gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Huet hei schon emol een eppes aus Amerika komme gelooss, egal op dat elo Fotogeschier oder soss Elektronik war? Wann jo, gouf et iergendwelch schlecht Erfahrungen mat der Douane, oder hudd der missen Taxen berappen? Wéi as et normalerweis, muss een op Import an der Regel Taxen bezuelen oder net? Vun eBay héiert een jo ëmmer dass d'Elektroniksachen aus Asien oft taxéiert gin. As dat och de Fall wann d'Sach vun engem richtegen Butték kënnt, wou een jo amfong schon TVA bezuelt huet?
Villmols merci!
__________________ www.gloda.net
|
|
02.12.2006 14:31 |
|
|
Masterpii
Doppel-As
Dabei seit: 29.11.2005
Beiträge: 139
Herkunft: Hunsdorf
|
|
Also sou weit ech wees, muss een Xtra taxen bezuelen wann eppes aus der USA kent! Den Frend vun menger Schwester huet een Auto aus Amerika kommen geloos, wanns de wels, kann ech mol nofroen wei daat fir geet!???
__________________ Es gibt 2 Arten von Freunden. Die einen sind käuflich, die andern sind unbezahlbar!!!
|
|
02.12.2006 14:38 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Wanns de dat machen kéins, dat wier super.
__________________ www.gloda.net
|
|
02.12.2006 15:26 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Fro mol den CK, dee wees doriwwer bescheed.
__________________ 404 - Not found
|
|
02.12.2006 15:30 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Ech hun eng Partie Saachen fir mein Fotoapparat an Amerika bestallt.
All Kéier wou ech bei bhphotovideo.com bestallt hun, hun ech duerno och missten Import-Taxen bezuelen. Des sin sou ongeféiert 25% vum Preis - daat heescht 15% TVA an dann 10% "Stroof"-Tax, vum Brutto-Betrag (also och op de Versandkäschten).
Bei méi klengen Saachen (Batterien, etc.) bei méi klengen an onsériösen Händler krut ech daat ganzt oft als "Wert 10$" geschéckt, woumat et dann och ouni Frais'en duerch d'Douane komm ass (woubei daat oft Enveloppen waren an keng grouss Päck).
Ech haat awer och schon de Fall dass 4 T-Shirten an enger Enveloppe komm sin, ouni Rechnung; an ech krut ee Breif vun der Douane dass ech hinnen misst eng Rechnung schécken zwecks Berechnung vun der Taxe. Sie machen also och Stéchprouwen.
Meng Schlussfolgerung demno: wanns de een groussen Paack bestells, deen kommerziell verpaakt ausgeseit, hues de quasi keng Chance; an kenns wuel net derlaanscht fir en 25% Premium ze bezuelen.
Wann den Händler doiwer bereet ass daat als Cadeau ze verschécken, oder wanns de soss een kenns deen daat kann machen, domat hun ech keng Erfahrung, hun ech nie gemeet.
|
|
02.12.2006 21:06 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Merci CK, BHPhoto as genau deen wou ech bestellen wollt. Bon, ech mengen souguer mat 25% dobäi sin hier Präisser nach ëmmer en Stéck ënnert den lokalen Präisser. Den eenzegen Nodeel deen sech dann elo nach stellt as deen vun der Händler Garantie...
__________________ www.gloda.net
|
|
02.12.2006 21:50 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Hänkt derfun oof waats de kaafen wells, an waat den Dollar sou an den nächsten Deeg mecht - mee zB. bei engem Fotoapparat gesin ech keng esou grouss Ennerscheeder dass et sech giff lounen (2 Joër Garantie an Europa sin do IMHO eng gudd Saach, amplaatz während 1 Joër eppes an d'States zréckschécken).
Je nodeem wéi kënnt et sech souwiesou och lounen fir eng Woch op New York ze fléien, an et do lokal bei hinnen ze kaafen (wou's de dann allerdings State Tax, circa 10% denken ech, bezuelen muss)... bei engem Canon 300mm f/2.8 oder besser wier daat sëcher eng Alternativ - ansonsten, Import no Lëtzebuerg mat 25% "Premium", net méi sou onbedengt.
Ech denken ausser wann den Dollar nach un Wert verléiert wärt mein nächsten Objektiv aus Daitschland kommen, net den USA, och wann B&H déi Plaatz ass wou een de gréissten Choix an (zumindest an Dollar) déi korrektesten Preiser huet.
|
|
02.12.2006 22:15 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
mol deen alen thread hei augegruewen...
den Dollar cours ass jo emmer na intressant, wees mettlerweil een eppes genaueres zu deenen Taxen? Daat een 15% TVA bezuelen muss ass jo kloer, mee wou kommen dei aner 10% hier? Wann daat eng Strof Tax ass kann een dei emgoen?
|
|
10.08.2009 16:13 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
15% eust + zoll (keng ahnung wei vill % daat sin, misst ech nokucken, oder, wanns de en tarif code hues, riefs de op douane un an frees se)
|
|
10.08.2009 21:37 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
ech hun héieren dass dee prozentsatz ännere kann, an dass dat dacks mam formulaire ze din huet deen den douanier grad erwescht. n dat ka vu sénger laun ofhänken. dat hun ech genee esou mer oe gelooss deen sech vill deiert elektro-material aus amerika komme léisst
__________________
|
|
11.08.2009 01:23 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Marc
an sech hänkt et vum Tarif code oof weivill zolls de bezills.
an deemnowei aus wei engem land et kennt, well et kann sinn dass d'eu do anti dumping mesuren ennerhol huet (kann ech mer bei den usa net fierstellen)
Mir importeiren hei selwer material (Folie)waat vun der basis selwescht ass mee ennerschitlech verzollt get well d'eu fir daat eent en taux reduit huet. Ech mengen den ennerscheet ass sust deckt vun der folie an deem hei fall.
Ech kennen leider tarif coder net vun alles waat fotomaterial ass mee wann een well sichen : http://ec.europa.eu/taxation_customs/dds...tarchap?Lang=FR
vill spass
|
|
11.08.2009 12:09 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
ëch (an nach e puer aaner Leit dei ech kennen) hu scho puermol , wann den Dollar gënschteg stoung, an den USA, bei BH-Photo kaaft.
Service = Excellent
zB. Dënschdes bestallt an Donneschdes kritt
kënnt mat UPS. a wann ët do as , ruffen dei dir dann un weivill ët um Endeffekt kascht, dh. Douane asw (wées lo net mei genée, weivill Prozent)
Dei Taxen bezuels du dann, wann den Livreur dir ët héem liwwert (d'Material hues du jo am Viraus bezuelt !!
bei 2 Objektiver hun ëch - MAT DEN TAXEN - all keier zweschen 200 an 320 Euro gespuert - wei gesoot, hänkt vum Dollarkurs of !!
Eent dervun (16-35 2.8L) war lénks onschaarf, daat krut ëch anstandslos vun Canon-Deitschland zu Willich ersaat (krut e neit an d'Plaatz) - - alles gratis.
Daat gëlt awer nët vir Objektiver aus dem Osten !!!
btw. e Kolleg huet eng 1D MkIII an GB kaaft, wei d'Pond sou deif stoung an huet ronn 600 Euro (no Taxen) gespuert !!
|
|
11.08.2009 14:49 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Arwa
GB leit jo och an der EU, do bezillst de keng Import VAT oder Zoll.
Wei eng Taxen huet hien dann nach missen bezuelen ?
Hun nämlech mam selweschten gedanken gespillt fir saachen an England ze bestellen, leider hun ech lo nach keen geschäft fonnt wou se massiv mei belleg waaren
Wees de net zoufälleg wou en se kaaf huet?
Daat eenzegt waat ech mer lo bestallt haat war en Reflector vun California Sunbounce.
Mat transport (an daat war net sou belleg well daat ganzt sperreg ass, versechert an bla bla bla) huet mech daat dengen ongefeier 30% manner kascht wei bei CSB selwer an Deitschland.
Ass awa cool dass Canon Deitschland der d'objectiv ersaat huet an net gesoot huet du misst bei Canon USA goen
|
|
11.08.2009 16:29 |
|
|
Sicho
Foren As
Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79
|
|
passt ob, just well een Buttek an UK ass heescht daat na laang net dass se och aus UK verschecken
play.com beispillsweis ass UK mee sii verschecken vun enger Insel, dei zwar vum UK verwaltet gëtt mee net zuer EU gehéiert, nämlech Jersey http://en.wikipedia.org/wiki/Jersey
play.com huet hiert Lager do, also gett vun do aus versend d.h. den Paak kennt net aus der EU also bezillste Einführzoll
an däer Fäll gin et secher mei ewei elo just play.com
|
|
11.08.2009 17:17 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
jo haat do och en shop an UK fonnt wous de eos1mkIII fir emgerechend mengen ech 2500 eur kritt hues. et war alles op uk getrimmt, sust wanns de bessen richteg gelies hues stung iergendwou dass se saachen aus HK verschecken.
Do seet den Zoll merci wann den Paack unkennt
|
|
11.08.2009 18:43 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Arwa
GB leit jo och an der EU, do bezillst de keng Import VAT oder Zoll.
Wei eng Taxen huet hien dann nach missen bezuelen ?
RICHTEG - keng Taxen !!!
Hun nämlech mam selweschten gedanken gespillt fir saachen an England ze bestellen, leider hun ech lo nach keen geschäft fonnt wou se massiv mei belleg waaren
Wees de net zoufälleg wou en se kaaf huet?
CALUMET - GB (mengen ëch mol)
Ass awa cool dass Canon Deitschland der d'objectiv ersaat huet an net gesoot huet du misst bei Canon USA goen
huet vleicht äppes mat der CPS-Kaart ze dinn, ech wées ët nët !
|
|
|
11.08.2009 19:12 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Merci Arwa
Kucken mer daat mol un mat Calumet
Ahh jo dei schein CPS Kaarten
Emmer gut wann een sou eppes huet
Kann och sinn dass Canon sou saachen intern regelt an platz Clienten domat ze nerven.
|
|
12.08.2009 09:49 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Wou has de dai Sunbounce sou belleg kaaft?
|
|
12.08.2009 12:18 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von pol9000
Wou has de dai Sunbounce sou belleg kaaft? |
hei war ebay, eng stee (an sech en sofort kauf)
haat mech zwar amüseiert fir den preis vun engem Sunbounce an engem normalen geschäft ze kucken weivill en do kascht, preis war genau selwescht wei deen bei deem ebay verkeefer
|
|
12.08.2009 12:37 |
|
|
|