
Incognito
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
deen problem kennen ech
hun alt och emmer rem esou kleng fangerpatten drop
dass eng merde selwer negativer ze entweckelen ... lol ...virun allem wann der den film an der absoluter daischtert op emol an der spule henken bléiwt :-///
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
21.08.2007 09:51 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
SW-Filmer MUSS een selwer entwickelen! Nemmen esou kann ee séng Negativer upassen fier hanno an der Vergréisserung gudd Resultater ze kréien. De Problem as awer deen dass all SW-Film en Individualist as a mat gewessenen Entwickler/Entwicklunszäit Kombinatiounen super Resultater liwwert, mat aneren Kombinatiounen awer nemmen e Fall fier an d'Dreckskescht as. Wann een d'Filmer an de Labo get, da kennt zu 99% Schrott zereck. Bei Farw an Dia as et anescht. Do as d'Entwicklung standardiséiert an e gudde Labo dem Heemlabo iwwerleen.
Natierlech kann d'Experimentéieren laang daueren, mee et lount sech!
Flecken as en Thema wou emmer erem Leit sech beschwéieren, mee ech hun absolut keng! Am beschten virum entwickelen de Film 2-3 Minuiten fierwässeren, d'Fixéierbad op kee Fall ausschöpfen mee am beschten no 2-3 Filmer erem e neit huelen, d'Netzbad mat destilléiertem Waasser usetzen, an de Film nom Ophänken e puer Mol mat engem ganz rengen, mat Netzbad ugefiichten Liedersläppchen vun Uwen no Ennen vun allen Drepsen befreien, dann drechent en perfekt.
|
|
21.08.2007 10:34 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
Themenstarter
|
|
Ech hun bis elo nach nie en film selwer entweckelt mee daat kennt secher nach
eisen fotoclub huet eng dunkelkammer also hun ech schon mol material de rescht kreie mer och nach hin, ginn genuch leit dei et kenne vir mer et ze weisen!
|
|
21.08.2007 12:55 |
|
|
|