Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 107 Treffern Seiten (6): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: In(k)side tattoos
TomEwert

Antworten: 0
Hits: 26.132
In(k)side tattoos 18.08.2014 11:55 Forum: Projet Virstellungen


Salut !

Ech hat schonns säit éiweg vir wierklech eng Série ze man vun (staark) tättowéierten Mënschen. dat ganzt géif ech gäeren relativ schlicht haalen, schwarz-weiss, eng Luucht, max. 2, einfach fir d'Kieper an d'Konschtwierker dorobbers festzehaalen.


Sinn op der Sich no Leit déi tättowéiert sinn, oder Leit déi Leit kennen (Lëtzebuerg !!! yay) déi tättowéiert sinn an loscht dorobber hunn gratis gudd Fotoen ze kréien wann se sech eng Kéier Zäit fir mech huelen.

Sot mir villäicht Bescheed,
erreechen kënnt dir mir iwwert tom.ewert@gmail.com oder FB Tom Ewert.

// EDIT

E Site hunn ech och, do gesitt dir ë bessen meng Approche zur Fotografie.
http://www.famill-ewert.eu/tom
Thema: Méi grouss Thumbs
TomEwert

Antworten: 30
Hits: 73.039
03.12.2012 14:16 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


gefaellt mir och immens gudd. déi verschidden fotoen kommen esou besser zur geltung.
Thema: Refus
TomEwert

Antworten: 186
Hits: 360.141
13.06.2012 22:46 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Salut Nathalie,

ech aentwerten der well ech wees dass meng aentwert net all ze laang get, an well ech mech och nach un des Photo erenneren.

Du stells am fong genee déi richteg froen, an daat ass och den grond virwat mir deen 'refus' system hei op PG hun.

Zitat :
"- Jo motiv ass matzen an der mett...wei hett een et keinten besser man hei?"

genee dorems geet et. maach der gedanken probéir saachen aus. frosch- oder vogelperspektive, z.b. kucken waat fir en effekt d'photographéiren vun der säit an macrobereich huet, virun allem mat enger ganz oppener blend. doduerch haess du z.b. dein hoer effekt nach kennen verstaerken. du haess kennen mat elementer vun der bléit mat der drëttel-regel-schaffen.

Zitat:
"Jo et ass en oft fotografeiert Motiv, wat am macro bereich mat blummen halt net selten ass..."

wanns du der déi leschter photos op Photogen ukucks waert dir secher opfaalen, dass et vun blummen momentan nemmen esou wimmelt. wanns den motiv geleefeg ass, dann probéir duerch d'beliichtung oder durch d'mise en scène vielleicht eppes méi spezielles doraus ze maachen, maach der gedanken doriwer. wann mir giffen all reng technesch gesin korrekt macro photo vun enger blumm akzeptéiren, haetten mir baal nemmen nach "normal" blummen hei op photogen.

Ech hun déi Foto ennert aanerem demols net aktivéirt, well ech se zwar engerseits flott fonnt hun (also d'blumm selwer) awer méi och net. D'photo wor mëtteg kadréirt, d'perspektiv wor zentral an voll drop. d'hoerchen sin en flotten détail mais, dass an bleiwt eng relativ einfach gestreckten photo vun enger blumm ... sin iwerzeecht, dass dir do nach vill aaner an nach vill méi kreativ idéen waerten afaalen fir déi natiirlech schéinheet an szene ze setzen.

bon, meng aentwert wor dann eben awer net esou kuerz mais ech hoffen ech konnt dir en bessen hellefen.
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
TomEwert

Antworten: 31
Hits: 76.201
12.06.2012 13:52 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


fannen ech och eng gudd idée.
Thema: Refus
TomEwert

Antworten: 186
Hits: 360.141
08.05.2012 22:02 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Salut pixelman.

Ech wor demols och een vun denen déi d'photo refuséirt huet. Ech kann mech un déi heiten erenneren well ech mech mat der Photo beschaeftegt hun.

Ech hun vun Ufank un gemierkt, dass mir perséinlech déi Photo net gefaellt, respektiv dass eppes giff fehlen. Virun allem déi manko un dynamik an der Photo haat mech gestéiert. Dass eng Photo vum Danzen, also engem bewegten Sport (jo do sin och posen dran, mais daat ass jo dann och eng form vun bewegung), engem Sport mat Leidenschaft, Eleganz, an grâce. Alles Attributer déi ech net an dëser spezieller Photo gesin hun. (daat wor och deen grond virwat ech gesot haat: do ass keng idée hannert der Photo)

Ausserdem wor den Bleck vun der mademoiselle och net onbedengt hiiren (secherlech ganz schéinen Danz) gerecht gin. Virun allem hiir aaen gesin gelangweilt an vielleicht och en bessen verkrampft aus. En plus wor dein Hannergronn onwarscheinlech onroueg.

Daat heiten ass elo eng ganz kloer Kritik gewiercht, ouni vill Chichi an Bullenpobeir ronderem. Dest ass allerdengs keng Kritik un dengem Koennen mais un der Foto selwer.
Thema: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie.
TomEwert

Antworten: 18
Hits: 43.065
06.03.2012 10:33 Forum: Foto-Techniken


fréier konnt do mat der hypofocaler distanz nach relativ gudd spillen ... do wousst een eben dass een fir eng gewessen blend eng gewessenen spillraum huet vun déiftenschaerft huet. mat denen modernen apparater ass déi hypofocal distanz leider ausgestuerwen, ausser bei ganz heischwaertegen objektiven vun leica z.b. ... waat helleft ass wierklech z.b. mam skater auszemaan wou heen den trick mecht, dorobber hin schaarfstellen, just nach den cadrage awer nemméi distanz selwer wiesselen an drop lass probéiren. do ass en wierklech den try&error prinzip. waat deng blend awer méi zou ass, waats du méi chance hues den déiftenschaerftebereich ze erweschen an deen den skater ass. déi art an weis virzegoen huet awer och en nodeel. waats du méi d'blend zoumess waat deng beliichtungszeit logescherweis (mam selveschten asa) méi laang get. daat heescht an deem fall asa ropschrauwen an probéiren smile

souvill kann ech dir dozou soen.
Thema: Help:)
TomEwert

Antworten: 6
Hits: 27.369
03.03.2012 13:55 Forum: Foto-Techniken


an wéi huet dein shooting geklappt? weis dach mol en puer photos smile
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
23.02.2012 13:20 Forum: [Foto] Rendez-vous


Wéi gesin mer aus? Ween ass nach dobäi?

Waat méi waat besser!
Thema: Help:)
TomEwert

Antworten: 6
Hits: 27.369
23.02.2012 12:58 Forum: Foto-Techniken


nach en puer tipps vun mir

- schwetz mam model
- geff him kloer unweisungen
- geff him feedback (v.a. positiven feedback ass ganz wichteg)
-schwetz virdrun mat dengem model, geff der d'méiglechkeet hat kennen ze léiren respektiv loss hat dech kennenléiren
- probéir sein naturell rauszefannen (ass hat éischter timide, sexy, ... etc. pp) probéir domadder ze schaffen
- loss him emmer d'méiglechkeet selwer mat idéen ze kommen och waehrend dem shooting, do kommen genial saachen raus heiansdo
- breng dein model zum laachen, sierf oppen.

souvill zum interpersonellen deel smile

zum phototechneschen deel huet den gogo schons vill gesot,

- kuck vielleicht emmer op d'aaen ze fokusséiren (daat aa wat dir am notsen ass)
- pass op deng beliichtungszeit op (bei ze laangen beliichtungszeiten kanns du herno um pc onglecklech iwerraschungen erliewen --> onscharf)
- bereed dech op reen viir (d'wieder mecht et heiansdo gaeren en strech duerch d'rechnung)

by the way, wanns du op den hellef-foto-meeting giffs kommen, kriss du nach secher aaner netzlech tips vun den recht vun den leit.

léiw gréiss,
tom
Thema: ND Filter
TomEwert

Antworten: 12
Hits: 37.142
03.02.2012 11:34 Forum: Material


ech hun een ND4x ... do hellt mir also 4 blenden luucht "fort", an ech sin ganz zefridden mat dem. (ass keen ze deieren vun hoya)
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
31.01.2012 12:29 Forum: [Foto] Rendez-vous


tip top smile
mir gesin ons do.

freen mech,
tom
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
30.01.2012 17:12 Forum: [Foto] Rendez-vous


@gloda,

fannen och. an daat wieder mam schnéi ass un sech perfekt fir den leit ze léiren hiir manuell astellungen um photoapparat kennenzeléiren großes Grinsen well am schnéi funktionnéirt baal keng beliichtungsmossung méi großes Grinsen
Thema: Photoen drucken
TomEwert

Antworten: 9
Hits: 41.220
25.01.2012 18:07 Forum: Misc


also ouni elo wellen reklamm fir den foto.lu ze maan,
mais ech hun bis elo allkéiers 100% top-qualitéit vun foto.lu geliwert kruet. An ech wees duerch Kollegen, dass wanns du en soucis mat enger photo hues, sprech, z.b. dei vun dir ernimmten Straifen, dass do net laang gemuckst get, an dass du op nofro direkt an natiirlech gratis en neien drock gescheckt kriss.
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
25.01.2012 16:35 Forum: [Foto] Rendez-vous


wéi gesait et mat desen Meeting hei aus?

Ween ass mat vun der partie? Net dass deen meeting nach an d'Wasser faellt, et wier schued dorems.

Tom

//EDIT : hei nach engkéier den link fir ierch unzemellen, respektiv fir ze kucken wéini ween Zait haett. Den Sonnden den 26.02 scheng bis ewell den Datum ze sin wou mer en Konsens kéinten hinkréien.

Doodle Link
Thema: Refus
TomEwert

Antworten: 186
Hits: 360.141
24.01.2012 17:23 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


smile jo o.k fir deen genre photographie ass et absolut ze gebrauchen.
mais soss am alldag éischter onpraktesch oder? smile

mais ech mierken grad ech sin hei ziemlech offtopic momentan ennerwees.
Thema: Refus
TomEwert

Antworten: 186
Hits: 360.141
24.01.2012 15:44 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


bazooooooooooooooooooooka

fir déi déi et brauchen großes Grinsen ass dach onwarscheinlech emstaendlech daat dengen do. 6 kilo schleefen xD plus d'stativ dats du na dofier brauchs ... ouni mech großes Grinsen fir waat brauchs du daat dengen wann ech froen dierf?
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
19.01.2012 17:03 Forum: [Foto] Rendez-vous


top déi doten Aktioun BP !!!
dann hun mer mat dir jo och schons mol direkt een vun der Partie mat dobäi deen sech gudd mat der Canon Sektioun auskennt!! Hoffentlech get et eppes, wier wierklech flott mol rem nei Leit kennenzeléiren an iwert d'Photographie etc. ze schnessen, beziehungsweise sech auszetauschen.

@Comitésleit : Wier vielleicht Interessant deen Meeting och engkéier als Facebook Status Update laafen ze lossen fir dass d'Leit och kennen iwert FB informéirt gin.

Freen mech schons smile ,
Tom
Thema: Hellef-Foto-Meeting
TomEwert

Antworten: 17
Hits: 41.549
19.01.2012 13:07 Forum: [Foto] Rendez-vous


als nikonuser kann ech der gaeren weiderhellefen.
ech wier direkt bei engem photostour dobai, hun en sb-800 als bletz, mais d'bletzer funktionnéiren alleguerten d'selwescht ...also plus minus...

vielleicht kéint een kucken dass een méi leit dozou kéint kréien einfach mol rem engkéier en spontanen tour z'organiséiren. kéint een jo esou en genre meeting dorausmaan. an falls mer net genuch leit fannen, kennen mir 2 daat nach emmer ennert ons maan. hun momentan en bessen zait, schreiw mer einfach eng PN.
Thema: Fotoen vun hei an vun do, vun dëst an vun daat ...
TomEwert

Antworten: 78
Hits: 176.679
Eric Frey 18.01.2012 13:23 Forum: Allgemeng OT


Minimalismus, Abstrakt, Natur, Atmosphère pur.

eng kleng Entdeckung déi ech ganz zoufaelleg am www gemeet hat. Gidd ierch déi ... et ass wierklech dowaert

http://www.ericfreyphoto.com/
Thema: Fotoen vun hei an vun do, vun dëst an vun daat ...
TomEwert

Antworten: 78
Hits: 176.679
17.01.2012 11:14 Forum: Allgemeng OT


haat huet eng onwarscheinlech liichtegkeet an sengen photo. gefaalen mir onwarscheinlech gudd... d'photo wierken authentesch, aus dem liewen gegraff souguer wann se "gestallt" sin.

merci fir den link
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 107 Treffern Seiten (6): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH