Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et ass einfach esou:
An eng Community gehéieren Leit, MEE nach laang net jidfereen. Leit déi an enger Community aktiv sin mussen schonn gudde Wëllen weisen, zemols wann et eng sou wéi dës ass. Wann kee gudde wëllen do ass, a wann et ze vill verlaangt ass BESSEN Eegeninitiativ ze erwaarden vun den User, dann kann daat net opgoen. Den jeenechen passt dann nët an daat Bild.
Mer sin vun Ufank un am fong gelueft gin, waat natierlehc e gudd Zeechen ass. Mat der Zäit natirlech kommen och Leit dei hei an do eppes äuszesetzen hun .. mee komescherweis sin daat oft Leit déi selwer dann nët vill vun der Saach kennen. Ech erenneren mech nach, dass mer zimlech um Ufank eng Diskussioun mam RivanerJoe haaten. Heen kennt sëch aus mat Fotografie, a léisst mat sech schwätzen. A genau sou hu mer et gemaach. D'Saach ass herno geklärt gin, ganz einfach, ganz kloer, mee well gudde Wëllen do war, an och een dem aaner nogeläuschtert huet.
Wen vun den User mengt all séng Fotoen missten aktiveiert gin (Nee Focus, ass lo net fir dech gemengt, du hues et jo net schlemm fonnt dass mer dei eng Foto refuséiert haaten), den gehéiert net onbedingt heihin.
An domat maan ech och elo hei zou. well mer kommen nie zu engem Enn.
__________________ 404 - Not found
|
|