henridacruz unregistriert
|
|
Foto unhuelen oder net unhuelen |
|
Ouni lo frech ze sin, mech géing interesséiren ween hei decidéiert wéi eng Foto acceptéiert gin an wéi eng net, an no wéi eng kritèren hei gekuckt gett, fannen et dass et unfänkt lächerlech ze gin. Wollt eng Foto eroplueden, déi ech am Juli op der Gala TDF geholl, an kréien gesoot se wir net schaarf (WTF!) hei en zitat: "sorry, ass net grad schaarf genuch. Zemols well d Foto soss och lo näischt extras huet, kënschtleresch gesinn." En plus hun een ähnlech Fotoen hei gesin, déi bei waitem net sou scharf sin wéi meng, an déi gin ugeholl.
Mengen deen deen grad meng Fotoen ugekuckt huet, huet definitif Tomaten op den Aan. Sorry, wannste net wells dass ech déi foto online setzen, dann so et, awer net mat sou enger Erklärung !!!!
Aner Fotoen, déi ech hei um Forum gesin, wou ech mengen waat mat naischt kenschtlerech ze din huet, z.B. en Auto einfach sou fotograféiert, wou naischt wait an breed ass, naja, haalen op mech hei opzereegen.
Warden mol en avis!!! Hun dest lescht mat aneren Useren geschwaat an sin anschéinend net eenzegen mat där Meenung!!!
henridacruz hat dieses Bild (verkleinerte Version) angehängt:
Volle Bildgröße
|
|
29.12.2009 00:11 |
|
|
henridacruz unregistriert
|
|
|
29.12.2009 00:19 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Vläit kéinte mer déi Diskussiounen do alleguer an engem eenzegen Forum Thread halen. Hei as den rezentesten, ech si mer net sëcher obs de deen gelies hues, wanns de do eemol derduerch gees kanns de der vläit schon eng Erklärung zesummebauen an du gesäis wat sech grad an deem Beräich deet:
http://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1245
__________________ www.gloda.net
|
|
29.12.2009 00:34 |
|
|
henridacruz unregistriert
|
|
Haat den Thread schon gelies gehaat.
Ech fannen déi Erklärung do naja, trefft net onbedingt op déi foto zou, mee bon.
An waat mech interesséiert, daat Bild mam Auto (--> Link) waat fir eng Kritèren huet deen do erfellt?
|
|
29.12.2009 00:41 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
1. Mir géifen et all begréissen wanns de en méi anstännegen Toun géifs opléeën.
2. Wat trëfft net zou? Dass déi Foto onschaarf ass? Also w.e.g. sief mol éierlech mat der selwer ... du hues de Fokuspunkt op der falscher Plaz leien.
Et ginn zwar vläicht nach méi onschaarfer, mee do ass dann nach eppes anescht am Bild wat kënschtleresch respektiv vun der Idee hier interessant ass, an wou een denkt dass d' Schäerft dann just ee klenge Feeler drann ass. Bei dëser ass et sou, dass de den Här Schleck an d' Mëtt vum Bild gesat hues, d' Perspektiv ass hondsgewéinlech, keng speziell Idee ass derhannert, an dann nach derbäi net schaarf. Héchstwarscheinlech hätt ech se och refuséiert wann se schaarf gewiecht wir. allerdings hun ech grad dat geschriwwen well d' Schäeft mol eng Basis ass fir iwwerhaapt eng technesch gutt Foto ze hunn.
Am Verglach zur Foto vum Auto: Hien huet Bildopbau drann, an et gesäit ee kloer dass en trotzdem eng genee Virstellung hat dovun wéi den Opbau sollt sinn: Riets den Auto, lenks hannendrun d' Landschaft. Dat ass, och wann se net genial ass, méi wéi "nëmmen en Auto geknipst".
An niewenbäi: Wat huet dat ze dinn mam Support zu Fotosmaterial? Ech récklen den Thread mol...
__________________ 404 - Not found
|
|
29.12.2009 00:47 |
|
|
henridacruz unregistriert
|
|
Salut, fir den Toun entschellege mech, war deen Moment e bessen opgereegt an genervt.
Sou lo zu menger Foto, ech hun express sou 1/60 sec geholl, bei enger Blend vun 5,6 an ISO 400, fir den Hannergrond flou ze kréien, wéi en lanscht kutschéiert ass. Mat der schärft, gin ech der deels recht, mat der Fokuspunkt z.B., déi lait um Knéi, e bessen Déif, ech wollt keng kuerz Verschlusszait huelen, well ech wollt dass een d’Bewegung, déi en beim wenken, gemaach huet, gesait. Mengen doduerch ass se vlait e bessi onscharf, Autofokus vun enger Canon 400D (déi ech deemols hat), ass eeben net méi séier.
Ech hun hei am Forum aner Fotoen gesin, déi, naja méi onscharf sin, an wou ech den Cadrage net sou gudd fannen,
mee bon, les Gouts et les couleurs – ça se discute pas.
Waat dei Foto ugeet mam Auto, den Auto zitt de Bleck esou sou un, dass een den Handergrond net richteg ukuckt, an fannen naischt do drun waat kenschtlerech soll sin.
|
|
29.12.2009 10:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
DE Fokuspunkt läit souguer nach éischter op der Kappstütz wéi um Knéi mengen ech. Mee do gesäis de also selwer dass de en Feeler gemaach hues mat der Schäerft, eppes wat guer net sou ass wéi et soll sinn, wisou probéiers de dann nach dat erëm gutt ze schwetzen? OK, du wolls den HG flou kréien, dofir oppen Blend, dann ass et net ganz easy de Fokuspunkt genee richteg ze hunn esou, mee nëmmen well eppes bëssen méi eng Erausfuederung ass, keng rieseg, ass et kee Grond fir herno ze soen "oh as awer gutt" wann et sou opfällt dass e Feeler drann ass. An soss ass eben leider näischt interessantes un der Foto, deet mer leed dat ze soen, ass awer esou.
Sou Fotoen sinn gutt fir herno engem ze weisen, awer net fir wann et ëm d'Konscht vun der Fotografie geet.
Wanns de deen aneren Thread gelies hues (ganz), weess de wuel och dass mer eis ge'eenecht kruten, an zwar dass mer kloer Riichtlinnen opsetzen wat ugeholl gëtt a wat net. Iwwert dat gëtt muer den Owend diskutéiert ënnert eis, d.h. déi komme geschwenn online an trieden dann an Kraaft.
e Gudde Rutsch
__________________ 404 - Not found
|
|
29.12.2009 10:48 |
|
|
|