McQueen unregistriert
|
|
Metteg,
also folgenden Problem: Ech well 2 Mac'en vernetzen, mais ...
Zenner enger geraumer Zäit hun ech als normalen Rechner en aalen G5 PPC.
Elo hun ech awer en Imac G4 ergattert, an well deen als alldäglechen Rechner benotzen, an mäin G5 benotzen wann ech en Program dovuner brauch.
Also esouzesoen well ech den G5 wei en extern Festplatt benotzen.
Grond ??? ma jo, well keng 2 Schiermer do stoen hun, an fannen den Imac G4 einfach nemmen cool, an awer well ech mein G5 net vermessen.
Wär fier all Hellef an Info dankbar.
Merci
Steve
|
|
31.07.2009 13:14 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Iwwer Bonjour a Filesharing misst de dach do féx eppes gebastelt kréien?
__________________ www.gloda.net
|
|
31.07.2009 13:18 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Leeft Bonjour och schon um 10.4 Tiger ?)
Ech mengen net...kann mech awer och irren ?
Ah jo, haat ech vergiess et leeft alles enner OS 10.4....uups
@ Gloda: Merci
Steve
|
|
31.07.2009 14:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Bonjour brauchs de mol net, mee du muss File Sharing aktivéieren an dengen Astellungen -> Sharing (ënner Internet & Network) op dem Mac wous de wëlls drop zougraifen. Duerno kanns de normalerweis den Mac iwwert de Finder direkt gesinn (wanns de gewielt hues dass Network Devices ugewise ginn), an dann och drop connectéieren fir op all Dateien ze kommen.
__________________ 404 - Not found
|
|
31.07.2009 16:20 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
@ Johny:
jo daat klengt emol gudd.....ganz gudd souguer
Mais elo gesin ech, dass ech mech falsch ausgedreckt hun...denger Beschreiwung no, geet daat doten jo nemmen, wann ech se richteg matennen "vernetzen", oder ?
Ech wollt se mat Firewire verkabelen , well Ethernet ass fier internet an den Router steet am Keller an der Postkescht....an all Port ass beluecht....(en fier all zemmer)
Ech hoffen, daat war elo verständlech ? Munchmol drecken ech mech onverständlech aus.....
Merci trotzdem fier all Hellef
Steve
|
|
31.07.2009 17:12 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Hm zwee Mac'en verbannen mat Firewire fir normale File Sharing hunn ech nach net probéiert, gëtt herno mol getest an dann soen ech der ob ech eppes méi eraus fonnt hunn
__________________ 404 - Not found
|
|
31.07.2009 19:24 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Super, soen elo schon Merci fier deng Hellef
|
|
31.07.2009 20:52 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ok also am fong muss de genee dat selwecht maachen wéi ech beschriwwen hun, mam Sharing an sou, well nom Verbannen mam Firewire kabel gesais de en och am Finder ënner "Shared" an kanns drop zougraifen. Ech hun se grad unenee geschloss an et ass direkt gaang, well ech de sharing sws schonn aktiv hunn.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.08.2009 13:16 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
ok merci
Has du dan elo 2 Schiermer oder just 1?
Wei gesott, ech wollt just nach 1 Schierm an 1 Tastatur mais dei 2 Mac'en.
Sorry wann ech dech nerven, mais vernetzen an koppelen oder Firewire'en ass net onbedengt eppes waat ech all dag machen....(eigentlech nach nie)
Merci
Steve
|
|
01.08.2009 17:01 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
hat en macbook pro & Mac pro, also 3 schiermer am ganzen (well ech der zwe eum mac pro hun)
Maach et sou dass de un dee mac wous de herno wells zougraifen schierm & tastatur hänks, file sharing fraischalts, dann hänks se se rem un dain normalen mac, an stechs firewire kabel drann, durno misst dat klappen.
__________________ 404 - Not found
|
|
01.08.2009 17:23 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
ok merci
hun alles duebel, muss mier elo nach en Firewire Kabel besuechen.
Kleng Remarque: Den Service hei um Photogen ass einfach TOP !!!
Merci
Steve
|
|
01.08.2009 21:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Kee Problem
__________________ 404 - Not found
|
|
01.08.2009 21:26 |
|
|
dendan
Grünschnabel
Dabei seit: 13.03.2006
Beiträge: 4
|
|
Usteierung vun 2 Mac iwert 1 Tastatuer |
|
Wann ech richteg verstan hun wells du awer net nemmen File-sharing mee och Programmer op dengem G5 benotzen!??
An dem Fall brauchs de menger Meenung no de Programm "Remote Desktop" vun Apple, oder OSX 10.5 wou een kann iwer Ethernet deen anere Mac komplett usteieren... ob dat awer iwer Fire-Wire leeft wees ech net....
__________________ Et gëtt der vun all Zort...
Just keng déi näicht friessen! =;o)
|
|
03.08.2009 18:20 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
RE: Usteierung vun 2 Mac iwert 1 Tastatuer |
|
@ dendan:
jo wollt en usteiern...wei en normalen Mac...
Ethernet geet net, well ech do den Inderschrek benotzen, also bleiwt just Firewire.
Mol kucken ....testen daat den weekend....
Trotzdem Merci
Steve
|
|
04.08.2009 09:54 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dann brauchs de entweder Leopard iwwert deen s de kanna Screen sharing maachen, oder effektiv dne apple Remote Desktop, mee wann ech mech richteg erenneren kascht en eppes an ass net ganz belleg.
__________________ 404 - Not found
|
|
04.08.2009 09:56 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Oh nee, lo macht dier mier meng ganz Hoffnung zu Gronn.....
Wollt den Schéinen mat dem Praktechen verbannen....
En Samschden wees ech op et geet oder net...soen Iech Bescheed
Wann et net geet, dan lossen ech den G5 aktiv an den imac G4 get an d'Vitrine gestallt.
Merci dier 2
Steve
|
|
04.08.2009 10:15 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et geet och mat VNC, mee do muss ee bëssen méi wëssen wat ee mécht, z.B. muss de d' IP uginn beim connectéieren, mee ech mengen dat géife mer och zesummen hikréien
__________________ 404 - Not found
|
|
04.08.2009 10:22 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
*grins* jo daat wärt schon schiefgoen
Wann ech hänken kriss du en PM mat Telefonsnummer..mat der Rubrik : HELLEFFFFFFFF
Et sei denn, den een oder och e puer Mac Experen sin den Weekend bei mier an der Geigend (Vallée des sept Chateaux), dann sin se wellkomm op eng Cola, Beier, Wasser, Kaffii etc....
Bis dann
Steve
|
|
04.08.2009 10:46 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
D' Vallée des sept Chateaux ass grouss
__________________ 404 - Not found
|
|
04.08.2009 11:50 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Johny
D' Vallée des sept Chateaux ass grouss
|
Jo ech wees....
an der vallée des sept chateaux gin et och genau so vill "Fontainen" (hoffen et ass richteg esou)
|
|
04.08.2009 12:05 |
|
|
|