Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
|
|
Helas
Ech geing mier gaeren een Funkauslöser kaafen fier mäin Nikon SB800 an wees lo net genau waat resp weieen. Ech hun verschidden Tests gelies mais bon.
Huet een vun ierch sou een Ausléieser?
Waat ass senvoller, een Funkausléiser oder een SU800?
Merci
:-)
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
25.08.2009 10:46 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Oh Freck. Näischt fir ongutt, mee dat as eng vaste Fro. Mach mol nach e bësse Recherche, wanns de bis weess wéieen Typ vun Ausléieser der gefällt kanns de jo nach eemol no engem Modell froen, oder fro méi spezifesch Saachen.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.08.2009 11:03 |
|
|
Dan-D80
Jungspund
Dabei seit: 17.01.2007
Beiträge: 17
|
|
Effectiv, daat Thema ass esou vaste, mee als kléngen Unhaltspunkt, muss du décidéieren fir waat dass du se brauchs.
Et gi Funk Léisungen (PocketWizzard; ebayTrigger; RadioPopper) däi Bletz brauch keen direkte Kontakt mat dem Funkausléiser ze hunn.
oder wanns du den SU-800 wells, daat ass och eng flott Léisung, allerdéngs ass daat kee Funk. Wann ech mech net ierren muss de Slave an de Master Siichtkontakt hunn.
Deen een souwuel wéi deen annere System hu Viir a Nodeeler.
Ech fannen de Nikon CLS System ganz gutt, mee wanns de eng méi komplex Liichtféierung wells kann et sinn dass PW besser ass.
Wanns du eng D80; D200; D300; D700 hues kanns du de Popup Flash jo als Master benotzen.
Den David Hobby vu www.strobist.com benotzt PW an den Joe McNally schwiert op de CLS System.
Um enn muss du décidéiere waat's de wells resp. däi porte-monnaie mecht et fir dech.
Zur Info:
PocketWizzard: +- 200€/Stéck
EbayTrigger +-50€/4 Stéck ( sinn awer nemmen zou 80% Zouverlässeg, mee bei deem Präis)
SU-800 +- 270€
|
|
25.08.2009 11:52 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
Themenstarter
|
|
Merci mol fier dei gud Erklärung :-)
Also den SU800 fannen ech zimmlech gudd, mais weis du och soss, ass et een IR Ausléiser. dh ech kann net wäit weg vum Bletz resp kann den Bletz net hannert mech stellen.
Ech well definitiv een Funkausléiser.
PW ass schon zimmlech kul, mais den Präiss awer net lol.
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
25.08.2009 12:15 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Geet den Nikon CLS net och ouni deen SU 800? just mam agebautenen bletz wei bai Sony/Minolta?
Also den Ennerscheed teschend dem System-Funk an Externem Funk ass deen hei:
Nikon CLS (oder dei aner Wireless vun de Camera hiersteller)
* Automatesch Bletzmoossung, (Ech wees net wei gudd daat bai Nikon leeft mee bai Sony muss de Bletz eng distanz vun 3-5m zu Sujet hun) (Manuel schaffen ass sws mei üblech)
* High Speed Sync
Bessen komplizeiert ze erklären... Fir daat een Normalen Bletz dee ganzen Bildausschnett beliicht, muss en zu engem zaitpunkt stattfannen wou de Shutter ganz ob ass. Bai Spigelreflex Kameran mat Schlitzverschloss, get et ab engem gewesser Beliichtungszait (iergend wou teschen 1/160 an 1/250 daat heescht 'max. flash sync' vun der Kamera) keen sou een Zaitpunkt mei, well de Schlitz iwwer den Auschnett wandert a wann Ennen op ass, dann ass Uewen scho rem zou. Highspeedsync verlängert dBletzdauer sou daat se iwwert dei Ganz Beliichtung dauert, dobai geet dLeeshctung vum Bletz natierlech rof.
* Je no Hiersteller kann een sou och dBletzleeschtung vun der DSLR
Noddeler sen dRaichwait, problemer bai em den Eck, an daat een deier System Bletzer brauch...
Funk Leisungen (Pocketwizard; Elinchrome Skyport, Tamrac Microsync, Alienbees cybersync oder Ebay/Cactus):
* Ganz universal: All Thyristor-Bletzer (daat senn all modern Bletzer) dei iwwer Mettenkontakt oder ee sync uschloss ausleisbar sen, sen och kompatibel (belleg sunpac/vivitar bletzer, aal nikon bletzer, studiobletzer etc)
* Grouss Raichwait, och hanner Maueren etc
*als Funktausleiser fir dKamera benotzbar (mat engem passenden kabel) domat leist sech dann och eng 2t DSLR mat der eischter ausleisen... (PW huet souguer een duebelen Modus wou en fir deischt dei ugeschloss Kamera als Empfaenger ausleist an dann emschalt ob sender fir dann dBletzer auszeleisen)
Nodeeler: sync bis 1/160 resp 1/250 je no DSLR (mat enger Compacter geet et awer bis zu 1/2500 mat enger canon G9 o ä )
ech hoffen daat helleft der bessen,
Als Beispill Professioneller goufen der jo schon den David Hobby an den Joe McNally genannt, dei meescht schaffen awer mat den externen Ausleiser (den McNally ass och bessen mat Nikon virbelaascht ;-) )
|
|
25.08.2009 19:57 |
|
|
Dan-D80
Jungspund
Dabei seit: 17.01.2007
Beiträge: 17
|
|
Wanns du eng Nikon hues mat Popup Fash (D200; D300 etc) kans du deen als Master schalten, brauch s den SU-800 net onbdéngt, resp. kanns de och en SB-800 oder SB-900 als Master benotzen.
@pol9000: ech mengen dem McNally séng Fra huet eppes mat Nikon ze dinn, oder?
|
|
26.08.2009 00:15 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Also den Pelz huet laut sengem profil oh eng D300 also wier den su800 zimmlech rausgeschmassend Geld, well en domatt net vill mei man keint wei ouni...
Dofir kriss de och schon een SB600 oder elinchrom skyports (1sender 2empfänger) oder ebay-ausleiser an gebrauchter bletzer en masse....
|
|
26.08.2009 08:54 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
Themenstarter
|
|
Wow villmols merci Jungs fier dei flott an informativ Äntwerten :-)
Also mäin internen Bletz als Master benotzen well ech net, well ech meng Luucht well kontrolléieren an sou hun ech emmer Luucht vun fier,waat ech net onbedengt well...
Ech denken no deem villen liesen, spueren ech bessi an kaafen iergendwann 2 PW's.
Ech hun zwar och een neien System vun Multiblitz gesin deen ca 250€ kascht. Ech gin deen mol bei den Lecuit testen ;o)
Merci nach eemol
LG
Pelz
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
26.08.2009 16:20 |
|
|
Dan-D80
Jungspund
Dabei seit: 17.01.2007
Beiträge: 17
|
|
Wanns du de Bletz vun der D300 als Master setzt, kanns du jo bestemmen waat mamm PopupFlash geschitt; ttl, m, a, oder naischt, esou dass du do déi voll Kontroll behäls.
Du muss am Menu ennert build-in 2 stricher hunn (--), dann triggert de just déi anner Bletzer.
Ah jo, bei de PW'en, wann ech mech net irren, geet den FP flötten, sync Zait vun 1/250 als maximum.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Dan-D80 am 26.08.2009 16:37.
|
|
26.08.2009 16:35 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
also waat dLuucht vum agebautenen Bletz ugeet, hun ech et bai menger sony geleisst an deem ech ee steck iwwerbeliichten entweckelten film driwwer gepecht hun, daat blockeiert quasi all siichtbar Luucht an leisst dSlave bletzer trotzdem aus...
Ob PW daat Geld waat se mei kaschten wéi Microsync oder Skyports wees ech net, henkt emmer dervun of wei professionells de schaffen wells....
"Ah jo, bei de PW'en, wann ech mech net irren, geet den FP flötten, sync Zait vun 1/250 als maximum. "
jo Dan, wei ech uewen scho geschriww hat, kennen extern Bletzausleiser net mei kuer belichtungszaiten synchroniseieren, well bei mei kuerzen Zaiten ni de Shutter ganz ob ass, sou daat de Bletz dee ganzen Frame beliichte keint.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von pol9000 am 26.08.2009 16:47.
|
|
26.08.2009 16:41 |
|
|
Dan-D80
Jungspund
Dabei seit: 17.01.2007
Beiträge: 17
|
|
Hmm, bei mir funzt daat mat dem build-in als preflash ouni Problem. Ech hu mai build-in op -- stoen; group A steht op ttl oder M, suivant les besoins an channel 1. De bletz ass op remote geschalt; group A, channel 1.
Wann ech ausléisen, bletzt de build-in zwar och, mee daat ass d'Sugnal waat deen anneren bletz stéiert, normalerweis wann den build-in op -- steht därfen däi bild net beaflossen.
|
|
26.08.2009 18:29 |
|
|
Pelz
Tripel-As
Dabei seit: 26.11.2006
Beiträge: 179
Herkunft: Luxemburg
Themenstarter
|
|
Hey Dan
Ech hun daat lo mol nach eng Kéier getest, an daat klappt tip top :-) Ech wousst guer net dat daat näischt geing äusmaachen wann den int. Bletz trotzdem äusléist... Et leiert een emmer bäi :-)
Merci Dan :o)
__________________ Haste the Day and get a Taste of Chaos
|
|
26.08.2009 18:49 |
|
|
|