Thema: Drock (Acrylglas) |
|
Merci Nemo ^^
Wann ech den ICC Profile rofgelueden an installéiert hunn, muss ech dann am Photoshop convert to profile maachen?
|
|
Thema: Drock (Acrylglas) |
|
Ech haat schonn mol eppes bei hinnen bestallt.
Si sinn ganz ok, d Präisser sinn natierlech gutt, awer si sinn net esou flexibel wéi eng richteg Dréckerei, wou een all Sondergréissten op den mm genau kritt. Och hat ech eng Kéier quadratesch Fotoen do drécken gelooss déi duerno awer net ganz quadratesch waren, wat net um Beschnëtt loung, well ech ouni Beschnëtt bestallt hat, well mer do ëmmer puer mm ze vill entfalen.
Den Service ass zwar tiptop, eng kéier waren Flecken um Pabeier deen iergendwéi beliicht ginn war an krut direkt en Gutschein fir déi nei ze bestellen.
Wann et kee Sonderwonsch ass an et net perfekt perfekt muss sinn, kann ech saal digital och recommandéieren, awer ech ginn trotzdem léiwer an en Buttek an schwätzen mat den Leit.
|
|
Thema: Drock (Acrylglas) |
|
Huet schonn een zu Lëtzebuerg (oder net ze wäit hannert der Grenz) Fotoen hannert Acrylglas drécken gelooss?
Ech hat der schonn mol zu Leipzeg (wou ech studéieren) drécken gelooss, an et géing lo gären een eng Foto bei mir kafen déi hanner Acrylglas gedréckt/gepecht soll sinn. An fir ze evitéieren dat ech se zu Leipzeg drécken loossen an dann xx Euro Versand dropleeën oder den sperregen Transport (ouni Auto) selwer iwwerhuelen, wollt ech mech mol emlauschteren op een eng Platz kennt an vläit schonn iergendwou positiv oder negativ Erfahrungen gemat huet.
Géing mech och interesséieren wann der sos eng Imprimerie (net online) recommandéieren wéilt.
Merci
|
|
Thema: Photomeetings Luxembourg |
|
Wéi säit 3 Joer ginn ech d näst Woch och erem op d Photomeetings Luxembourg an well d Thema dëst Joer sech besonnesch op Lëtzebuerg bezitt, wollt ech hei nach e besi Reklamm maachen, well déi lescht Joeren ëmmer nach Plaatz am Sall war bei den Lectures déi awer wierklech interessant waren.
D Lectures sinn den 8.,9. an 10. September 17.30-19.00
den 8. an den 10. sinn nach Vernissagen duerno wou et en Patt gett.
et gett och een workshop do huet een sech awer leider missen bis geschter aschreiwen, ech haat dat och geschter owend eréischt gesinn.
den vollstännegen Programm fannt der op photomeetings.lu
|
|
Thema: Underwater pregnancy photos |
|
oh wow do sinn der jo wierklech vill merci Jade! ^^
Ech sinn gespaant, hat wëll an eng méi déif Schwämm wéi déi wou ech sos Fotoen maachen, muss also nach eng sichen bis den Summer, wann een eng recommandéieren kann...?
Ech posten dann duerno wann ech däerf 2-3 Fotoen vum Shoot op photogen
|
|
Thema: Collodion humide workshop |
|
Ech sichen nach 2-3 Leit déi drun intresséiert wieren den Collodion Wet Process (collodion humide) mat mir kennen ze léieren. Et wier en 3-Deegegen Workshop fir des aal Fototechnik kennenzeléiren. Beschreiwung vun deem wat mer léieren; Maitrise du procédé avec création de la chimie etc... plutôt 3 jours avec extérieur avec adaptation des chimies.
den Workshop ass fir 2 bis 5 Leit, an ech probéieren d 5 voll ze kréien dann gëtt et am bëllegsten. Total ass 850 Euro (Material inclu) dh. duerch 5 wier dat 170 Euro fir déi 3 Deeg!
Dat ganzt wier mam lëtzebuerger Fotograf Joel Nepper - kuckt iech seng Fotoen un op; http://www.alchemyst.me/
en Datum (eher am Summer) sichen mer gemeinsam wann ech intresséiert Leit zesummen hunn.
Michelle
|
|
Thema: Ausstellungen (och vun Photogen Memberen) |
|
woah wierklech flott, wéi bas d dodrun komm fier do auszestellen? bas d gefrot gin oder hues du iwou gefrot? thema waasser... do hät ech och deck gär beigedroen (sin zwar amateur mee bon :p) waasser as besi mäin element gin
|
|
|