Roude_Leiw
Grünschnabel
Dabei seit: 28.05.2011
Beiträge: 4
|
|
Salut
Ech wollt mol sou hei an den Raum froen weieen Fernauslöser ouni Kabel deen Beschten vir Canon Eos 50D as!?
Merci vir är Hellef
|
|
28.05.2011 21:36 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Et hänkt ganz dovu of wats du domat ufänken wëlls. Et ginn IR vun Canon an och aner Fernausléiser déi Funkgestéiert sinn. Wëlls du Fotoen maachen wou's du selwer drop bass, oder eventuell Fotoen wou's du den Knäppchen net muss drécken fir Verwackelungen ze evitéieren? Oder wëlls du Fotoen maachen aus der Distanz (bis 30 Meter) ouni dass du drop bass an och net fir Verwackelungen ze vermeiden. D'Canon Fotoapparater hunn jo bal alleguerten, vir, een Empfänger fir Infrarout. Et ginn awer och Marken (haaptsächlech Chinesesch) déi funkgesteiert Ausléiser ubidden. Awer dann brauchs du een Empfänger um Fotoapparat an een Sender an der Hand. Béid hunn hier Vir- an Nodeeler.
|
|
28.05.2011 22:32 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Nagarjuna, dat do ass genau wéi en Forum funktionéieren soll. Google kann Äntwerte liwweren, kloer, mä am Forum kënne mer d'éischt emol weisen wat een sech selwer virdru froe muss. Tiptop, an den Roude Léiw huet elo Material fir nozedenken
__________________ www.gloda.net
|
|
28.05.2011 22:44 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Ech hunn grad selwer drun geduecht dass d'50D iwwerhaapt keen agebauten Empfänger fir IR huet... Also kennt hien, egal op IR oder funkgesteierten Ausléiser, net laanscht een externen Empfänger. Do ginn et awer och nach Geräter mat verschiddenen Méiglechkeeten. Virun allem muss een do jo oppassen wéi se am Bulb Modus funktionéieren. Awer dann tendéieren ech perséinlech éischter zu funkgesteiert Geräter. Awer do huet een dann besser op Google ze kucken wat déi passend Léisung ass. Den CK zu Esch huet schon mol funkgesteiert Geräter ze verkafen.
|
|
29.05.2011 08:07 |
|
|
Roude_Leiw
Grünschnabel
Dabei seit: 28.05.2011
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Merci vir dei vill Informatiounen
Ech braischt den Fernausleiser vir Gruppenfotoen (wou ech dann och drop vir) an awer och vir dass een duerch den Kneppchen drecken Foto net verwackelt. Entfernung wir +/- 10-15 m! Hues du do konkreet Ideeen weieen Modell do am beschten as?
|
|
29.05.2011 08:43 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Ech perséinlech war ganz zefridden mat dësem Modell vun Aputure (Link). Den funktionéiert och op der 50D. Fir am Bulb Modus ze schaffen muss du 3 Sekonnen op den Knäppchen drécken, dann bleift den Shutter op an duerno eng kéier kuerz drop drécken fir en zou ze maachen. Well ech awer meeschtens d'Fernstéierung just benotzen fir bei enger Beliichtungsreih d'Foto net ze verwackelen, benotzen ech bei der 5D Mk II een IR Ausléiser. D'5D huet awer och een IR Empfänger agebaut. Den Nodeel bei IR ass just dass du direkten IR Kontakt muss zwëschen Sender an Empfänger hunn. Fir eng Gruppefoto bei 10 Meter Ofstand ass eng funkgesteiert Fernsteierung besser. Virun allen wëlls du se och kanns verstoppen an dofir net mat op d'Foto kennt. Nodel: Den Empfänger baumelt op der Säit vum Fotoapparat. Awer wanns du net permanent domat schaffs, dann stéiert dat net.
|
|
29.05.2011 09:20 |
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
wei waer et mat Selbstausloeser ?!?!?!?
|
|
29.05.2011 09:24 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von _MiAmI_
wei waer et mat Selbstausloeser ?!?!?!? |
Do hues du net onrecht, awer ech hunn ëmmer Schwieregkeeten gehat fir bannent 10 Sekonnen genau richteg ze stoen. An dann hues du bei 10 Leit gären mol eng (oder méi) Persoun(en) déi net gutt drakuckt oder och d'Ae zou huet. Mat Fernsteierung kanns du dann direkt 3 bis 5 Fotoen maachen. Sou ass sécher eng dobäi déi gelongen ass.
|
|
29.05.2011 09:30 |
|
|
Roude_Leiw
Grünschnabel
Dabei seit: 28.05.2011
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Genau aus deem Grond weilt ech och gären eng Fernsteierung daat mengen ech mecht engem Saach vill mei einfach!
|
|
29.05.2011 10:27 |
|
|
Roude_Leiw
Grünschnabel
Dabei seit: 28.05.2011
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
@ Nagarjuna
Villmols merci hun mir dain Link do mol ungekuckt an daat klengt zimlech gudd. Ech wärt mir daat mol duerch den Kapp goen loossen!
Bis dann eng Keier
An een scheinen Sonnden nach
|
|
29.05.2011 10:30 |
|
|
|