Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » pro-contra bearbechtung » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen pro-contra bearbechtung  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Maggele Maggele ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

pro-contra bearbechtung Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Firt alleréicht emol eng wichteg begrëfferklärung: "Out Of The Box" iwwersat bedeit et "aus der këscht" a sënngemäss iwwersat heescht et fir e fotograf, dass en eng foto esou presentéiert wéi en se aus déngem fotoapparat krit. 't iddi dohannert as simpel: "ween u séng biller fummele geet huet bei der opnahm net richteg opgepasst a well säi bild nodréichleg retten. et as also gefuddelt."

mat deem gedanke kann ech mech net ufrënden, et muss een awer probéieren en ze verstoen. fréier hun ech mäi film bei de fotograf gedroen an hu gewart bis dee mer méng fäerdech biller zeréckgin huet. ech hun näicht u ménge biller geännert. déi foto déi ech gemach hun as genee esou a ménger rumm herno. oder éieren net? doriwwer kann ee streiden! well während der entwécklung beim fotograf oder beim laborant geschitt neemlech immens vill filtrage. leider krit een dat net mat, mee deen wou méng biller op pobeier bréngt entscheed sech fir eng wäissbalance, eventuell och fir eng korrektur an der dicht(hellegkeet) jiddereen deen nach eng donkelkammer huet, oder fréier eng hat weess, dass e séng biller mëttels kontrast- an hellegkeetsännerung verschidden-stëmmeg eriwwerbréngen. et kann een also net dovunner schwetzen, dass digitalfotografie an deem sën eng ännerung zur analoger mecht. well eng kleng upassung vu ménger gammakurve schued bei kengem bild an ech leen suguer nach een drop a roden al mensch déi bei ausnahmslos all "guddem" bild enkéier unzewenden.

de problem mat "out of the box" geet neemlech weider: wou den digitale fotoapparat sech ugefangen huet duerchzesetzen hu verschidde fotografen nach méi op deen out of the box geschwuer (nenne me et OOTB, ok?großes Grinsen ) an elo fänken 't meenungen eréicht richteg un auserneen ze gin! well méng digital-box well op eemol net méi wéi méng analog, an nemmen déi ganz stur fotografe kënnen sech nach op den OOTB behalen.

al fotoapparat erstellt séng eegen filterung kann ee joen. soulang wéi ech mäi bild am jpeg-modus schéissen MUSS de fotoapparat sech fir eng faarfemfänkung, eng wäissbalance, ee kontrastwäert a suguer fir eng Schäerfte wäert entscheeden. dat bild as dann esou an eng annerung as wuel méiglech, drit awer mat sech dass ech aarwe verléieren. bei einfache korrekture kee problem, wann et méi soll sin gett dat scho méi problematesch. hei gett et eng léisung: de bekannten digitalen negativ dee sämtlech informatiounen an mäi bild späichert sou dass ech dofréichlech entscheede kann wéi ech et emfanne well. dovunner schwetze mer am moment awer net. well ech kann mäi fotoapparat (déi meescht) jo och esou astellen dass en déi filtragen déi e firgett scho bei der opnahm ännert. wann ech z.b. systematesch all méng biller méi kontrasträich mache kann ech dat och schon am fotoapparat esou astellen. dat selwecht gëllt fir hellegkeet, schäerfung an och fir 'r sättegung. fir dat sënnvoll anzesetzen muss ech déi eenzel wäerter emol getest hun wann ech genee well wësse wat ech man. dee moment geet et net duer "nemmen" ze wëssen wat eng zäit an eng blend as! falls ee séng biller esou schéisst: all respekt! ech hun déi nerven net, awer et as net falsch et esou ze man wann ee well secher sin am meeschten faarfinformatiounen am bild ze halen. OOTB as dee moment gerechtfäerdecht an gett eng komplett nei photograféier-phylosophie fir!

sou. bis hei hinner wiere mer mam thema OOTB. alles wat doriwwer erausgeet as fir vill leit net acceptéiert an dat muss ee respektéieren. dat heescht awer net dass een et muss noman Augenzwinkern

ech gin ee beispill: ech man eng foto vum palais! 't sonn as grad perfekt se wërft vill schéi schierter schéi reflexiounen, de garden steet riit wéi en käerz an am himmel si wonnerschéin-dramatesch wollécken. ech mache méng foto also (OOTB oder net) a kucke mer se doheem nachenkéier um grousse schierm un fir ze kucken ob se z.b. photogen-tauglech as! an da fällt mer zu méngem entsetzen eppes op: ech woar zevill vun der luucht an der situatioun begeeschtert dass ech eppes wichteges iwwersin hun: do trëppelt een ale bopa mat cactus-tuten an engem giele reemantel iwwer 't bild an e passt absolut net an 't géiegend! alles am A*** ..oder?

eigendlech schon. wann ech ee stueren OOTB-fotograf sin muss ech entweder domadder liewen a firun allem aus méngem fehler léieren (!) oder et awer riskéieren an 't bild emol eroplueden. fläit gefällt de bopi jo großes Grinsen

ech perséinlech hu mech net an de bop verléift an entscheede mech mam beaarbechtungsprogramm bessi ze tricksen. dat éischt wat ech probéieren as fläit een ausschnëtt ze man sou dass den häer aus dem bild verschwennd, dat ergett awer wéineg sënn am beispill. déi meescht denken dann fläit drun en eweg ze-"stempelen" och gudd. dacks geet et awer duer wann een déi stéierend elementer awer dra léisst an amplatz z.b. ofdonkelt oder ophellt fir dass se manner an 't Aa falen.

an hei as jidderee perséinlech gefrot sech eng meenung ze bilden. gehéiert de bop eran? oder daerf een sech als amateur esou fehler erlaben an en einfach eraustricksen? konscht as dofir do fir eppes auszedrécken an konscht as fräiheet. ech sin also fräi en ewegzetricksen ech sin awer genee esou onugräifbar a ménger meenung vis-a-vis vun aneren déi net acceptéiere welle wann ech mech dofir entscheeden de bop dran ze loossen. et kann een sech also gedanke man. et gett grenzen awer déi sin néierens opgeschriwwen ;D

ech hu probéiert kengem firzeschreiwen wéi en iwwert bildbeaarbechtung denke soll. bei eppes well ech ierch awer een tip gin: egal wat der macht a wéi der et macht: dat aller wichtegst as de moment vun der opnahm. ween hei net oppasst mam gedanken "ech kan de bopi jo herno ewechman" dee schneit sech!

"we never go to the technology before we take care of the art" - fir 't éischt de gedanken, dann de knäppchen!

hei nach ee beispillbild fir ze weisen dass et senn ergett ee bild opzepeppelen: ech sin hei iwwert all geschmacksgrent gangen an hu careement eng ganz nei stëmmung erschafen. an net einfach mat filtrage, mee mat masken, stempelen, engem neien himmel a.s.w. an nachenkéier fir watzehuelen: ech arwaarde vu kengem dass en mat esou enger beaarbechtung averstanen as. mee wann der probéiert eng ännerung firzehuelen well ierch eppes um bild stéiert da passt gudd op dass keen et mierketAugenzwinkern wann dee strengsten OOTB-fotograf et net mierkt hud der gewonn großes Grinsen

http://files.myopera.com/maggele/albums/74522/OOTB.jpg

__________________

26.02.2007 20:25 Maggele ist offline E-Mail an Maggele senden Homepage von Maggele Beiträge von Maggele suchen Nehmen Sie Maggele in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Just kuerz: Out of the box get och oft gebrauch fir eng immens kreativ Approche ze beschreiwen, also eppes, wou den Créateur ëm den Eck geduecht huet. Wann ech Zäit hun liesen ech dann nach däin ganzen Post smile

__________________
www.gloda.net
26.02.2007 20:30 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » pro-contra bearbechtung

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH