Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 44 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Evoqué - Nei 2CV
phoenix

Antworten: 12
Hits: 32.540
20.06.2007 00:04 Forum: Allgemeng OT


iiih 2CV smile

daat ass définitif nët ménges Augenzwinkern

Cheers
Thema: iPod + Sport = FUN
phoenix

Antworten: 9
Hits: 32.769
14.06.2007 22:14 Forum: Allgemeng OT


sou, fir lo mol rem bei d'Thema ze kommen, hei ass meng aktuell Playlist fir wärend dem Velofueren :

- Black Eyed Peas : Pump it
- Goldfrapp : Ooh La La
- Metallica : I disappear
- Metallica : Seek and destroy
- Queen : I want it all
- Rage against the machine : Bombtrack
- ZZ Top : La Grange
- Iron Maiden : The lonliness of the long distance runner
- Gorillaz : DARE
- JEM : Just a ride
- Iggy Pop : Lust for life
- Jane's Addiction : Been caught stealing
- Republica : Ready to go
- Muse : Supermassive black hole
- Baz Luhrmann : Everybody's Free

Sou ... daat sin meng "Powersongs" Augenzwinkern 63 Minutten voll Rouer !

Cheers,
phoenix.
Thema: Ech hun eng nei Homepage
phoenix

Antworten: 6
Hits: 30.381
13.06.2007 11:47 Forum: Projet Virstellungen


Hey hey ppit.

Ech sin zwar een frënd vun schlichten an propperen Designs, awer do fehlt mer bessi eppes. Ass mer ze monotom iergendwéis.

Waat ech allerdéngs ganz gudd fannen, daat ass dass de geschriwen hues mat welschem Script dass de deng Homepage erstallt / modifizéiert huet. Et gin vill Leit wou einfach den Source-Code e bëssi änneren gin an dann déck téinen "ECH hun daat programméiert". Daumen héisch ! smile
Perséinlech sin ech mei en Fan vum selwerprogramméieren, mais bei Fotogallerien kann een rouech schon färdeg léisungen huelen ... ët soll een jo schliesslech net d'Raad nei erfannen Zunge raus

Cheers,
phoenix
Thema: iPod + Sport = FUN
phoenix

Antworten: 9
Hits: 32.769
13.06.2007 03:41 Forum: Allgemeng OT


<offtopic>

Zitat:
Original von -Laurent-
jo an lo geht mein ipod guer net mei hien flackert nach all puer sekonnen enkeier op an dann ass en rem doud ....


Ma mol een Reset ( Menu + Metteltast mind. 6 Sekonnen laang unhaalen ). An dono mol direkt an Dockingstation domadd fir bessi Jus ze speisen Augenzwinkern

</offtopic>
Thema: iPod + Sport = FUN
phoenix

Antworten: 9
Hits: 32.769
12.06.2007 16:56 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von -Laurent-
velostier ipod an taesch an einfach alles waat ech op mengem 60 giga hun shuffle laafen geloos Augenzwinkern


Hey hey, en Laurent Augenzwinkern

Ma ech war mer haut een iPod Shuffle sichen ( sin am Cactus ander Reklamm Augenzwinkern ), well ech färten dass ech main iPod Video beim laafen kéint futti maachen. Vue dass am decken iPod jo "richteg" Festplacken dran sin, färten ech ganz daat déngen géng engkéier blockéieren oder guer ganz freckt goen. Den Shuffle weit nix, an 1Gig mengen ech geht och masseg duer fir eng hallew Stonn laafen Augenzwinkern
Thema: iPod + Sport = FUN
phoenix

Antworten: 9
Hits: 32.769
iPod + Sport = FUN 12.06.2007 01:59 Forum: Allgemeng OT


Salut Leutz smile

Ma ech hun gemiirkt dass nach net vill sportlëch Threads hei gin. Dofir hei mol bessi Oofwiesslung cool .

Maja, d'Idee ass dass een hei eranpost, wei een Sport sou dreiwt, ob een säin iPod respektiv en MP3 Player bei sech huet AN waat dann dee moment op sénger Playlist steht fröhlich Ganz einfach, oder nët ?!

Maja, fenken mer mol un; perséinlech bedreiwen méi intensiv 2 Sportaarten wou ech emmer eppes muss dobäi hun fir ze läuschteren, daat wier dann Laafen an Velo-fueren.

Vue dass méng Knéien netméi déi allerneitst sin, läuschtren ech beim Laafen net sou aggressiv Musik an laafen och deementsprechend gemittlech. Op der Playlist sin haaptsächlech relax saachen drop waat quer duerch den Guaart vun den Musik Genren geht. Daat geht vun Bob Marley bis X-Zibit ( en Interpret mat A hun ech net drop Augenzwinkern ).

Beim Velo fueren hun ech dann haaptsächlech Rock, Hard Rock an sou geschier drop; daat sin zB Limp Bizkit, Linkin Park, Audioslave an awer och ë bëssi HipHop fir gemittlech Passagen fir am Takt ze bleiwen Zunge raus .

Ech kéint net ouni Musik sin wann ech Sport maan ... soss geng ech no 10 Meter rem emdréinen well et mer ze langweileg ass.

Sou, är Meenung ass gefroot.
Cheers,

Phoenix
Thema: Foto eroplueden
phoenix

Antworten: 30
Hits: 68.524
22.05.2007 12:58 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Waat een och nach kéint maachen, waat awer lo gehirlos an den Détail geht, respektiv zevill Aarbescht wär an fläicht och ze "sofistikéiert" wär fir "nëmmen" Fotoen eropzelueden wär:

All User huet eng Lëscht, wou en egal weini zb 10 Fotoen pro Daag kéint an déi Lëscht setzen. Déi Lëscht hätt 2 Prioritéieten, dei 2 oder 3 éischt Fotoen hun déi héchsten Priopritéit an gin automatesch eropgelueden. Sin déi 2 oder 3 mat Erfolleg eropgelueden, dann rutschen automatesch déi aaner Fotoen erop. Et kéint een éventuell och sou maachen, dass den User d'Prioritéieten vun den eenzelnen Fotoen selwer kéint änneren. D'Idee dovunn ass, dass d'Fotoen iergendwann (automatesch) eropgelueden gin, soulaang bis d'Lëscht eidel ass. Daat bréngt mat sëch, dass den User selwer, wann en mol engkéier puer Deeg keng nei Foto an déi Lëscht setzt, nie muss drop opassen weini en waat muss eroplueden.

Daat ganzt bréngt och administratif Firdeeler géng ech mol mengen, déi jeweileg Admins kënnen zu all Zäit déi aktuell Lëschten (Fotoen wou deemnächst sollen eropgelueden gin) direkt kënnen décidéieren op munch Fotoen sollen verworf gin oder net.

Ech hoffen et huet jiddereen verstaan waat ech lo wollt erklären Augenzwinkern Et ass bestëmmt eng flott Saach, mais ob et sech rentéiert oder richteg hei ass, décidéieren d'Jungs e Stack méi héisch.
Thema: Header an Logo Designer gesiicht
phoenix

Antworten: 30
Hits: 68.337
22.05.2007 04:40 Forum: Allgemeng OT


*och bessi vum Thema oofkomm*

Zitat:
Original von Prometheus
Also ech sinn ma zu 100% secher dass du an aanaer leit hei 100 mo lei kennen wei ech! do sinn ech ma secha an ech soen net ech waer een hacker.


1. hacking100101@.... (Hacker ? ... nööö)
2. forum hackerblabla.de.to (*gaps*)
3. déng cool Sprëch...
4. "My favorite OS is Windows XP" (*grins*)

An dann sees du, du géngs dech NET als Hacker bezeeschnen smile Witzbold. Normalerweis mëschen ech mech net an sou Saachen an, mais daathei war einfach köstlech ze liesen. Do muss een einfach bessi kommentéieren waat een sou denkt. Lo mol vun fir eran soen ech der direkt mäin Frënd, dass de iergendwei nët sou ganz richteg hei an deen Forum pass. Daat huet verschidden Grënn; éischten schreiws de wéi eng Caquette Letzebuergesch, an vun déngem Englesch wëll ech lo nët schwetzen Augenzwinkern . Zweetens bass de mer schon puermol besonneg hei am Forum opgefall, besonneg waat Threat'en betrëfft wou et em PC oder sou geht, am léiwsten häss de nach gefroot "Wéi ass dann är IP sou?^^w00t w00t" ... amüsant smile .

Mengen mat 17 Joer hätt een besser Saachen ze din wéi sech am Internet "wichteg" maachen ... mengen souluess gëss de Erwuessen (Theorie), hoffen gëss dann bessi méi serieux Augenzwinkern Daat ass lo net béiss gemengt, éischter als Tip.

PS: Den Gedanken vun engem "Hacker" wou Médicin "studéiert" bréngt mech zum Grinsen großes Grinsen

An deem Sënn,
Nuecht.
Thema: Foton vun Accidenter erlabt ?
phoenix

Antworten: 15
Hits: 35.134
16.05.2007 01:05 Forum: Allgemeng OT


Waat Probleemer ... smile éierlech.

1. Foto'en bei engem Accident: Verachten sou Mënschen, keen Gehier hannert der Stier.

2. Privat Gepséicher mussen net onbedingt an engem Forum beschwaat / geschriwwe gin smile
Thema: Mandy fengt un mat nerven
phoenix

Antworten: 28
Hits: 71.482
13.05.2007 14:41 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von Johny
Naja den Artikel ass mol net hallew sou laang, an och nach an falschem Letzebuergeschen geschriwwen smile


Ët kënnt jo och ob den Inhalt un Augenzwinkern Wei soen Proffen emmer, leiwer kuerz a richteg wéi laang a Falsch großes Grinsen
Thema: Mandy fengt un mat nerven
phoenix

Antworten: 28
Hits: 71.482
12.05.2007 20:32 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von Johny
Daat mam Patriotismus fannen ech hei och eischter feel op der Plaz. Hatt huet och behaapt Letzebuergesch wär keng Amtssprooch -.- Also matt stolzem Letzebuerg oder sou huet daat näicht ze dinn Augenzwinkern

PS: Wen lo behaapt hatt hätt Recht domat, soll hei liesen: http://de.wikipedia.org/wiki/Luxemburg


Léiwert mol den letzebuergeschen Wiki benotzen, aplaatz den Däitschen wou mol net vun engem Letzebuerger verfaasst gin ass Augenzwinkern
LINK
Thema: Mandy fengt un mat nerven
phoenix

Antworten: 28
Hits: 71.482
11.05.2007 17:46 Forum: Allgemeng OT


Zitat:
Original von -Laurent-
ett mierkt een das de mac user bas an laurent heeschs Zunge raus


maan mäin Bescht großes Grinsen
Laurent rocks!
Thema: Mandy fengt un mat nerven
phoenix

Antworten: 28
Hits: 71.482
11.05.2007 17:25 Forum: Allgemeng OT


deen Thread ass iwwerflësseg smile

Nemmen well lo mol een jonkt Meedchen aus Letzebuerg bessi International Succés huet, fenken di meescht schon un neidech ze gin. Ech sin stolz op eis klengt Mandy, an ech fannen och dass et guernët grad der Ellenster eent ass, och wann et net mäin Gout ass.

Mäin Repsekt fir sou wäit wéi et komm ass, an ech fannen daat ganz OK dass lenks a riets bëssen vun em geschwaat gët. An ech fannen dass lo nët sou immenz vill Trouble ronderem d'Mandy ass !?

Wollt nach eppes bäifügen smile

Ech hun lo am ganzen 7 Fotoen vum Mandy hei um Site gezielt, an dobäi kommen se mol net all hannerdeneen. Also do sin genuch Fotoen dotëscht Augenzwinkern

Wuel bemirkt gin et Useren, déi hun méi Fotoen vun sech selwer / vun enger aanerer Persoun hei bei Photogen, also fannen ech dass 7 Fotoen vum Mandy nun mol WIRKLECH NET an d'Gewiicht faalen... smile

Mol bessi Braini u maan Augenzwinkern
Thema: Hifi International - WTF?!
phoenix

Antworten: 11
Hits: 35.934
03.05.2007 14:18 Forum: Multimedia


Jo daat allerschéinst wär natiirlech wann ech meng Suen géng eremkréien... dann géng ech awer DIREKT an d'Stadt bei den Lineheart fueren an mer NACH een Mac kaafen. Do ass den Service-Apres Vente wéinstens serieux an do gët sech em den Client bekëmmert.

Fir op den patrickr zeréck zeréckzekommen, daat mat den Verkeefer vun der Strooss rekrutéieren ass alt sou eng Saach... wisou serieux Leit astellen, wann een fir belleg Geld Fransousen kritt ouni oofschloss, wou knapps wëssen wéi den Telefon geht. Et kléngt fläicht lo krass, mee et ass batter Réalitéit. Mee mengen do hun mir net souvill Afloss dropp.

Ob allefall loossn ech mer eppes afaalen mam Akaafs-Bong, mee bislo ass jo nach alles op (och Suen). Muer ass jo réischt "das grosse Wiedersehen" Augenzwinkern
Thema: Hifi International - WTF?!
phoenix

Antworten: 11
Hits: 35.934
02.05.2007 20:44 Forum: Multimedia


Ech sin alt nach frou dass Hifi selwer keng PC-Stécker oder ähnlech Saachen hierstellt. Ech hun firdrun een Uruff vum Sièfe (Hifi International) kritt, dass sie bereet wieren mer een Akaafsbong ze gin. Et wär nët méiglech d'Suen Cash ze rembourséieren, well den Laptop vun 2006 ass, an netmei am Inventair vun 2007 drann ass(an den Laptop och nach 2007 futti gefuer ass).

Dann muss ech jo lo gezwongenerweiss awer rem eppes an deem Jickenbetrieb do kaafen. Mais wann lo eppes sollt futti goen, dann fueren ech iwwert d'Hierstellergarantie an loossen DPD oder waat wees ech wéieen Logistikpartner d'Maschinn sichen kommen an dann kennen déi sech amüséieren. Mengen dann leeft daat alles méi serieux oof. Mee eent steht fest, Hiersteller hin oder hier, NIE MEI ACER !! smile
Thema: Hifi International - WTF?!
phoenix

Antworten: 11
Hits: 35.934
02.05.2007 18:03 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von BlackPanther
(oder, waat na mei androck gemeet hett: op der plaatz den telifon raus an em puer froen stellen...Augenzwinkern )


Daat hätt och gudd gemeet jo Augenzwinkern Mais ech sin net deen wou décken Cinema do meet, léiwer net vill soen an herno kënnt di déck Iwwerraschung fir Sie.
Thema: Hifi International - WTF?!
phoenix

Antworten: 11
Hits: 35.934
Hifi International - WTF?! 02.05.2007 17:38 Forum: Multimedia


Moien,

Ech wollt mol puer Meenungen zu menger klenger Geschicht héieren Augenzwinkern Dofir d'Guckelien opmaan an liesen:

Ech hun mer den 5ten October 2006 een Acer Aspire 5672WWS am Hifi International zu Bartréng fir den Präiss vun 1350 Euro kaaf. Et haat alles (bis op minimal Detailer) wonnerbar geklappt, an wor och zimmlech zefridden mam Laptop. Uffanks Februar hun dann di éischt Macken ugefaang, DVD Laafwierk huet lusch Geräicher gemeet (obschons ech fläicht 3 mol en DVD um Laptop gekuckt hun). Also hun ech den Laptop den 9ten Februar 2007 an d'Repratur gedroen. Also haat den Laptop ronn 4 Méint gehaal ... waat ech perséinlech mega Null fannen.

Bon den 8ten März, 1 Mount nodeems ech den Laptop an d'Repratur gin hun, huet een Techniker mer ugeruff dass mäin Laptop färdeg wier. Laurent = happy. Fueren dohinner, maachen den Laptop un.... alles schwarz -> Bildschierm futti (Obschons um Repraturziedel stung dass Hifi alles getest hätt). Do hun ech den Laptop direkt do gelooss, an sie hun en rem fortgeschéckt.

Den 14ten Abrell kruut ech ugeruff, Laptop wär färdeg, fueren rem dohinn, paacken Laptop aus. Maachen un ... Clavier freckt smile (anscheinend gouff awer rem alles getest) Bon, ech rem alles do gelooss, an reklaméiert waat daat fir een Jickenbetrieb wär ... ouni weider Entferten.

No puer Wochen kruut ech rem een Telefon dass mäin Laptop erem färdeg wier an géng goen. Ech fueren dohinner, paacken Laptop äus, do gesin ech dass d'Carcasse vum Laptop futti, iergendwei ass dei anscheienend beim Transport futti gaangen... daat wor den 30ten Abrëll. Ech hun den Laptop matheem geholl fir meng Donnéen all ze späicheren. Haut war ech dann zeréck fir mat hinnen ze verhandelen. Sie wollten den Laptop schonerem fortschécken, mais daat wollt ech net, well daat géng secherlech erem Méint Daueren bis daat erem an der Rei wär.

D'Personal wor dun och zimmlech granzeg mat mir gin, an wollten mer den Laptop partout rem fortschécken. Do hun ech hinnen gesoot dass ech de Moien mat eisem Agent vun der Assurance geschwaat hätt, an dass ech do kéint geriichtlech géint si firgoen. Do war obeemol erem all Mënsch fäin mat mir, an se hun direkt proposéiert fir mer d'Maschinn direkt z'ersetzen. Mais domadd war ech och net averstaan, do hun se mer een Bon d'Achat proposéiert, wou ech dann och méi oder wéinejer averstaan wier.

Fläicht ass hei een ennert eis wou fläicht bessen méi vun deem Rechtergedéngels versteht, ech hun héieren ech misst den bon d'achat net akzeptéieren, mais ech kéint mir meng Suen erem froen... stëmmt daat ?!?

Ob allefall fannen ech daat eng Sauerei vun hinnen äus, ech sin op der Uni, an ech sin op mäin Laptop ugewisen, an ech haat lo duerch déi ganz Geschicht 3 Méint laang keng Maschinn fir drop ze schaffen an wou ech net konnt op méng Donnéen zeréckgraiffen.

Ech wärt ierch awer um courrant vun der ganzer Geschicht haalen, waat do weider geschidd asw.
Waat haalt dir vun der Story ? Hudd dir ähnlech Erfahrungen bei Hifi International gemeet, oder fläicht bei aaneren Geschäfter ?

Gréiss,
phoenix
Thema: Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread
phoenix

Antworten: 1.035
Hits: 2.630.224
20.04.2007 02:17 Forum: Allgemeng OT


Musik ass schéin, wann en net dobäi géng "sangen" Augenzwinkern
Thema: Mac emol aanescht.
phoenix

Antworten: 0
Hits: 24.453
Mac emol aanescht. 17.04.2007 22:55 Forum: Multimedia


Hun beim surfen durch d'Web eppes flottes fonnt.

De Meeschter hei huet sech een Auto-Touchscreen un säin MacMini (MP3-Server) ugeschloss, an kann elo ganz faul vun séngem Büro äus séng bombasteg HiFi-Anlag mat Musék versuergen. Ech fannen daat eng gudd Idee waat en do bruecht huet smile

Kuckt ierch et emol un -> Link.

Gréiss,
phoenix
Thema: Offiziellen Mac-spekuléier Thread
phoenix

Antworten: 26
Hits: 65.562
13.04.2007 14:56 Forum: Multimedia


Jo ass och rem richteg smile

Mee bon, d'wärt awer emmer een Gewëssenen Konkurrenzkampf bleiwen.

Wann mer schon dobäi, hun de Moien jo den Ubuntu op mäin Macbook installéiert (op engem separatem HD fir ze testen). Firdrun hun ech mech awer um Ubuntu Forum bessi schlau gemeet, dobäi ass sin ech op een Thread gefall, wou ech éierlech gesoot gekrasch hun vun Laachen smile

Do waren em di 50 Posts, wou se sech géigensäiteg eroof gemeet hun, nemmen well een geschriwwen haat, dass en an engem Büro gesin huet dass do een MacBook war mat M$ Vista drop. D'Leit sin zwar onméiglech smile

Ech fannen et ass engem jo fräigestallt op séngen eegenen Saachen alles kënnen ze installéieren waat ee well nee ?! Wann iergendsoueen Mëllen Loscht drop huet mat Vista op séngem MacBook ronderem zefurtelen, dann soll en säin Spaass drun hun. Ech fannen daat perséinlech awer intressant, do gesäit een dass d'MacBooken awer zou villem fäheg sin smile
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 44 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH