Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Power vum Bletz reduzéieren?
Dan-D80

Antworten: 7
Hits: 32.263
RE: Power vum Bletz reduzéieren? 21.01.2011 15:35 Forum: Foto-Techniken


Kucken den Owend doheem no, wéi ech se deemols kaaft hunn, waren se mat 5 verpaakt, ech selwer brauch der just 3.
Melle mech wann ech daat gecheckt hunn, kann awer bis 21:00 daueren.

Et sinn 0.3ND d.h. 1 stop
wees net méi ob et der vun 4cm oder 5cm sinn, soen dir daat och den Owend.
Thema: Power vum Bletz reduzéieren?
Dan-D80

Antworten: 7
Hits: 32.263
RE: Power vum Bletz reduzéieren? 21.01.2011 14:55 Forum: Foto-Techniken


Wéi gesoot, ech hun ND gels doheem.
Thema: Power vum Bletz reduzéieren?
Dan-D80

Antworten: 7
Hits: 32.263
RE: Power vum Bletz reduzéieren? 21.01.2011 14:29 Forum: Foto-Techniken


Salut,

du kriss Flasgels fir entweder d'Faarwtemperatur vum Blëtz z'änneren oder d'Stärkt ze reduzéieren.

Flashgels

Du kanns allerdéngs och d'Blend zou machen, wann de Blëtz ze staark ass, fir dann awer d'Ambient Light d'selwescht ze haalen, muss dann Beliichtungszäit verlängert ginn.

PS: Ech haat mir der do bestallt, hunn nach esou e Saatz der ND Flashfilters doheem. Wanns de der also brauchs, mell dech einfach.
Thema: Endfesselt Bletzen mat 2 Bletzer "Waat brauch ech dofir genau"
Dan-D80

Antworten: 11
Hits: 32.639
21.07.2010 06:38 Forum: Material


Salut,
Fir entfesselt ze bletzen brauchs de en Ausléiser, bei Canon gett et en Infraroudtrigger. Allerdéngs ass dee net bëlleg. Du kanns awer och op anner Léisungen zeréck gräifen, z.B. Pocketwizard, mee do bass de och erem e pour honnert € lass. En gin och sougenannten ebaytrigger, do kascht de ganze System nemmen e pour €.
Fir méi Informatiounen kanns du jo mol ennert www.strobist.com kucken an der den Strobist 101 ukucken, do stinn relativ vill Saachen dran.
Ech perséinlech benotzen ebaytriggers, et huet een zwar mol fehlzündung, mee bon bei dem Präis ass dat net esou well.
Hoffen dest konnt hëllefen

Canon trigger wees ech net obs dee kanns benotzen wells de Canon a Metz Blëtzer hues
Thema: Fotobuch bei Apple bestellen
Dan-D80

Antworten: 15
Hits: 41.156
22.03.2010 12:51 Forum: Misc


Kuck mol am Aperture wéi déng Astellungen vun der Preview sinn, wann do d'Opléisung op "Niedrig" oder esou steet, misst daat och en Incidenz op den Export hunn. Wanns de eng Diashow mechs an d'Opléisung ass op 2 oder esou ass, kriss de Rauschen etc...

http://support.apple.com/kb/HT3781

daat do kéint d'Ursaach sinn fir d'Rauschen
Thema: Slavebletz Trigger
Dan-D80

Antworten: 13
Hits: 38.428
26.08.2009 18:29 Forum: Material


Hmm, bei mir funzt daat mat dem build-in als preflash ouni Problem. Ech hu mai build-in op -- stoen; group A steht op ttl oder M, suivant les besoins an channel 1. De bletz ass op remote geschalt; group A, channel 1.
Wann ech ausléisen, bletzt de build-in zwar och, mee daat ass d'Sugnal waat deen anneren bletz stéiert, normalerweis wann den build-in op -- steht därfen däi bild net beaflossen.
Thema: Slavebletz Trigger
Dan-D80

Antworten: 13
Hits: 38.428
26.08.2009 16:35 Forum: Material


Wanns du de Bletz vun der D300 als Master setzt, kanns du jo bestemmen waat mamm PopupFlash geschitt; ttl, m, a, oder naischt, esou dass du do déi voll Kontroll behäls.
Du muss am Menu ennert build-in 2 stricher hunn (--), dann triggert de just déi anner Bletzer.

Ah jo, bei de PW'en, wann ech mech net irren, geet den FP flötten, sync Zait vun 1/250 als maximum.
Thema: Slavebletz Trigger
Dan-D80

Antworten: 13
Hits: 38.428
26.08.2009 00:15 Forum: Material


Wanns du eng Nikon hues mat Popup Fash (D200; D300 etc) kans du deen als Master schalten, brauch s den SU-800 net onbdéngt, resp. kanns de och en SB-800 oder SB-900 als Master benotzen.

@pol9000: ech mengen dem McNally séng Fra huet eppes mat Nikon ze dinn, oder?
Thema: Slavebletz Trigger
Dan-D80

Antworten: 13
Hits: 38.428
25.08.2009 12:31 Forum: Material


Ennert www.kelbytraining.com gesäiss de waat den joe McNally alles mat den SB'en resp. SU-800 mecht.

Ech perséinlech hunn ebaytrigger fir wann daat mat dem Master/Slave Dingsbums net funzt, soss benotzen ech de CLS system vu Nikon.
Thema: Slavebletz Trigger
Dan-D80

Antworten: 13
Hits: 38.428
RE: Slavebletz Trigger 25.08.2009 11:52 Forum: Material


Effectiv, daat Thema ass esou vaste, mee als kléngen Unhaltspunkt, muss du décidéieren fir waat dass du se brauchs.

Et gi Funk Léisungen (PocketWizzard; ebayTrigger; RadioPopper) däi Bletz brauch keen direkte Kontakt mat dem Funkausléiser ze hunn.
oder wanns du den SU-800 wells, daat ass och eng flott Léisung, allerdéngs ass daat kee Funk. Wann ech mech net ierren muss de Slave an de Master Siichtkontakt hunn.
Deen een souwuel wéi deen annere System hu Viir a Nodeeler.

Ech fannen de Nikon CLS System ganz gutt, mee wanns de eng méi komplex Liichtféierung wells kann et sinn dass PW besser ass.

Wanns du eng D80; D200; D300; D700 hues kanns du de Popup Flash jo als Master benotzen.

Den David Hobby vu www.strobist.com benotzt PW an den Joe McNally schwiert op de CLS System.

Um enn muss du décidéiere waat's de wells resp. däi porte-monnaie mecht et fir dech. Augenzwinkern

Zur Info:
PocketWizzard: +- 200€/Stéck
EbayTrigger +-50€/4 Stéck ( sinn awer nemmen zou 80% Zouverlässeg, mee bei deem Präis)
SU-800 +- 270€
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
Dan-D80

Antworten: 29
Hits: 69.442
26.06.2009 09:49 Forum: Allgemeng OT


Bonjour,
ech ka just aus égener Erfaarung schwätzen, dass et kéng gutt Iddi ass eng Spigelreflex mat op den RAF ze huelen. An der Entrée kriss de vun der Security alles duerchsicht, och wanns du se ganz déif an engem Kuerf verstopps. Bei mir war et eng D80 mat engem 18-200mm, krutt dunn 2 Méigelechkeeten vum Securitiesmännchen ugebueden, entweder ech giff en an der Entrée stoe loossen oder ech giff net era kommen. Sinn dunn erem heem gaang, wunne net wäit ewesch vum Herschesfeld, an dunn eben ouni Dslr eran. Btw et huet guer kee wärt mat deene vun det Security ze diskutéieren.
Thema: Grofilter - Erfahrungen
Dan-D80

Antworten: 17
Hits: 41.616
12.03.2009 11:59 Forum: Material


Salut

Ech benotzen de System vu Cokin

Do brauchs de just Adapterréng ze kaafen fir déng Objectiver. D'Filtere keefs de 1 mol.

Waat flott ass, du kanns d'Filteren och stacken: ND4 + ND8 + ND8. Allerdéngs geet dat net fir e Wäitwénkel. Mee do kriss de eng SLIM Filterhalterung.

Pro a contra

Pro:
De Präis
Et brauch e nemmen d'Filteren 1 mol ze kaafen

Contra:
Filtere sin aus Plexi oder sou
Liichte Faarwstech

Allerdéngs kanns een och méi héichwärteg Filtere kaafen vu LEE oder Singh-Ray, ass eben emmer eng Fro vun der Mennz

Klénge Problem get et awer nach: et ass schwéier déi Saache vu Cokin ze kréien. Am Geschäft dauert et oft laang bis dass de Fourniseur liwwert. (hunn zenter baal éngem Joer eng Commande beim CK laafen fir e SLIM Holder an en ND1000)
Um Internet fennd een, mee fir e Filter dee 15€ kaascht, Versandkäschten vun 20, ass et och kee Schnäppche méi)

Hei nach e pour Linken vu Leit déi mat Cokin schaffen: LINK1
LINK2
LINK3

Hoffen dass mäi Post hellefräich ass

MbG

Dan
Thema: Photo - Print
Dan-D80

Antworten: 8
Hits: 59.106
11.02.2009 11:41 Forum: Material


Merci, fir d'Info
Waert och mol do de Präis froen, bei D'Co waren se ganz fein, mee d'Präisser si gepeffert. Baal 70€ fir Leichtschaumplatte. Format 60x40cm
Thema: Photo - Print
Dan-D80

Antworten: 8
Hits: 59.106
12.01.2009 13:50 Forum: Material


Merci, fir de Link.

War och schons do. Super waat se do machen. Kréien en Donneschten méng Photoen. Sinn elo mol op d'Resultat gespaant.

Präislech ass et zwar e besse gepeffert, mee wann d'Qualtitéit stëmmt.
Thema: Photo - Print
Dan-D80

Antworten: 8
Hits: 59.106
05.01.2009 12:41 Forum: Material


Wéi steet et mat der letz. Firma déi soll, "Leichtschaumplatte an Aludibond" verdreiwwen? Wees do een eppes méi?
Thema: Photo - Print
Dan-D80

Antworten: 8
Hits: 59.106
Photo - Print 30.12.2008 10:47 Forum: Material


Bonjour Alleguerten,

Ech wollt mol froen ob ee vun ierch wees wou ech méng Photo'en op "Leichtschaumplatte" oder op "Alu-Dibond" gedréckt kréien? Héi dat wat ech méngen: Link
Fannen déi Saach relativ flott, mee déi do schécken d'Wuer net op Letzebuerg.

Merci am viraus
Thema: iPhone
Dan-D80

Antworten: 384
Hits: 834.161
15.07.2008 09:47 Forum: Multimedia


Wollt mol froen ob ee vun ierch schons en iPhone aus der Belge huet an ob et geet mat enger Kaart vu LUXGSM?

Wollt mir een zouleen, mee hunn et nech net gemach.
1. d'Vendeuse soot zwar et wär kee Lock dran (wéinst der Gesetzgeebung an der Belge), mee Mobistar ka net garantéieren dass et ouni Problem leeft. Wann et net fonctionnéiert huelen si den iPhone och net zereck. Laut den Aussoen vun der Vendeuse, wären awer bis elo keng Problemer mat letzebuerger Kaarte gewiercht.
2. Am Shop beim Cora hunn se kéng méi.


mol oofwaarden
Zeige Beiträge 1 bis 17 von 17 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH