ZeFra
Grünschnabel
Dabei seit: 02.09.2011
Beiträge: 1
|
|
Hallo a Salut,
Ech wosst net esou richteg wouhi mat mengem Post, duerfier hunn ech en emol einfach hei bei OT agesat. Ech sinn nei hei am Forum an op PG, duerfier wollt ech mech emol virstellen.
Ech si Knipser zenter knapp 20 Joer. Ugefaangen hunn ech deemols mat enger Analoger Spigelreflex vu Minolta. Ech si just nie aus dem Eck vun dem Vakanzeknipser erauskomm. 2006 hunn ech du profitéiert vun enger Aktioun fier mer eng digital SLR zouzeléen, och vu KonicaMinolta. Déi waren do spottbëlleg well de Fabrikant bekannterweis d'Produktioun agestallt huet. D'Argument war deemols dass ech mäi ganzt Material konnt weidergebrauchen. Allerdings koum ech och domadder net aus dem Eck vum Vakanzeknipser eraus.
D'Foto mecht jo bekanntlech de Fotograf, an net de Fotoapparat.
Säit e puer Méint hunn ech elo nei Motivatioun a frëschen Élan fonnt, an ech wollt nach en Ulaf huelen fier endlech "flott" Fotoen ze maachen. Duerfier verfollegen ech zënter enger Zäit eng Hand voll Internetforen a liesen och alt emol e Buch iwwert d'Matière.
Hei op PG an am Forum hunn ech mech elo registréiert fier vunn Zäit zu Zäit emol kënnen eng Foto erop ze lueden an ëffentlech der Kritik vu gudde Fotografen auszesetzen. Vläicht léieren ech op deem Wee wat ech alles falsch maachen a ginn da lues a lues och e Fotograf amplaatz vun engem Knipser.
Menger eegener Aschätzung no kann ech am Moment Fotoe maachen déi einegermoossen schaarf an och hallefwegs richteg beliicht sinn.
Ech hoffen op desem Wee eng Hand voll Leit kennen ze léieren mat deenen ech mech austausche kann, a wouduerch ech selwer als Fotograf ka wuessen.
Voilà , esou vill emol fier den Ufank zu mier.
Frank
|
|