Thema: iPhone |
|
Zitat: |
Original von tonsnif
Luxgsm huet ee site ageriicht: http://iphone3g.luxgsm.lu/
Et sin dei selwescht aboen wei bei vox also 35 oder 50euro de mount mee d'iPhonen un sej si mei belleg. |
Den Telefon ass vill méi bëlleg, an och am Abo stecht méi dran... also hep an den Boutik an kaafen ;-)
|
|
Thema: Mam Ballon ennerwee... |
|
Moien Gloda,
ma merci fir däin Feedback ... hues du eventuell en Link, wou ech mir puer vun déngen Fotoen aus dem Ballon unkucken kann?
MbG,
Francis
|
|
Thema: Mam Ballon ennerwee... |
|
Moien zesummen,
nächsten Mount soll ech mam Ballon fléien (moies oder owes ass nach net geklärt)... dofir wollt ech mech mol schlau maachen, waat en do sou vun Material mathuelen soll. An zwar am speziellen vun Objektiven an Filteren.
Huet do een Erfahrung? Iwert e puer Tips géif ech mech fréen.
MbG,
Francis
|
|
Thema: Nach 1 Gaag an dann |
|
Richteg ;-)
Me en kléngen Tip. Wann den Hoster héi am Land ass, ech méngen et ass root. Backup op en DVD brennen, an den Auto setzten, bei sie fueren ... an schwubs ass daat ganzt an puer minuten um Server.
Ech hoffen daat kann hëllefen ...
Francis
|
|
Thema: iPhone |
|
Zitat: |
Original von JohnyEch wees guer net op LuxGSM an Tango en EDGE Netz hun, wa VOX dei eenzeg sinn déi eent hun dann ass d'Entscheedung scho bal gefall. |
Moien,
ma do kann ech dir just soen, dass LUXGSM EDGE am Réseau huet, also dorun soll et nët léien ... Also mol nët sou séier, an waats du nët vergiessen därfs, VOX sachafft ganz enk mat Microsoft zesummen, an den Microsoft an Apple sinn jo déck Kollegen
Waat ech just komesch fannen, dass am I-Phone nëmment EDGE dran ass!!!! Do gët et jo schons 3G an HSDPA an .... Me bon, schons en super Apparat (hun och schons därfen dermat spillen) mee wann een jhust als Telefon wëllt... hmm do get et besseres.
Schéinen Bonjour
|
|
Thema: intergral dsl |
|
Zitat: |
Original von gloda
An vergiess net och mat Tele2 an Vox ze vergläichen, demno wéi déng Internet an Telefons Gewunnechten sin huet di eng oder di aner Firma di besser Offer. |
Daat ass wuel wouer, mee wou läit den genauen Ennerscheed?
- Vox an Tango sinn e peur € méi bëlleg (schéin fir Léit déi nëmmen op den Prais kucken!)
- Eis Post ass zwar den "déiersten" mee wann ech d'Material kucken, Secherheet an Service, wir méng Entscheedung séier gefall! Zudem hues du och nach wéider Avantagen am Integral, kuck mol mam Handy Abo Relax ....
Me der Post nët vertrauen? Dann därfst du Tango an Vox op keen Fall trauen, wëll déi ... Me bon daat ass eng aaner Diskussioun.
Ma dann vill Spass beim Informéieren
|
|
Thema: Printouts |
|
Moien zesummen,
also ech sinn no vill probéieren beim http://www.photoservice.lu/ geland.
Sinn ganz zefridden mat der Qualitéit an och mam Pabéier! kaschten zwar minimal méi, mee an méngen Aaen lount et sech.
Kléngen Tip:
Wann een sech fresch unmeld, kruut een (oder kitt en nach ëmmer, wees ech nët) en Bon vun ech méngen 9€ fir ze testen. Also keen risiko. Ech hoffen daat wor elo nët zevill Reklamm geaach
Ech loosen all d'Fotoen vun volleyball.lu do entwëckelen. Féinen Kontackt an séier an onkomplizéiert.
Schéin Bonjouren
|
|
Thema: Bildschirm Calibratioun |
|
Merci mol fir déi eischt reaktiounen. Haat och un den 24 Zoll geduert, mee 300€ méi, déi kann ech dann an RAM an Harddisk stiechen oder mir den Aperture dervun kaafen. Zudem hun ech nach en 19Zoll Eran vun mengen Fënter-PC, deen ech jo och nach mat benotzen kann.
Bei dem Mac Book pro kann en jo wielen, blénkeg oder nët, firwaat net och beim iMac, fannen ech schued. Krut vun diversen Vendeuren och gesoot, dass Matt besser fir fotoen wir....
Hmmm, mee et soll awer en Mac gin!
Schéinen Dag nach
Zitat: |
Original von Garry
ausser d geiff lo een op die ganz schlau Idee kommen ze froen: sooo..wann ech e glossy Bildschirm hun, kann ech meng Photoen dann awer op matte Pobeier printen ?
|
LOL
ech hoffen daat geht awer, wëll ech fannen matte Fotoen méi schéin, an hoffen dass ech se dann och schwaarz-wäiss entwëckelen kann ;-)
|
|
Thema: Bildschirm Calibratioun |
|
moien zuesummen,
do hun ech awer och eng Froo derzou, passt zwar nët 100% heihin, mee ech hoffen daat ass ok esou.
Also ech wollt mir eventuell den néien iMac (2,4 GHz, 2 GB RAM, 20 Zoll, 256 MB Grafikkaart) kaafen, fir d'Fotoen ze verschaffen.
Lo méng Froo, ass daat eppes, déi blénkech Ecran'en, kann een dess och gudd kallibréieren oder verfälschen (duer oppuschen vum den Faarwen) dess Duerstellung vun den Faarwen?
Ass déi Maschinn geegent fir RAW Fotoverarbeschtung?
Sinn villaicht blöd Froen, mee ech sin Mac unfänger.
Schéin Bonjouren
|
|
Thema: Ech hun eng nei Homepage |
|
Moien ppit,
d'Säit gefällt mir am Prinzip ganz gudd, den Desingn geht fir mech och an d'Reih, géif just en flotten Header mat enger super Foto maachen. Géif mir perséinlech besser gefaalen.
Waat mech allerdéngs e bessi stéiert ass, dass baal all Link an engem "Popup" oder besser gesoot schwebend Fënster opgeht. Z.b. EXIF fällt foll op d'Bild ....
Ech hun och eng eegen open source Gallery mat Coppermine gemaach (www.volleyball.lu). Ech wollt se am Ufank och mat dem Gallery 2 opbauen, hun mech awer dach fir Coppermine entscheed. Daat ass awer schons en Strapp hier...
Ech wärt awer och elo mol eng versioun op mäin Testserver setzten an mir déi mol méi genau unkucken ...
Nach vill Spass mat der Gallery,
Francis
|
|
Thema: Versecherung |
|
En décken merci mol fir den éischten Ableck ...
Jojo mat den % hun ech nach en mol nogliest ... ech méngen fir déi meescht hei ass eng Tous Risques déi bëschten Léisung.
Zitat: |
also konkret fir dech:
a) Volleyball: ass normalerweis verséchert (awer opgepasst wann's de Profi bass, kuck mäi läschte Satz an dem aneren Artikel)
b) Späicherkaart: wäer zwar speziell, mee trotzdem verséchert wëll et en Akzident ass
c) hängt vu villem of (vol par effraction oder agression ok, mais zum Beispill aus dénger Fototäsch geklaut, déi's de 10m méi wäit stoen haas: ass nët verséchert!....) |
zu a.) do géif mech mol Définitioun vun Profi interesséieren, Haaptberuflech, Fräischaffenden Fotograf, wwann en en Presseausweis huet?
zu b.) nët dass du lo méngs ech wir schusseleg oder sou, mee mat der Spächerkaart wor villäicht nët daat beschtend Beispill ... soen mir sou, bei Objektiv wiesselen, fällt et engem aus der Hand ...
zu c.) daat heescht, wéi "all normalen" an der Haal séng Fotostäsch stoen huet, wir nët ofgedeckt. Sollt jo och nët virkommen, dass do "um Terrain" geklaut get.
ech hun och firun e puer Minuten folgend Äntwert op en Mail vun der lalux kritt:
Zitat: |
notre produit TOUS RISQUES assure votre appareil photographique contre les risques de perte, avarie ou dommages matériels, à condition que ces risques proviennent directement de vols, incendies, explosions, dégâts occasionnés par les eaux ou d'une cause accidentelle.
La police n'a donc pas pour objet de garantir la perte pure et simple due à un oubli ou le simple égarement. Egalement exclus sont les dommages aux seules lentilles.
Pour votre appareil photographique et accessoires, la prime s'élèverait à ------ EUR, frais et impôts y-compris. |
|
|
Thema: Versecherung |
|
Ma merci mol fir är Äntwerten ...
@ Jean-Jos
sou wéi ech däin Baitrag liesen, schéngst du jo vum Fach ze sinn ...
25% vum Gesamtwärt kléngt jo OK, wee mech géifen déi "puer AUsschless" interesséieren.
- z.b. ech fotograféieren Volleyball, en Ball flitt an mäin Apparat an en ass Schrott, waat geschitt dann, kréien ech en ersaat (gewëssen Prozetsaatz) oder ...
- eng Späicherkaart fällt mir op den Buedem, an ech trëppelen drop
- ech kréien en Objektiv an der Haal geklaut ...
Kléngt villäicht e bessi mat den Hoer erbäi gezunn (ausser Punkt 1) mee interesséieren géif et mech trotzdem...
|
|
Thema: Versecherung |
|
Moien zesummen,
mech géif mol interesséieren, ob dir ärt Fotosmaterial versechert hudd.
Wann jo,
- wou,
- waat daat ongeféier kascht,
- an waat alles ofgedeckt ass,
- hudd dir se schon an unsproch huelen missen an huet dann och alles geklappt?
Ech soen schons mol Merci am Viraus ...
Schéinen Dag nach,
Francis
|
|
Thema: Eng Idee |
|
Hun ech mer notéiert, an sorry wor nët beiss géngt ;-)
Ma fréen mech awer dass eppes an déi Richtung wärt kommen. Merci gesoot.
PS. Johny wannst du mol Loscht an Zäit hues, kanns du w.e.g. mol op volleyball.lu kucken (och eng Gallery) an mir soen waat dir do Fehlt, sinn och nach um bastelen...
|
|
Thema: Eng Idee |
|
@Johny
Do hues du och rescht, dass daat deelweis Kapazitéit erhéischt, kéint een jo eventuell op 1 "update" limitéieren, an soen dass deen déi 2 Crediter pro 20 Stonnen am upload verbraucht (oder souguer méi sou dass en sech et iwerleet).
Oder wéi sen spako seet, just Thumbnails haalen, déi kann en zweschent 5 - 15 KB haalen, sou dass d'Resourcen nët ganz sou belaascht ginn.
Mee wéi den Spako schons och bemierkt hut, sos passen Kommentäiren nët méi, an ech fannen et och interessant fir ze gesinn, wéi eng Foto sech entweckelt...
Also mech géif et fréen dess oder eng ähnlech Variant vun desser Idee irgendwann héi erëmzefannen.
Schéinen Dag nach
|
|
Thema: Eng Idee |
|
Nowend zesummen,
mir ass do mol eng Idee an den Sënn kom, waat en um photogen.lu nach ausbauen kéint, nët dass ech onzefridden wir oder sou, mee einfach nach eng kléng Verbesserung.
Ech haat elo schons zwee, dräi mol den Fall, dass ech eng Foto eroplueden, an duerch konstructiv Kritik vum Membren op "Fehler" oder Verbesserungen opmierksam gemach gin sinn. Do hun ech d'Foto verbessert an dann ... nach een mol eropgelueden, fir se ze weisen, waat draus ginn ass.
Elo hun ech se awer 2x am Portfolio. An elo zu der Idee no laagem blabla...
Wier et nët besser, wann en esou eng Verbesserung mecht, se mat enger néier Fonktioun eroplued. Sou dass D'Foto nëmmen 1x ungewissen gët, mee wann een mat der Maus driwert fiert, déi 2ten Versioun visibel gët. Oder einfach niwerwt dem Titel [Verioun 1 2 3] steht.
Wees nët op daat sou einfach ze maachen ass oder iwerhaat gewollt ass, wéi gesoot just eng Idee.
Also wënschen nach en schéinen Owend
|
|
Thema: Canon EOS 30D ... oder Nikon D200 ... |
|
canon EF 70-200/2,8 L USM hun ech mëttlerweil sou em déi 1100€ font. vun nikon gët et do en AF 80-200/2.8 D ED och fir ca 960€.
huet een erfahrung mat engem vun denen 2 lensen? sinn se graad sou gudd wei hieren groussen brudder mat stabi?
|
|
|