Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Schluck, vergiess net en uerdentlechen Lightjockey mat ze buchen
)) |
& d'Niwwelmaschinnen gin mer hinnen virdrun verstoppen
|
|
Thema: Workshop Concertsphotographie |
|
weivill Leit hues de dann welles matzehuelen, bzw kannst de mathuelen ?
wann nach Plaatz, ... sin och gären derbäi
|
|
Thema: Refus |
|
Mir hunn hei streng Restriktiounen wat Aktfotoen ugeet respektiv Fotoen déi zevill an déi Richtung ginn, vu dass mer och vill ganz jonk Fotografen um Site hunn
Ech mengen daat hun ech och schon eng Kéier gesoot - mee hei nach eng Kéier:
dei Ausso vun den Admins hei ass jo schéin a gudd, mee ech mengen net dass een eis Jugend virun esou en Fotoen wéi dei vm Poly schützen muss
Pornographesch Biller : keen Thema, dei gehéieren net hei hin - mee mengt der wiirklech dass esou - oder iwwerhaapt esthetesch Aktbiller - eis Jugend verdierft ?!
Do gin et ganz aaner Saachen & Site'en (an gleeft mer, als Mamm vun engem Bouf vun 13 Joer wees ech vun wat ech schwätzen) dei een am Aa behaale muss
Justmy2cents
|
|
Thema: Wéini ass een en gudde Fotograf? |
|
ma dann défineier emol "gudde Fotograf" !
gudd well en alleguerten d'Techniken perfekt beherrscht ?
gudd well en een Aa fier Fotoen & Gestaltung huet ?
gudd well en souwuel d'Techniken perfekt beherrscht ewei och en Aa fier Gestaltung huet ?
gudd well seng Fotoen aanescht sin ?
gudd well seng Foteen vun der Norm & der Traditioun ofweichen ?
gudd well ... ???
also : défineier emol waat fier dech en gudden Fotograf ausmecht
|
|
Thema: moundfinsternis |
|
bei eis och keng Chance ... alles hannert Wolleken
an wéi de ganze Spaass eriwwer wor, ... dun woren och d'Wolleken fort
(ech kann dem BlackPanther seng Foto iwweregens net gesin - just een Kräiz)
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
|
... wei wär et dann wann der äre klenge Krich an der Sandkaul ausdroe geift, Kanner ?
an dir wonnert iech dass d'Leit iech hei fortlaafen ?
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
|
@Johhny
et soll jo keng Kategorie fier Kritiken, mee ausdrecklech wei ech geschriwwen hun fier Verbesserungsviirschlei sin
Just Kommentarer - op positif oder negatif - soll een wann engem dono ass jo emmer nach "normal" ennert eng Foto setze kennen
Ech mengen wiirklech eng Kategorie an deer een gezielt an ausschliesslech no Verbesserungsviirschlei freet
Als Beispill : ech hun d'Meigelegkeet en Fotostudio "geleint" ze kreien. Ech sin awer absolut keen Studio-Expert, bzw hun nach nie Fotoen an engem Studio gemeet. Ech gin elo hin, maachen am Studio e puer Fotoen, lueden se hei erop an Froen eis Studio-Expert'en hei um PG waat ech falsch maan / besser maan kann / verschidden Effekter erzielen kann etceterapepe
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
|
tjo, do hues de wuel Recht
wei waer et dann mat enger Kategorie : Verbesserungsviirschlei ausdrecklech erwenscht oder esou ?
Ech lueden z.B. ab & zu Fotoen gezielt an esou Kategorien an aaneren Foren erop, eben well ech vun Leit dei sech an bestemmten Saachen (HDR, oder Makro, oder Portrait, ...) besonnesch gudd auskennen gären en konstruktiven Feedback hätt.
Aanescht awer och - ech gin och gezielt an esou Kategorien kucken ob ech vläischt engem mat mengem Wessen weiderhellefen kann
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
|
Merci Johnny - ass eng Äntwert / Astellung dei ech novollzéihen an mat deer ech liewen kann
|
|
Thema: Fro fir d'Moderatoren |
|
mol ganz allgemeng gefroot - an w.e.g. net stengegen falls dei Fro schon iergendwou beäntwert gin ass & ech se iwwerlies hun :
wiesou gett iwwerhaapt eng "Zensur" gemeet ?
wiesou soll net jidfereen ouni Zensur seng Biller eroplueden kennen ?
wiesou soll ech net kennen eng Foto eroplueden dei absolut "schrotteg" ass ?
mier sin jo alleguerten - oder weinstens vill - och hei fier eppes bäi ze léieren, an net nemmen fier emmer erem op d'Scheller geklappt ze kreien, nom Motto : hues de erem fein gemaach !
wann meng Foto näischt daacht, dann ass et un iech/eis alleguerten ze soen wiesou meng Foto net gudd ass an waat ech drun verbesseren kann
schon am viraus eng foto ze zenséieren, an ze heieren ze kreien : denk emol driwwer no, daat helleft menger Meenung no kengem wiirklech weider deen sech an der Fotografie weider entwécklen well
|
|
Thema: Virschlag fir e Concours |
|
daat kann een och e bessen erweiteren / aanescht maan
mier hun an eisem photoclub de moment deen heiten projet :
eng aal analog camera, alles schein voll mechanesch & ouni schnickschnack, een s/w film mat 24 biller, 12 leit dei matmaan
jiddfereen daerf d'camera 10 deeg haalen & mecht 2 fotoen
de film mat der camera geet um enn un eng persoun vum comite an deen entweckelt de film
dei 24 fotoen gin um enn alleguerten esou wei se sin agescannt & online gestallt
dann get gewielt ... :-)
|
|
Thema: Virschlag fir e Concours |
|
ass mier fier d'eischt och esou gaang
also, wann ech daat richteg verstaan hun :
et gin jo deer Wegwerfknipsen (vun Agfa, etc)
deer soll een sech eng kaafen, de film eidel knipsen, entweckelen loossen, d'Fotoen bei PG aschecken, an dei bescht gewennt ... oder esou
|
|
Thema: Faarweblann |
|
OMG
29
ech muss definitif mäin Monitor kalibréieren
|
|
Thema: Eng Rubrik Location |
|
Dito
Ech hun selwer schon e puer Mol iwwert PN bei deem engen oder aaneren Fotograf nogefrot wou dei eng oder Location ass, an hun och nach emmer eng frendlech Äntwert kritt.
Ech hun zwar och schon geäntwert kritt : daat verrooden ech leiwer net/daat well ech fier mech behaalen, mee och daat ass absolut OK an esou eng Äntwert respektéieren ech och
A soss schéin Ecker hei am Ländchen fënnst de och wanns de e bessen ronderem fiers, bzw emol e bessen den Tourist hei am Land spills
|
|
Thema: Wallpaper.lu |
|
Gefällt mer
Da waarde mer elo emol of waat do nach kennt ...
|
|
Thema: Calvin Hollywood Workshops |
|
Mooooment emol !!
Ech hun weder eppes geint den Hollywood gesoot, nach gesoot dass € 150,- mier ze deier sin.
An d'Initiativ fier esou een Workshop ass och wonnerbar.
Läit daat um Wieder dass der alleguerten hei emmer alles an de falschen Hals kritt ?
Also, wollt just soen :
1. Een deen esou Workshop'en organiséiert huet normalerweis och Standard-Flyer'en dei d'Leit personaliséieren kennen (fierwaat d'Rad nei erfannen ?)
2. €150,- sin fier een deen schafft wahrscheinlech keen Thema, mee fier en Student ? Waat hues de dervun wann sech elo 20 Studenten umellen, dei sech duerno awer nees ofmellen well se dei Suen net hun ? Dei ganz Aarbescht fier näischt.
3. Ech hun schon deen een oder aaneren Online-Training vun him matgemeet, an je nodeem waat d'Detailer vum Workshop sin / wéi en Thema et ass, interesséiert et mech vläischt guer net.
An daat huet näischt mat Gemauls oder Gemecker oder Respektlosegkeet ze din wann ech esou Iwwerleeungen ustellen.
|
|
|