Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Genee dat. Do as nütz, nada, nix, naischt....hmmm
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Jutt dann kucken ech dat mol bei Geleenheet. Merci.
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Zitat: |
Ech géif mir keen iPhone kafen wann ech wees dass, fir mäin üblechen Gebräuch, ech e schonn jailbreaken muss. Mee dat ass lo just meng perséinlech Meenung |
Doriwer brauchen mer jo hei net ze diskutéieren do mecht jiddereen wéi en denkt
.
Jo Vox huet den Edge, den Problem as deen dass ech net wees wou ech den APN muss agin. Beim 2G hues du en Menu Netzwerke an do gëss du deng Donnéeën an faerdeg, beim 3G hues du just en Aktivatiouns-/Deaktivatiounsknäppchen vir den 3G an kënns awer net an den Menu (oder ech huen et net fonnt).
D'Astellungen fir den MMS muss du jo agin dat as keen Problem ech fannen just leider op der Voxsait Donnéeën net déi ech muss ugin.
Sin also quasi zwee Problemer.
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Hei get jo net nemmen iwer Photographie gebraddelt gudd sou
Ech huen do mol en Problem. Meng Fra huet sech bei Vox en Iphone geleescht an hat as verwennten MMS-User. Sou Handy gejailbreaked an den SwirlyMMS dropgesaat, alles tiptop mais wou konfigueréieren ech den MMS resp. GPRS fir VOX???? Huen en 2G an sin LuxGSM Klient, dat war keen Thema, steet alles op hiirer Sait an dat funzt Einwandfrai. Bei Vox resp. beim neien Iphone huen ech do awer meng Schwieregkeeten. Hoffen et kann een mir weiderhëllefen. Merci am Viraus.
|
|
Thema: TopVision |
Vince
Antworten: |
76 |
Hits: |
153.224 |
|
|
Hmm sie haten an der Belle-Etoile wéi sie zugemeet huen en Schëld stoen dass sie elo just nach een Shop ierengwou op der Musel hätten. Anscheinend kann een op jiddefall mol dohinner kucken fueren (hat een mir mol eng Kéier gesoot, mengen ech
). Mengen souwiesou dass hiren Onlineshop iwert d'Preiseland geréiert gët. Member beim ULC ze sin as net vun Muttwell, huen do schon méi wéi eemol intervenéiert an wann sie bis drun sin dann fluppt et
Vill Glëck mat dengen Suen.
Claude
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Zitat: |
wird das iPhone in Amerika doch zunächst ohne feste Vertragsbindung verkauft und kann für die 199 Dollar auch exportiert werden. |
Huen ech op enger Applesait fonnt, deemno wiir dat ganzt jo ouni Vertrach!! Ech hoffen ob jiddefall dass en kënnt an wann en kënnt dass en bezuelbar as......
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Nix mat verblüffender Ähnlechkeet mat engem I-Touch..et as em den Iphone gaang ganz sëcher.....
Hat och dës Lëscht an den Reklammen en Gewënnspill fonnt wou een kount en Iphone gewannen als eischten Prais...vun engem lëtzebuerger Opérateur...ech mengen den Numm as komescherweis och mat engem T ugaang.
Egalwéi wann dat Dengen dann eng Kéier hei sollt op den Marché kommen an een et legal kann kaafen dann as et souwiesou veraalt. Iwregend lait den Iphone, hunsch gëschter um Radio héieren, bei den gréissten Technologiefloppen vum Joër 2007 op zweeter Plaatz, knapp geschloën vum Vista. Dat seet genuch.
Nuecht
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
..maja et waert dat wuel sin..
|
|
Thema: iPhone |
Vince
Antworten: |
384 |
Hits: |
835.350 |
|
|
Dat Gerücht huen ech och schon héieren dass een bei Tango sou eppes kéint kréien, och am Cactus
|
|
Thema: wou online kaafen? |
Vince
Antworten: |
11 |
Hits: |
34.752 |
|
|
Hehe den Fotomeile-Link as gudd.
Mais firwat online kaafen. Gidd mol an d'Geschäfter kucken. Support your local Dealer. Ech huen elo en Bletz an en Objektiv beim Mirgain (daerf een Schleichwerbung maachen?) an der Stad kaaft an sin gudd beroden gin, an dat Bescht war dass den Prais nach méi genschteg war wéi bei all den Onlineshopën.
CYA
Claude
|
|
Thema: Nuetsfoto |
Vince
Antworten: |
10 |
Hits: |
27.809 |
|
|
Ech sin zwar och nemmen e bluddegen Ufänger mais ech fannen déi Foto guer net mol sou schlecht...oder daerfen sech hei nemmen Profiën zu Wuert melden. Ech gesin net wirklech wat däer Foto feelt. Wat kann/kéint een dann besser maachen. Kritiséieren as emmer einfach dann gidd dem gudden Jong och en Tip wat en soll nächsten Kéier beuerchten!
Bis dann
Claude
|
|
Thema: Allround Objektiv fir D50 |
Vince
Antworten: |
2 |
Hits: |
20.589 |
|
|
Salut,
Nodeems ech elo bessi mat menger D50 ronderem fotograféiert huen sin ech zur Conclusioun komm dass mir eigentlech en richtegt Allroundobjektiv géif feelen. Iergendswei huen ech emmer dat falscht Objektiv drop, och wann et nemmen minimal as.
Elo huen ech mech bessi emgekuckt an folgendes entdeckt:
17-70 vun Sigma
oder
18-125 vun Sigma
Den 17-70 géif mech interesséieren wéint der 17ter Brennwait, mais dann sin ech no uewen rem mat 70 e bessi limitéiert.
Den 18-125 geet no uewen méi wait, mais en get an verschiddenen Foren net als optimal a verschiddenen Brennwaiten beschriwen.
Wat maachen? Huet dir Erfahrungen oder Tipps? Gin et brauchbar an praislech glaichwäerteg Alternativen zum Sigma?
Merci am Viraus fir aer Hellef!
Claude
|
|
Thema: Digital Spigelreflex |
Vince
Antworten: |
28 |
Hits: |
56.038 |
|
|
Salut,
Huen mir en Freiden beim Mirgain (ups daerf een héi Schleichwerbung maachen?) eng Nikon D50 zougeluecht. Prais as top och wann d'Objektiver mat 18-55 an 70-300 net onbedengt dat gielt vum Ee sin. Mais sin mat enger 512er Card an enger Lowepro Poche ennert der magëscher 800 Euro Grenz bliwen an dat war fir mech en Argument. Objektiver nokaafen oder wiesselen kann een emmer nach wann een mol bis den Apparat am Grëff huet fannen ech.
Bis dann
Claude
|
|
|