phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Metteg
Ech hun mer firun 2 Deeg een Sony Ericsson P900 zougeluecht. Ech wees, ech wees, d'ass schon méi en eeleren Modell, mais ech haat deen schon eng laang Zäit am Aan, an ech muss soen, ech sin deck deck zefridden domadd.
Natirlech hun ech direkt probéiert op d'Maschinn och mam MacBook kompatibel ass, an taatsächlech funktiounéiert alles tadellos. Den iSync huet bei der éischter Synchronisatioun automatesch een Plugin um Handy installéiert fir dass déi 2 Kollegen eenz madeneen gin. iCal an Adressbuch harmonéieren tiptop mam Handy, den eenzegen Nodeel wou ass, et kann een net tel-quel déi verschidden Kalänneren wou een am iCal crééiert huet op den Handy setzen, mais domadd kann ech liewen. Wann ech flaicht nach e bessi domadd ronderemspillen kann ech daat bestëmmt iergendwou emstellen.
Ech wollt mol wëssen op hei am Forum / Portal Useren sin wou och mat der Handy - Mac Kombinatioun schaffen. Géng mech nawell intresséieren well et do Tonnen Méiglechkeeten gin, an dann kéint een sech géigensäiteg hëllefen am Fall wou
.
Ech hätt och schon e puer Froën, zB:
- gët et eng Méiglechkeet fir den Handy automatesch ze synchroniséieren wann een an der Räichwäit vum Mac ass ?
- gët et ee spezifechen Programm, wou een kann Notizen ( um P900 gët daat "Jotter" genannt ) mam Mac syncrhoniséieren ?
- sën ( ganz villäicht ) nach aaner P900 Benotzer hei am Forum ?
Daat wier et mol fir den Uffank. Freen mech op Réckentferten
frëndlech Gréiss,
phoenix
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
07.04.2007 15:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech syncen mein K550i och emmer mam Mac. Mei net
__________________ 404 - Not found
|
|
07.04.2007 15:22 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
P910i user seit 4 deeg
An sichen no deenen naemlechten saachen weis du
An wei een smsen vum handy op den mac riwwerkritt
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
07.04.2007 17:46 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von mmphotos
P910i user seit 4 deeg
An sichen no deenen naemlechten saachen weis du
An wei een smsen vum handy op den mac riwwerkritt
|
Méng Gléckwënsch zum Erwerben vun engem P9x0
Ech mengen do hues de ee gudden Deal gemeet. Ass einfach génial domadd schaffen.
Hun hei ee klengen Bijou fir dech, kéint dech fläicht intresséieren. Et handelt sech em een iPhone Theme fir P900/P910i. Gesäit super äus
. Vill Spaass domadd :
iPhone.zip
Gréiss,
phoenix
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
07.04.2007 18:39 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Mengs de mat alles och smsen? Well dei software dei derbei war hellt alles bis op smsen
Waer fein wanns de dei remfannen geifs
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
08.04.2007 00:18 |
|
|
phoenix
Mitglied
Dabei seit: 25.12.2005
Beiträge: 44
Themenstarter
|
|
Dann sich mol Frend
__________________ MacBook wäiss Core2Duo 2Ghz / 2GB Ram / 80GB Haddisk
Samsung 226BW 22" / 2ms / 1680 x 1050
iPod 30GB
|
|
09.04.2007 10:49 |
|
|
benem
Jungspund
Dabei seit: 09.02.2006
Beiträge: 14
|
|
Haat och den P910i, war mafong ganz zefridden bis ech dun festgestallt hun dass en mer ze grouss as an ech amfong net souvill Fonktiounen brauch repsektiv en net wierklech vill profitéiert hun ausser eben den Kalenner
Lo hun ech en Noka N73 an sin top zefridden. Synchronisatioun klappt mat der neier OS X Versioun och tadellos, virdrun hun ech vertéIscht missen no engem PlugIn fir den iSync sichen mee do as et awer och problemlos gang.
|
|
11.05.2007 02:08 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Jo, dei nei Handyen schaffen all zimlech gudd mam MacOS zesummen. Och mam Motorola hun ech kee problem, e Sync ze maan, via Bluetooth an USB. (Een Tipp: Läscht net d'Kontakter um Handy an synct en dann mam Computer. Mein Mac hudd gesot, et wirren um handy 69 kontakter aanescht wei um Computer, op en dei d'selwescht sollt maan... OK, an schon waren all meng Kontakter fort... Eee gleck datt ech se nach all um Palm hat.
)
Et wonnert mech zwar datt d'Nokia lo och endlech fonktioneiren um Mac, ech hat mam N-Gage su zimlech meng Problemer, fier deen mam iSync ze synchroniseiren... Mengem Brudder sein Sony-e. T610 hat dei zait scho problemlos mam Mac geschafft.
Mee bon, och d'handysfirmen mussen lo mei op Mac baseiren, vue que dass emmer mei leit een Apple doheem hun.
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
11.05.2007 17:21 |
|
|
|