Thema: Analog Schwaarz-Wäiss Film |
Jaycee
Antworten: |
2 |
Hits: |
24.782 |
|
|
Ech gin emol dervun aus dass deng Frëndin eng analog Klengbildkamera huet, also brauchs de 135er Film (och 24x36 oder einfach Klengbild genannt). Du kriss haut nach ausser SW och farweg Dia, respektiv Negativfilmer. En allround SW Film dens de ouni Problemer beim Mirgain an der Staadt oder beim Fototrade op der Escherstrooss kriss ass z.B. den Ilford FP4+.
Méi é grousse Choix gëtt ët hei:
http://www.macodirect.de
oder och do:
http://www.fotoimpex.de/shop/
Wann deng Frëndin allerdings eng analog APS Kamera huet, da gesäit ët duster aus. APS Filmer gin ët keng méi.
|
|
Thema: Polfilter |
Jaycee
Antworten: |
5 |
Hits: |
31.221 |
|
|
... nach méi einfach geht ët wann én daat richtegt Material huet. Bei mengen méi rezenten Objektiven ass ënnen um banneschte Rand vun der Sonneblend eng kleng Fënster, déi é kann eraushuelen, an doduerch mam Fanger einfach de Polfilter verstelle kann...
|
|
Thema: Retroadapter |
Jaycee
Antworten: |
1 |
Hits: |
19.771 |
|
|
Zu analogen Zäiten haat (bal) all Fabrikant esou eppes am Programm. Ech hun och demols eng kuerz Zäit dermat erëm gefummelt, allerdëngs just mat engem Normalobjektiv (50mm), a font dass ët keen Ersatz fiir é richtegt Makroobjektiv ass. Mam Objektiv fokusséieren z.B. gëtt näischt, du fokusséiers an dems de méi oder wéiniger no oder wäit un däin Objekt eru gehs, bis ët schaarf am Viseur ass.
Fiir Lupenopnahmen ass ët zwar duerchaus ze gebrauchen.
|
|
Thema: Sichen Auto fir Hochzäit |
Jaycee
Antworten: |
11 |
Hits: |
46.379 |
|
|
... naja spritzeg wéi de Maggele wollt, kann een daat Vehikel do jo nët grad nennen...
|
|
Thema: Nissin? |
Jaycee
Antworten: |
1 |
Hits: |
19.076 |
|
|
Nissin Blëtzer gët ët schon seit Joerzëngten. Du muss der allerdengs bewosst sin daas de muss Oofstrëcher maachen am Verglach zu engem Canon, Minolta/Sony, NIkon, Olympus, Pentax, Metz Blëtz, waat d'Ausliichtung, besonnesch am WW Beräich, an d'technesch Méiglechkeeten ugeht...
|
|
Thema: Voigtlander Bessa R3A - Input? |
Jaycee
Antworten: |
8 |
Hits: |
29.929 |
|
|
allez Dirk... d'Zeiss kascht nëmmen eng Kéier Geld an daat Gefill déi beschte Leica ze hun wou nët Leica drop steht ka kéen der huelen... bei der Voigtländer léfs de Risk dass dë iergendwann bedauers nët d'office é bësse méi déif an d'Täsch gegraff ze hun...
|
|
Thema: Voigtlander Bessa R3A - Input? |
Jaycee
Antworten: |
8 |
Hits: |
29.929 |
|
|
Am Prinzip ass d'Bessa R3A eng präiswert Alternativ zur Leica M. Du muss der allerdëngs bewosst sin dass d'Basis vum Telemeter däitlech méi kuerz ass wéi bei der Leica an daat mecht d'Focusséieren vu méi laangen Brennwäiten, respektiv liichtstaarken Optiken wéi den 1.4/50mm bei opener Blend ze vill onprezis fiir optimal Resultater. Mat engem Skopar 2.5/35mm hues de allerdengs kee Problem...
Kuck der emol d'Zeiss Ikon ZM un, ass zwar däitlech méi deier an awer nach wät ewech vun de Leica Präiser an se huet anscheinend nach é besseren Viseur wéi d'Leica M7...
|
|
Thema: Concours e witz? |
Jaycee
Antworten: |
92 |
Hits: |
166.843 |
|
|
Ha... daat ass jo mol keng quadratesch Pupill, just e schwaarzen Véiereck drop gepappt...
Ausserdem schéinen verschidden Leit keen Ennerscheed ze maachen zwëschen quadratesch a rechteckeg...
|
|
Thema: Eis TopFoto Jury Memberen |
Jaycee
Antworten: |
47 |
Hits: |
104.350 |
|
|
Canon, däi Kommentar as ganz objektiv an ech stëmmen em och bäi. Eng Kritik ass ëmmer subjektiv, woumat ech allerdengs nët d'Entschédungen vun der Jury a Fro stelle wëll. An engem spezielle Fall haat ech mech gewonnert, firwaat eng Photo net als TOP ugeholl gin ass. Op den éischte Bléck hun ech déi Photo super fonnt an direkt meng Verwonnerung zum Ausdrock bruecht (sin heiandsdo ze vill impulsiv...) Je méi ech allerdengs driwer bréien, je méi kommen ech zur Konklusioun dass d'Jury secher hir Grënn haat an dass awer villäicht de lëschte Quentchen zur Topphoto fehlt, obschons ech déi Photo nach ëmmer ganz gudd fannen... (eng staark Atmosphär). Also näischt fir ongudd.
An dem Sënn nach é schéine Weehend!
|
|
|