Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 87 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: deBaemm brauch Root
deendo

Antworten: 11
Hits: 35.242
14.01.2010 15:18 Forum: Material


... an ech géif egal wéien Boitier haalen fir en Ersatz ze hun wann main éischten futti ass (an ageschéckt gi muss). ;-)

Ech muss awer soën dass ech main aalen Body och baal nët méi huelen zanter dass ech déi nei hun. Esou wärt et dir och goën. *g*
Thema: deBaemm brauch Root
deendo

Antworten: 11
Hits: 35.242
14.01.2010 09:25 Forum: Material


Moien,

ech schéissen mech dem Gloda definitiv un. Firt éischt Glas, dann den Body. A si mer mol éierlech: et gëtt besseres wéi Sigma, zumols op Vollformat wou den Sensor méi héich Usprëch unt Objektiver stellt. Ech haat selwer eng Zait Sigma fir meng Pentax. Hier ech dun bei Canon gewiesselt sin haat ech den entschloss gefaasst: Sigma kënnt bei mir (!) nët méi ant Haus. Dofir géif ech der zum 70-200 oder esouguer zu engem anstännegen Nikon 24-70 roden.

D'D90 ass jo elo nach nët esou aal als dass een daat als Argument benotzen kéint. Vlaicht wëlls de och just eng Vollformat hun an sichs hei eng Bestätegung. Wann et just dodrun lait - kaaf der së. Awer sief der och bewosst dass de mat dengen aktuellen Lënsen nët daat aus denger Kamera eraus huelen kanns waats dë kéints! Investéier elo ant Glas. Wanns de daat bis hues, ass et herno e "Kannerspill" fir d'Bodien ze wiesselen.

Deendo
Thema: Reportage iwert Urbex
deendo

Antworten: 35
Hits: 88.145
11.01.2010 22:47 Forum: Allgemeng OT


Nawell "chapeau" wéi de Fransous a mir elo soen géif. Ech hun den Artikel elo just kuerz iwwerflunn well mer d'Zait fehlt. Awer wierklech Respekt dass de daat doten bis elo erreecht hues. Déi vill km am Auto, déi geféierlech an knaschteg "Expeditiounen" an déi akribesch Verarbechtung um PC hun sëch op allefall gelouhnt! Lo kennen mer jo hei op Photogen scho stolz sin esou en Promi wéi dech mat u Bord ze hun :-) *sëch fir dëch free*
Thema: PG Update
deendo

Antworten: 440
Hits: 1.014.317
Menu "Aneres" 17.12.2009 16:00 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech hun gesinn dass ech doheem (an och op der Arbecht) e Problem mam Menü "Aneres" hun. An zwar wann ech mat der Maus driwwer fueren klappt de Menü op, allerdéngs ass en duerchsichteg esou dass een naischt méi erkennt. Fueren ech vun "Aneres" erof fir eppes unzeklicken klappt en direkt zou.

Daat ganzt hun ech elo hei am Internet Explorer 8.0 getest, ob et am Firefox geet kann ech net mat Secherheet soen.

Am Screenshot gesais de waat ech mengen.

Deendo
Thema: Weis Eis Déng Hompage
deendo

Antworten: 259
Hits: 644.833
06.08.2009 15:21 Forum: Projet Virstellungen


@ Neckel

Ganz flott, klassesch opgebaut, mat engem schlichten Design daat nët oflenkt an d'Fotoen erausstiechen léisst. Gudd geschafft! Wous de just oppassen muss ass mat denger propose fir dech ze buchen. Ech wees nët obs de do eng Steiernummer ufroen muss. Daat kann ënner Ëmstänn ganz schéin ant Box goen. Mach dech do dach emol schlau. Vlaicht schreift hei nach deen een oder aaneren eppes klenges dozou. Mir hun jo hei fir baal alles Expert'en.


Elo wou daat Thema hei nees nei ausgegruewen gin ass setzen ech mech glaich hannendrun.

Zënter Mëtt Juli bloggen ech regelméisseg iwwert meng Arbecht a meng Fotoen. Dir fannt mëch hei, de Link steet och a mengem Profil.


Ech hun deen Blog ganz klassesch bei Wordpress.com ageriicht an kann daat jidferengem rooden deen sëch nët mat HTML & Co auskennt. Et huet een zwar nët esouvill Méiglechkeeten fir den Site unzepassen wéi bei aaneren CMS Systemer (ech denken do un Joomla), allerdéngs brauch een hei keen eegenen Webspace, keng Domain ze bezuelen, den Blog ass a 5 Minuten startkloer an kascht mat 3GB Spaicherplaaz kee Cent :-)

Deendo
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
deendo

Antworten: 70
Hits: 150.256
31.07.2009 16:55 Forum: Multimedia


hehe, jo daat stëmmt. Never change a running system! ;-)
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
deendo

Antworten: 70
Hits: 150.256
29.07.2009 14:59 Forum: Multimedia


Also ech haalen main "Feature" gären op mengem Iphone, a sin soss esouwait frouh driwwer dass ech meng Anzeig a % hun. Daat erméiglecht ët mer méi genee erauszefannen wéini dass ët un der Zait ass fir opzelueden. Un en kompletten System-Restore (vun Null un) denken ech guer nët. Ech denken dass ech mam Update op 3.0 schon genuch "gebotzt" hun.
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
deendo

Antworten: 70
Hits: 150.256
29.07.2009 10:49 Forum: Multimedia


Komesch, ech haat virum update op OS 3 nach eng gejailbreakt'en Firmware drop wou ech am Cydia en klengen Plugin haat fir mer % uweisen ze lossen.

Nom Update op 3.0 war déi Anzeig' nach ëmmer do, doduerch hun ech geduecht wier daat ganz normal. Eng extra "App" dofir hun ech nët installéiert.

Komesch... mais et klappt!
Hei e Screenshot vu mengem Iphone:

Thema: PG Update
deendo

Antworten: 440
Hits: 1.014.317
21.07.2009 17:54 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Moien Johny,

also eigentlech sin ech keen Fan vun Zuelen a Statistiken. Allerdéngs hätt ech nach déi eng oder aaner Propose ze maachen:

- wier et méiglech bei "Meng Bäitreeg" d'Fotoen no den Klicks ze sortéieren, esou dass een op ee Bléck gesait wéieng Foto am meeschten gekuckt gouf?

- gëtt et keng Homepage-iwwergraifend Statistik méi? Wou een zb gesait wivill Memberen ugemellt sin, wéieng Foto am heefegsten gekuckt gin ass, wéieng déi meescht Kommentarer huet, wéieng User den Top-Photogenskill hun etc?

Deendo
Thema: iPhone
deendo

Antworten: 384
Hits: 826.706
02.07.2009 09:37 Forum: Multimedia


Ech hun den Androck dass den Iphone mat der neier Firmware (jojo, ech hun geupdated) e bëssen méi laang hällt bis en platt ass. Kann awer reng subjektiv sin, oder ech spillen manner mam Telefon wéi virun 2 Wochen (!?).

Zu mengem läschten Post: ech haat déi Push-Notification, den GPS, an Bluetooth ausgeschalt an esouguer d'Displayhellegkeet op en minimum reduzéiert. Domat hun ech et vun 2 op maximal 3 Deeg gepackt.
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
01.07.2009 09:01 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von Schlimpitz
Wars du net dei woch fierdrun zu Kayl op der Fete de la Musique? Du misst do mengen ech och fotoen gemach hun, sust aus den Leit, bis den Mike dech gesin haat an gebrieft huet hehehehehhehe


Jo daat stëmmt. Lo mëchs de mer Angscht xD Et sin awer ëmmer déi selwecht Leit déi knipsen. Tztztz
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
30.06.2009 20:01 Forum: Allgemeng OT


Haha, lo hu mer eis den Gruef gedeelt a mir wessen nach net wien deen aaneren ass lol :-)
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
30.06.2009 14:07 Forum: Allgemeng OT


Ahbon, also fir se ronderemt d'Foussgelenk ze machen waren d'Bännecher awer net laang genuch ;-)

Jo "wanns de ee kenns"... daat klappt hei am Land ëmmer. Wann nët, dann ass daat eng ganz aaner Saach :-/
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
30.06.2009 12:08 Forum: Allgemeng OT


Ech sin d'zjoert ofgetascht gin, souguer déi Jacket déi ech iwwert den Arm hänken haat. Tjo do misst main halwen Liter Vittel eben op Ex erof. D'Haaptsaach net verschwéngst an déi nächst hallef Stonn keen Duuscht ;-)
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
29.06.2009 16:31 Forum: Allgemeng OT


Lo nom Rock-a-Field kann ech soen das ech just eng eenzeg DSLR ouni Bändchen gesinn hun - wéi deen se eran kritt huet wees ech beim bäschten Wëllen nët.

Jojo, dee Béierchen... wier den TO awer mat 3,5€ eng Deier gin ;-)
Thema: iPhone
deendo

Antworten: 384
Hits: 826.706
29.06.2009 12:06 Forum: Multimedia


... deen dichtegen Iphone ass dach souwisou permanent platt! ;-)
Thema: Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)
deendo

Antworten: 29
Hits: 68.902
26.06.2009 17:01 Forum: Allgemeng OT


Moien,

d'Management vun den Kënschtler wëll hieren Produit esou gudd et geet op den Concerten verkaafen. Dofir ass et eben néideg dass just gudd Fotoen veröffentlecht gin. Aus deem einfachen Grond sin eben just "Profien" mat dem néidegen Equipement an Fachwëssen erwënscht déi daat bescht aus hieren Biller eraushuelen (kënnen). Dobai kënnt nach den kommerziellen Deel. Esou gëtt verhënnert dass den Pitti an den Jhempi den Bon Jovi knipsen an dann Posteren, Taasen, Mousepad'en etc mam Muséker drop verkaafen (-> Merchandising). Mat klengen Kompaktknipsen ass et bis elo nach net méiglech eng uerdentlech Qualitéit fir déi Zwecker ze kréien.

Nët fir naischt ass et bei gréisseren Bands fir den Fotograf Pflicht en Kontrakt ze ënnerschreiwen. Dodran kënnt dann den Numm vum Fotograf, den Datum, d'Plaaz wou den Concert war mat der Auerzait an den Medium fir den den Fotograf schafft. Geregelt gëtt och ob d'Fotoen just an enger Zeitung veröffentlecht gin, oder ob et och erlaabt ass se an aaneren Zeitungen vum selwechten Verlaag ofzedrocken. Dobai kënnt dann nach je no Kënschtler ob se onbegrenzt archivéiert gin dierfen oder ob se no 3 Méint geläscht gin mussen (éischter sollen! well praktesch ass daat baal net anzehaalen).

Dobai kënnt dass den Trend dohinner geet fir net méi wéi néideg Fotografen op den Site ze loossen. An der Regel huet nämlech den Organisator ant Management keen reelt Interessi drun fir nach Berichterstattung nom Concert ze hun. Esoubaal d'Ticketen all Verkaaft sin ass d'Geschäft nämlech gelaaf.

Ech denken dem Threadopener ass domat geholleft d'Kamera doheem ze lossen, och wann et nach esou reizvoll ass fir Staren ze knipsen. Fir am dichten Gewulls (den Rock a Field ass mat iwwer 14.000 Ticketen SOLD OUT!) opt Material opzepassen ass net évident wann een sech och nach amüséieren wëll. An wien huet schon Loscht vum Security Männchen emgedréint ze gin an dann nees duerch de Bësch ze marschéieren, d'Navette ze huelen etc...

Kuck der léiwer d'Fotoen vum Dan an an den Zeitungen un an luuss obs de net selwer op enger ze erkennen bass! :-)
Thema: Ech sin an der Zeitung
deendo

Antworten: 4
Hits: 34.337
26.06.2009 15:48 Forum: Allgemeng OT


Tiptop :-) Dann wärts de haut d'Zeitung bestëmmt 3x kaaft hun *grins*

E flotten Hobby, awer ech wunnen ze wait vum Findel ewech fir allkéiers bis dohinner ze fueren...
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
deendo

Antworten: 70
Hits: 150.256
25.06.2009 10:05 Forum: Multimedia


Souuu...

ech wollt main System nees "Clean" hun, ouni Jailbreak. Ech wees jo nët wéi et bei aaneren gejailbreakten iPhonen ass, awer main ass mer mat deenen ganzen Plugins a Programmer vill méi lues virkoum.

Dofir hun ech mer, obwuel Luxgsm sëch leider nach emmer net dozou geäussert huet, an ech net méi waarden wollt, den OS 3 erofgelueden.

Ech ka just soen dass main Apparat domat nees flësseg wéi um éischten Daag leeft, den Batteriezoustand an % ugewisen gëtt, main Akku (scheinbar) méi laang duerchhält, an den Tethering wonnerbar fonctionnéiert. Ech misst keng Mobileconfig eroflueden an och soss naischt astellen. Mam iTunes um Computer ass et praktesch Plug&Surf...

Et huet awer nach seng Virdeeler wann ee waarden kann (a sain iPhone hei am Land mat Kontrakt keeft), och wann daat dëskéier bei mir net de Fall war.

Liichten Off-Topic, awer huet schon een den Navigon Mobile Navigator um iPhone 3G laafen a kann eppes dozou soen?
Thema: iPhone OS 3 - Tethering
deendo

Antworten: 70
Hits: 150.256
19.06.2009 12:02 Forum: Multimedia


... aha, awer nach e Grond fir ze warden ;-) Never change a running system. Da bleiwen ech beim gudden aalen PDAnet *g*
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 87 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH