GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Wanns de liichtstaark schreiws, mengs de secher 2,8. Nuje, do bass de dann mat dengem Budget schons um Enn
Vläit kanns de en 70-200 2,8 als Occasioun fir 500eur fannen (me den Beräich hues de jo schon) an 200mm ass op engem Fussballsterrain net vill me soss...
Kann der do nemmen roden dech bei den Occasiounen emzekucken.
Me sierf der mol am Kloeren, wéi liichstaark muss et dann sin? mat 2,8 hues de och keng Déifteschaerft méi. Fir mat 2.8 propper Sportfotoen ze man brauchs de vill, ganz vill Erfarung.
Soss kuck no engem 70-300mm 4-5.6 IS
Den IS notzt der zwar ken Fatz wann däin Sujet sech bewegt me et hëlleft dain egent Gewackels auszegläichen. Wanns de däin Isowert op tëscht 400 an 800 setz kanns de ower brauchbar Resultater kréien.
|
|