Thema: Canon Media Storage Device |
|
Kann desen Apperat RAW Biller duerstellen? Wann net keent ech mer genausou gut mei een bellegt Storage Device ouni Bildschirm kaafen.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
Zitat: |
Original von Johny
Waat fir Feeler dann? Mech stéiert am meeschten drunn dass en sou vill RAM an CPU wech hëllt. |
Ma zum Beispill funtioneiert bei mier d'Sich mat Hellef vun Keywords net emmer. Heiansdo sorteierten d'Foto, heiansdo mecht en egal waat.
Ausserdem as den Programm allkeiers oofgestiertzt nodem ech main Managed Photos Folder änneren wolt.
Dann kent nach den Feeler mat der Daitscher an der Franseischer Sproch deem dem mmphotos huet.
Aaner User mellen nach vill vill aaner Feeler. Kucken einfach am offiziellen Lightroom Forum.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
Zitat: |
Original von Johny
An jo beim Aperture kann ee verschidde Versiounen maachen. |
Den Lightroom huet daat nach net. Daat ass mengen ech daat lescht grouss Feature waat nach feelt. Dono hoffen ech, dass den Programm nach mei schnell an virun allem mei stabil get. Waat ech mei laang dermat schaffen, waat mer mei Feeler opfaalen.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
Wei mengs de daat mmphotos? Ech wees emol, dass verschidden Lait Problemer mat komeschem Text hun wann den Lightroom op Franseisch oder Daitsch leeft.
Wann d'Greisst vun der Schreft an den Menüen ze kleng as, dei kanns de an den Optiounen änneren.
|
|
Thema: 400D: Ween huet se schon? |
|
Ech benotzen nach emmer eng gud aal 300D.
Bei der 400D sin d'Pixelen um Sensor vill mei no beieneen an ech ferten, dass ech lo immens gudd an heichopleisend Objektiver brauch fir dass dei 10 Megapixel och ganz ausgenotzt gin. D'Kit Objektiv soll naischt sin hun ech heieren.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
Net nemmen RAW, mee och all dei aaner enerstetzten Formater bleiwen onverännert. Sou kanns du och eng JPG Photo 10 mol emenneren ouni dass d'Qualiteit drenner leit.
Gespeichert gin d'Verännerungen an Screenshots vun der leschter Verännerung fir den Preview an Thumbnails (an engem bestemmten Folder deen een mat engem Trick och änneren kann).
Gespeichert get et also automatesch, mee du muss emmer erem den Lightroom benotzen an do d'Datei exporteieren.
Lightroom DNG an Bridge DNG verstinn sech am Moment nach net. Daat soll sech awer nach änneren.
EDIT:
Lightroom Beta4 as haut eraus: Link
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
E bessen OT mee Aperture schengt een mega Programm ze sin. Den 2.0 soll mar ugekennecht gin. Schued, dass en just fir MAC as.
|
|
Thema: Adobe Lightroom - Beta |
|
Lightroom Windows leeft nach extrem lues. Adobe soot awer dass daat normal as an speitstens mat der Final soll et mei seier goen.
Beta 4 kennt geschwen, mee soll och net vill mei schnell sin.
|
|
|