Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » droit d'auteur » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen droit d'auteur  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
ZachOry
unregistriert
Fragezeichen droit d'auteur Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hallo PG'ler smile

hun eng Fro...

Wei gesait et aus wann ech op der öffentlecher Veranstaltung XY Fotoen gemeet hun, an ech dono vun den Organisateueren gefroot gin op ech hinnen d'Fotoen well gin fier op hieren Internet-Site?

- wann ech jo soen, geheieren d'Fotoen emmer nach mir?
- si hun dann just d'Nutzungsrechts fier op den Site ze setzen?
- ech muss gefroot gin wann si aus wei engem Grond och emmer engem aaneren eng Foto wellen weider gin (Beispill en Artikel fier an eng Zeitung oder ähnleches)?
- och wann ech nemmen Hobby-knippser sen, soll een an sou engem Fall eppes ennerschreiwen loosen oder geht an der Theorie daat Mendlecht duer (kann ech mir net fierstellen)?
- sou dass ech op enger Öffentlecher Veranstaltung war duerf ech frei dei Leit knippsen dei do waren?
- duerf ech des Fotoen vun den Leit selwer veröffentlechen (sou dass et op enger öffentlecher Veranstaltung war) ouni Buttik ze riskeieren (bsp. Portrait'en oder ähleches)?

Ech well keen Geld mat sou eppes maachen, mee ech well vermeiden dass iergendeen meng Fotoen hellt an se dann op eng keier an der Zeitung sen oder sou, ouni dass ech mindestens gefroot gouf oder ähnleches...

scheinen Sonnden nach an bis geschwenn,
23.09.2012 09:46
Gaga
unregistriert
RE: droit d'auteur Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech sin keen Expert doranner, mais sou verstin ech den Fall :
- Duerch en Kontrakt kanns de ganz genau festleen waat sie dierfen mat den Fotoen machen.
- DU bleifs EMMER den Auteur vun der Foto, daat kann keen Kontrakt dier eweg huelen oder ennerbannen. Natierlech kann am Kontrakt stoen dats de dei Foto kengem aaneren mei dierfs verkaafen oder gin, well "sie" sech all Publicatiounsrechter "erkaaf" hun. Emgedreinnt kansn de eben och soen dat sie se dierfen benotzen, mais du als auteur och nach ememr en Deel vun den Publicatiounsrechter hälls, an och weiderverkaafen dierfs.
- Du kanns och festhaalen dat sie t'Foto nemmen fier gewessen Zwecker benotzen dierfen, an ob Sie dann emmer mussen dech als Auteur ugin oder net.
- Och op t'Foto dierf verännert gin, Kadrage, Bearbeschtung oder änleches kennen geregelt gin.

Waat t'Leit betrefft, do get et Flou ... soulaang eng Persoun net kloer den eenzegen Sujet ob der Foto as, mais emmer den Evenement als eichten Sujet gewisen get as daat keen Probleem (mais wei bewert een daat?!?)
Wann t'Persoun net an iergendenger Art blameiert oder onfierdeelhaft Auswierkungen duerch dei Foto kann hun, as et normalerweis keen Thema. Du hues en öffentlecht Evenement dokumenteiert. Natierlech kann all Persoun zu all Moment deng Foto usichen an verlaangen dat se net dierf Publizeiert gin. Hei (sou soen ech mer et emmer) wert am Endeffekt emmer en Richter decideieren ob daat berechtegt as oder net. (Am extremen Härtefall)
Wanns de Natierlech um Pikadili een Mann op enger Foto hues, deen sech graat t'Lierwer erauskatzt, och wann et nemmen um Rand vum Bild ze gesin as, geiff ech mer t'Fro stellen ob et net vun Ufank un besser wier deen onkenntlech ze machen.
Gesetzer sin am Fong emmer nemmen Grondlagen, et kann een alles Ufechten... wanns du mat 150kmh an 3%o Ugehaal ges, kanns du jo och ememr ufechten dats de onschelleg bass, obs de duerchkenns, oder iwerhaapt eng Verhandlung gestatt get, as allerdengs onwahrscheinlech.

MbG
23.09.2012 13:21
pho-taux
unregistriert
Re Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut,

ech sin zwar keen Expert speziell an den droits d'auteur an am droit à l'image, mee e bessen weiderhellefen kann ech der schon, mengen ech:

1. Jo, wanns du hinnen erlaabs, d'Fotoen ob den Site ze setzen, bass du emer nach Propriétaire vun den Fotoen, si hun just Reproduktiounsrechter fir hiren Site. Du kéins hinnen theoretesch d'Propriétairesrechter veräusseren/verkaafen, mee dat misst schreftlech gemeet gin... Auteur géings du awer sou oder sou bleiwen.

2. sin hun Reproduktiounsrechter fir hiren Site, wann ech mech net ieren, dat heescht, du muss gefrot gin, wann si wëllen d'Fotoen fir weider Publikatiounen weidergin.

3. Ech mengen, datt et grondsätzlech mëndlech geet, mee ech géing mer aus verschiddene Grënn e puer Saachen schrëftlech versëcheren loossen:
a) däin Numm steet als Auteur ennert der Foto: wann et hart op hart kennt, kanns du méi einfach beweisen, dats du den Auteur bass, an net den Organisateur oder soss een
b) eventuell d'Unzuel vun den Fotoen, wous du hinnen gës, ugin
c) nemmen Reproduktiounsrechter fir deen speziellen Event gin: wéinst dem droit à l'image vun verschiddene Leit (mi genau Erklärung ennendrenner)

Wat d'Leit knipsen ugeet, sin do manner droits d'auteur ewéi droit à l'image betraff...
Hei ass mol en intressante Link, kuck der mol d'Rubrik "les images prises lors d'évènements" un.
http://www.cases.public.lu/fr/publicatio...oit_a_image.pdf
Wanns du op en Event gees, muss du domat rechnen, datt Fotoen vun der gemeet gin an "en lien direct" mat deem Event veröffentlecht gin. Allerdings daerf der Persoun hier "dignité" net verletzt gin. Den Gaga huet dat, mengen ech, gudd erklärt Augenzwinkern
Vun dohir ass et och besser, dats du secherstells, datt deng Fotoen vum Organisateur just "en lien direct" mam Event benotzt gin, looss der dat schrëftlech versecheren. Dann kanns du och beweisen, dats du hinnen nemmen dat erlaabt hues, wat am Bezuch op den droit à l'image och legal ass.

Schéinen Dag nach Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von pho-taux am 23.09.2012 14:47.

23.09.2012 14:44
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » droit d'auteur

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH