Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » 5D II oder 7D a wou ausléinen? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen 5D II oder 7D a wou ausléinen?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

5D II oder 7D a wou ausléinen? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut alleguer,

ech hu mech entscheet vun Olympus op Canon ëmzeklammen.
U sech gefale mer d'Apparater vun Nikon och immens gutt, mä et entscheet ee sech jo ëmmer fir e ganze System, an do gefale mir di Blend 4.0 Canon L Optiken besser, well se am Präis méi gënschteg sinn awer vun der Leeschtung hir ganz gutt.

Ech fotograféieren am meeschten op Reesen, Landschaften, Stied, Gebeier och alt mol Leit.
Bis elo hunn ech quasi ëmmer mat engem 28-108 (KB equivalent) geschafft.

Mir fällt et elo immens schwéier mech tëscht der 5d II an der 7d ze entscheeden.

D' 7D huet ee méi robuste Boîtier, de besseren AF, integréierte Blëtz an ass einfach méi nei.

Wat mech un der 5D reizt sinn d'Méiglechkeete bei der Déifteschäerft. Dee besseren ISO ass mir lo net onbedéngt sou wichteg. Allerdings si fir mech gutt Laangzäitbeliichtungen an virun allem eng besser Dynamik bei Landschaften interessant. Op der Olympus E-3 hat ech ëmmer Problemer mat ausgefriessene Luuchten. Weess vläit een wéi d'Ënnerscheeder do tëscht der 5D an der 7D sinn?

Ech denken fir Reesen wier d'5D mam 24-105 a mam 85mm 1.8 fir Portrait'en eng gudd Kombo. Bei der 7D wieren d'Objektiver di selwecht, mä da bréicht ech nach e Wäitwénkel a kommen dann am Präis op dat selwecht (woubäi ech léiwer an Objektiver wéi a Boîtier'en investéiren).

Ausserdeem sinn ech och nach net ganz sécher op de 24-105 f/4 IS oder de 24-70 f/2.8 di besser Wiel ass. Optesch sinn di zwee anscheinend d'selwecht gutt, mam 24-105 vläit e bësse méi schaarf, mä fir meng Uwendung mat éischter statesche Sujet'en ass di eng Blend vläit manner wichteg wéi den IS an di 35mm.

Wat soen dann d'Rumeuren vun enger 5D III? Di giff secher vill vun der 7D kréien. Op der anerer Säit dauert dat sécher nach bis den Hierscht an de Präis wäert vill méi héich sinn.

Zu gudder läscht: kann ee Canon Material iergendwou hei am Land ausléinen fir ze probéiren, resp. huet een eng 7D oder 5D an hätt Loscht op e Fotostour? : )

Majo ech giff mech iwwert e puer Meenunge freeën.

Ciao
Pit

P.S. Dee Spellchecker fir Lëtzebuergesch ass nawell eng super Saach!
16.06.2010 16:43 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
m-otiv m-otiv ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130

RE: 5D II oder 7D a wou ausléinen? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hallo,
Ech hat den selwechten dilemma awer an der Nikon versioun, tescht D300s an D700.

Nikon wäll Handhabung mir do besser gefällt, AF an finitioun, Ergonomie vum Boitier sin einfach besser (fir mech)....(hun awer Canon eng chance gin, haat laang eng 5D MK2 am test)...

Hunn mech fir eng D300s entscheet wëll se méi nei an videofunktioun haat.
Sou elo bereien ech et einfach wäll ech keen follformat kaf hunn....an wäert de ganze Buttek elo erëm verkafen fir den Nofolger vun der D700 (D700s, D800 oder wéi se och emmer wäert heeschen)...

Daat ass elo meng Erfahrung...mä glaich ass d'fotokina...ech géif emol ofwaarden.

An wann s' du et serieux mengs mat der Foto, oder mengs du wëlls méi wait goen, dann maach et direkt richteg, net esou wéi Ech.
Um Endeffekt hun ech elo méi Suen verluer, wei ech der deemools gespuert hun

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von m-otiv am 16.06.2010 17:53.

16.06.2010 17:50 m-otiv ist offline E-Mail an m-otiv senden Beiträge von m-otiv suchen Nehmen Sie m-otiv in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ppit Wisou sees de dass d'7D méi e robuste Boitier huet? Dat ass déi éischte Kéier dass ech dat héieren.
Den Styl Fotoen wou s de wëlles hues, "Reesen, Landschaften, Stied, Gebeier och alt mol Leit" kléngt fir mech méi no 5DMKII (oder souguer 5DMkI, hues de der dat schon iwwerluecht?) Den interessantsten Punkt vun der 7D fannen ech ass den AF, mee fir dat wou s du do wëlles hues brauchs de deen net.
Vun Rumeuren fir 5DMkII Nofolger ass nach näischt fiables do, e puer Leit déi soen dësen Summer, mä keng zouverlässeg Quellen. Am Moment dréint sech alles méi ëm 1DsMkIV, an dann nach, et ass allgemeng tote Hose an der Gerüchtekichen.

__________________
www.gloda.net
16.06.2010 18:01 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
henridacruz
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun eng 7D an bis elo kann ech net kloen domat.
Waat de Boitier ugeet, ass jo bekannt dass en robust ass, an spretzfest ass.
Ech konnt mech am Ufank och net teschent der 5d an 7d entscheeden, waat mer bei der 7D gefällt ass, d'Handhabung, den Autofocus ... an main Lieblingsknäppchen ass den "Q", do kannste op een Bleck de Fotoapparat sou astellen wéi'st et gaeren häss, daat geing gudd op eng 5d man.
Waat Objektiver ugeet, hun ech de Standard 18-135mm, géi ech awer net huelen, d'Resultat ass net schlecht, mee mat enger L Lens iwwerhaapt ze verglaichen, do ass den 18-85mm besser wéi deen deen ech do hun.
Waat dain Fotostour ugeet, wann daat dech interesséiert, kenne mer daat gaeren man, lossen ech dann mat der 7D knipsen.
Kanns jo mol bescheet soen, oder wannste nach froen hues mell dech roueg.
16.06.2010 18:22
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

Themenstarter Thema begonnen von ppit
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hui, do si jo direkt déck vill gutt Äntwerte komm, en décke Merci!

m-otiv: ech ginn der Rescht, mat der Finitioun an AF bei Nikon. Si maachen do mengen ech eng besser Aarbecht wéi Canon a wann ech bis elo eriwwer gekuckt hunn da meeschtens a Richtung Nikon. Lo wou ech awer méi genee kucken ass d'Canon vun der Bedienung méi no un der Olympus an fir di Saachen di ech sou maachen denken ech ganz gudd.

Dat ass schon ee Problem mam APS-C, wann een sech speziell dofir Objektiver keeft kann een se bei engem Upgrade net méi benotzen. Ech hu jo am Fong dee selwechte Fehler viru gutt 2 Joer mat der Olympus gemaach. Ech investéieren lo gär an e System wou ech weess, dass en an e puer Joer nach do ass, bei Olympus sinn ech do am Moment net sou sécher an dofir well ech virun der Photokina an deenen neie Modeller mäi Material verkafen.
Ausserdeem kënnt geschwënn d'Summervakanz, do soll dat neit Material da scho mat.

gloda: mat dem robuste Boîtier mengen ech dat wéi den henridacruz scho sot, dass deen anscheinend besser ofgedicht ass. Dat ass schon e grousse Virdeel, meng E-3 war e puer mol plätsch naass wann ech am Reen Fotoe gemaach hunn an et huet hier ni eppes gedoen.

Mam AF trëffs de genee de Punkt, ech maachen 99.5% vun de Fotoen mat deem Sensor an der Mëtt.

Déng Iddi mat der 5D I ass eigentlech guer net sou iwwel. Ech hu grad e bësse gelies, a vun der Dynamik hir soll se och net schlecht sin, ISO ass wuel brauchbar nach bis 1600 an 12,8 Mpx geet an deene meeschte Situatiounen duer.
Wat fehlt ass de Video, op deen ech kéint Verzichten. Wéi ass dat mat deem AF Micro-adjustment? Sinn d'Objektiver vu Canon tatsächlech sou oft dernieft, giff ech dat vermëssen? Ech hunn och gelies den AF soll bei der 5D II kaum verbessert sinn. Si soss nach gréisser Neierunge komm di wichteg wieren ze wëssen?

Ech misst mer dat mol iwwerleeën. Dann hätt ech fir de Summer eng gutt Kamera a kéint dann den Hierscht kucken op eppes neies kënnt.

henridacruz: ech hunn eemol mat der 7D an engem Buttek gespillt, ech denken och dass d'Haptik vläit en Tick besser ass wéi bei der 5D. Wéi bass de da mat der Bildqualitéit zefridden? Ech maache mer eben och vill Gedanke mat den Obektiver. Ech denke schon dass ech iergendwann eemol eng VF kafen mä de Problem ass, dass en 24-70 oder e 24-105 net wäit genuch ass, wann ech en elo op APS-C benotzen.

Mam Fotostour: ech hat bis elo nach keng Geleeënheet Leit vu Photogen kennenzeléiren. well ech net oft am Land war. Vläit kréie mer jo nach e puer méi Leit zesummen, eemol fir d'nächst Woch owes oder sou? Ween hätt eemol Zäit?
16.06.2010 23:02 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
henridacruz
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech sin vun der Bildqualitéit erstaunt an deck zefridden, obwuel et keng Vollformat ass. Du kanns problemlos bis ISO 2000 (eventuell 2500) eropgoen ouni zevill Grain’en ze hun. Den Autofocus, ass daat éischt waat mer opgefall ass, schnell an zimlech präzis, do ass e besser wéi 5D MK II. Bedienung vun der 7d ass och besser , waat Bildqualitéit ugeet, do ass 5d II besser, vu que dass et eng Vollformat ass, sin awer erstaunt, mat eng klengem Capteur sou gudd Resultater ze kréien.
Wannste een bass deen vill Landschaften fotograféiert, do hueste bei der 7D de Virdeel, well eng elektronesch Wasserwo integréiert ass.
Videofunktion an d’qualitéit bei deen zwee ass selwecht gudd.
Waat mech och nach bei der 7D gefällt ass, dass se 8 Biller sekonn kann schéissen, méi séier nach wéi bei der 5D.

Waat Objektiver ugeet, ob der 7D kannste egal ob EF oder EF-S objektiver benotzen, an bei der 5D nemmen EF.

Mam Fotostour, hun nächst Woch baal all owes Zait, schreiw mer eng Pn.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von henridacruz am 17.06.2010 10:36.

17.06.2010 10:30
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hun de selweschten Problem mat der Entscheedung gehat awa mesch op 5D MK2 Entscheed, mengen et mescht een emmen an dem Fall e schrett no vier wan een vum APS-C op e Vollformat iwergeet. An dei ana sach mat da Eventueller Eos 5D Mk3 ass ma och duerch de kaap gangen, mee soen ma mol esou, gin deng Biller ab mua mei schlecht well eng ganz nei Technologie op de MArt kom ass ? Mengen mat da 5D meste nix Falsch, et sei den du wells Sport an Aktion-Fotographie machen, do gief ech da dan 7D uroden weinst da heigen Bilderrate. well hun 50D, an vun deier op eng 7D ze sprangen wär keen wiekleg groussen schratt gewiercht.. Hoffen et helleft an denger entscheedung Augenzwinkern
17.06.2010 12:01
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

Themenstarter Thema begonnen von ppit
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hunn lo mol nach e bësse gekuckt.
Ech tendéeiren momentan dach éischter direkt op Vollformat ze goen.

Et ass ëmmer eng Fro wat ee brauch, den AF an 8 Biller/Sekonn ass schon eng super Saach bei der 7D, mä ech brauch dat eigentlech net.

Ech hu mer och mol d'Gebrauchtpräisser fir eng 5D I ugekuckt, di sinn zimlech héich, also gären emol 800 Euro.

Dunn hunn ech nach dat hei fonnt:

http://www.digitalwaystore.com/product_i...ducts_id=198700

Kennt zoufälleg een dee Buttek? Di Aktioun fir de 5D Kit (just nach bis den 20te Juni) ass vum Präis hir eemoleg!

De gi87 huet jo och Recht, dass d'5D II net ophält Fotoen ze maachen wann d'5D III erauskënnt.

Pit
17.06.2010 17:14 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
JohnJ
Eroberer


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 54

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann et ze schein as wouer ze sin dann ass eng Lousch bei enger offer
dei sait errennert mech ferm un eng anner sait wou leit Saachen nie kritt hun
vergleich mol aaner artikelen also och Nummeren oft sin op fake sites d'Artikelnummeren emmer dei selwescht bei ennerscheedlechen Artikelen

edit:
sich mol op googl earth no der Adress Et gesait ferme no engem Familienhaus aus

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von JohnJ am 17.06.2010 23:19.

17.06.2010 22:46 JohnJ ist offline E-Mail an JohnJ senden Beiträge von JohnJ suchen Nehmen Sie JohnJ in Ihre Freundesliste auf
arwa
Routinier


Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech geif dé Risiko nët agoën

ausser, sie liwweren -contre remboursement !!
an dann o nach :-(
18.06.2010 08:13 arwa ist offline E-Mail an arwa senden Beiträge von arwa suchen Nehmen Sie arwa in Ihre Freundesliste auf
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

Themenstarter Thema begonnen von ppit
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

JohnJ: Gutt Iddi, ech hunn am Streetview gekuckt, et ass e Familljenhaus a gesäit dobäi net grad super an der Rei aus.

Ech hat gëschter eng Email dohinner geschriwwen a gefrot op si och op Lëtzebuerg liwweren an op do sécher keng Taxen méi dobäi kommen. Ech hat no 10 Minutten eng Äntwert, dass dat kee Problem wier an si 2 Joer Garantie ginn.
D'Artikelnummeren sinn och net ëmmer di selwecht.

Mä ech si bei sou super Offeren och éischter skeptesch. Ech hunn iwwer google.co.uk no der Firma gesicht a just hir homepage fonnt, keng Erfahrunge vu Client'en an och kee vun de Butteker di si angeblech e puer mol an England hunn.

Fazit: FANGER WECH!

Kënnt der en anert Geschäft recommandéieren. Wéi ass et z.B. mam Calumet an Däitschland?

Dierf ech iwwerhaapt hei am Forum sou Froe stellen, oder ass dat net erwënscht, well et Reklamm ass fir di verschidde Geschäfter?
18.06.2010 10:14 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
McQueen
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von ppit

Kënnt der en anert Geschäft recommandéieren. Wéi ass et z.B. mam Calumet an Däitschland?



Salut,
jo kann ech.
Ech hun meng cam och aus D vun engem Canon Händler. Ass en gudden Service, an ass vun engem Canon Site aus D iwwert all Wolleken gelueft gin.
Hun per mail nogefrot, krutt dun eng mail mat engem Paypal Formular.
Et huet e puer Deeg gedauert punkto Lieferung.
Du hues PM

Greetz
Steve
18.06.2010 10:38
BlueRic BlueRic ist männlich
Tripel-As


images/avatars/avatar-77.gif

Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Oder iwerhapt Calumet Photographic. Ech war z.B. bei Calumet an der Belge main Fotoapparat selwer sichen. De Preisenerscheed war par rapport zu Lëtzebuerg esou grouss, dass ech nach gewonnen hun, trotz Trip.
Déi waren och ganz frëndlech.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von BlueRic am 18.06.2010 16:07.

18.06.2010 16:05 BlueRic ist offline E-Mail an BlueRic senden Homepage von BlueRic Beiträge von BlueRic suchen Nehmen Sie BlueRic in Ihre Freundesliste auf
Nemri_Blue
Mitglied


Dabei seit: 16.02.2006
Beiträge: 27

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hat firun engem gudden halwen Joër déi nemmlecht Fro: 7D oder 5DII. Ech hunn mech am Endeffekt fir 5DII entscheed an ech sinn emmer nach frou déi Décisioun getraff ze hunn.
5DII huet Vollformat an d'Fotoen hunn einfach eng immens Bildqualitéit (Kontrast, Farw, Kloerheet...).
D'Isorauschverhältniss vun der 5DII ass em Welten besser wéi déi vun der 7D, dat hunn ech an e puer Berichter, Foren an an eegenen Tester erausfonnt. An gleef mir, wats de méi dermat schaffs, haptsächlech an schlechten Luuchtverhältnisser déi een am Fong bal emmer huet, wat der d'Isorauschverhältnis emmer méi wichteg gët.
Dann ass den Boîtier vun der 5DII menger Meenung no méi robust wéi deen vun der 7D. En fillt sech gudd un an lait och gudd an der Hand... ech kann mech net beschwéiren :-). En Batteriegrëf wier villaicht net schlecht, mee deen muss Du dir bei der 7D och extra kafen.
Dann get et folgenden Hoken bei der 7D: du hues eng mega héich Opléisung ob engem klengen (Crop) Sensor, dat féiert derzou dass de qualitativ héich an richteg scharf Objektiver muss benotzen fir eng gudd Bildschärft bei der 7D ze kréien. Ech kann leider net groussarteg aus eegener Erfahrung schwetzen, mee ech hunn dat och an villen Foren am Internet gelies. Dat heescht am beschten och fir d'7D L Objektiver kafen.
Zu den Objektiver: ech hat mir deemols 24-105 fir bei meng 400D kaf an benotzen dat elo nach ob der 5DII. Et ass en super Objektiv dat ass secher, mee mir ass Blend 4.0 éierlechgesoot ze kleng. Main Rood ass folgenden: wanns Du d'finanziel Méiglechkeet hues an ob déi puer mm weider verzichten kanns, dann kaf der 24-70L f2.8. Dat Objektiv ass wierklech top. Et ass scharf, et huet eng open Blend, ... main Frënd huet et an et gët wierklech naicht dergéint anzewenden. Gleef mir och wanns de Stied an Landschaften fotograféiers hues de am Fong nii genuch Luucht!!! Ech war am Dezember zu London mat menger 5DII an dem 24-105, an ech hunn ab 16h00 keng Fotoen méi ouni Stativ gema well ech keng Luucht mi hat. Natierlech kann een dann nach den Iso ropdréien an... mee trotzdem. An mengen Aen ass d'Blend méi wärt wéi d'Brennwait, haptsächlech wann een wéi's Du haptsäch Stied an esou fotograféiert. 85mm f1.8 als zousätzlecht Portraits-Objektiv ass iwregens och eng gudd Léisung.
Iwregens: fir Landschaften, ass en Vollformat och méi interessant wéi en Crop: Et kritt een bei nemmlechter Brennwait méi vun der Landschaft drop! :-)
18.06.2010 18:13 Nemri_Blue ist offline E-Mail an Nemri_Blue senden Beiträge von Nemri_Blue suchen Nehmen Sie Nemri_Blue in Ihre Freundesliste auf
henridacruz
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@nemri_blue

De Boîtier vun 7D ass déi selwescht wéi bei der 5D II, an vlait souguer méi robust, just Knäppercher sin anescht.

Ajo Batteriegreff an Akku, sin och déi selwecht, bei béid Boitieren.

Waat secher ass dass Bildqualitéit vun de 5D II besser sin wéi bei enger 7D, weinst dem Vollformat.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von henridacruz am 18.06.2010 19:32.

18.06.2010 19:01
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

Themenstarter Thema begonnen von ppit
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

McQueen a BlueRic, Merci fir är Kommentaren zu den Shoppen. Calumet hunn ech och mëttlerweil schon eemol ugeschriwwen, di haten och ganz schnell a frëndlech geäntwert, dass ee kann eng Garantieverlängerung op 3 Joer bestellen, an dass Canon bis elo hei hinnen op allefall nach näischt kommunizéiert huet vun engem Nofolger.


Nemri_Blue: Däi Kommentar ass ganz hëllefräich, ma ech hätt nach eng Fro wéint dem Objektiv. Du nenns dat Beispill vu London, wou Blend 4 der net hell genuch war, mä mécht dann do net den IS nees vill gutt? Wann ech gär statesch Sujet'en an der Stad fotograféieren soll dee jo awer bis zu 3 Blende retten kënnen. Da giff et scho bal Sënn maachen op di eng Blend Liichtstäerkt ze verzichte fir di Sujet'en di ech sou ustriewen. Wéi gesäis du dat?
20.06.2010 22:57 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
BlueRic BlueRic ist männlich
Tripel-As


images/avatars/avatar-77.gif

Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zum verwackelen géing ech dann emol gären eppes zielen.
Déi meecht kennen jo déi kleng Hëlef fir Beliichtungzait vun 1/Brennwäit. Sou dat as awer usech geduecht fir dass eng Foto vun 10x15 net verwackelt ausgesait.

Dat heecht waan een se méi grouss enwekelt bzw. méi grouss kuckt um Bildschirm dann as se awer verwackelt. Firwat eeng Foto bei enger gewessener Gréisst verwackelt (onscharf) as an waan een se méi kleng mecht net méi as en Thema fir sech (et gouf epuer linken hei am Forum dozou hun se awer elo net font, d'Stechwuert as: Circle of confusion).

Sou elo kucken mer eis Fotoen jo usech gären op 100% um Bildschirm fir ze kontrolléieren op se scharf as an net verwackelt. Wat mer elo méi Pixelen op der selwechter Fläch vum Sensor hun wat mer viel éichter erkennen, dass d'Foto verwackelt as.

Iwregends all Foto as verwackelt well mer net kenen eng onendlech kurz Zait wielen. Op een et gesait oder net leit just drun op d'Bewegung vum Bild um Sensro an d'Géigent vun der Dimensioun vun engem Pixel kent oder net (dat heecht quasi an e miesbaren Bereich kent oder net).

Leider wees ech net a wéiengem Verhälltniss dass eis gutt aal Formel dann elo misst korrigéiert gin ofhängeg vun der Densitéit vun de Pixelen. Elleng schon well dat ganz relativ as, well net jidderen d'selwecht wackelt an och eng Persou net zu all Moment genau d'selwecht Wackelt as dat ganz jo nemmen eng Schätzung.

Well ech dann derbei sin, en IS mecht der 3 bis 5 Blenden gutt (dat sin aktuell Werter), dat steet fest. An dat mirkt een och.

Ech perséinlech hun léiwer eng méi grouss Blend wéi en IS. Am beschten Fall béides.
Wat een och net dierf vergiessen as, dass een net alles kann mat z.B Blend 1.4 fotograféieren. D'Déiftenonschärft muss een jo richteg asetzen.


Sou dat war et. Falls een mat eppes net averstaanen as wat ech hei geschriwen hun dierf en dat gären korrigéieren.

Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von BlueRic am 22.06.2010 12:26.

22.06.2010 12:18 BlueRic ist offline E-Mail an BlueRic senden Homepage von BlueRic Beiträge von BlueRic suchen Nehmen Sie BlueRic in Ihre Freundesliste auf
ppit
Mitglied


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31

Themenstarter Thema begonnen von ppit
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

BlueRic: ech sinn prinzipiell averstane mat deem wat s de sees. Mat der aler Formel vun 1/Brennwäit sinn ech bis elo net schlecht gefuer. Fir di Formel unzepassen dierf een awer denken ech net nëmmen d'Densitéit vun de Pixelen huelen. Wat eng Roll spillt ass, wéi grouss een herno gär den Ausdrock huet.

Wann ech dovun ausginn, dass di Formel wierklech fir 10x15 geduecht ass, da misst ech fir eng Foto vun 20x30cm eng Beliichtungszäit vun 1/(2xBrennwäit) wielen fir dass se nach schaarf wierkt. Dat Spill kann een da weiderdreiwen bis ob d'maximal Bildgréisst di e Sensor mer erlaabt z.B. bei 300 dpi an 21 Mpx sinn dat ronn 32x48cm also wier d'Formel graff 1/(3xBrennwäit).

Am groussen a ganzen ass dat awer zimlech theoretesch an ech mengen an der Praxis sollt een sech net ze vill Gedanken doriwwer man. Bei engem Bild vun 32x48cm geet ee jo och schon net méi mat der Nues widder fir et ze kucken.

Ech ginn awer keng Garantie dass di Iwwerleeung korrekt ass. : )

Ech hunn nach e bëssen iwwert d'Ënnerscheeder tëscht dem 24-105 an dem 24-70 gelies. Optesch sinn di zwee gutt, de 24-105 vläit e bësse besser. Allerdings soll den 24-70 wuel geschwënn eemol en Nofolger kréien. Ech denken dass den 24-105 fir mech als Zoom fir ze reese besser ass. Landschaften fotograféiert ee jo siele mat oppener Blend an do ass den IS da méi wäert. Fir schlecht Luucht giff ech mer dann vläit éischter nach en 50mm f/1.8 oder e 35mm f/2 zouleeën.
24.06.2010 11:44 ppit ist offline E-Mail an ppit senden Beiträge von ppit suchen Nehmen Sie ppit in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » 5D II oder 7D a wou ausléinen?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH