Thema: LaCie Ethernet Big Disk |
|
Hi Mike,
ech hun och esou een Lacie, awer mat USB/ Ethenet & Firewire400 & Firewire 800.
Ech hun den firewire 400 direkt un een Mac G5 ugeschloss. Domat gin ca 35mb/sec eriwwergescheppt (op den Disk schreiwen). Mee dess Werter hänken dovunner oof ob et eng grouss File ass (typesch Video vun ee puer GB) oder dausende klenge Files (typesch cache, text...). Dann kann bis op 3-5mb/s erof goen well de System net nemmen Daten eriwwerscheppt, mee och den Directory updaten muss.
Kannst du eis mol soen weien Mac, a wei du den Disk ugeschloss hues.
Fir ze testen kannst du jo och USB2 benotzen all all den Ethernet bypassen.
Probeier den Disk op OSX Extended (Journaled) ze formateieren.
mfG
Franz
|
|
Thema: Training |
|
Salut Gloda,
B&W oder Farbe?
Negativ oder Positiv (Pabeier) oder beides?
Theoretesch:
De Negativ am daischteren aus der Kartousche an d'Entweckler-Dous kreien. (an hellen d'Fangerfärdegkeet traineieren)
Entweckler umeschen & entwecklen (siehe Gebrauchsanweisung fir Konzentratioun, Zaiten..)
Neutraliseieren & Fixeieren wäschen, Drepsen oofzeien (keng Strummen/ Straifen maachen) an drechnen loosen
Fir duerno Pabeier Fotoen ze maachen:
3 Bieder virbereeden: Entweckler, Neutralisatioun & Fixateur.
Negativ anspaanen, Kadreieren.Pabeier beliichten (als eischnemmen kleng Fatzen Pabeier benotzen bis een Blend & Zaiten) erausfont huet. Entwecklen, neutraliseieren, fixeieren. Drechnen.
Farweg ass änhlech, mee mat 3 mol mei Bieder/ Chemikalien. Vill mei opwändeg, vergiess et fir unzefänken.
Et geif mer Spaas machen dat erem engkeier ze probeieren....
mfG
Franz
|
|
Thema: training/ formatioun photoshop |
|
Hi,
fir all dei dei een Training am Photoshop (oder soss een Programm) brauchen, kuckt eng keier bei www.lynda.com. Do gin et masseg vill gudd Trainings-Videoen.
Et gin och ee puer Videoen dei gratis sin, also Demos.
Viirdeel vun desem Online Training: et kann een sech ee Video nom aaneren op d'Long zeien, glaichzaiteg selver probeieren, sou wei een Zait & Loscht huet. Et kann een och Kapitelen iwwersprangen.
Nodeel: et kann een de Video net oofspaicheren (ausser mat Capturing tools). Sprooch: english only. Biller dei beim Training gebraucht gin stinn net zou verfügung. Mee et kann een jo ee Screen copy maachen...
Wann een de CS3 keeft (och Studente Versioun) kritt een bei der Registrierung een Kado. Do ass ee Mount Abonnement zu ALL den Trainings meiglech. Opgepasst: et kann een nemmen 1 vun de 4 Kadoen auswielen, ausser et registreiert een sech ee puer Mol...
Ech hun et lo perseinlech relativ intensiv ausprobeiert: et ass der Wert! Do leiert een vill, vill Verschiddenes, direkt vun Profien... den eenzeche Problem ass alles ze verhaalen. Notizen huelen ass ee Muss. Ee Profi get een secherlech doduerch net, do braucht een nach vill Ãœbung...mee et helleft onheemlech.
1 Mount Abo kascht "nemmen" 25 $. Ee Joer Abo ass och meiglech (250$).
Also ech geif lo niemols 1 Joer's Abo huelen, mee eventuel nemmen 1 Mount, hei as do, fir dann gezielt ee Programm besser kennenzeleieren, oder iwwerhaapt "richteg" unzekommen.
Wan ech daat mat den >250 Euro fir en 2 Deeg Class-Room Training vergaichen, sin ech iwwerzeecht dat den On-line Training besser as. Bekanntnes kann een jo seier durchscrollen. Et kann een gezilt Themen kucken, wiederhuelen oder verdeifen. An engem Class-room Training muss een jo an der Vitesse vum luesesten Schüler mathumpelen.
mfG
Franz
PS: ech hun keng Aktien vun Lynda an ech kennen och keen aaneren Trainingscenter. Ech kann also net verglaichen.
|
|
Thema: OSX Leopard fir de PC |
|
Hi,
...fir all PC User....
...Macianer gin jo an 6 Deeg erleist...
mfG
Franz
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
Zitat: |
Original von Mano
... aalen hellbloen ipod mini(4gb)
...sein akku ass leider och net mei dat wat en mol war ^^ hellt just nach 40 minutten |
Hei get et Akkuen fir an den iPod Mini. Zimlech belleg. Hält 1-2 Joer. Dem Surf-Republican sain Ersatz am iPod Mini ass vun do.
replacement Akku
et fennt een och Instruktiounen um Internet fir den Akku auszewiesselen.zb hei: instructions
mfG
Franz
|
|
Thema: hobby zum beruf machen |
|
13.10.2007 10:18 |
Forum: Misc |
Hi,
ech stemmen awer net 100% zou. Trial& Error ass ok fir den Hobbyfotograf. Mee et geet mei schnell an enger Schoul/ beim Profi.
Ugehol d'Ziel ass profimeisseg Publiciteitfotoen (oder Mode,...) ze maachen. Do gin et vill Tricken fir d'Mise en Scene, Beliichtung, auswiel vum Material (Profimaterial...) Studioanrichtung.... Daat leiert een net vum selven. Do geet et nemmen richteg & seier iwwer Schoulen & Praxis bei Profien.
mfG
Franz
|
|
Thema: viewfinder |
|
Hi,
wann den Horizont net riicht ass, dann am PS oder soss ee Programm korrigeieren. Dat geet mei seier beim Knipsen an mei genau mam Computer.
Soss get et nach dest: Zigview
Et get der Denger secher nach vun aaner Marken (hun nach net gesicht). Se sin net belleg, mee schengen super vill Meiglechkeeten ze bidden. Dei erlaaben nach mei extrem Positiounen...
mfG
Franz
|
|
Thema: Mac, wou kaafen? |
|
Hi,
ech haat biselo nemmen gudd Erfahrung mam Telindus/ComputerHome aus der Belle-Etoile. De Gilles Costa (elo Gerant) haat sech gudd mat Macs auskannt. Si hun elo och weinsten 1 aaneren Mac kennegen.
Deemols (1999) wei Apple vun ABD op USB emgestiegen ass, duerft ech souguer >2 Stonnen laang op engem ausgetallten G4 eng 3d Software lueden an probeieren ob den ADB-Hardkey och iwwert een ADB-USB Adapter funktionierert huet. Deemols war daat net evident. Ech hun daat ee super Service "Avant"-vente fond an duerno och do kaaf.
Dee leschten Mac hun ech 2005 do kaaf. Kee Problem. An sie haaten sech druginn fir de Computer schnell ze kreien an et huet och geklappt.
mfG
Franz
|
|
Thema: HD Multimedia-player |
|
Hi,
hues du ee Mac oder PC?
fir de Mac hun ech photopresenter fond, den allerhand Opleisungen erlabt, mee ech konnt et net testen well de Programm emmer oofstierzt.
den Iphoto wier net schlecht, awer nemmen mat 640*480 pix.
mfG
Franz
|
|
Thema: HD Multimedia-player |
|
Salut,
ech kann der zwar net direkt hellefen, awer bedenk emol daat Full-HD och nemmen 2MP sin. Do kriss du keng 10MP Foto an Topqualiteit duergestallt. Zumols d"Format och nach aanescht ass (16:9 statt 3:2 oder 4:3).
Ech denken dei optimal Leisung ass folgend:
Fotoen an een DVD Authoring Programm ze huelen an ze verschaffen (crop, zoom, move, Iwwegäng...) an dann op eng HD-DVD ze spaicheren.
Daat ass super Zaitopwendeg!
mfG
Franz
|
|
Thema: Ären Computer-Desktop |
|
Zitat: |
Original von Surf-republican
... well ech heiren dauernd vun leit, dass se op hierer schaff alles aanescht maachen wei daat waat se sollten ... |
da gei mol mam gudde Beispill vir: maach an der Schoul waat do verlaangt ass. Dann krisst du vlaicht eng Aarbeschtsplatz mat vill Fraiheeten...
mfG
Franz
|
|
Thema: MsDewey |
|
Hi,
hei 2 Tips:
- einfach nom selwechte Wuert weider sichen bis Ms. Dewey genervt ass!!!
- den Intro net skippen,
ah jo, an och no "pain in the ass" sichen. Dat waar dat eischt waat ee Kolleg gesicht hat. Dat ganz Gebei haat vun laachen gewackelt.
mfG
Franz
|
|
Thema: MsDewey |
|
Hi,
ech hun haut d'Ms. Dewey begeint. Super Search-Engine. Stonnelaang Fun.
Ms Dewey
hei mol ee puer Wieder dei um Internet stin:
gmail
LOTR
apple
macintosh
xbox
king kong
Bush
bombs
net ze vergiessen:
get naked
get naked
get naked
vill Spass.
Franz
|
|
Thema: Fotorecht |
|
Hi,
freier (an der Zait wou alles automatiseiert gin ass: Blend, Verschluss, Focus...) gouf am Witz vun enger "Motiv-Klingel" geschwaat. Et misst elo eischter eng "Anti-Motiv-Klingel" sin. Also bei Verletzung vun de Urheberrechten geif den Apparat bimmelen an net oofleisen. Waat get daat ereischt ee Kameidi wann ee Bus voll Japaner Fotoen welle maachen. ...
Am Fall vun den Porsche, R&R Ferrari & Co: kuckt emol um http://wreckedexotics.com/
mfG
Franz
|
|
Thema: Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen |
|
Sorry,
ech verstinn net daat d'Leit esou vill musse meckeren. Photogen ass jo gratis, et get naischt ze gewannen ausser Spass, nei Ideen, ... wann et engem net passt kann hien jo passen .
Ech wees lo net mei weider...
mfG
Franz
|
|
Thema: Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen |
|
Hi,
waat ech gemengt haat:
dei eischt Etap as wei haut: d'Admins kucken dei nei Fotoen. Wann se ugehol sin, leeft alles wei haut oof.
Wann se vun den Admins refuseiert gin, gin se net wei haut direkt ganz refuseiert, mee jhust un eng Jury gescheckt. Dei stemmen oof op d'Foto trotzdem ugehol oder wirklech definitiv refuseiert get.
D'Jury huet also eng Funktion wei ee No-examen, zweet Preifung. D'Jurymemberen sin dei vun den Topfotoen an se hätten 24 oder 48h Zait fir oofzestemmen.
Klor ass keng Jury 100% onparteilech, mee wann vill Leit an der Jury sin, ass et vlaicht als User mei einfach d'Decisioun (de Refus) ze akzepteieren.
mfG
Franz
|
|
Thema: Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen |
|
Hi,
obschon gefrot gin ass et net ze soen: ech fannen de System elo zimmelech OK.
Wann eng Foto ugehol get, ass jiddfereen zefridden.
Wann se refuseiert get (ass mir och schon geschitt), get een rosen wei eng Bei. Mee daat ass eben esou. Ech hun daat dann als "Concours d'Entree" ugesinn...an do get net alles duerchgeloos.
Et get awer lo Leit dei ufänke "frech" ze gin. Ech verstinn dat d'Admins sech net dauernd musse/ kenne rechtfertegen. Ech froe mech souvisou wei dei meeschten aktiv Memberen esou vill Zait op Photogen verbrengen kennen (alles liesen, commenteieren,...) Maachen se soss naischt?
Dofir, maacht d'Verwaltung vum System net ze komplizeiert. Loost et einfach an verständlech.
Mai Virschlag: wann d' Admins eng Foto fraischalten, dann ass se frai. Et geet jo secher nemmen em d'Grenzfäll. Do ass eng zweet Jury wahrscheinlech optimal fir d'Laascht vun den Admin Scheleren ze huelen: no 24h oder 48h bestemmt d'Majoriteit vun de jo-nee waat geschitt.
Statt eng Jury-Wahl ze maachen: firwaat net einfach d'Top-Foto Jury huelen. Do get et ee grousse Pool vun Leit, mat diverse Ideen, onparteilech,...
Wuelbemierkt: d'Admins (an/oder d'Jury) sollen net zevill Zait verleieren fir d'Grenzfäll ze behandelen
Mee egal wei et gemaach get, et wärte Fotoen refuseiert gin. An och do wärt et Userern gin dei net mat den Decisiounen averstaanen sin an meckeren...Do get et nemmen eent: ctrl-alt-delete oder force-quit.
mfG
Franz
|
|
Thema: Offiziellen Mac-spekuléier Thread |
|
Hallo,
MS muss jo seng Ideen-Fundgrube finanzeieren. An dei Grouf heescht.... Apple.
Et get jo ee Pacte tescht Apple & MS fir ouni vill Gedeesems Ideen vun dem engen an den aaneren Betriebssystem eriwwer ze huelen. Komesch daat et emmer (ok, meeschtens) an eng Richtung geet.
Ech sin en 200% Mac fan, mee et get och guddes um Windows, an schlechtes um Mac.
Oouups, den 1. Abrell ass schon eriwwer...
mfG
Franz
|
|
|