Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 18 von 18 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Op Foto Opmierksam man
Scorpius

Antworten: 167
Hits: 640.702
28.08.2011 12:19 Forum: Foto Forum


Moin, versichen et mol iwer desen Wee fir puer Tipps ze kreien well et iwer den normalen Wee net geklapt huet. Bon ech wes hei si Leit wou mat all Portrait Foto wou se machen allkeiers bis an d'Wochefoto komen an besser techniken hun, bessert equipement, locations, models, erfahrung an routin etc...bei mir aset fir 2t wou ech e shooting probeieren an dan war en och nach spontan Augenzwinkern
Also se muss scho grotte schlecht sin das keen epes dozou soot me se gouw jo awer schliesslech ugehol gell fröhlich vun dohier, hei meng Foto :

http://photogen.lu/?page=photo&id=58387&pagetype=newest&oldpage=1

Ech verkraften all Kritik, hun suguer leiwer eng Kritik wei "oh wi schein" wel domat kan ech mech schliesslech net besseren.

zur Foto : hät ech se fleicht besser gehat ze croppen weint dem model sengem rietsen Arm deen net ganz drop as ? Wei aset mat der schärft ? Pose ? Ech hu wieklech nemen weineg Ahnung vun Portrait an weilt awer mei an deem Bereich fotografeieren, dofir hun ech se ropgelued.
Soen mol merci am firaus
Ken
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
04.07.2011 15:59 Forum: Allgemeng OT


Merci @Nathalie, jekyll an krautheim. Mengen mat deenen infoen misst ech epes anstänneges fannen Augenzwinkern
Huet hei iegendeen eng Erfahrung mat der Mark "muslin" gemeet ?
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
01.07.2011 15:24 Forum: Allgemeng OT


Ech wosst et das soueng komme geng hehe me ech hun dsuchfunktioun awer benotzt, ech hu mech wascheinlech just falsch ugeluecht...jidefals wan ech no "Fotosgeschäft" sichen (just am beitragsnum) fannen ech deen post mol net..wan ech dan -er hannendrun machen dan fennt een et..najaaaaa fröhlich
Soen jidefals merci fir deng info gloda fröhlich

merci och _Miami_ !!
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
01.07.2011 13:47 Forum: Allgemeng OT


Verstin Augenzwinkern Dat hecht du gees awer alt mol dohin akafen an bas zefridden ?
eng alternativ hei zu letzebueg kens de jo net zoufäleg ?
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
RE: heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt 01.07.2011 12:57 Forum: Allgemeng OT


Hu mer lo mol puer vereenzelt sachen op der webseit ugekukt an si jo kee kneckert, me bei deene preiser bleiwen ech dan awer leiwer bei Amazon und co Zunge raus
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
RE: heiernsdo ass d'Äntwert mei no ewei een mengt 01.07.2011 12:20 Forum: Allgemeng OT


Ahhh Lecuit, merci merci, dat wosst ech net fröhlich
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ?
Scorpius

Antworten: 12
Hits: 73.904
Geschäfter hei zu letzebueg ? 01.07.2011 11:50 Forum: Allgemeng OT


Ech hu mech gefrot wat fir Geschäfter et hei zu letzebueg gin wou een net nemmen just Kameraen ze kaafe krit mee och enert anerem divers Belichtungszubehör. Dei Geschäfter wou ech kennen an am internet font hun sin just op Kamera spezialiseiert an verkafen och keen Beliichtungsequipement.
Deitschland geng och nach goen, do misst et theoretesch jo suguer na besse mi belleg sin Augenzwinkern
(Fleicht verkeeft jo och een zoufälleg puer sachen, et geet mer haptsächlech em homestudioequipement wei prabli, stativer, reflektoren, hannergrënn..)

Merci am firaus.

Ken
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
02.03.2011 14:49 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech muss dem Quaffit hei zwar zoustemmen. Ech sin just en amateur an der fotografie sou wei photoshop, me ech denken awer das een mat helef vun Photoshop seng fotoen opbesseren kann bzw korrekturen machen kann sou das dfoto besser as, soss genge mer dat jo net baal alleguer machen oder ?

Theoretesch gesin keint een mam photoshop jo quasi eng Foto zeechnen genau sou wei se och aus dem aparat geng komen. Theoretesch wuelbemiekt. Also gesin ech neicht wat dogeint schuetzt das een mat helef vum Photoshop eng foto keint opbesseren. Et huet natielech just nemi fill mat Fotografie ze din...
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
02.03.2011 14:28 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Effektiv, dat hat ech 1 mol bis lo gesot krit wou ech eng kaatz "geknipst" haat Zunge raus
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
02.03.2011 14:17 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Also ech perseinlech keint domat liewen wan winstens dan sou eng richtlinn dobei wier sou das een dan selwer kan rausfannen u waat et keint leien.
Das just wan dan sou e satz do steet "net gut genuch" oder "hues der net fill gedanke gemeet iers de dfoto gemach hues" woumat een net fill kan ufänken Augenzwinkern
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
01.03.2011 16:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@ gunman & Quaffit :
Et geet awer net drem das "d'Grenz" ze heich oder ze deiw leit, mee et geet dorems das wan eng Foto net ugehol gouw, een mechtens eben grad keng Kritik krit ausser souepes wei am style "deng foto as net gut genuch" Augenzwinkern

Ech perseinlech sin ganz dofir das dei Kontroll gemeet get well et eichtens verhenert das de site an enger Fotoflut enner geet an zweetens das de gro vun "net sou gudde fotoen" erausgefiltert get.

An wan meng Foto eben net ugehol get, an weilt se awer gär eropluede kënnen aus weiengem Grond och emer, dan geng ech se jo eventuel sou emänneren das se ugehol get (soufern dat iwerhapt meiglech as wan dfoto net schon schlecht aus dem Aparat kennt Augenzwinkern ) Me euni epes Konkretes geet dat awer net sou gut.

LG
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
18.02.2011 09:40 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


War lo eng Zeit nemi heiran kuke kom, an das fill geschuat gin wei ech gesin, wat jo ansech gut as wan jidereen seng Mehnung seet bzw Firschleih mecht.
Well lo net rem dei beschuaten Sachen rem opwullen well desenThread och sou schons grouss genuch as denken ech an "klinke" mech mol einfa un dei läscht Sätz dei hei geschriw gouwen.

Ech stemmen dem Gaga senger Remark zou, das de Forum dei enzeg Platz as wou een sech äusseren kann wat d'Refuen vun Fotoen ugeet. Dass een eng Mail un de Comité mache kann wousst ech och net. An fannen et och en ganz gudde Firschlach fir un de refus eng Meiglechkeet dobai ze setzen eng direkt Mail un d'Jury ze schecken (euni lo mussen onbedengt d'Email ze weisen fir spam ze vermeiden natielech Augenzwinkern ).

Verstin och wan den Johnny dan seet "jo me mir maan dat freiwelleg an mir hun schliesslech och nach e Liewen an schaffen och", well jo dan bal jidereen deen e refus krit eng Mail mecht an eng Entwert well. Ok, me ob een lo eng mail un de commité mecht oder en direkten Maillink dohin setzt, kennt jo bal op dat selwecht eraus just das net jidereen dat wees mat der Mail un de commité.

Fir mech perseinlech fannen ech dat eng gut Idee, NET fir ze "meckeren" nee, ech lueden meng Fotoen erop well ech gär well leieren mech Fotografesch auszefalten(fannen hun dat lo schein gesot Zunge raus ). An wan ech eng Foto eroplueden an se get ugehol an jidfereen seet "wau" an "super" an "gefallt" mir, leiert een 0 bai. Wann een awer lo eng negativ Kritik oder en Tipp krit wei een seng Foto hät keinte besser maan, dan denken ech huet een mei dovuner. An dat as och genau de Grond wisou ech desen Thread opgemeet hun.

Ech krut an der lecht eng Serie refuseiert, wou et geheecht huet ech hät mer net genuch gedanke gemeet gehat iert ech dei Serie gemeet hun (obwuel an der Beschreiwung stung das se Spontan wär). Wat waneschgelift soll ech dorauser schleissen ? Ech hun mech einfach un een gewandt deen och bei der Jury dobai as, me hien selwer war et net deen se refuseiert huet an konnt mer och net wieklech soen wat an wou...hun also net wieklech epes draus geleiert, wat schued as.

Bon lo gin ech awer och rem weider schaffen Augenzwinkern

LG
Thema: ISO-Rauschen
Scorpius

Antworten: 4
Hits: 31.033
ISO-Rauschen 05.01.2011 21:39 Forum: Technik-Diskussiounen


Scheinen gudden,

Also ech hun haut mol eng nei Erkenntnis gemeet wat ISO Werter ugeet, fir dei wou et fleicht nach net wossten (di meecht wessen et bestemt schon, me ech reicht seit Haut).

Ech sin bis elo dovunner ausgang, dass wan den ISO-Wert mei heich as, d'Rauschen och mei heich get, souzesoen Proportional as. Me dat as guernet de Fal anscheinend!
Bei enger 7D zum Beispil, as d'Rauschen bei ISO 640 dselwecht wei bei ISO 100, oder das d'Rauschen bei ISO 2500 fill manner as wei bei ISO 2000. An anscheinend as dest Verhaalen bei zimlech allen Cams an där Form remzefannen.

Wisou as dat esou ?

Hei den Test -> http://vimeo.com/10473734
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
05.01.2011 21:22 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Dat erklärt mir och lo wisou een heinsdo fotoen geseit wou een sech dan freet "wisou as dei akzepteiert gin an meng net" merci fir d'info Augenzwinkern

Btw, normal das se refuseiert gouw Gaga, deng Foto huet zefill sexyness !! dat as et Zunge raus
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
27.12.2010 10:56 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Fir deicht mol merci un all di leit dei hei matgeschriw hun. Wei gesot, dest sollt net direkt eng Kritik sin, ech wollt mol mei genau wessen wei dat sou leeft, an wat anerer sou driwer denken. Wollt secher keen ugreifen oder sou. Mat all denen Argumenter dei hei genannt gi sin, waren duechaus novollzeihbarer dobei, vun denen "2 Seiten" hier.

Ech fannen et ansech jo och gut, das e gewessenen Filterungssystem do as, wei de VeloBen scho soot, domat hällt een Photogen op engem bestemtenen Niveau. Meng Fotoen sin Anfänger fotoen an well mat secherheet net soen das dei wou net akzepteiert gouwen, sou gut sin dass se et missten. Das eben just das een sech mat där enger eenzeger Kritik vun deem deen dei Foto kontrolleiert huet, zefridden muss gin, an halt dat bescht aus där Kritik machen fir di next besser ze machen.

Fleicht hun ech et bessen ze perseinlech gehol, well d'Kritik war bessen 'am Num vun den User': "...d'leit weissten bestemt net wat se zu där Foto sollten soen..."

Ech well och lo net weider drop agoen, Photogen huet sein System, an das jo och secher net einfach fir jiddereen zefridden ze stellen, dofir, ech wes lo wat ech wessen wollt, an lo get rem Fleisseg Fotoen gemach Augenzwinkern

Wenschen jidderengem e gudde Rutsch !
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
26.12.2010 11:18 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Huelen un das dei fro un de blackpanther geriicht as Augenzwinkern
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
25.12.2010 15:25 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Genau, d'Ziel as menger Mehnung jo och net d'Foto akzepteiert ze kreien, me das ech tips kreien wei ech meng Techniken wat Fotografeieren an Bearbechtung ugeht, ze verbesseren. An ech wollt eben kuken wei d'Foto geng ukommen, well ech se jo secher net ellen fannen wan ech se jo scho roplueden Augenzwinkern

"Fehler" an der Konscht ? dodriwer keint een elo Streiden ne ^^ Ech hu keng Konscht studeiert oder sou, an soen och just meng eegen Meenung dozou. Mee et gi bestemmten Kriterien an Richtlinien dei dem Menschlechen Aan mei angenehm bei engem Bild firkommen wan een sech drun hält, dan kann een och vun engem Fehler schuetzen wan een sech un dei haale well. Me Konscht as fir mech epes Relatives, an ALLES as fir mech schein souwuel ellen Augenzwinkern

Fir lo Konkret op dat Bild ze komen mat der iwerbeliichtung, mein Ziel war et das een alles wat Baussen war, net erkennt, duech eben eng heisch Beliichungstärkt, wat mir jo anscheinend och gelong as Augenzwinkern wees net wei ech meng Firstellung soss hät keinten realiseieren. Wa mer lo schon hei sin, dan gemer mol en Tipp wei ech et keint besser maan das se next keier akzepteiert get Augenzwinkern

An wat d'schärft ugeet, ech hu mer leider na keen Stativ kaaf (selwer schold Zunge raus ) kennt awer demnext bäi

ps wan ech gewosst hät wien dan dofir zoustänneg war fir dfotoen ze akzepteieren, dan hät ech der secehrlech eng PN gmaach smile
Thema: "Deng Foto as net ugehol gin"
Scorpius

Antworten: 85
Hits: 185.772
"Deng Foto as net ugehol gin" 25.12.2010 12:59 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Scheine gudden,

Also das schon puer mol firkom das eng Foto net ugehol gouw vu mir, an meechtens war d'Begrennung eigentlech och Berechtegt. Dsach as dei das een einfa gesoot krit "Nee, well sou an sou..." me et kann een sech jo amfong guernet selwer dozou äusseren? oder dFoto sou äneren das se fleicht awer akzepteiert get (an wan dan wees ech net wei). Sou huet een just d'Kritik, demno wei och e Verbesserungsfirschlach (de Grond wisou ech och Fotoen eroplueden), me just vun enger eenzeger Persoun.
Hun ech de Prinzip vum SIte net verstan ?
"e Site wou een Fotoen kann eroplueden fir das all PG user eng Kritik kann oofgin respektiv verbesserungsfirschlei maan. An net ee Site wou een just seng beschte Sachen eroplued well dan geife mer jo iwerall just kritiken kreien wei 'Wi schein!'" dat hun ech lo mei oder weineger hei aus dem Forum Ziteiert Augenzwinkern

Ausserdem as mer och opgefal dass wan eng Foto net akzepteiert get, dass dei als ropgeluede Foto zielt, soudass et nemi meiglech as, de selwechten Dach eng aner ropzelueden, fals een schon zb eng akzepteiert krut an eng net. Bon fleicht as dat och sou gewollt dat wes ech net.

Me bei enger vu menge Fotoen kreien ech gesoot "Foto wier onscharf, an op enger bestemter Platz wier zefil iwerbeliicht, an 'hien' geng ferten das dleit neicht dozou keinte soen", dozou soen ech nemen Pfui! nee me am eecht elo ;-) Hun oft am Forum hei gelies das Scheinheet am Aan vum Betruechter leit, me wat as wan dei iwerbeliichtung zb gewollt war ? An heinsdo gesin ech och alt mol eng oder di aner Foto hei, wou ech mech froen "an dei gouw akzepteiert" !?

Bon desen Thread sollt lo net Direkt eng Kritik sin, me eichter weilt ech besser verstoen wei dat hei sou leeft. Dono kann ech dan Kritiseieren Zunge raus

Btw, wenschen e scheine Kreschtdaach ;-)
Zeige Beiträge 1 bis 18 von 18 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH